Gratis Impfung géint Gürtelrous fir Persounen iwwer 65 Joer a Persoune mat enger Immunodefizienz

Laut Recommandatioune vum Ieweschte Rot fir Infektiounskrankheeten (Conseil supérieur des maladies infectieuses - CSMI) gëtt den Impfstoff "Shingrix", deen d'Heefegkeet vun der Gürtelrous reduzéiere soll, ab Abrëll 2023 gratis vun der Gesondheetsdirektioun zur Verfügung gestallt. Den Impfstoff wäert an deenen nächsten Deeg disponibel si fir un Doktere kënne verdeelt ze ginn. Patienten, déi d'Krittäre fir eng Impfung erfëllen an déi sech géint Gürtelrous impfe loosse wëllen, si gebieden hiren Hausdokter ze kontaktéieren.

Laut den Empfielungen vum CSMI gëtt d'Impfung fir folgend Persoune recommandéiert:

  • 2 Dosen an engem Ofstand vun 2 bis 6 Méint fir Erwuessener iwwer 65 Joer;
  • 2 Dosissen an engem Ofstand vun 1 bis 2 Méint fir Erwuessener déi mindestens 18 Joer al sinn, an opgrond vun enger Krankheet oder engem Traitement immunodepriméiert sinn.

Persounen tëschent 50 a 65 Joer kënne sech och impfe loossen, dëst laut den Indikatioune vum Beipakziedel. D'Impfung fir dës Alterstranche ass awer net Deel vum nationalen Impfprogramm a gëtt deementspriechend net vun der Gesondheetsdirektioun gratis zur Verfügung gestallt. Dës Persoune mussen sech un hiren Hausdokter wende fir eng Ordonnance fir de Vaccin ze kréien a kënnen dësen dann duerno an der Apdikt kafen.

Gürtelrous ass eng Hautausschlag mat Blosen, deen an de meescht Fäll mat Péng verbonnen ass. Den Ausschlag trëtt meeschtens op enger eenzeger Plaz vum Kierper op a kann e puer Wochen unhalen. De Virus vun der Gürtelrous ass dee selwechten ewéi dee vun de Waasserpouken. Wann eng Persoun d'Waasserpouken hat bleift de Virus an den Nerveganglien vum Kierper zeréck. Esou kann et virkommen, datt Jore méi spéit, wann den Immunsystem duerch Alter, eng Krankheet oder e spezifescht Traitement geschwächt ass, dëse Virus eng Gürtelrous ervir ruffe kann.

Den Impfstoff Shingrix kann d'Heefegkeet vu Gürtelrous-Episoden a Post-Zoster-Neuralgien (PZN) reduzéieren. PZN ass eng staark a laang undauernd Péng, déi no enger Gürtelrous optriede kann.

Huelt Récksprooch mat Ärem Hausdokter wann Dir weider Froen zu der Impfung hutt.

Méi zu dësem Thema:

  • D'Recommandatioune vum CSMI sinn op sante.lu ënnert der Rubrik "Conseil Supérieur des Maladies Infectieuses (CSMI)" vun den nationale Recommandatiounen am "Espace Professionnel" ze fannen.
  • Weider Informatiounen iwwert den Impfstoff an de Beipakziedel fir d'Patiente fannt Dir op sante.lu am Themeberäich "vaccination".

Communiqué vum Gesondheetsministère 

Aktualiséiert