2. Booster-Dosis a Reouverture vum Impfzenter zu Esch-Belval

Nei Recommandatioune fir eng 2. Booster-Dosis (oder 4. Impfdosis)

Entspriechend dem Avis vum Conseil supérieur des maladies infectieuses (CSMI) gëtt follgende Persounen eng 2. Opfrëschungsdosis ("Booster") oder 4. Dosis mat engem bivalenten mRNA-Impfstoff (Comirnaty Wuhan/B.A.1 oder Spikevax Wuhan/B.A.1 oder Comirnaty Wuhan/B.A. 4-5, jee no Disponibilitéit) recommandéiert:

  • Persounen ab 60 Joer,
  • Persounen tëschent 12 an 59 Joer mat Komorbiditéiten an héijem Risiko fir e schwéiere Verlaf vu COVID-19,
  • immungeschwächte Persounen,
  • schwanger Fraen,
  • a Personal aus dem Gesondheetssecteur.

Déi 2. Opfrëschungsdosis kann ausserdeem un all aner Persoun am Alter vun 12 bis 59 Joer ouni Risikofacteur, déi net viru kuerzem eng Infektioun haten, op Wonsch aginn ginn. Bei gesonde Persounen, déi no der 1. Opfrëschungsdosis eng Infektioun mam SARS-COV-2 (bestätegt duerch ee PCR oder Antigen-Test) haten, gëtt dës 4. Dosis allerdéngs net recommandéiert.

Déi 2. Opfrëschungsdosis gëtt mat engem Ofstand vu mindestens 4 Méint no der 3. Impfdosis (oder 1. Opfrëschungsdosis) respektiv no enger Infektioun aginn. Mat dëser Booster-Impfung soll den héijen Impfschutz oprechterhale ginn, deen déi betraffe Persoune géint eng Infektioun, schwéier Krankheetsverleef oder Doudesfäll opgebaut hunn.

Temporär Reouverture vum Impfzenter Esch-Belval

Fir d'Bevëlkerung sou gutt wéi méiglech op eventuell Infektiounswellen am Hierscht a Wanter virzebereeden, mécht d'Lëtzebuerger Regierung den Impfzenter zu Esch-Belval ab dem 13. Oktober nees op. Den Impfzenter ass Dënschdes bis Freides vu 07:00 bis 19:00 Auer a Samschdes vu 07:00 bis 13:00 op.

Wéi huelen ech e Rendez-vous?

Et gi keng Invitatioune méi un déi betraffe Persoune verschéckt. Rendez-vousen an den Impfzenter kënnen ab elo direkt op www.covidvaccination.lu reservéiert ginn, andeems Dir Är Matricule ugitt. Rendez-vouse sinn ab 11. Oktober méiglech.

Persounen iwwer 60 Joer, déi an der Vergaangenheet eng Invitatioun per Post vun der Lëtzebuerger Regierung kritt hunn, kënnen entweder wéi uewe beschriwwen e Rendez-vous iwwert hir Matricule reservéieren (ab dem 1. Oktober) oder de Code benotzen, deen hinne geschéckt gouf a weiderhi gülteg ass.

Well et sech bei den Impfzentren ëm temporär Raimlechkeeten handelt, déi der Impfung géint de COVID-19 dengen, gëtt och weiderhi recommandéiert, sech bei engem Dokter oder an enger Apdikt impfen ze loossen. D'Lëscht vun den Dokteren an Apdikten, déi bei der Impfcampagne matmaachen, esou wéi d'Datumer vum Impfbus, fannt Dir op der Säit covidvaccination.lu.

Eng personaliséiert Hëllef gëtt och iwwert eng speziell dofir ageriichten Helpline ugebueden: (+352) 247-65533.

Communiqué vum Staatsministère / Gesondheetsministère

Aktualiséiert