Interview de Lydia Mutsch avec la "Stëmm vun der Stross"

"D''Stémm ass e ganz kompetenten an zouverlässege Partner, deen immens dynamesch ass (...)"

Interview: Stëmm vun der Stross

Stëmm vun der Stross: Wéi sidd Dir an d'Politik komm?

Lydia Mutsch: Ech si mat 16 Joer, also als jonk Studentin an d'Politik komm, iwwert eng politesch Jugendorganisatioun (JONGSOZIALISTEN). Ech hu mech deemools virun allem fir Ëmweltfroen intresséiert, déi Zäit gouf et nach keng gréng Partei. An der Jugendorganisatioun hunn se sech ganz vill fir Ëmweltproblemer interesséiert. Zum Beispill wat d'Waasserqualitéit zu Lëtzebuerg ubelaangt oder wat d'Atompolitik ugeet. Ech war och eng aktiv Géignerin vum Projet Remerschen. Doduerch sinn ech an d'Politik komm, a sinn immer dobäi bliwwen.

Stëmm vun der Stross: Kënnt Dir ons Är Aarbecht a kuerze Wierder erklären, a wat ass Äert Haaptuleies an der Gesondheetspolitik?

Lydia Mutsch: Meng Aarbecht als Gesondheetsministesch besteet virun allem doranner, mech em d'Gesondheetsversuergung hei am Land ze këmmeren, dat heescht fir dofir ze suergen, dass jidder Bierger déi beschtméiglech medezinesch Versuergung hei zu Lëtzebuerg ka kréien. Meng Aarbecht ass ganz villfälteg, en Haaptuleies vun eiser Gesondheetspolitik ass dobei d'Preventioun, an dat a ganz ville Beräicher: Preventioun vu Krankheeten, vu Sucht, vu Schwieregkeete vun de Jugendleeher, z. B. Alkoholpreventioun. Da kimmeren ech mech och im d'Medikamenter, mir hunn z. B. eng extra Divisioun, déi sech im Zouloossungsbestëmmunge fir Medikamenter këmmert. Dann hunn ech ongeféier 250 Mataarbechter, dovunner ass de gréissten Deel an der Gesondheetsdirectioun. An der Gesondheetsdirectioun sinn 9 Divisiounen, wou et haaptsächlech ëm d'Preventioun geet awer och ëm d'Gesondheet vun de Schoulkanner a Jugendlechen, d'Liewensmëttelsécherheet a Medikamenter. Dann hu mir och ee Service, deen sech ëm d'Schoulkanner kümmert. Mir hunn och Servicer, déi sech besonnesch interessiere fir Krankheetsbehandlungen. Esou kann ech soen, dass dat ganz villsäiteg ass. Et kommen och dauernd nei Saachen dobäi, z. B. den elektronesche Patientendossier, dat ass wéi eng Kaart vun der Krankekeess. Op der Kaart, fënnt een all d'informatioune vum Patient, z. B. wéi eng Krankheeten e schonn hat, wéi eng Behandlungen e scho kritt huet, wat fir eng Allergien e géint ee bestëmmtent Medikament huet, bei welchen Dokteren hien a Behandlung ass. Domadder verhënnert een, dass de Patient vun engem Dokter bei deen anere geschéckt gëtt, an iwwerall säin Dossier muss fechte goen, dat ass ganz wichteg. Ech hunn och eppes mat den Autorisatiounen ze dinn, bei eis muss een, wann ee wëll Dokter ginn, d'Autorisatioun vum Gesondheetsminister hunn. Mat Formatiounen hunn ech och ze dinn, zesumme mat anere Ministèren, dat heescht mir ginn Agrementen (Admissiounen) fir Formatiounen. Ech bekëmmere mech och mat de Professions de santé, dat ass fir déi Leit, déi an de Gesondheetsberuffer schaffen, do hunn ech eng enk Zesummenaarbecht mat hinnen, woubäi ech do Regelen opstellen, déi si matbestëmmen. En anere wichtegen Dossier ass d'Organisatioun vun de Spideeler, dozou gehéiert ënnert anerem och de Finanzement vun de Spideeler; donieft këmmeren ech mech ëm d'Patienterechter, fir dass de Patient gutt informiert ass an och weess, wat seng Rechter vis-a-vis vum Dokter oder vis-a-vis vun engem Spidol sinn. Dir gesitt, dass ech als Gesondheetsministerin eng ganz villsäiteg Aarbecht hunn, an och ganz frou mat der Aarbecht sinn.

Stëmm vun der Stross: Bei dëser Zeitung geet et jo dorëms erauszefannen, wat de Lëtzebuerger Staat vwu Léisungen ubidde kann, fir sozial schwaach Mënsche bei der Aarbechtssich ze hëllefen. Mir wollten lech do froen, wat de Gesondheetsministère do unzebidden huet? Hutt Dir den Androck, dass d'Situatioun vu benodeelegte Mënschen sech duerch all déi Mesure verbessert huet?

Lydia Mutsch: Mir hunn zenter 1990 eng ganz gutt Zesummenaarbecht mat verschiddenen Associatiounen, fir therapeutesch Atelieren opzebauen z. B. (ATP a.s.b.l assocation d'aide par le travail therapeutique pour personnes psychotiques), do sinn énner anerem d'Kielener Atelieren, den Haff Ditgesbaach bei Ettelbréck, de Schierener Atelier, den Eilenger Konschtwierk Atelier. Mir hunn och eng Zesummenaarbecht mat der Caritas, dat ass den Éilerenger Wäschbuer dann d'Stëmm vun der Strooss, dat ass zu Hollerech, de Stëmm Caddy zu Bouneweg, dann d'Stëmm zu Esch an der Groussgaass, d'Wäscherei Schweessdrëps zu Esch, an et ass de Centre post-thérapeuthique zu Schöndels, deen och zu der Stémm vun der Strooss gehéiert. Mat all deenen Atelieren hu mir bis elo 380 Aarbechtsplaze konnte Schafen. Mir hunn och do ville Leit, déi psycheseh Krankheeten hunn, ofhängeg sinn oder aner gesondheetlech Problemer hunn, erméiglecht, fir trotzdem eng flott Aarbecht an eng sënnvoll Beschäftegung ze hunn. Et si Leit och erém fit gi fir den éischten Aarbechtsmaart, eebe well si erëm gewinnt gi sinn, hiren Dagesoflaf ze organiséieren, mat sech zefridde können ze sinn, an erëm Loscht hunn, hiert Liewen an de Grëff ze kréien. Dann hunn se och Regelen nei kenne geléiert, zum Beispill wéi een eens gëtt dobausse mat de Leit, wei een disziplinéiert ass, dass een sech net alles méi duerchgoen léisst, an dann och Pünktlechkeet, Hygiènesbestëmmungen, dat fannen ech enorm wichteg. Do kann ee soen, dass déi Atelieren immens gehollef hunn, an ech sinn der Meenung, dass dat ee grousse Succés huet. Et sinn och Leit dobäi, déi net méi op den éischten Aarbechtsmaart integréiert könne ginn, dofir ass et wichteg, dass mir déi Strukturen hunn, fir d'Leit ze behalen fir dass si um zweeten Aarbechtsmaart eng Chance hunn, an dann net esou ënner Drock kommen, wéi deen Drock, deen dacks op den anere Plazen un éischter Stell steet z. B. d'Produktivitéit, den Emsaz oder esouguer d'Zukunft vum Betrib. Domat sinn déi Leit iwwerfuerdert. Dofir ass et esou wichteg, dass mir paralell ee wirtschaftlecht Emfeld schafen, wou déi Leit eng Chance behalen oder eng Chance kréien, a wou mir dann als Ministär dofir suerge können, dass Recetten do sinn, dass eeben déi Froe vun der Profitmaximierung net am Virdergrond stinn, mee dass do flott a komerodschaftlech ka geschafft ginn. Dat fannen ech wierklech ganz wichteg, dann ass eeben déi Sich no enger Aarbechtsplaz net dauernd een Drock, ee Stress an et kann een awer sai Liewen an d'Hand huelen.

Stëmm vun der Stross: Dir sidd jo och Ministesch fir Chancëgläichheet gitt Dir z. B. als Fra anescht dorunner wéi är männlech Kollegen?

Lydia Mutsch: Also hei setze mir an der Chancëgläichheet, dat hei ass och de Ministär vun der Chancëgläichheet. Ech fannen dat eng ganz schwéier Fro. Ech stellen och fest, et kréien emmer nëmmen d'Fraen déi Froe gestallt, dat ass e bësse schued. Ech mengen net, dass d'Fraen déi besser Mënsche sinn, mee d'Fraen hunn oft eng aner Erfarung, een anert Liewensëmfeld, aner Erliefnesser, aner Experienzen, vläicht och eng aner Siicht an aner Virstellungen. An de Räichtum an den Equiliber könnt menger Meenung no duerch de Mix. A well ech nach ni virdrun e Mann war, kann ech net richteg op d'Fro äntweren ob ech aneschters un déi Saach eru géing goen, wann ech e Mann wier. Mee bestëmmt glitt et do Ennerscheeder, Qualitéit entsteet am beschten do, wou déi verschidden Experienzen zesumme können schaffen.

Stëmm vun der Stross: Sinn d'Männer méi pragmatesch am Denken, wat d'Chancëgläichheet ugeet?

Lydia Mutsch: An der Chancëgläichheet ass nach vill ze maachen, dat kann ech iech soen. Wouvun ech iwwerzeegt sinn, ass, dass d'Chancëgläichheet d'Fraen an d'Männer gläichermoossen eppes ugeet, et ass net just eng Saach vun de Fraen. Et ginn ëmmer méi Männer an an der Regierung setzen der ganz vill, déi d'Noutwendegkeet agesinn hunn, fir als Fraen a Männer zesummen ze diskutieren a mat Héllef vun deene verschiddenen Experienzen gemeinsam ee Wee ze fannen. Dat ass an mengen Aen dat Wichtegst. Heiansdo sinn d'Fraen net pragmatesch, an d'Männer si pragmatesch an heiansdo huet een Equippen, do huet ee pragmatesch Fraen an net esou pragmatesch Männer; ech mengen dat ass net geschlechtsofhängeg, mee dat ass Charaktersaach.

Stëmm vun der Stross: Déi nächst d'Fro ass e bëssen schwéier fir lech, mir bieden lech se awer ze beäntweren, a mir stellen dem Herr Schmit déiselwecht Fro. Also Dir hutt jo d'Santé ënnert lech an de Ministär vun der Chancégläichheet an da sidd Dir jo och nach Mamm. Beruff a Familljeliewen ass dat compatibel, zemools Dir esou eng grouss Verantwortung ze droen hutt?

Lydia Mutsch: Also wat d'Organisatioun vum Liewen a vum Stot ugeet, mengen ech, hu mai Mann an ech datselwecht Schicksal wéi aner Koppelen, déi zu zwee am Beruff sinn. Ech mengen eng Persoun, déi Schicht schafft an der Industrie, an déi ee Partner huet, déi Caissiére oder Caissier am Supermarché ass, déi mussen sech och am Liewe ganz vill Méi ginn, fir Zäit fir sech, Zäit fir hir Famill ze fannen an dobäi nach hire Stot ze organiséieren. Beruffstäteg Koppelen, déi zu zwee schaffe ginn, si gewinnt, fir ee gudden Deel vun hirer Energie dofir opzebréngen, hiert Liewen an hir Famill ze organiséieren. Dat ass net ëmmer einfach, mee well ech dat awer gäre maachen, akzeptéieren ech dat. Ech sinn och wierklech frou, dass ech däerf an enger Regierungsequipe dobäi sinn, trotzdem ass et och eng Laascht, déi engem op de Schéllere läit. Als Minister ass ee praktesch dauernd énner Beobachtung, et däerf een kee Faux-pas maachen, et huet ee vill Verantwortung, an et muss een och mam gudde Beispill vir goen. Do kann d'Famill eng grouss Roll spillen, wann een do opgefaange gëtt, a wann een och kann ofschalten.

Stëmm vun der Stross: D'Stemm vun der Strooss huet scho vill Projete mam Gesondheetsministére kennen op d'Bee stellen. Mir sinn immens frou iwwert dös gutt Zesummenaarbecht, besteet an der Zukunft d'Méiglechkeet weider Projeten zesumme können op d'Been ze stellen?

Lydia Mutsch: Wéi ech iech inescht scho gesot hunn, ass de Job vun engem Gesondheetsminister ee ganz breeden a villsäitegen. Ech hunn als Gesondheetsminister insgesamt mat 26 Associatioune Konventiounen, mat insgesamt 36 Servicer, déi bedriwwe ginn, da muss ech ëmmer plangen, fir déi Sue gerecht ze verdeelen, déi mir do zur Verfügung stinn. Dat güllt esou wuel fir d'Fonctionnementsbudgeten wéi och fir d'Personalkäschten, déi mir iwwerhuelen oder d'Aktivitéiten, déi mir énnerstétzen. Ech well awer och soen, dass d'Stémm vun der Strooss mir do besonnesch um Häerz läit. Ech hat scho vill mat der Stémm ze dinn, wou ech nach Buergermeeschtesch vun Esch war. An d'Stémm ass e ganz kompetenten an zouverlässege Partner, deen immens dynamesch ass, sech och net scheit nei Weeér wéllen ze goen, deen och ville Leit vill hélleft an dofir hu mir déi Projeten düst Joer mat iwwer 3,7 Milliounen énnerstétzt. Dat ass en zolitte Budget dee mir do ginn, an ech ginn dovunner aus, dass déi Butt Zesummenaarbecht, déi de Gesondheetsministére mat der Stémm huet, och an der Zukunft esou weidergeet. Ech sinn do absolut optimistesch an ech si virun allem och dorunner interesséiert, dass dat esou ass an och esou bleift.

Stëmm vun der Stross: Wann een elo kuckt mat de Flüchtlingen, musst Dir déi och an de System integréieren?

Lydia Mutsch: Mir si vum Gesetz hier och fir d'medezinesch Versuergung vun de Flüchtlingen zoustänneg, a virum allem och fir hinnen zur Säit ze stoen, wann si ukommen, wa si eventuell eng Krankheet hunn a fir hinnen ze hëllefen, wann si Traumaen hunn. Et sinn dacks Ménschen, déi vill Gewalt erlieft hunn, z. B. duerch Stierffäll ënner ganz ellenen Emstänn oder als Affer vu Gewalt. Fir mech ass de korrekten a mnschlechen Accueil vun den Demandeurs de protection internationale eng richteg a wichteg Erausfuerderung. D'Redaktioun vun der Stemm seet lech Merci fir den Interview. Marco

Dernière mise à jour