COVID-19: Réckbléck op d'Woch vum 7. bis de 13. Mäerz 2022

An der Woch vum 7. bis den 13. Mäerz ass d'Zuel vun de positiv op COVID-19 geteste Persoune vu 4.794 op 5.968 eropgaangen (+24%).

Vun de 5.968 Neiinfektioune louch den Inzidenztaux bei Persounen, déi net geimpft waren, bei 986 Fäll pro 100.000 Awunner a bei de Persounen, déi ee kompletten Impfschutz haten, bei 922,8 Fäll pro 100.000 Awunner.

Wat d'Hospitalisatiounen ugeet, esou waren 8 vun den 30 Patienten an der Normalfleeg net geimpft (22 haten ee kompletten Impfschutz). An der Intensivfleeg ware 0 vun de 4 Patienten net geimpft.

Den Inzidenztaux op 100.000 hospitaliséiert Persounen (5+ Joer) mat engem kompletten Impfschema läit bei 4,55 an der Normalfleeg a bei 0,83 an der Intensivfleeg. Den Inzidenztaux op 100.000 hospitaliséiert Persounen (5+ Joer) ouni kompletten Impfschema läit bei 6,77 an der Normalfleeg a bei 0,00 an der Intensivfleeg.

D'Zuel vun de PCR-Tester, déi an der Woch vum 7. bis den 13. Mäerz duerchgefouert goufen, ass vu 17.169 op 17.853 geklommen.

Bannent der Referenzperiod, hunn 83 Persounen e positiven Antigène-Schnelltest gemellt, géintiwwer 68 déi Woch virdrun. Domat läit d'Gesamtzuel vun de positiven Antigène-Schnelltester, déi vu medezineschem Fachpersonal duerchgefouert goufen, bei 2.222. Et sief nach drop higewisen, dass déi gemellte positiv Antigène-Schnelltester fir de Positivitéitstaux net matgerechent ginn.

Den 13. Mäerz ass d'Zuel vun den aktiven Infektiounen op 10.909 eropgaangen, am Verglach zu 9.623 de 6. Mäerz, wärend d'Zuel vun de geheelte Persoune vun 177.349 op 182.024 geklommen ass. D'Altersmoyenne vun de positiv geteste Fäll läit bei 35,3 Joer.

An der Woch vum 7. bis den 13. Mäerz, goufen et 7 weider Doudesfäll am Zesummenhang mat COVID-19. D'Altersmoyenne vun den Doudesaffer ass 83 Joer.

An de Spideeler goufen et 30 nei Hospitalisatioune vu COVID-Patienten an der Normalfleeg, géintiwwer 24 an der viregter Woch. Op der Intensivstatioun ass d'Zuel vun de beluechte Better vu 6 op 4 erofgaangen. D'Altersmoyenne vun den hospitaliséierte Patiente läit bei 53 Joer.

Positivitéitstaux an Inzidenz-Taux

Bannent der Referenzperiod, ass den effektive Reproduktiounstaux (RT eff) mat 1,13 géintiwwer 1,11 an der viregter Woch, eropgaangen. De Positivitéitstaux vun den Tester (Ordonnance, Contacttracing) ass op 33,43%, géintiwwer 27,92% an der Woch virdrun, eropgaangen.

Den Inzidenztaux op 7 Deeg ass op 940 Fäll pro 100.000 Awunner geklommen, géintiwwer 755 Fäll pro 100.000 Awunner an der Woch virdrun.

Re-Infektiounen an déi certifiéiert Selbsttester an de Schoule ginn an der Berechnung vum Inzidenztaux mat abegraff. Am Verglach zur viregter Woch ass den Inzidenztaux an all den Altersgruppen eropgaangen.

Déi héchsten Hausse gëtt et bei der Altersgrupp vu 60-75 Joer (+51%), dono bei 75+ Joer (+41%), dann 30-44 Joer (+29%), 45-59 Joer (+27%), 15-29 Joer (+26%) an dann d'Kanner vun 0-14 Joer (+12%). An der Woch vum 7. bis den 13. Mäerz maachen déi certifiéiert Antigène-Tester an der Schoul 24% vun de Fäll bei Persounen tëschent 0-14 Joer an 9% bei Persounen tëschent 15-29 Joer aus.

Deen niddregsten Inzidenztaux gouf et an der Alterstranche vun de 60-74 Joer mat 606 Fäll pro 100.000 Awunner. Deen héchsten Inzidenztaux gouf et an der Alterstranche vun 0-14 Joer mat 1.629 Fäll pro 100.000 Awunner.

Kontaminatiounen

Opgrond vun der héijer Zuel un Neiinfektiounen, ass d'Identifizéierung vun de Quellen aktuell net an alle Fäll méiglech.

De Familljekrees ass déi heefegst Source mat 32,6% vun den Infektiounen. Duerno kommen d'Educatioun (15,1%), d'Fräizäitaktivitéiten (8%)d'Reesen an d'Ausland (4,5%) an d'Aarbecht (4,1%). Den Undeel vun den net-identifizéierte Sourcë geet erof (26,9%).

Impfung: aktuell Lag

An der Woch vum 7. bis den 13. Mäerz, goufen am Ganzen 2.842 Dosissen aginn. 230 Persoune kruten eng 1. Dosis, 850 kruten déi 2. Dosis, 1.455 Persoune kruten eng éischt komplementar Dosis zu engem kompletten Impfschema an 307 kruten eng zweet komplementar Dosis zu engem kompletten Impfschema. Domat klëmmt d'Gesamtzuel vun den administréierten Impfdosisse bis den 15. Mäerz op 1.270.982.

470.598 Persounen hunn ee kompletten Impfschema, wat engem Impftaux vun 78,3% vun der impfbarer Bevëlkerung entsprécht (also Persounen iwwer 5 Joer).

Impfzenteren Esch-Belval an Ettelbréck maachen zou

D'Impfzenteren Esch-Belval an Ettelbréck sinn ab dem Samschdeg, 16. Abrëll um 13:00 Auer zou.

All Persounen, déi hir éischt Dosis no dem 19. Mäerz an engem vun deenen 2 Zenteren oder engem Popup kruten, kënne fir hir zweet Dosis an den Impfzenter Hall Victor Hugo, bei een Apdikter oder en Dokter goen.

D'Lëscht vun den Apdikten an den Hausdokteren, déi reegelméisseg aktualiséiert gëtt, fannt Dir op covidvaccination.lu.

"Popup" Impfung: Lëtzebuerg léisst sech impfen

Fir den Impftaux ze verbesseren, bitt d'Regierung temporär Impf-Plazen ("Popup" Impfstatiounen) un, fir esou den Zougank zu Impf-Méiglechkeeten ze vereinfachen. Mobil Ekippe wäerten ausserdeem op vill besichte Plazen ënnerwee sinn (Foussgängerzonen, Akafszenteren, Evenementer déi vu verschidde Gemengen organiséiert ginn).

Verschidde Popups maachen zou

  • D'Popups an de Shoppingzentere sinn ab dem Samschdeg, 16. Abrëll zou.
  • De Popup Gare Lëtzebuerg ass ab dem Freideg, 15. Abrëll zou.

Wärend d'Popups zougemaach ginn, gëtt gläichzäiteg den Impfbus reaktivéiert, deen dann, ënnert anerem, op de Parkinge vu Shoppingzenteren, Aktivitéitszonen oder Evenementer wäert sinn.

D'Lëscht vun all den temporären Impfplaze gëtt kontinuéierlech aktualiséiert a kann op covidvaccination.lu consultéiert ginn.

Evolutioun vun de Varianten

D'Donnéeën zu der Sequenzéierung vun de Variante fënnt een all Freideg um Site vum Nationale Gesondheetslabo (Laboratoire national de Santé, LNS) https://lns.lu/en/publications-en

Monitoring vum Ofwaasser zu Lëtzebuerg am Kader vum SARS-CoV-2

Laut dem leschte Rapport CORONASTEP vum LIST (Luxembourg Institute of Science and Technology), weist de Kontaminatiounsniveau an den 13 Kläranlagen, déi am Laf vun der 10. Woch 2022 ënnersicht goufen, eng nach ëmmer ganz héich Prevalenz vum SARS-CoV-2 am Ofwaasser op nationalem Niveau. D'SARS-CoV-2-Stréim déi an dëser Woch gemooss goufe sinn deene vun der Woch virdru staark änlech, wat d'Stabilisatioun vum Signal confirméiert. Änlech Tendenze goufen an allen analyséierte Kläranlage gemooss, mat Ausnam vun Ëlwen, wou e signifkante Pic vu Kontaminatioun mat SARS-CoV-2 konnt an där Woch observéiert ginn.

D'Rapporte vum CORONASTEP kënnen um Site vum LIST consultéiert ginn: https://www.list.lu/en/covid-19/coronastep/.

Communiqué vum Gesondheetsministère, dem Laboratoire National de santé (LNS) an dem Luxembourg Institute of Science and Technology (LIST) 

Aktualiséiert