Akut Infektioune vun den Otemweeër: Schutz duerch d'Impfung

Mat der bevirstoender Wantersaison klëmmt och de Risiko sech mat akuten Infektioune vun den Otemweeër unzestiechen. Dës Infektioune kënne besonnesch fir vulnerabel Persoune geféierlech sinn. Dofir ass et wichteg, d'Iwwerdroung vum Virus duerch Schutzmoossname wéi Impfungen anzedämmen.

Erwuesse Persoune kënne sech duerch eng Impfung géint dräi Aarte vun Infektioune schützen: Infektioun duerch den Influenza-Virus (Gripp), Infektioun duerch de SARS-CoV-2-Virus (COVID-19) a Pneumocoqueninfektioun.

Well den Impfschutz zäitlech begrenzt ass, läit den idealen Zäitpunkt fir déi järlech Impfung Ufank bis Mëtt-Oktober. Domat hält den Impfschutz bis zum Enn vum Wanter, wou et oft zu Infektiounswelle kënnt.

Gripp oder Infektioun duerch den Influenza-Virus

 

Wéi all Joer, kritt een dann an der Apdikt en Impfstoff, deen un d'Virusstämm, déi am Ëmlaf sinn, ugepasst ass. Op Ordonnance vum Dokter, ass d'Impfung gratis fir Persounen iwwert 65 Joer a fir verschidden aner Kategorië vu vulnerabele Persounen. D'Impfung gëtt beim Dokter duerchgefouert. Am Laf vum September ginn d'Apdikte mat deenen éischten Impfdosisse beliwwert. Fir weider Informatiounen, besicht d'Säit sante.lu/grippe.

COVID-19 oder Infektioun duerch de SARS-CoV-2-Virus

 

Och wann et an de Summerméint eng liicht Hausse gouf, bleift d'Unzuel un COVID-19-Infektioune relativ kleng. Verschidden nei Sub-Variante vum Omikron, déi zurzäit an der Bevëlkerung circuléieren, bréngen an der Reegel wéineg Symptomer mat sech.

De Conseil supérieur des maladies infectieuses (CSMI) gëtt Enn September en Avis of zu de Persounen, déi am Hierscht vun engem Impf-Rappell profitéiere sollten. Bis dohi wäert Lëtzebuerg och d'Impfstoffer (COMIRNATY®) kritt hunn, déi un déi nei Varianten ugepasst sinn. D'Impfung kann an der Apdikt oder beim Dokter gemaach ginn. D'COVID-19-Impfung ass gratis. Weider relevant Informatioune ginn deen Ament un d'Press weidergeleet. Weider Informatioune fannt Dir ënnert sante.lu/covid-19.
Et sief drop higewisen, dass béid Impfstoffer géint d'Gripp an de COVID-19 dee selwechten Dag op jeeweils dem aneren Aarm kënne gemaach ginn.

Pneumocoqueninfektioun


D'Impfung géint d'Pneumocoqueninfektioun ass fir Erwuessener ab 65 Joer a fir verschidde Risikogruppen ugewisen. Fir dës Persounen ass d'Impfung gratis. An der Reegel, geet eng Impfdosis (APEXXNAR®) duer, ouni dass e Rappell an den nächste Joren néideg ass (mat verschidden Ausnamen, déi individuell mam Hausdokter ze kucke sinn).
Weider Informatiounen zu de Persounen, déi geimpft kënne ginn, fannt Dir op der Säit sante.lu/pneumocoque. D'Impfung gëtt beim Dokter duerchgefouert an ass ab elo disponibel.

Communiqué vum Gesondheetsministère

Aktualiséiert