Mars Di Bartolomeo au sujet de la médecine du travail

Frank Kuffer: De Mëtteg ass eng Aktualitéitsstonn iwwer d’Aarbechtsmedezin an der Chamber. Muer gëtt da fir d’6. Kéier schonn de Prix Santé en Entreprise iwwerreecht. A Gesondheet op der Aarbechtsplaz, dat ass dann och elo eise Sujet. De Mars Di Bartolomeo, deen och muer dee Präis iwwerreecht, ass bei eis am Studio. Gudde Mëtteg Här Minister.

Mars Di Bartolomeo: Gudde Mëtteg.

Frank Kuffer: Fir d’éischt emol de Mëtteg an der Chamber, do geet Rieds iwwer een Audit vun der Uni vu Léck iwwer d’Aarbechtsmedezin. Dir hat den Audit scho presentéiert, de Mëtteg gëtt also driwwer diskutéiert an der Chamber. Als Rappel, wat waren dann d’Conclusiounen aus deem Audit?

Mars Di Bartolomeo: Bein, Dir wësst datt mir den Audit selwer an Optrag ginn hunn, also net op Drock vun elo iergendengem vun den Acteuren, well mir der Meenung waren, datt mir no 18 Joer, wou déi Aarbechtsmedezin fonctionnéiert, sollten e Bilan maachen ob dat wat vun der Aarbechtmedezin erwaart ginn ass, erreecht ginn ass, wéi d’Zäit virugaangen ass, ob d’Aarbechtsmedezin der Entwécklung vun der Aarbechtswelt konnt Rechnung droen, a wou Stäerkten a Schwächte vun där Aarbechtsmedezin haut sinn.

D’Experten, déi zwee Proffen, de Professer Mairiaux, an de Professer Pichault hunn der Aarbechtsmedezin zu Lëtzebuerg en u sech gutt Zertifikat ausgestallt, weisen awer op eng Rei vu Problemer hin, déi mir mussen ugoen. Wéi zum Beispill datt mir net genuch Aarbechtsmedeziner hunn, oder net genuch Leit hunn déi an der Aarbechtsmedezin kënnen intervenéieren. Beispill multidisziplinär Équipen. Et ass gutt Aarbecht mat relativ bescheidene Moyenë geleescht ginn, an datt et net verbueden ass déi Moyenen ze verbesseren. Datt mir besser kënne sinn an der Zesummenaarbecht zwëschent alle Partner, datt mir eis besser kënne concertéieren a koordinéieren, an datt et un der Zäit ass fir och d’Lëscht vun de Beruffskrankheeten ze adaptéieren un d’nei Risiken.

Dir wësst an der Aarbechtswelt, Kaméidi, schwéier Laaschten hunn éischter Tendenz zeréckzegoen. Nei Risiken, déi sougenannte psycho-sozial Risike kommen, an do muss d’Aarbechtswelt, muss d’Aarbechtsmedezin sech drop astellen.

Frank Kuffer: Wat kënnt dann elo um Enn vun där Diskussioun och de Mëtteg an der Chamber, wat soll do um Enn erauskommen, kënnt dann awer eng Reform eraus herno?

Mars Di Bartolomeo: Also et ass dofir wou mir dee Bilan gemaach hunn, deen Audit gemaach hunn.

Mir hu mat esou zimlech allen Acteuren, déi intervenéieren, sief dat d’Sozialpartner, sief dat d’aarbechtsmedezinesch Servicer, sief dat d’Gewerbeinspektioun, sief dat d’Assurances accidents, geschwat. Do ass dee Bilan vun den Experten erauskomm, e Bilan deen en demi-teinte ass, u sech positiv, mä, a wou mir och schonn éischt Reaktioune vun deene Betraffene kruten.

Mir hu gesot, mir loossen eise Partner zwee bis dräi Méint Zäit fir sech vis-à-vis vum Audit ze positionéieren. Déi Avisen déi drëpsen eran, mir waarden och alt nach op eng Rei vu wichtegen Avisen, eng Rei vu Gewerkschaften hunn Avisen eraginn, och aarbechtsmedezinesch Servicer. Wa mir déi Avisë virleien hunn, maache mir de Bilan dovun, an da siche mir d’Diskussioun nach eng Kéier mat de Partner.

D’Zilsetzung ass ganz kloer datt mir eis Gesetzgebung hunn, déi nei Gegebenheeten och un déi gutt Rotschléi, déi vun den Experten, mä awer och vum Terrain kommen, adaptéieren. Dat heescht, wann elo d’Avisen do sinn, da geet d’Preparatioun, d’Diskussioun u fir eng Reform vun der Aarbechtsmedezin hei zu Lëtzebuerg kënnen duerchzesetzen.

Frank Kuffer: Mir maachen hei eng kleng Parenthèse, well Dir hutt et virdru selwer ugeschwat, da kéint nämlech eng Äntwert sinn, datt et un Aarbechtsdoktere feelt. Wéi erkläert Dir Iech datt an der Lescht Leit e Certificat d’aptitude au travail kruten, dee Certificat also, datt se gesondheetlech kapabel sinn hir Aarbecht ze maachen, ouni beim Aarbechtsdokter gewiescht ze sinn?

Mars Di Bartolomeo: Jo, dat ass mir och nei. Ech hunn d’Explikatioune geliest, datt en Engpass war. Dat do dierf op jiddwer Fall net d’Regel sinn.

Fait ass awer, an dat geet och aus dem Avis eraus, datt ee vläicht méi cibléiert an Zukunft déi Examens d’embauche soll maache bei Leit, déi an e Risikoberäich eraginn. Ass, mengen ech, keng Excuse do datt ee se net gesäit. Mä Leit déi manifestement a gudder Gesondheet sinn, an och regelméisseg d’Visiten hunn, an net an engem Beräich sinn dee risikobehaft ass, mengen ech do muss ee sech Gedanken driwwer maachen - et geet och aus dem Avis eraus - datt een dat net bei jiddwerengem muss onbedéngt maachen, mä do ginn d’Avisen och auserneen.

An déi Diskussioun déi mir elo an deenen nächste Méint féiere wäerten, och iwwer d’Periodicitéit vun den Examen, also vun de Visiten, vun den Ënnersichungen, grad wéi d’Opportunitéit ob an deem enge Beräich et onbedéngt muss sinn, oder ob et Beräicher gëtt wou een deen Examen d’embauche e bësse méi flexibel ka gesinn.

Frank Kuffer: A wann dann engem, deen esou een Zertifikat krut, eppes geschitt, wat bei enger Kontroll opgefall wier, wien ass da responsabel?

Mars Di Bartolomeo: Also dat ass eng ganz gutt Fro. Ech géif jiddwerfalls ganz schnell dorop reagéieren, a wann do eng Lacune ass, dat séier nohuelen. Mä wéi gesot, ech hat keng Geleeënheet mat deem betreffende Service de santé au travail ze schwätzen, mä dat gëtt eng spannend Fro, wann esou eppes géif optrieden.

Frank Kuffer: Wa mir vu Gesondheet op der Aarbechtsplaz schwätzen, ass do all Firma betraff, oder déi eng méi wéi déi aner? An der Industrie schaffen ass meeschtens jo awer méi geféierlech wéi am Gesondheetsministère oder hei niewendrun an der Redaktioun.

Mars Di Bartolomeo: Jo, neen et ass eben dat wat ech am Ufank gesot hunn. Et ass net esou datt elo d’Gesondheetsrisike just an deene Secteuren entstinn, wou ee méi haart Belaaschtunge siche geet.

An all Betrib misst eigentlech d’Gesondheet, d’Sécherheet, d’Wuelbefanne vun de Mataarbechter en alleréischten Thema sinn.

Bon, vläicht eng Iwwerleeung esou just niewebäi. Dee gréisste Risiko fir d’Gesondheet ass, wann een iwwer länger Zäit keng Aarbecht huet. Dee gréisste Gesondheetsrisiko ass a mengen Aen d’Aarbechtslosegkeet mat all deene Problemer, déi ronderëm hänken.

Mä wann ee bis an der Aarbechtswelt ass, soll een, mengen ech, esouwuel wat d’Salariéen ugeet wéi och wat d’Entreprise ugeet, aus dem Beräich Gesondheet a Wuelbefannen eng éischt Prioritéit maachen. Aus engem einfache Grond, dat liicht och an: e gesonden, en zefriddene Mataarbechter bréngt dem Betrib wäitaus méi wéi e Mataarbechter dee sech dohinner schleeft, e Mataarbechter dee sozial an och psycho-sozial Suergen huet.

Dofir sinn ech extrem frou doriwwer, an Dir hutt dat gesot, mir hunn haut a muer direkt zwou Geleeënheeten wou d’Gesondheet op der Aarbechtsplaz am Mëttelpunkt steet. Den Débat an der Chamber, dee vun der Madame Dall’Agnol gefrot ginn ass, a muer de Prix Santé en Entreprise...[gëtt ënnerbrach]

Frank Kuffer: Op déi mir nach ze schwätze kommen och.

Mars Di Bartolomeo:... muer de Präis Santé en Entreprise, wou ee gesäit datt Mueneches bougéiert.

A mir hunn d’Erfahrung gemaach, och an Zesummenaarbecht mat de Betriber, datt déi Gelder déi investéiert ginn an d’Gesondheet vun de Mataarbechter, datt déi mindestens duebel erëm agespillt ginn. An engem Betrib sollt d’Gesondheet vun de Mataarbechter dee selwechte Stellewäert hu wéi Produktivitéit, wéi Rentabilitéit, well am Endeffekt wann d’Leit motivéiert sinn, a bei gudder Gesondheet, sinn dat och Facteuren [gëtt ënnerbrach]

Frank Kuffer: Da schaffe se och.

Mars Di Bartolomeo: Voilà, sinn dat och Facteuren déi d’Rentabilitéit an d’Produktivitéit vum Betrib positiv beaflossen.

Een dee sech net em d’Gesondheet vu senge Mataarbechter këmmert, an dat geet ganz uewen un, ech mengen dat misst Chefsaach sinn, dee mécht e Feeler.

Frank Kuffer: Dir hutt virdru selwer gesot, esou Saache wéi schwéier hiewen, Kaméidi, ass haut manner, mä dofir sinn et awer och vläicht verstoppte Geforen, iwwerall Printeren a Computeren, also wou ee sech vläicht och net esou bewosst ass ëmmer?

Mars Di Bartolomeo: Jo, dat ass een Element. Also an engem Gebai kënne jo allméiglech chemesch Belaaschtunge fir Mataarbechter optrieden. Dir hutt der eng Rei genannt. Mä d’Gebai selwer ka schonn e Problem sinn jee nodeem wat fir eng Materialien datt ee gebraucht huet. An dofir ass déi Erfahrung déi mir gemaach hunn iwwer déi lescht 6 Joer beim Prix Santé en Entreprise, e gudden Iwwerbléck iwwer déi Risiken, a wéi een op déi Risike kann agoen, déi an de Betriber bestinn.

Dat geet u bei fit bleiwen, gesond iessen, méi bewegen, Fitness, Präventioun vun alle méigleche Krankheeten, ënnert anerem cardio-vasculaire Problemer, dat geet weider bei de Sick Building-Syndrom, dat ass dat wat Dir ugeschwat hutt, e Gebai wou schlecht, oder gesondheetsschiedlech Materialie gebraucht gi sinn, a wou d’Leit op eemol krank gi sinn. Wou dann awer de Betrib drop reagéiert huet, d’Ëmweltambulanz deem Ganzen op d’Spuer gaangen ass, well de Betrib sanéiert ginn ass, an dann déi Symptomer op eemol verschwonne sinn. Dat geet em Stress, Mobbing, Burn-out dee kann entstoen.

A wann ee weess, datt een esou Belaaschtungen ausgesat ass, an doraus en Thema am Betrib mécht, reagéiert wann éischt Symptomer optrieden, ma da kann ee verhënneren datt e Mataarbechter an e ganz déift Lach erafält. An et kann een extrem Villes maachen.

En anert Beispill. Op engem Büro, hei zum Beispill an dësem Studio, wann d’Still näischt daachen, wann ee stonnelaang do hänkt, kann dat sech op de Réck, kann dat sech op de Bewegungsapparat auswierken, an da kritt een herno ganz sérieux Problemer.

Wann een der Ergonomie eng Chance gëtt, an dorop reagéiert, dann ass de Mataarbechter net deenen do Problemer ausgesat.

Dir fannt e ganze Katalog, ënnert anerem och ëmmer méi Betriber, déi sech net nëmmen em Risiken oder Gesondheetsproblemer këmmeren, mä och em wierklech d’Wuelbefannen.

Frank Kuffer: Sot eis emol nach vläicht déi Entreprisen déi muer ausgezeechent ginn, wat hunn déi dann Extraes geleescht zum Beispill?

Mars Di Bartolomeo: Ah, dat ass erëm eng Kéier e ganz flotte Quierschnëtt. Mir hunn e klengen Daachdeckerbetrib deen nom Motto gehandelt huet, et ass nach ni e Meeschter vum Himmel gefall, mä vum Daach ass awer schonn oft ee gefall. Geet där ganzer Problematik op d’Spuer, kuckt all Risiken ze identifizéieren, an dorop eng Äntwert ze ginn.

Anert Beispill vu Betriber déi muer ausgezeechent ginn. Déi nei Technologien, kabellos Kommunikatioun, Wifi, an esou weider. Schoul, eng Gemeng déi den Effort gemaach hu mat deenen neien Technologien esou vill Virsiichtsmoossnamen ze huele wéi nëmme méiglech, datt se net sech negativ op d’Gesondheet auswierken.

Aner, en anere Betrib dee wierklech extrem vill Wäert op d’Wuelbefannen, net nëmmen Ofwiesenheet vu Krankheet, Ofwiesenheet vu Sécherheetsrisiko hëlt, mä d’Wuelbefannen als Ganzt traitéiert. Also Dir fannt erëm eng Kéier e ganz gudde Quierschnëtt.

Oder Efforten déi gemaach gi fir de spezifesche Besoinë vun eelere Mataarbechter Rechnung ze droen, doduerch datt se ab engem gewëssenen Alter awer méi Congé kréien.

Oder de spezifesche Besoinë vu Fraemataarbechter am Betrib Rechnung droen. Also Dir fannt e flotte Quierschnëtt an alle Secteuren.

Frank Kuffer: Nach ganz kuerz. D’Zigarett op der Aarbechtsplaz déi belaascht jo bal kee méi hautdesdaags, fréier ass jo an all Büro gefëmmt ginn. Just an de Bistroen do gëtt nach ëmmer gefëmmt. Wéi laang nach? Gëschter, d’Horesca huet gemengt et géif elo net méi driwwer geschwat ginn, si hoffen datt et nach 25 Joer esou bleift. Kënnt Dir se do...?

Mars Di Bartolomeo: Also d’Horesca hat jo gesot, datt se géif hoffen, datt et nach esou laang wéi méiglech géif daueren. Ech hoffen, datt et esou schnell wéi méiglech geet, datt mir keng Dampbelaaschtunge méi an de Bistroten hunn. Iwweregens [gëtt ënnerbrach]

Frank Kuffer: Hutt Dir e bëssen Hoffnung an d’Nancy Arend, déi um CSV-Kongress gesot huet, et géif net wäit genuch goen?

Mars Di Bartolomeo: Oh, wësst Dir, ech loossen elo emol d’Chamber hir Aarbecht maachen, nodeem de Conseil d’État dann an deenen nächsten Deeg oder Woche seng Aarbecht gemaach huet.

Ech hunn e Kompromëss op den Dësch geluegt, selbstverständlech sinn ech Wuess an den Hänn vun der Chamber [gëtt ënnerbrach]

Frank Kuffer: Dir hätt awer näischt dogéint wann et awer nach e bësse méi wäit géif goen?

Mars Di Bartolomeo: Oh, wësst Dir, ech wier e schlechte Kolleg an der Regierung an och an der Koalitioun, wann ech e Gesetz, dat ech selwer presentéiert hunn, géif schlecht maachen. Mä Dir hutt mech an deene leschte Joeren X-Mol interviewt, Dir wësst also wat ech denken.

Frank Kuffer: Mars Di Bartolomeo, Merci fir de Besuch de Mëtteg hei am Studio, an eng gutt Gesondheet.

Mars Di Bartolomeo: Merci gläichfalls.

Dernière mise à jour