Weltdag vum Organspenden

Mir dierfen net vergiessen dass eng Organspend Liewe rette kann!

Am Kader vum Weltdag vum Organspenden, deen all Joer de 17. Oktober stattfënnt, huet de Gesondheetsministère zesumme mat der Associatioun Luxembourg Transplant, déi fir d'Gestioun vun den Donen an Transplantatiounen zu Lëtzebuerg zoustänneg ass, hir Sensibiliséierungscampagne fir d'Organspende widderholl.

Fir dës Campagne ze ënnerstëtzen, gouf den 8. Oktober an der Luxexpo The Box déi 14. Editioun vum Spinning Marathon organiséiert. Dës sportlech a karitativ Veranstaltung huet eng Rei Sportler zesummebruecht, déi de Public och op déi wichteg Roll opmierksam ze maachen, déi Organspender an eiser Gesellschaft spillen.

Fir verschidde Patienten, déi uerg Krankheeten hunn, ass d'Transplantatioun vun engem Organ déi eenzeg Iwwerliewenschance. Aner Leit, kënnen duerch eng Organspend eng besser Liewensqualitéit erëmfannen, well si net méi just vu Maschinnen ofhängeg sinn, fir déi defekt Organer um Schaffen ze halen.

Fir dass Lëtzebuerger Residenten och weider vun Organtransplantatioune profitéiere kënnen, ass et wichteg, dass Lëtzebuerg säi Bäitrag am Beräich vum Organspende leescht.

Ouni Spende ginn et keng Transplantatiounen!

Obschonns d'Organofnam an -transplantatioun op internationalem Niveau nees uleeft, wäert den negativen Impakt vun der COVID-19-Kris nach eng Zäit ze spiere sinn. 2022 hunn zu Lëtzebuerg 8 Persounen hir Organer gespent (géintiwwer nëmmen 2 am Joer 2021). Esou konnten 38 Organer, déi aus Lëtzebuerg koumen, erfollegräich an Zentere vum Reseau Eurotransplant (Europäesche Reseau fir d'Gestioun vun Organofnam an -transplantatioun) transplantéiert ginn. 105 Patiente waren op enger Waardelëscht fir eng Organtransplantatioun an engem Zenter am Ausland ageschriwwen (e Plus vu 15 Persounen am Verglach zu 2020). 55 nei Patiente koumen am Laf vum Joer op d'Waardelëscht bäi an 1 Patient vun der Waardelëscht ass 2022 verstuerwen. 2022, krute 35 Lëtzebuerger Residenten eng Transplantatioun an engem Zenter am Ausland.

Bestellt Äre "Passeport de vie"

Zu Lëtzebuerg ass all Persoun, déi stierft, e potentiellen Organspender. Mee duerch d'Umeldung beim "Passeport de vie", vereinfacht een den Dokteren d'Aarbecht an evitéiert der eegener Famill, déi schwéier Decisioun mussen ze huelen.

D'Organspender-Kaart kënnt dir iwwert d'App "Passeport de vie" um iPhone oder Android, oder op sante.lu eroflueden.

Weider Informatiounen zum Thema Organspenden fannt Dir och op http://www.luxtransplant.lu/.

Communiqué vum Gesondheetsministère

Aktualiséiert