Healthcareers – fir aussergewéinlech Professioneller

Well ons Gesellschaft ëmmer méi wiisst an och ëmmer méi al gëtt, ass et wichteg och an den nächste Jore Jonker fir dës Beruffer ze motivéieren an ze begeeschteren. Passionéiert, dynamesch an éiergäizeg Mënschen, déi onst Gesondheetssystem weiderbréngen an déi beschtméiglech Betreiung vun de Patiente garantéieren.

D'Campagne healthcareers.lu, déi den 2. November 2022 lancéiert gouf, soll weise wéi villsäiteg a komplex dës Beruffer sinn a gläichzäiteg de Secteur valoriséieren, an d'Leit, dorënner besonnesch Jonker, motivéieren dëse Beruffswee ze wielen.

An der éischter Serie vun 12 Videoreportagë ginn d'Beruffer vum Infirmier, vum Aide-soignant a vun der Hiewamm virgestallt. Eng weider Serie iwwer medezinesch Beruffer an déi aner Gesondheetsberuffer, déi am Grand-Duché reglementéiert sinn, ass an der Maach.

D'Temoignagë sinn op engem extra Site an 3 Sprooche regroupéiert, wou och eng Beschreiwung vun de verschiddene Beruffer an de Link zu engem Blog ze fannen ass. Et si verschidde Kommunikatiounscampagnë geplangt, ënnert anerem op de soziale Medie fir och méi e jonke Public z'erreechen.

D'Plattform Healthcareers.lu gouf vum Ministère fir Gesondheet lancéiert. Dës Initiativ ass an enker Zesummenaarbecht mat Acteure vum Gesondheetsdësch entwéckelt ginn, a gëtt vum Ministère fir Famill, Solidaritéit, Zesummeliewen an Accueil, vum Ministère fir Educatioun, Kanner a Jugend a vum Ministère fir Fuerschung an Héichschoul ënnerstëtzt.

Aktualiséiert