Lydia Mutsch au sujet de ses attributions ministérielles

Claude Zeimetz: Dir waart 26 Joer laang an der Gemengepolitik aktiv, dovunner 13 Joer Deputé-Maire, an am ganze 24 Joer laang an der Chamber. Als nei Gesondheetsministesch stitt Dir elo direkt an der Aktualitéit duerch dat verschäerftent Fëmmgesetz, e Gesetz un deem Dir och als Presidentin vun der Santés-Commissioun mat dru geschafft hutt. D’Meenungen déi ginn natierlech auserneen iwwer dat Gesetz, an dowéinst wollt ech fir unzefänken emol de Leit dobaussen d’Wuert ginn.

Passanten (O-Téin): Déi selwecht Diskussioun war och bei de Restauranten, wéi do et opgehalen huet mat Fëmmen, an ënnert dem Stréch huet sech näischt geännert. Et wäert wahrscheinlech déi éischt dräi Méint e bëssen ofhuelen, an da ginn d’Leit och erëm an d’Wiertschaft. Mä mir gi wahrscheinlech méi oft wéi virdun.

Am Prinzip ass et jo eng gutt Saach. Et ass natierlech fir de Fëmmert Schued fir mussen eraus virun d’Dier ze goen. Mä ech verstinn awer och fir déi aner Leit, datt et vläicht besser ass fir déi aner Leit.

Ech hu selwer elo schonn den Owend gemierkt, datt ech manner fëmme wann ech all Kéier muss virun d’Dier. Mä ech froe mech awer och ob et net besser gewiescht wier wann d’Patronen, d’Wiertsleit selwer hätte kënnen décidéieren.

Ech fannen dat tip top, well dat huet mech ënnerstëtzt fir opzehalen ze fëmmen.

Ech halen am Fong net ganz vill vun deem Gesetz. Et gëtt eben näischt fir d’Fëmmer fir sech ënnerdaach ze stellen, näischt. Et muss een eben elo wéi Hënn erausgoen a fëmmen.

Claude Zeimetz: Dat waren elo ganz verschidden Aussoen. Ech wollt déi lescht do opgräifen. Dee seet, mir musse wéi Hënn erausgoen. Wéi schlëmm gesinn d’Trottoiren dann elo zanter dem 1. Januar aus?

Lydia Mutsch: Ech mengen et muss ee vläicht e puer Saachen auserneen halen. Mir hu jo iwwer dat Gesetz, wat d’lescht Joer am Summer gestëmmt ginn ass, d’Méiglechkeet virgesi fir Fumoiren anzeriichten. Elo si mir an der Ëmsetzungsphas, well déi virescht Regierung huet jo an hirem allerleschte Regierungsrot, Enn November, nach den entspriechende Reglement presentéiert, an do ass definéiert wéi eng Konditiounen ee muss erfëllen als Acteur um Terrain fir kënnen e Fumoir anzeriichten. A mir mierken och elo um Gesondheetsministère datt déi éischt Demanden erakomme fir esou Fumoir ze maachen. A mir sinn och a Pourparlerë mat der Horesca fir de Leit et esou einfach wéi méiglech ze maachen, datt een eng Demande-Type ka kréien.

A gläichzäiteg wëlle mir och, an dat wäert och Äntwerte liwweren op déi Fro déi Dir mir elo gestallt hutt am Zesummenhank mat der Voie publique, wou ëmmer méi Leit eis soen, datt dann eventuell d’Zigaretten dobaussen um Trottoir landen, wat an där Form virdrun net de Fall war, do wëlle mir de Gemengenautoritéiten entgéint kommen, an hinnen eng Circulaire ginn, wou mir eng Rei vun Informatioune ginn, an och eng Rei vu Recommandatioune ginn, wéi een dann ëmgeet ronderëm d’Terrassen, ronderëm d’Notzung vun de Fumoiren op der Voie publique, an och wéi eng Recommandatioune mir kënnen ausschwätze fir datt et de Leit net ze kal dobausse gëtt, wa se wëllen eng fëmme goen, sech kënnen ënnerdaach stellen, an datt se och net zevill gehäit si mat de Kippen op den Trottoiren.

Claude Zeimetz: Ma d’Escher Gemeng, déi Dir jo gutt kennt, déi huet dës Woch e Communiqué erausginn. Do kann een den Toun awer vläicht e bëssen iwwerraschen. Do gëtt direkt dann de Wiertsleit domat gedreet, wa se elo net propper maachen, da musst fir dat bezuele wann d’Gemeng dat muss maachen, an et misst ee fir all Äschebecher, deen een da virun der Dier installéiert, eng Autorisatioun vun der Gemeng hunn. Dat nennen ech awer net onbedéngt elo ganz Simplification admistrative, oder?

Lydia Mutsch: Am Minett seet ee wat een denkt, a wéi een et gesäit. Ech mengen dat ass eng Kompetenz vun de Gemengen, wéi se dat wëllen handhaben. Mir sinn dofir do fir de Gemengen als Ministère zur Säit ze stoen. A mir wäerten eis do och mam Syvicol ofstëmmen, fir datt an där do Circulaire och eng Rei vu Recommandatioune fir d’Gemenge sinn, wéi si sech dann elo kënnen am Fong als Partner an där Saach vum Anti-Tubaksgesetz verhalen. A mir sinn do op all Hëllefstellung ugewisen, well mir si jo all der Meenung - a bei deem Micro-Trottoir deen Dir gemaach hutt, huet dat sech jo och e bëssen erausgeschielt - datt mir hei am Sënn vun der Santé publique handelen, an datt et jo zum Gudde vun de Leit ass, an esouguer zum Gudde vun de Fumeuren, déi wëllen ophale mat fëmmen.

Claude Zeimetz: Dat ass dat eent, mä wa mir elo iwwer d’Ëmsetzung vum Gesetz schwätzen. Dir hutt selwer gesot, dee Règlement grand-ducal ass vun der virëschter Regierung am allerleschte Regierungsrot ugeholl ginn. Firwat huet de Santésministère dann net éischter och de Kontakt mat der Horesca gesicht fir dat och vläicht ze anticipéieren? Den Datum 1. Januar dee war scho méi laang bekannt.

Lydia Mutsch: Jo, dat war de Fall. Mäi Virgänger huet och dofir de Kontakt mat der Horesca ganz intensiv gesicht. Dat huet een och alleng schonn dorunner gesinn, datt deen Avant-projet vun engem Règlement grand-ducal, dee schonn am Juli am Regierungsrot war, datt deen der Horesca zougestallt ginn ass. An dat huet een och dorunner gesinn, datt deen Avant-projet de règlement grand-ducal nach kleng Modifikatiounen op Grond vun de Pourparlerë vun der deemoleger Regierung mat hinnen, a virun allem dem Gesondheetsminister mat hinnen konnt kréien.

Bon datt et elo an der Ëmsetzungsphas dorëmmer geet fir zesummen ze schaffen, dat emfannen ech als eppes Normales. An ech hunn dofir och Kontakt opgeholl mat der Horesca selwer, fir mat hinnen elo zesummen ze kucke fir [gëtt ënnerbrach]

Claude Zeimetz: Dat war elo dës Woch dann am Fong nom Akraafttriede vum Gesetz awer?

Lydia Mutsch: Wéi gesot, mäi Virgänger huet d’Horesca abezunn an d’Ausschaffe vum Reglement. Dat fannen ech och eng gutt Saach. An ech hunn direkt no de Feierdeeg Kontakt opgeholl fir elo wou déi éischt Demanden erakommen, zesummenzeschaffen an net géinteneen ze schaffen. Well doduerch datt et e Gesetz ass, an e Règlement grand-ducal, hunn d’Exploitanten um Terrain jo och e Recht dodrop fir kënnen e Fumoir ze maachen, wann si ebe sech un déi Reglementatioun hale mat der Ventilatioun, an och mat der Gréisst, an datt keng Belaaschtung fir d’Leit do ass déi den Service maachen, well jo kee Service erlaabt ass. An do wëlle mir duerchaus hëllefen, datt déi déi wëllen e Fumoir maachen, dat och op eng propper Aart a Weis kënne maachen. Vun ad hoc Handlung kann do keng Rieds ginn, well déi Donnéeë sinn zënter méintelaang bekannt.

Claude Zeimetz: De Generalsekretär vun der Horesca, François Koepp, dee gesäit dat e bëssen anescht. En huet sech scho méi dacks bei eis op der Antenn driwwer opgereegt, datt d’Leit aus dem Secteur am Reen stoe gelooss goufen. An dës Woch sot hien dat hei:

François Koepp(O-Toun): D’Leit hu vill Froen, datt dann effektiv déi Persoun wou do en charge ass, op deem Ministère, fir deen do Dossier, datt déi einfach an der Vakanz ass. Et kann erëm schwätze wéi ee wëllt vu pure coïncidence, mä et kann een och schwätze vun einfach schlechtem Wëllen. A mir hunn d’Gefill datt mat deem wéi d’Prozedur do ofleeft, datt ee muss fir d’éischt emol eng Autorisatioun ufroen, do muss ee fir d’éischt emol en Devis hunn, et muss ee fir d’éischt emol wësse wou een dee Sall maache kann, et muss een déi Saachen zesummen droen, an et muss een emol wëssen, datt een dann alles bescheinegt kritt, a wann een dann alles zesummen huet, muss een nach Pläng molen, an da muss een dat op de Ministère eraschécken. An da muss ee waarde wéi laang fir eng Äntwert ze kréien. A wann ech béisen Zonge gleewen, hu se gesot, oh, op d’mannst 6 Méint bis datt se eng Äntwert kréien. Dat ass einfach Verschleppungstaktik.

Claude Zeimetz: Verschleppungstaktik, seet de François Koepp. Wéi kann et dann effektiv sinn, datt déi zoustänneg Persoun aus dem Ministère elo an der Vakanz war, wann esou e Gesetz dann esou akut ass?

Lydia Mutsch: Mir haten zu deem Moment wou d’Vakanz ugefaangen huet, genee eng Demande. Dofir kann een elo net onbedéngt dovunner schwätzen, datt mir eng Invasioun vun Demande gehat hätten, an déi Persoun wier net do gewiescht. Ausserdem geet et och net just em eng Persoun, mä et ass eng ganz Inspection sanitaire, déi bei eis hausintern och mat agebonnen ass.

Ech verstinn awer d’Suerge vum Secteur. Den Här Koepp, mat deem ech selwer geschwat hunn, ass och a sengem Rôle fir sech ze suergen, datt dat hei Gesetz a senger Ëmsetzung ka propper iwwer de Wee goen. An dofir hu mir jo och elo direkt no de Feierdeeg Kontakt mateneen opgeholl fir eng Demande-Type ze maachen, a fir och praktesch Informatiounen ze ginn.

Wann et gewënscht ass vun der Horesca datt mir do nach verstäerkt eng Hëllefstellung gi wat d’Aarbecht um Terrain ass, wat d’Viraussetzunge si vu Säite vun den technesche Contrainten, déi een huet fir esou e Fumoir ze maachen, da maache mir dat.

Wat elo bekannt ass, dat geet a mengen Aen duer fir kënnen déi Demande ze maachen. A mir hu jo och mat der Horesca zesumme geschwat fir déi Devisën déi ugefrot ginn, a fir déi technesch Hëllefstellung déi en Installateur ka ginn, fir déi dann och ze kucke schnell ze traitéieren. An ech mengen dat vu 6 Méint, dat huet den Här Koepp selwer net gegleeft, dat war méi provokativ. Mä mir hunn eng gutt Zesummenaarbecht [gëtt ënnerbrach]

Claude Zeimetz: Wéi laang dauert et dann, mengt Dir, ganz objektiv elo gerechent?

Lydia Mutsch: Ganz objektiv gi mir dovunner aus datt wa mir elo déi Demanden do rassembléiert kucken, wann en Devis do ass, wann en Accord do ass vun den Installateuren datt dat en bonne et due forme selon les règles de la loi ausgefouert ginn ass, da kënne mir relativ schnell den Aval ginn. An ech mengen datt mir da vu Woche kënne schwätzen, an net vu Méint. Et ass op alle Fall meng Absiicht et esou ze maachen.

Claude Zeimetz: Wéivill Demanden hat Dir dann elo konkret um Dësch leie bis elo?

Lydia Mutsch: 9.

Claude Zeimetz: 9. A mat wéivill rechent Dir dann iwwerhaapt? Et si jo ganz kloer Virgaben, déi e Café muss erfëlle fir iwwerhaapt kënnen e Fumoir ze maachen. Iwwer den Daum gepeilt, wéivill Caféë kommen iwwerhaapt a Fro?

Lydia Mutsch: Also ech ginn dovunner aus datt ganz vill Bistroe wäerten an eng Richtung goen, wéi jo eigentlech et och den Haaptulooss vum Gesetz war, fir non-fumeur ze ginn. Mir hunn och am Ausland gesinn, datt ganz vill Bistroen, déi ursprénglech Wëlles haten e Fumoir ze maachen, net just wéinst de Käschten, mä virun allem am Intérêt vun der Santé publique wollten de Message ënnerstëtzen, datt net fëmmen ze recommandéieren ass, virun allem och wéinst der Protectioun vun eise jonke Leit, esou datt et ganz schwéier fir mech ass eng Schätzung ze maachen. Mä ech hunn awer vum Schluss vum leschte Joer, esoubal ech a menger neier Fonctioun war, ganz intensiv dat do gekuckt, well ech einfach wollt wësse wéi schnell, wéi vill Demande mir géingen erakréien, an dofir wollt ech léiwer ze schnell handele wéi net schnell genuch, an ech ginn net dovunner aus datt mir mat honnerten Demanden an deenen nächste Méint a Joere wäerten confrontéiert sinn. Ech mengen datt déi meescht Bistroe wäerte fëmmfräi ginn.

Claude Zeimetz: Et war och gesot ginn an den éischten zwou Woche gëtt elo net direkt esou ganz strikt kontrolléiert. Dat wäert dann elo vun dësem Weekend un anescht sinn, oder?

Lydia Mutsch: Jo, mir kënne jo net op d’Aarbecht vun der Police Afloss huelen als Ministère. Mir sinn awer frou datt elo am Ufank e bëssen, wéi soll ech soen, e bësse large dat gekuckt ginn ass. Wann emol ee gesot huet, ups, ech hat awer elo net dru geduecht, oder ech wollt meng Leit elo direkt no Neijoeschdag net brüskéieren, dat versteet ee jo. Mä mir hunn awer e Gesetz, an dat Gesetz muss och um Terrain applizéiert ginn.

Claude Zeimetz: Wéi waren dann elo d’Echoen déi Dir bis elo krut vum Terrain?

Lydia Mutsch: Ech hat zwou Zorten Echoen. Déi eng Echoen hate mir um Ministère, wann eben d’Leit ugeruff hunn. Mir haten net nëmme Leit déi ugeruff hunn a gesot hunn, wéi geet dat dann elo genee wann ech mäi Fumoir wëll ariichten, mä mir haten och Leit déi eis ugeruff hunn a gesot hunn, et ass gutt datt dir dat do elo maacht. Et sinn der och déi ugeruff hunn a gesot hunn, et ass Schued datt et vun 2006 u gedauert huet bis et vun de Restauranten och op d’Bistroe gaangen ass. A privat sinn ech och ganz vill ënnert Leit, an do hunn éischter e positiven Echo. A wat mech gewonnert huet, esouguer vu Fumeuren déi et gutt fannen.

Claude Zeimetz: An och elo bei der Ëmsetzung, hutt Dir do vill Problemer gemellt kritt, datt d’Leit sech do misste wierklech och duerchsetzen, datt sech dru gehale gëtt, oder wat war do de Feedback deen Dir do krut?

Lydia Mutsch: Mäin Echo ass, datt dat net de Fall ass. A mir si jo net dat éischt Land wat dat do ëmsetzt. Ëmmerhi si 17 europäesch Länner déi schonn entspriechend Législatiounen hunn, an dat huet am Fong no klengen Ulafschwieregkeeten, déi wahrscheinlech normal sinn, wou d’Leit nach net genee wësse wou se dru sinn, a wat se genee musse maachen, wou dann och eben d’Kommunikatioun ganz wichteg ass, huet dat sech ganz schnell eragependelt, an och an der Praxis net méi vill Problemer bruecht.

Claude Zeimetz: D’Kommunikatioun ugeschwat. Bei der elektronescher Zigarett do hat Dir mat Ären Aussoen e bësse fir Confusioun gesuergt [gëtt ënnerbrach]

Lydia Mutsch: Dat ass richteg.

Claude Zeimetz: Dir hat e bësse virgegraff. Nach eng Kéier ganz kloer. D’elektronesch Zigarett déi dierf einstweilen am Café gefëmmt ginn, oder?

Lydia Mutsch: Jo, bon mir schwätze jo do vu vapotéieren, well et ass jo keen Tubak an enger elektronescher Zigarett. Mä wou mir och vun Ufank un dofir gewarnt hunn, an dat ass och esou am Portail vum ministère de la Santé vun Ufank u kommunizéiert ginn, dat ass, datt fir eis déi elektronesch Zigarett awer net onbedenklech ass. Si huet och Nikotin, si huet och eng ganz Rei vu potentiell problemateschen Zousazstoffer, zum Beispill Schwéiermetaller, oder aner Substanzen, chemesch Substanzen, déi an hirer Wiesselwierkung och nach net alleguer esou genee erprouft sinn. An dat huet jo och déi europäesch Instanzen dozou gefouert fir mat där Direktiv, déi elo an e puer Méint wäert sprochräif sinn, ze soen, et huet een u sech elo zwee Joer Zäit fir déi Detailanalysen nach ze maachen. Um Terrain ka scho légiféréiert ginn, an dat steet jo och an eisem Regierungsaccord mat dran. Mä no zwee Joer wa mindestens dräi Länner schonn ëmgesat hunn, datt déi elektronesch Zigarett Partie intégrante vum Fëmmverbued gëtt, da gëtt dat generaliséiert fir all d’Memberstaaten. An a mengen Aen ass et richteg, och schonn alleng fir de Message ze ginn, fir d’Protectioun vun deene Jonken, a fir d’Préventioun datt mir dat Richtegt maachen. An ech sinn dofir der Meenung datt mir mussen zousätzlech légiféréieren, esou wéi et och am Regierungsprogramm virgesinn ass. Déi elektronesch Zigarett ass net onbedenklech.

Claude Zeimetz: Domat hu mir elo genuch iwwer d’fëmme geschwat, well d’Santé ass natierlech vill méi, 17 Säiten am Koalitiounsaccord, eent vun de längste Kapitelen am Fong. Wéi eng Projete wäerten dann elo am séierste sprochräif si fir och ëmgesat ze ginn?

Lydia Mutsch: Am séierste kënnt d’Patientegesetz iwwer d’Rechter an d’Flichte vun de Patienten. An dat ass direkt gekoppelt un eng Directive transfrontalière, wou et och em Rechter geet fir d’Patienten, a virun allem och eng Obligatioun fir eng Transparenz ze kréie wat d’Coûten ubelaangt, esouwuel am Milieu hospitalier wéi och am Milieu médical proprement dit [gëtt ënnerbrach]

Claude Zeimetz: Wat heescht dat konkret? Wat ännert sech do konkret fir d’Leit?

Lydia Mutsch: Dat heescht ganz einfach datt mir an allem wat mir maachen an der Gesondheet guidéiert gi vun de Rechter vun de Patienten. Dat heescht, d’Patiente musse besser informéiert ginn, si hunn och Rechter fir hiren Dossier anzekucken a matzegestalten. Et gëtt e Service national d’informations et de médiation fir si geschaaft. A wat déi Direktiv ubelaangt, déi läit éischter am Kompetenzberäich vun der Sécurité sociale, do kënnt och eng Obligatioun vun Transparenz dobäi, an déi Obligatioun fir Transparenz déi bezitt sech och op d’Coûtë vun der Medezin. Well wa mir an der Vergaangenheet gesot hunn, datt mir wëllen d’Acteuren an der Medezin, d’Prestatairen, d’Spideeler zu engem bessere Soin, an och zu méi Effizienz opruffen, da gëtt dat an Zukunft och eng Obligatioun. An dat musse mir ganz eescht huelen, net nëmmen aus der Vue vun de Patienten, mä och aus der Vue vun enger méi efficacer Medezin, a vu bessere medezinesche Soinen. Dat gëtt elo am schnellste sprochräif. An dat war och schonn an der Kommissioun.

Claude Zeimetz: Ass de Patientendossier dann do? Do hat Äre Virgänger, de Mars Di Bartolomeo, gesot, dee kéint Uganks des Joers prett sinn, oder e wier Uganks des Joers prett?

Lydia Mutsch: Jo, dat ass eng Zilsetzung déi mir eis gestallt hunn, datt 2014 deen Dossier prett ass. Ech mengen och datt dat am Zuch vun dësem Gesetz, wat mir jo elo nach mussen analyséiere mat engem Zousazavis dee vum Staatsrot komm ass, an och vum Conseil scientifique dee sech nach ausgesprach huet doduerch [gëtt ënnerbrach]

Claude Zeimetz: Et goufe jo och Bedenken, och vum Terrain, esouwuel d’Patientevertriedung wéi d’AMMD waren elo net ganz zefridden nach mam Text.

Lydia Mutsch: Neen, an ech verstinn och eng ganz Rëtsch vun deene Bedenken. Zum Beispill och déi ganz Diskussioun ronderëm d’Beweislaascht, wou déi soll leien. Do war et bei eis am Land am Fong ëmmer esou datt d’Beweislaascht muss bei deem leien, dee behaapt et ass e Feeler geschitt, an an deem Fall de Patient. Dat ass awer elo liicht anescht, och well an anere Länner entspriechend Uerteeler gesprach gi sinn, datt och de Prestataire muss kënne beweisen, datt en de Patient uerdentlech informéiert huet, an datt hien en och op de Risiko vun enger Behandlung higewisen huet. An dat geet natierlech am beschten och fir dem Prestataire eng Rei vu Garantien ze ginn, well mir wëlle jo hei kee verdäiwelen, et ass net een dee Gudden an een dee Béisen. Mä mir wëllen och datt de Prestataire ka soen, majo ech hunn awer an deem Patientendossier dat dokumentéiert, an de Patient hat och dem Gesetz no Zougrëff op deen do Dossier. Ech hunn dat alles en bonne et due forme gemaach. Dann huet en och eng gewësse Sécuritéit am Zesummenhank mat där Beweislaascht, déi am Fong elo méi bei him läit wéi beim Patient. An dat weit d’Rechter vun de Patiente scho bedeitend aus, an dat ass och eng grouss Doléance gewiescht vun de Patientenassociatiounen.

Claude Zeimetz: An dat ass dann e Gesetz wat nach dëst Joer kënnt?

Lydia Mutsch: Absolut. Dat kënnt elo ganz schnell. A bei där Direktiv vun där ech Iech éineschters geschwat hunn, wou et éischter em Prestatioune geet, an och em eng Transparenz vun de Soinen iwwer d’Grenz eraus, wéi eng Rechter een do als Patient huet, a wat déi Soinë kaschten, do si mir am Fong schonn am Verzuch, well déi hätte mir scho bis Oktober 2013 missten ëmsetzen. An dofir ass do elo Handlungsbedarf, a mir wëllen déi do zwee Gesetzer schnell hunn als Ministère. An esou wéi ech d’Kommissioun verstanen hunn, wëlle si och hir Aarbecht do ronderëm schnell organiséieren. Mir sinn natierlech do ofhängeg vun den Aarbechten an der Chamberkommissioun, an do hunn ech e ganz gutt Gefill.

Claude Zeimetz: Wa mir elo vum Patient schwätzen. Eng Partie Leit bekloe sech iwwer d’Sproocheproblemer, déi se dacks hunn am Gesondheetsberäich mam Fleegepersonal, mat den Dokteren. Et ass jo wierklech grad wann een e spezifesche Vocabulaire gebrauche muss, da gräift een am léifsten op seng Mammesprooch zeréck. Sinn do zousätzlech Efforte geplangt?

Lydia Mutsch: Jo, ech muss soen, datt ech dat och ganz eescht huelen. Ech war a menger fréierer Fonctioun als Buergermeeschter och President vun engem Centre hospitalier, an do hu mir eis ganz vill mat där Fro ausernanergesat.

Ech hunn elo wou ech Gesondheetsminister gi sinn, festgestallt, datt immens vill Pourparleren tëscht dem Ministère an der Federatioun vun de Spideeler ass fir déi do Situatioun net nëmmen ze évaluéieren, mä fir och nach zousätzlech Efforten ze maachen. An ech muss soen, datt der scho ganz vill geschitt sinn, datt ëmmer méi Prestatairen zeréckgräifen op déi Méiglechkeeten, déi elo schonn do sinn, awer datt dat eigentlech nach net duergeet.

Mir mussen och kucke wéini ee fräigestallt gëtt fir déi Coursën ze huelen. Mir mussen och kucken ob déi Coursën, déi als Basiscoursën gëllen, ob déi duergi fir dann och mam Patient e wierklechen Austausch ze maachen. Do wëlle mir Encouragementer maachen, datt ëmmer méi Prestataires de soins och dee Cours driwwer nach huele fir awer wierklech kënne sech mat de Patienten ze ënnerhalen.

An ech war elo ganz erstaunt, wou ech gesinn hunn, datt zum Beispill och haaptsächlech an Zentrumsspideeler sech net nëmme Gedanke gemaach gëtt fir déi lëtzebuergesch Sprooch, mä datt ëmmer méi Leit och kommen, déi wëlle sech an der englescher Sprooch ënnerhalen. Do ass natierlech ganz vill Entwécklung an deem Ganzen. A mir sinn op alle Fall Demandeur als Ministère, a wëllen och do nobessere wou nach nozebesseren ass, datt deen deen an e Spidol kënnt, an e Soin kritt deen e brauch, datt dee sech och an där Sprooch kann ënnerhale wou e sech wuelfillt.

Claude Zeimetz: Ass mat Iech, mat gréissere Kurswiesselen, dat ass elo e ganz ellent lëtzebuergescht Wuert, mä et ass mir awer keen anert agefall, ze rechne par rapport zu Ärem Virgänger? Ginn et Projets de loi déi Dir wäert substantiell iwwerschaffen?

Lydia Mutsch: Also ech muss soen, datt ech mech an deene virëschte Legislaturperiode gutt agebonne gefillt hunn, well ech d’Chance hat President ze si vun der Santés- a Sécurité sociale Kommissioun. An de Minister huet sech insgesamt mat der Chamber och oft ofgestëmmt fir ze kucke wéi eng Gesetzer wierklech elo schnellstméiglech op den Instanzewee musse kommen.

Ech hunn dat zum Beispill elo gemierkt déi éischte Kéier, wou ech an d’Chamberkommissioun war fir de Regierungsprogramm virzestellen, datt sech ganz vill interesséiert gëtt fir de Volet Préventioun, virun allem wat d’Santé scolaire an insgesamt den Ëmgang mat de Problemer, déi virun allem d’Kanner an d’Jugendlech bekëmmeren, och am Beräich vun der Psychiatrie, oder vu Verhalensstéierungen. Dat ass e Punkt wou ech ganz sensibel drop sinn, well d’Préventioun, a mengen Aen, zu engem ganz fréie Moment bei de ganz jonke Kanner scho muss ufänken. Dat ass ganz wichteg.

Dann ass och de Spidolssecteur e ganz wichtege Secteur, well do ganz vill Bewegung ass, et ass scho vill geschitt, et gëtt scho vill zesummegeschafft, zum Beispill gemeinsam Centrales d’achats, oder och d’Zesummeschaffe fir d’Informatik, fir och en Austausch ze maachen iwwer d’Servicer. Et ass elo erëm eng nei Fusioun amgaangen an der Zentrumsregioun, wat mir begréissen als Ministère [gëtt ënnerbrach]

Claude Zeimetz: Mat der Zitha-Klinik.

Lydia Mutsch: Voilà mam Kierchbierg. Dat ass ganz wichteg. Mä elo musse mir et och nach fäerdegbrénge fir déi Normes de services ze etabléieren als Ministère. Dat ass eis Hausaufgab. An déi aner musse kucken, datt all hir Projeten, déi se brénge fir Extentiounen ze maachen, oder Renovatioun ze maachen, datt se déi dann och ëmmer begleede mat engem Concept médical. An do muss een dann och Aussoe maache wat ee wouhinner wëllt maachen. Well mir wëlle mat der Politique du tout partout wëlle mir ophalen. An dat hunn all d’Acteure schonn esou verstanen, a sinn och schonn amgaange sech ze organiséieren. Do sinn ech optimistesch datt mir an deenen nächste Méint Opschloss kréien. An dat sinn [gëtt ënnerbrach]

Claude Zeimetz: Dat ass also am Fong ganz an der Continuitéit, muss ee jo da soen.

Lydia Mutsch: Dat ass an der Continuitéit.

Claude Zeimetz: Wat ënnerscheet Iech da par rapport zu Ärem Virgänger?

Lydia Mutsch: Ech fannen et ganz normal datt all neie Minister seng eege Form fënnt fir ze agéieren. Ech sinn d’Lydia, an de Mars war de Mars.

Mä ech emfannen et als groussen Avantage, wann een an der Continuitéit ka schaffen. An ech emfannen et och als groussen Avantage, wann een, wéi dat bei mir de Fall ass, entouréiert ass vu Leit, déi mat immens vill Passioun an immens vill Engagement hir Aarbecht am Ministère maachen. An do hunn ech wierklech Chance.

Claude Zeimetz: Iert mir elo bei de Mëttesjournal kommen, wollt ech awer och nach iwwer de Finanzement schwätzen. Dëst Joer gëtt et e fragilen Équiliber am Budget vun der Gesondheetskeess. D’Reserven déi gi scho méi laang zeréck. Wéi laang komme mir dann elo nach laanscht Cotisatiounshaussen, oder och Leeschtungsverschlechterungen?

Lydia Mutsch: Bon, mir hunn als nei Regierung natierlech eis als Oplag gi fir ze spueren. Mir wëlle virun allem eis Verscholdung an de Grëff kréien. Mir hunn och ganz präzis Aussoe gemaach. An ech kann Iech just soen, datt déi ganz Millen op Volltoure rullt.

Mir wëllen am Laf vum Februar e Projet de budget virstellen, deen dann och am Abrëll soll ofgestëmmt ginn. An do sinn esouwuel d’Sécurité sociale wéi och d’Santé gefuerdert. Allerdéngs musse mir och oppassen, mir hunn éischtens net vill Zäit am Moment, mir wëlle fir 2015 eng Rei vun och méi methodologesche Verännerungen afléisse loossen.

Mä mir musse virun allem verhënneren, datt bei deene Spuermesuren, déi mir elo wëllen huelen, datt do net linear Spuermesuren huelen. Ech ginn Iech e Beispill. Mir hunn an der Santé iwwer 35 Milliounen, déi an de konventionéierte Secteur ginn, dat sinn zum Deel ganz kleng Entitéiten, déi d’Leit um Terrain begleeden, a wou oft bis zu 80% Personalkäschte sinn. Wa mir do nach géingen 10% spuere goen, wéi et elo ugeduecht ass zum Beispill bei de Fonctionnementskäschten, da géinge mir genee déi treffen, déi mir net wëllen treffen.

Claude Zeimetz: Mä wou ass da Sputt, ganz konkret? Dir hutt elo ganz allgemeng geschwat.

Lydia Mutsch: Et si Spuerpotentialer do. Zum Beispill wann een Aktiounsprogrammer zeréckstellt, oder wann ee Publikatiounen iwwerschafft, déi vläicht net zilgruppenorientéiert genuch sinn, mä all déi grouss [gëtt ënnerbrach]

Claude Zeimetz: Kënnt Dir do schonn e bësse méi konkret ginn, wat vläicht komme kéint?

Lydia Mutsch: Nee, dat wëll ech net, well mir hunn en Eckdatum genannt kritt vum 22., a mir hunn nach eng ganz Rëtsch vu Budgetsréuniounen, hausintern. Ech weess datt dat an deenen anere Ministèren och esou ass. An do wëlle mir virun allem elo keng Spuermesuren huelen, déi d’Leit treffen, déi mat eis rechnen, an och schonn Aarbechte gemaach hunn zum Deel mat Leit déi guer näischt hunn, an déi keng Moyenen hunn. Dat wëlle mir net maachen.

Mä ech mengen awer datt Potential ass bei deenen engen oder anere Programmer. An do musse mir och kucken tëscht de Ministèren. Mir wëlle jo méi als Ministèren zesumme schaffen, fir do och doubles emplois ze verhënneren.

Claude Zeimetz: Just nach ganz kuerz, well vill Zäit hu mir net méi. Kënnt Dir Cotisatiounshaussen an dëser Legislaturperiod ausschléissen?

Lydia Mutsch: Ech sinn net de Minister vun de Cotisations sociales. Dat ass mäi Kolleg vun der Sécurité sociale, mat deem ech eng ganz enk Zesummenaarbecht hunn, a mat deem ech an deenen nächste Wochen zesumme kommen. Mä ech wëll keng Aussoen dozou maachen, well da géing ech meng Kompetenzen iwwerschreiden. An am Zesummenhank mam Budget 2014 kommen do sécherlech keng Ännerungen. Mä am Zesummenhank mam Budget 2015 kënnt alles op den Dësch, gëtt fir alles Évaluatiounsfichen, dat ass och am Regierungsrot de Fall, an do kommen all d’Themen op den Dësch, a mir färten och keng Diskussioun.

Claude Zeimetz: Merci fir elo. An nom Mëttesjournal schwätze mir dann iwwer den anere Ressort, méi am Detail, vum Lydia Mutsch, d’Chancegläichheet.

[Noriichten]

Claude Zeimetz: Madame Mutsch, Dir hat et virum Mëttesjournal gesot, d’Santé a Sécurité sociale sinn an der neier Regierung net méi an engem Ministère regroupéiert. Dat mécht Iech d’Saach vläicht méi einfach. Mä firwat sinn déi zwee Ressorten da getrennt ginn, déi awer am Fong ganz no beienee leien, a wou jo awer och villes Hand an Hand geet?

Lydia Mutsch: An der Geschicht vum Land waren d’Santé an d’Sécurité sociale méi oft getrennt wéi zesummen. Et ass am Fong an deene leschten 10, 12 Joer wou et regroupéiert war.

Ech muss Iech éierlech soen, datt ech, ob se getrennt sinn oder ob se zesumme sinn, gesinn, datt et ganz wichteg ass, datt déi zwee Ministèren enk zesumme schaffen, awer datt et och fir mech ganz wichteg ass, datt ech meng ganz Energie an déi zwee Ministère kann investéieren, déi d’Santé an d’Égalité des chances sinn, déi fir mech enorm wichteg Ministère sinn. An ech sinn der Meenung datt do d’Sécurité sociale net nach dra gepasst hätt.

Also fir mech a menger Aarbecht ass et eng gutt Saach. An ech menge wann ee propper zesummeschafft, dann ass keen Nodeel doranner datt déi zwee net méi regroupéiert sinn, an ënnert enger Tutelle ministérielle.

Claude Zeimetz: Eppes wat elo ganz ënnert Santé fält, dat sinn d’Maisons médicales déi et am Land gëtt. Do krut Dir elo viru kuerzem nach eng Fro gestallt zu der Maison médicale am Osten. Déi Diskussioune sinn net nei. Firwat géif se net kommen?

Lydia Mutsch: Jo. Déi Diskussioune sinn net nei, a mir läit et ganz staark um Häerz datt déi medezinesch Versuergung, och virun allem d’Soins de proximité an deenen eenzelne Regioune klappt. An do ass déi Fro vun enger méiglecher Maison médicale am Osten eng ganz wichteg Fro. Ech wëll och net ausschléissen, datt déi Maison médicale do kann ageriicht ginn, mä ech wëll awer step by step virgoen, esou wéi et virgesinn ass. Mir wëlle fir d’éischt eng Évaluatioun maache vun deene Maisons médicales déi do sinn, dat dierf net laang daueren. Do ass och schonn amgaangen déi Évaluatioun gemaach ze ginn [gëtt ënnerbrach]

Claude Zeimetz: Wat heescht dat dann?

Lydia Mutsch: Ech stelle fest, datt déi Grondiddi, déi de Maisons médicales zu Grond loung fir d’Urgencen ze entlaaschten, datt déi esou an der Praxis nach net ass. Mir wëllen awer verstäerkt d’Leit encouragéiere fir an d’Maisons médicales ze goen, schonn alleng wat Waardezäit ubelaangt, a virun allem och fir d’Urgencen ze huele fir dat wat se sinn, fir ganz, ganz schwéier Fäll, a fir d’Maisons médicales och opzesiche fir Saache wou ee soss géing bei den Hausdokter goen. Dat wëlle mir also analyséieren. A mir wëllen dann och nach e bëssen d’Konzept vun de Maisons médicales duerstellen.

An am Osten si Besoinen do, déi ech ganz eescht huelen, an dofir ass déi Iddi vun enger Maison médicale eng Iddi, déi mir ganz eescht huelen, an déi ech och fir ganz realistesch halen.

Claude Zeimetz: Ären zweete Ressort ass, wéi gesot, d’Chancegläichheet. Wat läit Iech perséinlech dann do am meeschten um Häerz?

Lydia Mutsch: Ma als éischt läit mir emol um Häerz, datt dat wat am Regierungsaccord steet, datt d’Égalité des chances an alle Beräicher hir Plaz muss fannen, an datt dat e richtegen Effort national muss sinn, datt dat och an d’Praxis ëmgesat gëtt.

Da soen ech och ëmmer, och privat wann ech drop ugesprach ginn, datt de Chancegläichheetsministère kee Fraeministère ass, en ass wuel e Ministère dee sech fir d’Rechter vun de Fraen asetzt, mä e setzt sech fir Chancegerechtegkeet an, esouwuel fir Frae wéi och fir Männer. Dat läit mir um Häerz, datt dat ganz kloer ass.

An da läit mir och um Häerz datt déi vill Aktivitéite ronderëm d’Violence, déi virun allem vun den Acteuren um Terrain gelaf ass, datt déi an Zesummenaarbecht mat de Kollegen an der Justiz, mam Justizminister, och am Beräich vun der Prostitutioun, datt déi weidergefouert kënne ginn. Ech wëll als Beispill do just d’Plattform vun der Prostitutioun nennen, wou d’Acteuren aus deene verschiddene Beräicher, net nëmmen d’Santé an d’Justiz, zesummeschaffe fir virun allem praktesch ze hëllefe wann et drëm geet fir haart géint d’Traite virzegoen, also d’Zuhälterei, wann et drëm geet fir d’Prostituéiert ze begleede wa se Affer si vu Gewalt. An do hu mir elo e Bericht virleien, dee si mir amgaangen ze évaluéieren, déi zwee Ministèren zesummen, an do musse mir kucken ob mir mussen nobesseren um gesetzleche Plang. An et ass am Fong ëmmer d’Zesummespill vun deenen zwou Saachen, zum engen de Leit um Terrain genuch Moyenen ze ginn, ech hunn Iech gesot, am Gesondheetsberäich hu mir iwwer 35 Milliounen déi mir investéiere fir de Secteur conventionné, wou um Terrain geschafft gëtt, d’Stëmm vun der Strooss, oder psychesch Hëllef um Terrain. An hei ass et e bësse vergläichbar, hei hu mir iwwer 10 Milliounen, déi mir all Joer als Chancegläichheetsministère investéiere fir eng gutt Dose vun zum Deel ganz klenge Cellulen, déi praktesch Hëllefstellung gi fir Affer vu Gewalt, a fir  Aktivitéiten an eise Schoulen, oder och fir aner Aktivitéiten, déi am Zesummenhank si mat der Chancegläichheet. Deenen dierfe mir hir Moyenen net huelen, an déi musse mir a Réseauen ënnerenee verknäppen, datt déi hir Aarbecht kënne weiderhin esou gutt maachen, an och nach do nobessere wou et noutwenneg ass.

An op där anerer Säit musse mir kucken, wou muss légiféréiert ginn, wou et mat Aktiounen um Terrain, mat Meenungswandel, mat Actions positives net duergeet.

An da si mir direkt bei deem Buhwuert vun de Quoten, wou d’Leit dann ëmmer ganz vill Ängscht hunn. Ech wëll och direkt soen, datt d’Quote keen Allheelmëttel sinn, wou mir, klack, vun engem Dag op deen aneren tëscht 40% a 50% Representatioun vun deem ënnerrepresentéierte Sexe kënne garantéieren, dat ass net de Fall [gëtt ënnerbrach]

Claude Zeimetz: D’Formuléierung am Koalitiounsaccord déi ass jo och ganz douce, muss ee soen.

Lydia Mutsch: Oh, déi ass awer, déi ass vläicht ganz douce, mä se ass awer ganz ferm. Et gëtt awer ëmmerhi gesot, datt mir bis 2018 wëllen, also bis déi nächst Legislativwahle wëlle 40% Representatioun vun de Fraen op de Wielerlëschten hunn. Bon, elo kënnt Dir natierlech direkt soen, do kënne mir awer net akloe wéi d’Leit wielen, mä et ass awer scho ganz wichteg datt een de Leit awer Lëschte presentéiert, déi deen do Équiliber hunn. Do musse mir eben elo konkret kucken ob mir Périodes transitoires do kënne maachen, oder wéi mir dat ëmsetzen.

A mir hunn och ganz kloer Aussoe gemaach, datt bis 2019 och am Privatsecteur, an der Ekonomie, an den Établissements publics, oder och an de privaten Entreprisen, wou de Staat Aktionär ass, datt do 40% Représentation musse si vu Fraen, well dat ass am Moment de Sexe représenté. A fir Iech do direkt eng Zuel ze soen - sous représenté, Pardon - an do fir Iech direkt eng Zuel ze soen, do läit d’Moyenne européenne bei iwwer 16%, a mir si bei knapps 10%. An an der Politik ass et och nach net esou wéi mir eis et wënschen [gëtt ënnerbrach]

Claude Zeimetz: Och bei der LSAP jo selwer. Ech hunn [gëtt ënnerbrach]

Lydia Mutsch: Och bei der LSAP selwer, awer net nëmme bei der LSAP musse mir [gëtt ënnerbrach]

Claude Zeimetz: Ech menge 26% hat ech elo ausgerechent, elo op Äre Lëschten dës Kéier.

Lydia Mutsch: Mir leie mat deenen, dee Chiffer do dee gëllt och insgesamt fir d’national Representativitéit, mir leien an der Chamber, mir leien an der Regierung net do wou mir wëlle leien, bei knapps 26%, 27%, 28%. An dat geet net schnell genuch virun. Do hate mir, do hat mengen ech meng Virgängerin de Maximum gemaach mat Actions positives, a mat Sensibiliséierungsmesuren. Do muss einfach elo och gekuckt gi wéi mir légiféréiere mussen, well ouni dat geet et net. An dat ass jo déi berühmte Fro, kënnt de Mentalitéitswiessel, an da kréie mir herno 40%, 50% vu Fraen déi kënne matschwätzen an der Politik, an an der Ekonomie, oder musse mir légiféréieren, an da kënnt och de Mentalitéitswiessel mat? Ech wëll net datt mir nëmmen iwwer déi Fro diskutéieren. Mä ech wëll datt mir Resultater hunn. An do fannen ech et immens flott datt ech als Chancegläichheetsministesch e Regierungsprogramm hunn, deen awer ganz kloer an där do Fro ass, an Aussoe gemaach huet, an dee sech och hannert déi Propositioun op europäeschem Plang stellt, déi jo elo an deenen nächste Méint sech wäert konkretiséieren.

Claude Zeimetz: Wat d’Partei elo ugeet, do wëllt d’Regierung iwwer d’Parteiefinanzéierungsgesetz kucke fir déi Quot vu 40% duerchzesetzen. Wéi kéint ee sech dat konkret da virstellen, datt dann d’Parteien déi déi Quot net anhalen, da manner Sue kréien, oder?

Lydia Mutsch: Ah, dat ass eng Fro, déi d’Gemidder ganz vill erhëtzt. Dat ass och eng Fro mat där sech den nationale Fraerot vill beschäftegt huet, well se elo eng rezent Publikatioun gemaach huet, wou se genee déi do Fro opgeworf huet. Wat kënnen dat fir Sanktioune sinn?

Bon, ech wëll ganz einfach soen, datt wann een déi europäesch Situatioun kuckt, da gesäit een datt 6 Länner Quoten hunn um politesche Plang, an datt 14 Länner Quoten hunn am Zesummenhank mat der Parteiefinanzéierung. Dat heescht am Kloertext, entweder ginn, well mir hu jo net alleguer deen nämmlechte Wahlsystem an de Länner, entweder déi Poste géingen dann dee Moment net besat sinn, wann ee sech un d’Regelen net hält, oder et misst nei gekuckt ginn, oder et géinge Sanktioune kommen. Op dee Wee ginn déi meescht Länner. Mä do wëll ech haut nach keng Aussoen dozou maachen.

Ech fannen déi Pisten, déi den nationale Fraerot opgeworf huet, datt ee beim Parteiefinanzéierungsgesetz Modalitéiten erabréngt, datt d’Parteie kënne sanktionéiert ginn, vläicht um Ufank nëmme Verwarnungen, an herno da wierklech Sanktiounen.

An d’Erfahrung déi déi europäesch Länner, déi dat do scho virun eis gemaach hunn, sinn déi datt d’Parteie gutt matschaffen, an datt et am Fong guer net zu Sanktiounen herno muss kommen, wann dat do gewosst ass, datt dat geschitt. A genee déi nämmlecht Erwaardung hunn ech hei och.

Mä mir mussen awer légiféréieren, dat ass eng Meenung déi ech hunn, well mat just Sensibiliséierungsmesuren, oder Actions positives geet et weder um politesche Plang nach um wirtschaftleche Plang.

Claude Zeimetz: De wirtschaftleche Plang ugeschwat. Do steet am Koalitiounsaccord, “les inégalités salariales seront abolies par la force de la loi”. Dat kléngt jo wonnerbar, mä wéi wëllt Dir dat da maachen?

Lydia Mutsch: Bon, fir d’éischt emol muss ech soen, datt aus Siicht vum Chancegläichheetsministère eng ganz gutt Zesummenaarbecht war mat de wirtschaftlechen Acteuren ebe grad iwwer déi Actions positives, an datt der ganz vill Efforte gemaach hunn. A mir hu jo och entspriechend Präisser grad als Ministère fir déi Entreprisen déi ee besonneschen Effort gemaach hu fir Fraen a Spëtzepositiounen ze huelen, oder och fir bei der Astellungspolitik ze kucke fir paritéitesch Mesure geltend ze maachen. Déi Zesummenaarbecht wëll ech net einfach elo op de Koup geheien, an ze soen, majo elo ass Schluss domat, elo kënnt e Gesetz, an da gitt dir heizou gezwongen an dozou gezwongen. Dat wëll ech net esou maachen.

Ech wëll eng Évaluatioun maache vun deene positiven Usätz déi do sinn. An da musse mir natierlech, wa sech déi Fro stellt, datt d’Intégalités salariales sinn, déi sinn hei am Land och nach ëmmer bei ronn 9%, dat fannen ech enorm, 8,9% dat ass enorm, dat ass net richteg esou. Mir kennen och zum Deel Grënn déi dozou féieren. Fraen déi keng komplett Versécherungscarrièren hunn, Fraen déi Jobben hunn, wou se och keng esou eng Opstiegsméiglechkeeten hunn, Fraen déi insgesamt méi oft hiren Aarbechtsprozess ënnerbriechen aus familiäre Grënn. Dat ass zum Deel alles gewosst, mä et ass awer nach net am ausreichende Mooss am Hibléck op déi do Froestellung évaluéiert. An do kënnegt sech natierlech eng ganz intensiv Zesummenaarbecht mam Aarbechtsministère zesummen. Well wann ee seet, en Équilibre salarial wëllt een erreechen, da geet dat nëmmen an Zesummenaarbecht tëscht deenen zwee, an och méi Acteuren, mä den Aarbechtsministère huet do eng wichteg Roll ze spillen. Mir hate jo och schonn eng entspriechend Proposition de loi um Dësch leien, an déi ka jo elo hire Wee och fannen. A mir musse kucken ob déi duergeet, oder och ob déi nach muss ausgeweit ginn.

Claude Zeimetz: D’LSAP déi kritt an den nächste Méint en neie Parteipresident. Den Alex Bodry kann aus Incompabilitéitsgrënn net méi untrieden. Dir selwer kommt do net a Fro, eben och well Ministerposten a Parteipresident net compatibel si bei der LSAP. Mä wéi wier et dann do mat enger Presidentin zum Beispill?

Lydia Mutsch: Oh, do hätt ech näischt dogéint, mä ech menge souwisou datt parteiintern d’Diskussiounen esou lafen, datt bei deene Posten, déi elo ze besetze ginn, do gëtt et jo net nëmmen de Parteipresident, et gëtt och de Generalsekretär, et gëtt Vice-Présidents, et gëtt Sekretären, et gëtt wichteg Positiounen an der Spëtzt vun der Partei. A wa mir do elo ugedanzt kommen ouni eng Fra an enge vun deene wichtege Posten, ech mengen da sti mir net gutt do als Partei. Ech hoffen also datt dat esou wäert sinn, an ech gleewen och ganz fest dorunner. A fir de Rescht läit d’Lat natierlech ganz héich, well den Alex Bodry, ech soen elo net war, well en ass jo nach President, an et ass e ganz gudde President, deen eis Partei no vir bruecht huet, an deen huet och eng wichteg Missioun als Fraktiounsspriecher vun der neier Koalitioun. An et éiert hien och datt hien dat net als compatibel ugesäit mam Parteipresident, wat jo zwou wichteg an Aarbechtszäit intensiv Fonctioune sinn, et ass Partie intégrante vun de Statuten, si gi respektéiert.

A mir brauchen elo e gudde Successeur, an ob dat e Mann oder eng Fra ass, ech sinn iwwerzeegt datt dat ee wäert sinn dee seng Aarbecht gutt wäert maachen, am Intérêt vun der Partei.

Claude Zeimetz: Do an der Wahlcampagne an och duerno ass d’LSAP dobausse ganz gëeent opgetrueden. Dat ass méi wéi eemol ënnerstrach ginn. Fäert Dir dann net elo e bëssen, wann elo esou Posten ze besetze sinn, datt do vläicht esou al, méi schlecht Gewunnechten nees opkommen, datt een, jo den interne Sträit, oder esou e Postegerangel no bausse wäert droen? Wat erwaart Dir Iech do, datt et méi Kandidature ginn, oder just eng, oder?

Lydia Mutsch: Mir sinn net nëmme gëeent opgetrueden, mir si gëeent als Partei. A wa mir net gëeent gewiescht wieren als Partei, da wiere mir bei dëse Wahlen ofgewielt ginn, well eng Partei déi net gëeent ass, dat gesäit een net nëmmen op nationalem Plang mä och op kommunalem Plang, déi gëtt net gewielt, well d’Leit wëllen net datt eng Partei zerstridden ass, well d’Leit da soen, datt se net kënnen am Intérêt vum Land, oder vun der Populatioun schaffen. Mir sinn also am Moment gëeent.

Mir si ganz frou an enger Koalitioun ze sinn, wou eng gutt Zesummenaarbecht ass, a wou op engem anere Plang, net nëmmen an der Regierung, nach verstäerkt tëscht de Parteien zesummegeschafft gëtt. An ech mengen esouguer wann et e puer Kandidature gëtt, dat ass fir mech e Stéck Demokratie. Eng Eenheetskandidatur ass net ëmmer eng Garantie vun engem demokratesche Verständnes an enger Partei. Also e puer Kandidaturen ass och näischt Schlechtes, mä en Deel vun deem demokratesche Spill, an deem mir als Parteie matspillen. An dofir gesinn ech dat ganz optimistesch. An dat wäert jo elo dann am Mäerz tranchéiert ginn op eisem Kongress. An d’Stëmmung ass gutt, an et ass kee Sträit do.

Claude Zeimetz: Wie kënnt dann do a Fro?

Lydia Mutsch: Dozou wëll ech mech guer net äusseren, well am Moment nach keng Kandidaturen um Dësch leien, keng offiziell.

Claude Zeimetz: Dat hunn ech mir scho bal geduecht. Ech hunn awer d’Fro elo misste stellen.

Wéi schwéier war et dann iwwerhaapt fir no esou laanger Zäit d’Geschécker an der Escher Gemeng elo an d’Hänn vun engem aneren ze ginn? Dir waart, hat ech Uganks gesot, 26 Joer, wann ech mech elo richteg erënneren, an der Gemengepolitik aktiv. Wéi schwéier fält engem dat fir do lasszeloossen?

Lydia Mutsch: Net schwéier, well d’Rudder ass bei där Équipe, mat där ech elo 13 Joer laang gutt zesummegeschafft hunn, immens gutt zesummegeschafft hunn, well mir hunn Esch no vir bruecht, a mir hu villes erreecht fir eis Stad a fir eis Populatioun.

D’Madame Spautz ass eng Persoun mat där ech ëmmer gutt zesummegeschafft hunn. An ech hu guer keen Zweiwel drun datt si mat deem Know-how dee si huet, a mat där sozialer Sensibilitéit déi si auszeechent, Esch wäert an deene richtege Gewässer behalen.

Fir de Rescht gesinn ech datt den Nowuess assuréiert ass. Dat ass immens wichteg wann ee fortgeet, an et ass keen Nowuess do, da fannen ech ass dat kee gutt Zeechen. Dat ass bei eis net de Fall. Mir hu ganz gutt Leit, déi méi jonk sinn, déi eng aner Generatioun representéieren, an déi an der Zukunft wäerten eng wichteg Roll spillen.

A fir de Rescht ass et natierlech eng immens Éier datt ech elo hunn dierfen en neie Posten iwwerhuelen. Ech fanne Member vun enger Regierung ze sinn, an enger Zäit wou d’Land muss reforméiert ginn, wou d’Land muss moderniséiert ginn, fir do en Deel dovunner ze sinn, emfannen ech als onheemlech Éier. An ech wëll do mäi Bescht maachen, an dofir ass den Abschid deen natierlech net einfach war, vläicht e bësse méi einfach gefall.

Claude Zeimetz: Wat huet sech dann elo an Ärem Alldag geännert zanter datt Dir Ministesch sidd? Kommen d’Leit elo anescht op Iech duer vläicht?

Lydia Mutsch: Dat hunn ech net esou gemierkt. Ech mengen déi déi meng Frënn sinn, wäerten och elo meng Frënn bleiwen. Et ass, ech weess net ob ech elo schonn de richtegen Équiliber tëscht Politik a Privatliewe fonnt hunn. Am Moment ass et immens vill, an et si ganz laang Schaffdeeg, mä et ass eng schéin Experienz, immens gudden Accueil an de Ministèren, a wierklech formidabel Mataarbechter.

Claude Zeimetz: Mir si gläich um Schluss ukomm. Nach ganz kuerz. Wat sinn dann Är Wënsch fir dat neit Joer, mir si jo nach quasi am Neijoer, den éischte Background vum Joer war dat hei elo?

Lydia Mutsch: Wann ech elo net géing Gesondheet nennen, da géing ech eppes Falsches soen, mä ech géing mir wënschen, datt deen Élan an déi Frëndschaft, an déi Komerodschaftlechkeet, déi mir an der neier Regierung hu fir deen ambitiéise Programm ëmzesetzen, datt dat erhale bleift. Dat ass wierklech eng gutt Équipe, an dat wënsche ech mir datt dat esou weider geet.

Claude Zeimetz: Da soen ech Iech Merci fir den Interview, Lydia Mutsch.

 

Dernière mise à jour