Weltdag vun der Fettleibegkeet

De Weltdag vun der Fettleibegkeet ass all Joer de 4. Mäerz. An dësem Kontext wëll de Ministère fir Gesondheet a sozial Sécherheet d'Initiativen a konkreet Aktioune vun de verschiddenen Acteuren zu Lëtzebuerg ervirhiewen, déi sech aktiv am Kampf géint d'Fettleibegkeet engagéieren. Gläichzäiteg sollen déi betraffe Persounen, déi Ënnerstëtzung brauchen, drun erënnert ginn, dass si net eleng sinn.

Sämtlech Informatioune sinn elo och um Site sante.lu ze fannen, an enger spezieller Rubrik zum Thema Fettleibegkeet.

Fettleibegkeet ass eng multifaktoriell a komplex chronesch Krankheet, déi duerch verschidde Facteure wéi geneetesch Veranlagung, kierperlech a geeschteg Gronderkrankungen, bestëmmte Medikamenter sou wéi Aflëss aus der Ëmwelt an dem sozialen Ëmfeld entstoe kann. Allerdéngs gëtt d'Krankheet haaptsächlech duerch en energeeteschen Desequiliber verursaacht, deen op schlecht Iessgewunnechten, Beweegungsmangel a Sesshaftegkeet zeréckzeféieren ass.

Fettleibegkeet ass meeschtens e Virleefer vun anere chronesche Krankheeten, wéi Diabetes Typ 2, Häerz-Kreeslaf-Krankheeten a verschidde Kriibsaarten, déi zu Lëtzebuerg zu den Haaptdoudesursaachen zielen. D'Resultat ass ëmmer eng Kombinatioun vu verschiddene Facteuren, déi sech am Laf vum Liewe summéieren.

Aktiounen op verschidden Niveauen

  • Promotioun
    Den interministerielle Programm "Gesond iessen, Méi beweegen" (GIMB) soll eng ausgeglachen Ernärung an eng reegelméisseg sportlech Aktivitéit fërderen, a gläichzäiteg Fettleibegkeet a Beweegungsmangel an der ganzer Bevëlkerung bekämpfen.
  • Depistage a Behandlung
    Bei Iwwergewiicht ass et méi einfach d'Gewiicht ze reduzéiere wéi bei Fettleibegkeet. Eng reegelméisseg Iwwerwaachung vum Gewiicht duerch Servicer vun der medezinescher Grondversuergung ass heibäi wesentlech. No vun dësem Depistage, kann den Hausdokter, den Aarbechtsdokter, de Schouldokter oder soss e Professionellen aus dem Gesondheetssecteur d'Patiente weiderorientéieren, fir dass si eng passend Behandlung kréien.
  • Prise en charge
    Opgrond vu senger multifaktorieller Natur, erfuerdert d'Prise en charge vu Fettleibegkeet eng multidisziplinär Approche, déi eng medezinesch Betreiung, Ernärungsberodung, kierperlech Aktivitéit a psychosozial Betreiung ëmfaasst.

Iwwergewiicht a Fettleibegkeet zu Lëtzebuerg

Laut der Ëmfro zur Gesondheet vun de Residenten (European Health Interview Survey - EHIS), déi 2019 zu Lëtzebuerg realiséiert gouf, ass den Undeel vu fettleibegen Erwuessene vu 15,6% am Joer 2014 op 16,5% am Joer 2019 geklommen.

2019 war den Taux vu Fettleibegkeet bei de Männer (18,4%) méi héich wéi bei de Fraen (14,6%). Zu Lëtzebuerg si 40% vun de Männer a 24% vun de Frae vun Iwwergewiicht betraff.

D'Etüd vun 2022 mam Titel "Health Behaviour in School-Aged Children" ergëtt dass Iwwergewiicht a Fettleibegkeet bei Jonken tëscht 11 an 18 Joer zu Lëtzebuerg 21% ausmécht. Dat ass eng liicht Hausse par rapport zu de Resultater vun 2018, wou dësen Taux bei 19% louch.

Laut dem éischte Rapport vum Observatoire national de la santé iwwert d'Gesondheet vun de Kanner zu Lëtzebuerg, deen am Januar ënnert dem Titel "Eng gesond Zukunft" verëffentlecht gouf, läit den Iwwergewiichts-Taux bei Kanner vun 11 bis 12 Joer aus sozio-ekonomesch méi schwaache Milieue bei 24%. Bei Kanner aus méi privilegiéierte Milieu läit dësen Taux bei 18%.

Communiqué vum Ministère fir Gesondheet a sozial Sécherheet

Aktualiséiert