COVID-19: Réckbléck op d'Woch vum 12. bis den 18. Abrëll

An der Woch vum 12. bis den 18. Abrëll, ass d'Zuel vun de positiv op COVID-19 geteste Persoune vun 1.265 op 1.261 (-1%) liicht erofgaangen, genau wéi d'Zuel vun hiren identifizéierten enke Kontakter, déi vun 3.122 op 2.943 Kontakter erofgaangen ass (-6%).

Et sief unzemierken, dass d'Zuel vun de PCR-Tester, déi an der Woch vum 12. bis den 18. Abrëll duerchgefouert goufen, vu 54.621 op 60.360 geklommen ass.

149 Persounen hunn e positiven Antigen-Schnelltest gemellt.

Den 18. Abrëll goufen et insgesamt 2.828 aktiv Infektiounen (am Verglach zu 3.186 den 11.04.), wärend d'Zuel vun de geheelte Persoune vun 59.982 op 61.530 geklommen ass. D'Altersmoyenne vun de positive Fäll ass op 36,7 Joer erofgaangen.

D'Zuel vun den neien Doudesfäll ass och erofgaangen, mat 8 Doudesfäll am Zesummenhang mam COVID-19, am Verglach zu 12 an der viregter Woch. D'Altersmoyenne vun den Doudesaffer läit bei 73 Joer.

An de Spideeler ass ee liichte Réckgang festzestellen, mat 84 Hospitalisatioune vu COVID-Patienten an der Normalfleeg, am Verglach zu 104 an der viregter Woch. D'Situatioun op der Intensivstatioun bleift allerdéngs weiderhin ugespaant: D'Zuel vun den Hospitalisatiounen op der Intensivstatioun klëmmt vun 30 op 33 (dovun ee Patient aus dem Grand Est). ​ D'Altersmoyenne vun den hospitaliséierte Patienten ass weider erofgaangen (vun 61 op 57 Joer).

Déi zwee COVID-19-Consultatiounszenteren (CCC), um Kierchbierg an zu Esch-Uelzecht, goufe säit hirer Erëffnung am Ganzen 12.687 Mol besicht, dovu 497 Visitten an der Woch vum 12. bis den 18. Abrëll, wat eng signifikant Baisse am Verglach zur viregter Woch ass (682).

Positivitéitstaux an Inzidenz-Taux

An der Referenzperiod ass den effektive Reproduktiounstaux (RT eff) vun 0,95 op 0,91 erofgaangen. Dës Tendenz weist sech och beim Positivitéitstaux vun all den duerchgefouerten Tester (Ordonnance, Large Scale Testing, Contacttracing), dee vun 2,32% op 2,09% erofgaangen ass (Wochenduerchschnëtt). Et gëllt ze bemierken, dass de Positivitéitstaux bei den Tester op Ordonnance, d.h. bei symptomatesche Persounen, vu 5,21% op 5,88% geklommen ass.

Den Inzidenz-Taux op 7 Deeg bleift éischter stabel bei 201 Fäll pro 100.000 Awunner. Et sief nach drop higewisen, dass an der Woch vum 5. Abrëll den Inzidenz-Taux op 7 Deeg bei 202 Fäll pro 100.000 Awunner louch. Am Verglach zu der viregter Woch geet den Inzidenz-Taux an all Alterstranchen erof, mat Ausnam vun der Alterstranche 15-29 Joer (+10%). Déi gréisste Baisse gëtt et bei der Alterstranche vu 60-74 Joer (-17%) an der Alterstranche vu 75+ Joer (-14%).

D'Alterstranche vu 75+ Joer weist deen niddregsten Inzidenz-Taux op, mat 106 Fäll pro 100.000 Awunner, dono kënnt d'Alterstranche vu 60-74 Joer, mat 124 Fäll pro 100.000 Awunner. Bei der Alterstranche 60+, déi bis elo d'Haaptzil vun der Impfcampagne war, ass e vill méi niddregen Inzidenz-Taux festzestellen.

Quarantän an Isolatioun

An der Woch vum 12. bis den 18. Abrëll, waren 2.917 Persounen an Isolatioun (-9%) an 2.987 a Quarantän (-13% par Rapport zu der Woch virdrun).

Kontaminatiounen

Fir déi 1.261 nei Fäll bleift de Familljekrees weiderhin déi heefegst Source mat 42,6% vun de COVID-19-Infektiounen. Duerno kommen d'Aarbecht (4,8%), d'Fräizäitaktivitéiten (4,3%) an Reesen a d'Ausland (3,5%). Den Taux vun de Kontaminatiounen, wou den Ursprong net kloer zougeuerdent ka ginn, ass op 38,8% geklommen.

Impfung: aktuell Lag

An der Woch vum 12. bis den 18. Abrëll, goufen am Ganzen 33.812 Dosissen aginn. 22.065 Persoune kruten eng 1. Dosis an 11.747 kruten déi 2. Dosis. Domat klëmmt d'Gesamtzuel vun den administréierten Impfunge bis den 20. Abrëll op 165.515 (1. an 2. Dosis).

D'Iwwerwaachung vun den onerwënschten Niewewierkungen, déi an EudraVigilance nom Agi vun engem COVID-19-Impfstoff zu Lëtzebuerg säit dem Ufank vun der Impfcampagne den 28. Dezember 2020 gemellt goufen, kann iwwert folgende Link consultéiert ginn: COVID-19: Iwwerwaachung vun den onerwënschten Niewewierkungen - Rapport vum 16.04.2021 (pblic.lu).

Evolutioun vun de Varianten

An der Woch vum 5. bis den 11. Abrëll, louch de Sequenzéierungstaux vun der Gesamtbevëlkerung bei 50,7%, wat wäit iwwert deem vun der ECDC recommandéierten optimalen Taux vun 10% fir representativ Stéchprouwe leit.

Fir d'Stéchprouf vu 661 Tester, déi fir d'Kalennerwoch 14/2021 duerchgefouert gouf, konnt folgend Verdeelung vun de Variante festgestallt ginn:

  • déi brittesch (UK-)Variant (B.1.1.7.) representéiert 81,4% vun de Fäll
  • déi südafrikanesch (SA-)Variant (B.1.351) representéiert 14,2% vun de Fäll
  • déi brasilianesch Variant (P.1) representéiert 1,1% vun de Fäll

Monitoring vum Ofwaasser zu Lëtzebuerg am Kader vum SARS-CoV-2 

Dem leschte CORONASTEP Rapport no, dee vum LIST (Luxembourg Institute of Science and Technology) opgestallt gouf, huet de Kontaminatiounsniveau an den 13 Kläranlagen an der Woch vum 12. bis den 18. Abrëll eng moderat Prevalenz vum Virus am Ofwaasser op nationalem Niveau opgewisen. Eng Tendenz no ënne war awer och an där Woch ze bemierken.

D'Rapporte vum CORONASTEP kënnen um Site vum LIST consultéiert ginn: https://www.list.lu/en/covid-19/coronastep/.

Communiqué vum Gesondheetsministère, dem Nationale Gesondheetslabo (LNS) an dem Luxembourg Institute of Science and Technology (LIST)

Aktualiséiert