Optakt vun enger Ëmfro zur Bewäertung vum Impftaux géint HPV

Am Kader vum Internationale Sensibiliséierungsdag géint den "human papilloma virus" (HPV), lancéiert d'Gesondheetsdirektioun eng landeswäit Ëmfro fir den Impftaux géint de Papillomavirus bei Jugendlecher tëscht 9 an 20 Joer ze bewäerten.

Zu Lëtzebuerg gëtt d'HPV-Impfung fir Jongen a Meedercher am Alter vun 9 bis 14 Joer recommandéiert, woubäi een d'Impfung och nach am Alter vu 15 bis 20 Joer nohuele kann.

Fir den aktuelle Stand vum Impftaux ze ermëttelen, huet d'Gesondheetsdirektioun eng Ëmfro gestart fir déi néideg Donnéeën zu dësem Thema ze sammelen. An deem Kontext kréien all d'Eltere vu Kanner tëscht 9 a 17 Joer, an all Jugendlecher tëscht 18 an 20 Joer, ab dem 4. Mäerz e Bréif heemgeschéckt, an deem si opgefuerdert gi bis den 30. Abrëll 2024 un dëser Ëmfro deelzehuelen. Den Online-Questionnaire ass iwwert de QR-Code zougänglech, deen am Bréif uginn ass.

Dës Ëmfro, déi vum Service épidémiologie et statistique vun der Gesondheetsdirektioun realiséiert gëtt, wäert och dozou bäidroen, d'Impfverhalen ze verstoen, fir den Impftaux géint den HPV zu Lëtzebuerg ze verbesseren.

Wat ass HPV?

Den HPV ass e Virus mat deem ongeféier 80% vun de Männer a Fraen op d'mannst eng Kéier an hirem Liewe konfrontéiert ginn. Obschonns déi meescht Infektioune vu selwe verschwannen, kann de Papillomavirus zu eeschte Gesondheetsproblemer féieren, a besonnesch Gebärmutterhalskriibs, mee och Hals-, Penis-, Anus- a Vulvakriibs verursaachen.

Déi Jonk géint den HPV schützen

D'HPV-Impfung gëllt als effikass Preventiounsmoossnam géint HPV-bedéngten Erkrankunge wéi Gebärmutterhalskriibs oder Kondylomen (Genitalwaarzen). D'Impfung vu Jugendlechen tëscht 9 a 14 Joer kann de Kriibsrisiko, dee mat dëse Viren a Verbindung steet, däitlech reduzéieren.

"Fir d'Gesondheet vun eiser Jugend effikass ze schützen, ass et immens wichteg dass mir ëmfaassend Donnéeë fir d'Bewäertung vun eisem Impftaux sammelen. Esou kënne mir eis Interventiounen am Beräich vun der ëffentlecher Gesondheet upassen, a sécherstellen, dass all Mënsch e gläichberechtegten Zougang zu de Preventivmoossname géint HPV-bedéngten Erkrankungen huet", preziséiert d'Ministesch fir Gesondheet a sozial Sécherheet Martine Deprez.

Weider Informatiounen zur HPV-Impfung an zur Participatioun un der Ëmfro ginn et op der Säit sante.lu/hpv .

Communiqué vum Ministère fir Gesondheet a sozial Sécherheet

Aktualiséiert