Mars Di Bartolomeo au sujet de son avant-projet de loi sur l'interdiction de fumer dans les cafés et discothèques

Frank Kuffer: Fir d’zweet bannent kuerzer Zäit stellt de Mars Di Bartolomeo sech de Froen, jo an och de Kritike vun eisen Nolauschterer. Virun e puer Wochen, du waren et d’Pensiounen, an elo also de bloen Damp, dee fir déck Loft suergt.

Méi gesond a manner Gestank si sécher Argumenter dofir, mä wéi gesäit et mat eiser Fräiheet, mat der Gesellegkeet, an och mam Wiert senger Zukunft aus?

Un Iech elo dem Minister ze soen, wat Dir vu sengen Iddien haalt. Rufft un um Telefon 1330. Mir hunn iwweregens och eng Ëmfro op RTL.lu lafen, wou Dir nach kënnt matmaachen, fir en totale Fëmmverbuet, oder fir de fräie Choix vum Bistrotier. Do wier den Ament eng Majoritéit vu ronn 53% fir dem Minister seng Iddi. Gudde Mëtteg, Här Di Bartolomeo.

Mars Di Bartolomeo: Gudde Mëtteg.

Frank Kuffer: Dat freet Iech jo bestëmmt, oder hat Dir Iech awer méi eng däitlech Ënnerstëtzung erhofft? Also, 53% ass eng Majoritéit, mä esou ganz déck ass et awer net, oder?

Mars Di Bartolomeo: Ech ginn net ganz vill op déi spontan Ëmfroen, weder an déi eng nach an déi aner Richtung. Ech halen et do méi mat Statistiken, wéi vill Leit datt mir hei zu Lëtzebuerg hunn, déi gär vun der Zigarett lass géife kommen, respektiv déi déi net fëmmen. An do sinn, mengen ech, d’Chiffere vill méi iwwerzeegend. Mir gehéieren an der Tëschenzäit zu deene Länner, wou d’Zuel vun de Leit déi nach fëmme relativ niddereg ass, a wou d’Zuel vun deenen déi net fëmmen, oder net méi fëmmen, extrem héich ass.

An ech mengen, dat ass eng Konsequenz vun där Diskussioun, déi mir an deene leschte Joeren haten. Déi gëtt zwar heiansdo méi animéiert gefouert, mä ënner dem Stréch, mengen ech, gesäit een iwwer déi Statistiken, datt d’Gesondheet gewonnen huet, an datt mir, mengen ech, op deem gudde Wee si wa mir sensibiliséieren, motivéieren.

Frank Kuffer: De Sondage, muss e soen, ass och net representativ, mä awer ëmmer flott ze gesinn, wéi d’Leit reagéieren. Dat heescht, Dir kënnt och nach do matmaachen op RTL.lu. Elo gi mir awer eraus bei Iech, fir Är Meenung ze héieren. Fänke mir direkt mat engem un, deen um Terrain, géif ech soen, all Dag domat concernéiert ass, dat ass de Patrick Lommel, e Wiert vu Keel. Gudde Mëtteg.

Patrick Lommel: Gudde Mëtteg.

Frank Kuffer: Da sot eis emol, wat, wéi gesitt Dir dann d’Zukunft vun Ärem Geschäft?

Patrick Lommel: Majo dat ass ganz einfach. Ech hunn dat Geschäft iwwerholl virun engem Joer. An ech hunn eng Clientèle opgebaut, als lëtzebuerger Wiert, vu Jugend, eeler Leit, stänneg Leit, also loosse mir emol soen, vu jonk bis ganz, ganz al. An do si Leit, déi kommen eran, déi fëmmen oder net fëmmen.

Et huet nach ni een zu mir gesot, vun deene Leit déi bei mech an de Café erakommen, ech kommen net hei eran, well gefëmmt gëtt. A wann een eppes gesot huet, da waren et der vun Honnerte waren et der ee bis zwee.

Mä stellt Iech elo emol vir, déi 98 bleiwen dobaussen an déi 2 kommen eran. Wéi soll ech dann higoen, de Centre commun ënnerstëtzen, dee momentan gutt fonctionnéiert, wou den Här Di Bartolomeo immens vill Aarbecht gemaach huet, wou ech immens respektéieren? Mä ech muss awer kucken, all Mount mäi Centre commun kënnen ze bezuelen. Ma wann ech deen net méi ka bezuelen, well dat Gesetz gestëmmt ginn ass, wou ginn ech dann do schellen, datt ech gehollef kéint kréien?

Ech hu kee Problem, datt et sollt gemaach ginn. Ech fëmme selwer och net, heiansdo emol eng gepatscht, nenne mir et emol esou, mä d’Leit froen dobaussen, ech ginn an de Café eran, ech fëmmen eng, an déi aner soen, ech ginn an de Café era fir d’Gesellschaft ze hunn. An elo gi mir dat do komplett briechen. An dat fannen ech net gutt.

Ech fannen, den Här Bartolomeo muss sech dat ganz staark iwwerleeën, well wann ech héieren um Radio den Här Wolter schwätzen, déi einfach als CSV soen, mir loossen einfach de Wiert gewäerden; den Här Bartolomeo seet, esou gewäerden. Ech fannen et net fair, well se an der Regierung selwer net eens sinn, wéi et gemaach sollt ginn. An ech als klenge Wiert soen Iech riicht eraus, et gëtt vläicht en haart Stéck, mä ech hoffen, datt et net gestëmmt gëtt, an datt de Wiert eng fräi Wahl kritt.

Här Bartolomeo, ech hoffen datt Dir hoffentlech och u kleng Bierger denkt, déi do sinn.

Frank Kuffer: Merci, Här Lommel. Jo, Här Di Bartolomeo, sidd Dir sécher, datt net ee Wiert do Faillite geet?

Mars Di Bartolomeo: Dat kann een ni viraussoen. Ech wëll just soen, datt déi selwecht Argumenter – an ech verstinn den Här Lommel, an hien dréckt sech och op, mengen ech, eng fair a korrekt Aart a Weis aus. Ech verstinn dem Här Lommel seng Suergen, mä d’Diskussioun ass genee d’selwecht gefouert gi bei de Restauranten. Et ass gesot ginn, d’Restaurante mussen elo zoumaachen, d’Cliente lafe fort. En fait, no 5 Joer kann ee feststellen, datt dat net geschitt ass. Ech [gëtt ënnerbrach]

Frank Kuffer: Entschëllegt, kann een dat eent zu eent vergläichen, Restaurant a Bistro?

Mars Di Bartolomeo: Et kann ee sécher net eent zu eent vergläichen.

Mä ech ginn Iech en anere Verglach. Ech ginn heiansdo mat menger Fra dann an Holland spadséieren, oder an eng flott Stiedchen déi Maastricht heescht, a virun 3, 4 Joer si mir dann an d’Bistroen eragaangen, voll, awer gro vun Damp. Elo virun 2 Joer, wéi mir fir d’lescht do waren, d’Bistroe voll, mä keen Damp méi. An dunn hunn ech emol naiv gefrot, wéi ass dat, ass do eppes geännert ginn? Jo, an Holland ass en zimlecht strafft anti-Fëmmgesetz applizéiert ginn, an d’Bistroe sinn nach wéi vor voll.

An ech wëll just soen, ech hu ganz vill Leit, och a mengem Ëmfeld, déi soen, komm mir ginn een huelen, komm mir ginn an de Bistro wéinst der Gesellegkeet. Ech hunn eigentlech nach ni een héieren, komm mir ginn an de Bistro fir eng ze fëmmen. Dat ass elo e bësse plakativ gesot.

Ech mengen, datt ee sech dru winnt, grad wéi ee sech dru gewinnt huet, datt net méi an de Kinoe gefëmmt gëtt, datt net méi an de Fligere gefëmmt gëtt, datt net méi an den Zich gefëmmt gëtt, datt net méi an de Préaue vun de Schoule gefëmmt gëtt, datt net méi an de Restaurante gefëmmt gëtt, datt net méi an de Grandes-surfaces gefëmmt gëtt. An ech mengen, bei alle Suergen, mengen ech, pendelt sech dat erëm an.

A mir maachen dat jo elo net stur, mir hu jo eng pragmatesch Solutioun vun engem Raum à par, deen ee kann identifizéieren, wou een déi Leit déi fëmmen dann net am Ree stoe léisst.

Frank Kuffer: Dorop komme mir bestëmmt och nach ze schwätzen. D’Madame Lorang vun Dikrech, ech menge si schafft och an der Restauratioun. Wéi eng Erfahrungen hutt Dir da gemaach? Gudde Mëtteg.

Madame Lorang: Gudde Mëtteg. Ech fannen et net an der Rei, datt Dir eis d’Zigarette verbitt. An engem Restaurant, okay, net wou giess gëtt, mä awer donieft kann een an en Zëmmer goen, wou ee ka fëmmen, oder net? Wann ee kann an enger Pâtisserie hei fëmmen, bon, do gëtt näischt gesot, awer an engem Restaurant, do gitt Dir dann dohannert. A wa mir elo ophale mat fëmmen, deen Här huet Recht vum Bistro, wat hie gesot huet, da kréie mir nach méi Failliten.

Mars Di Bartolomeo: Also, ech géif mengen, datt ee mat enger pragmatescher Approche, wéi déi, déi mir am Projet huelen, wou een an engem Raum niewendrun, wann ee kee stéiert, wa keen Duerchgang ass, wa kee Service ass, also och déi Leit déi am Bistro schaffen net am Damp stoe léisst.

Iwweregens, wann een deen am Moment am Bistro schafft géif kloen, stellen ech mir d’Fro wéi esou eng Klo géif ausgoen. Well am Moment et schonn esou ass am Gesetz, datt eigentlech de Patron muss alles maache fir de Salarié virum schiedlechen Awierke vum Damp ze schützen.

Ech mengen also, datt mat där pragmatescher Solutioun déi mir geholl hunn, déi elo net esou radikal ass wéi Eenzelner sech dat wënschen, datt een déi Koexistenz ka garantéieren.

An ech mengen, dee Prinzip, dee mir ëmmer ganz wichteg war, dee gëtt och vu ganz ville Leit dobaussen akzeptéiert, datt engem seng eege Fräiheet do ophält, wou deem anere seng Fräiheet ufänkt. Dat heescht, d’Fräiheet vun deem dee fëmmt hält do op, wou d’Recht vun deem deen net fëmmt fir net matzefëmmen ufänkt. An dat ass e wichtege Prinzip.

An ech mengen och, datt ganz, ganz vill Leit déi fëmmen dat an der Tëschenzäit akzeptéieren, well ech ëmmer méi, och an den Haiser doheem, gesinn, datt wann een an der Famill fëmmt, dat net bei de Kanner, dat net am beschte Salon mécht, mä entweder op d’Fënster geet, op d’Terrass geet, oder virun d’Dier geet. Do huet sech schonn eppes agebiergert, déi Rücksichtnahm, an ech fannen dat och ganz gutt.

Frank Kuffer: Dat waren zwou méi kritesch Stëmmen éischter zu Ärem Projet, zu Ärem Avant-projet deen et jo nach ass. Et ginn awer och vill Leit, déi op Ärer Säit sinn. Ech mengen zum Beispill d’Madame Lammé vu Schëffleng. Gudde Mëtteg.

Madame Lammé: Bonjour.

Frank Kuffer: Dir sidd éischter op der Linn vum Mars Di Bartolomeo, ass dat esou?

Madame Lammé: Ech si ganz mat dem Minister averstanen, aus deem einfache Grond, well et gesondheetsschiedlech ass. Wa mir bedenken, alleguer déi vill Leit, déi u Longekriibs stierwen, datt do een dat misst emol matmaachen, wéi déi Leit leiden, an d’Famill nach leit, wa se d’Leit esou verléieren. Also, ech si voll mam Här Minister averstanen, datt an de Caféen an an de Restauranten awer strikt agehale gëtt, datt net ze fëmmen ass.

Frank Kuffer: Merci Madame Lammé. Här Minister domat ass [gëtt ënnerbrach]

Mars Di Bartolomeo: Vläicht ee Wuert dozou. Et gëtt an där Diskussioun heiansdo wierklech d’Zilsetzung vun deenen do Moossname vergiess, an do geet et ëm d’Gesondheet. Wann een d’Fëmmen an de Grëff kritt, da kritt een och de Longekriibs an de Grëff. 9 vun 10 Longekriibse ginn op d’Fëmmen zréck. Ech hunn och ee vu menge beschte Frënn doduerch verluer, an ech weess och wéi dat ass.

An ech mengen, e Gesondheetsminister, dee sech net fir d’Gesondheet vun de Leit asetzt, an och e Sträit dofir a Kaf hëllt, deen ass Feel op der Plaz. Ech ka mech nach drun erënneren, datt e Gesondheetsminister viru mir mat der Zigarett an der Hand virun der Kamera stoung, dat ass fir mech imcompatibel, dat geet net. Tubak a Gesondheet, de Gesondheetsminister an Tubak dat geet net zesummen. Ech maache just mäi Boulot!

Frank Kuffer: Wier et dann net vill méi einfach, Dir maacht, datt e Pak Zigaretten 7 Euro kascht?

Mars Di Bartolomeo: Mir hunn an deene leschte Joeren eng Rei vun Efforte gemaach fir d’Zigarette méi deier ze maachen, an ech gehéieren zu deenen, déi ouni Kompromëss fir méi deier Zigarette plädéieren. Dat kann een iwwer eng Zäit strecken, mä ech mengen datt et net gutt ass, datt bei eis den Tubak ze bëlleg ass. Iwweregens, 85% vun deem Tubak deen hei zu Lëtzebuerg verkaaft gëtt geet iwwer d’Grenzen. Wann ech Responsabele just niewent der lëtzebuerger Grenz wier, wéisst ech wat ech dovu géif denken.

Frank Kuffer: Dann den Här Barthel vu Blaaschent. Ech mengen, deen ass och éischter vun Ärem Projet iwwerzeegt. Gudde Mëtteg.

Här Barthel: Jo, mat deem sidd Dir ganz richteg. Ech mengen, Chapeau fir den Här Minister, Chapeau fir en Nancy Kemp-Arendt, déi Faarf bekennen, an déi ganz einfach eppes am Intérêt général maachen. Well ech mengen, de wichtegste Saz deen den Här Bartolomeo gesot huet, ass ganz einfach, wou deem enge seng Fräiheet ufänkt, hält deem anere seng op.

Ech mengen, ech hu selwer e Meedche vu 16 Joer dat sech beschwéiert wann et Owes heem kënnt an et richt. Et geet gär an eng Disco, an et geet net an d’Disco fir ze fëmmen, et geet och net dohinner fir ze richen, mä fir sech ze ameséieren, fir mat de Kollegen zesummen ze sinn. An dat ass leider Gottes am Moment net méiglech.

Ech mengen och, déi ganz Polemik ëmmer erëm vun deene selwechten Acteuren, mat deene selwechte blöden Argumenter, et gëtt ëmmer erëm ervirbruecht, mir hunn dat selwecht gehat, wéi mir de Fëmmverbuet an de Restauranten haten, mir haten dat selwecht wéi de Promillgehalt vun 0,8 op 0,5 erofgesat hunn.

An ech fanne ganz einfach dem Här Wolter seng Argumentatioun lamentabel, datt hie seet, verschidde Leit hätten ebe Besoinen. Ech mengen, och d’Leit hu Besoin ze drénken, da musse mir erëm eng Kéier den Alkohol eropsetzen, da komme mir op kee Resultat. Ech mengen, et muss een einfach Courage hunn an dëser Gesellschaft, a soen, hei lauschter emol, et gëtt ebe [ondäitlech] wa mir wëllen zesumme liewen, a mir wëlle gesond zesumme liewen, da muss een ebe ganz einfach bestëmmte Récksiichten huelen.

Mars Di Bartolomeo: Bon, Merci fir dat do Erlieftent. Ech hunn dat doheem och erlieft. Bei eis doheem d’Kanner hunn net gefëmmt bis datt se ugefaangen hunn an d’Bistroen ze goen, do sinn der ganz, ganz vill vu Gläichaltregen déi dann och gefëmmt hunn, an da mécht ee mat. Do muss ech soen, meng edukativ Approche huet do seng Limite gehat.

An ech mengen datt et, jo, d’Gesondheet fir jiddwereen, awer d’Gesondheet vun deene Jonken insbesondere. Wat ee manner mat esou Risikoverhale konfrontéiert gëtt, wat ee manner Risiko huet fir et ze iwwerhuelen. An ech mengen, ech sinn absolut an der Linn vun deem wat mir am Regierungsprogramm ofgemaach hunn.

Frank Kuffer: Et geet jo bei Iech haaptsächlech ëm de Passivfëmmert, an dat mengt och den Här Greiveldinger vu Bäreldeng. Gudde Mëtteg.

Här Greiveldinger: Ech sinn 100% mat Iech d’accord, ech sinn e ferventen net-Fëmmert. An ech froe mech just, wat déi Häre Koepp a Rix vun der Horesca do iwwer de Radio plädéieren, dem Wiert fräie Choix ze loosse fir ze fëmmen oder net. Da brauche mir jo iwwerhaapt kee Gesetz ze maachen. Déi solle sech emol eng Kéier un de Kapp fille wat se do verbreeden. Ech soen Iech nach eng Kéier villmools Merci!

Frank Kuffer: Merci och Iech fir Är Meenung. Här Di Bartolomeo, gëtt dat iwwerhaapt nach en haarde Kampf do, et ass ugeschwat ginn d’CSV, et ass ugeschwat ginn d’Horesca?

Mars Di Bartolomeo: Ech weess et net, ech weess iwwerhaapt net firwat datt mir streiden, well ech ëmmer dovun ausgaange sinn, datt dat wat mir ofgemaach hu kloer war. Et ass vläicht net jiddwereen dee sech der Tragweit bewosst war, wat mir ofgemaach hunn. Well de Regierungsprogramm ass ganz kloer, dee Plan tabac deen ass net eréischt erfonnt gi wéi de President vun der CSV dat gemengt huet, dee loung schonn an där virechter Regierung vir. Dee Bilan, wou de President vun der CSV gemengt hat dee wier nach net gemaach, deen ass virun engem Joer der Regierung virgeluecht ginn.

Ech mengen, déi Iddi vum libre Choix, an dat soll een dach wann ech gelift esou éierlech soen, dat ass näischt méi an näischt manner wéi de Status quo, well an der jëtzeger Situatioun huet jiddwereen d’Recht fir ze soen, fëmmen oder net fëmmen.

An dat war schonn d’Diskussioun viru 6 oder 7 Joer. Ech hunn deemools zu der Horesca gesot, majo wann ech gelift, wann dat esou ass, datt dir dee libre Choix prekoniséiert, ma da weist mir wann ech gelift, datt dee libre Choix och wierkt. Wann dir mir kënnt noweisen, datt de libre Choix dozou féiert, datt déi Leit déi an de Caféë schaffen, oder an de Restaurante schaffen, an déi dohi ginn, net vum Damp geschiedegt ginn; wann dir et also fäerdeg bréngt an enger Démarche, an engem Prozess ëmmer méi Caféen, ëmmer méi Restauranten dampfräi ze maachen, ech gi ganz gär mat.

Dir wësst genee, wéivill Caféen an Discothéiken haut dampfräi sinn. De Café vis-à-vis vun der Chamber, wou d’Madame jo och ganz gutt Erfahrunge gemaach huet, déi gesot huet, majo ech hunn dat einfach esou agefouert an ech spiere keen Abroch. Dat ass eng seelen Exceptioun.

Wann een also libre Choix seet, da bleiwe mir beim alen, an da soll ee soen, gehei däi Projet an de Schredder, mat eis gëtt et guer näischt. Wann ee seet, an ech hunn déi zwee Leit jo héieren, mir musse vill méi e strikt Fëmmgesetz hunn, mä et dierf awer net esou si wéi dat wat de Gesondheetsminister proposéiert huet, mä da géif ech ganz gär wëssen, wat ass da strikt? De libre Choix ass näischt!

Frank Kuffer: Mir kommen direkt erëm zréck op den Telefon, mir kucken awer eng Kéier kuerz mam Corinne Folscheid, mir hunn nämlech och ganz vill SMSen erakritt.

Corinne Folscheid: Jo richteg Frank, dat kann ee soen, vun de Moie 6 Auer u koumen eng helle Wull vun SMSen eran, an deenen eis Nolauschterer hir Meenung zum anti-Fëmmgesetz wollte lassginn.

E bëssen ähnlech wéi elo déi Leit, déi ugeruff hunn, kommen och do praktesch déi selwecht Meenungen erëm. Et kann een emol festhalen, datt de Gros vun de Leit déi eis geschriwwen hu ganz kloer fir e Fëmmverbuet sinn. D’Fëmmverbuet an de Restauranten hätt jo gewisen, datt et klappt, firwat net also och an de Caféen an an den Discoen. Deene meeschte Leit geet virun allem de Gestank op d’Nerven, vill vun hinne ginn dowéinst deelweis schonn zanter Joeren net méi een drénken. Si géifen awer direkt nees goen, esoubal net méi dierft am Bistro gefëmmt ginn.

Natierlech spillt och dee gesondheetlechen Aspekt eng ganz wichteg Roll.

Vill Leit verweisen och op déi positiv Erfahrungen déi am Ausland gemaach goufen, a froe sech, firwat datt et net och hei sollt am Land klappen, a begréissen dann och de Courage vum Gesondheetsminister.

Dann huet een natierlech och déi aner Klack, an zwar déi Leit déi strikt dogéint sinn, datt d’Fëmmverbuet och an de Cafée soll agefouert ginn, a schwätzen deelweis vun enger Hetzjuegd géint d’Fëmmerten.

Et ginn awer och déi Leit, déi net direkt géint d’Fëmmverbuet sinn, mä der Meenung, datt de Wiert selwer misst kënnen décidéieren ob a sengem Café dierft gefëmmt ginn oder net. Do sinn esouwuel Fëmmerten, wéi och net-Fëmmerten déi där Meenung sinn. Et sollt een net iwwerdreiwen, heescht et a verschiddenen SMSen.

Een Nolauschterer mengt, datt dëst déi topeschst Diskussioun zanter laangem ass: "Mir liewen an engem fräie Land, an et dierf ee keng Diktatur aféieren."

Kritiséiert ginn a verschiddenen SMSen och d’Aussoe virgëscht op enger Pressekonferenz vun der CSV vum Fraktiounschef Marc Spautz an dem Parteipresident Michel Wolter. Et ass awer och d’Kritik, datt sech d’Ministeren zimlech vill géifen eraushuelen. An een Nolauschterer schwätzt och vun engem parteipoliteschem Calcul.

Vill Leit maache sech, d’selwecht wéi och schonn um Telefon virdrun, Gedanken ëm d’Zukunft vun de Caféen, wann d’Fëmmverbuet da bis a Kraaft ass; et géife vill Existenzen um Spill stoen, an et géifen och bestëmmt Cafée Faillite maachen, dat heescht, et géife weider Leit an de Chômage geroden. An an deem Kontext d’Fro un de Minister, wat hie gedenkt an deem Punkt ze maachen?

An een Nolauschterer huet zum Beispill nach d’Fro opgehäit, firwat esou streng Mesurë geholl ginn, mä firwat de Stat eigentlech esou gesondheetsschiedlech Produiten nach um Marché léisst, a wat dann als Nächst soll kommen?

Frank Kuffer: Merci Corinne. Déi Froen hate mir zum Deel schonn, firwat datt d’Zigaretten net vill méi deier sinn. Dofir gi mir nach eng Kéier direkt vläicht eraus och op den Telefon. Well et ass jo eng Fro, wann net méi am Bistro gefëmmt gëtt, da gëtt awer vläicht dobausse gefëmmt, oder soss anzwousch? D’Sabrina vu Krautem, ech mengen, Är Fro oder Är Meenung geet e bëssen an déi Direktioun. Gudde Mëtteg.

Sabrina: Gudde Mëtteg, ganz genee. Also, et ass esou, well, wéi elo schonn an der Hollerecher Strooss, oder egal wou, d’fräi Nuechte jo scho geholl ginn. A wann dann elo zum Beispill och nach d’Fëmmverbuet kënnt, da geet kee Mënsch méi an e Café oder esou fir iergend eppes ze drénken. Ech weess, also wann ech a meng Kollegen, zum Beispill wa mir an de Café ginn, mir drénken eppes, a da fëmme mir och gär eis Zigarett, da wëlle mir net am Wanter bei de Minusgraden extra eraus fëmme goen, just well de Gesondheetsminister där Meenung ass, datt een am Café net dierf fëmmen. An datt een am Restaurant net dierf fëmmen, ass déi eng Saach, mä wann een dann och nach am Café net méi dierf fëmmen, da ginn d’Leit op d’Strooss, an allerspéitstens da geschéie méi Katastrofe wéi elo. Well da ginn d’Leit sech den Alkohol kafen a si gi mam Alkohol a mat der Zigarett op d’Strooss, an dann, voilà.

Frank Kuffer: Merci dem Sabrina op Krautem. Mir huele vläicht nach direkt de Christian Müller vun Esch do och mat bäi. Dir wunnt vis-à-vis vun engem Café? Gudde Mëtteg.

Christian Müller: Jo, gudde Mëtteg.

Frank Kuffer: Wat sinn dann Är Erfahrungen, oder wat fäert Dir?

Christian Müller: Also, ech wunne vis-à-vis vun engem Café, ech hunn eng Famill mat zwee klenge Kanner. An de Moment ass et jo okay, ech mengen, d’Leit sinn am Café. Wann dat awer elo verbuede gëtt, da ginn d’Leit jo gezwonge fir virun d’Dier ze goen, dat heescht, da ginn d’Leit am Fong, dat heescht, et gëtt méi Kaméidi, et kënnt Gestank virun der Dier, mir kënnen eis Fënster dann net méi oploossen. Dat heescht, duerch dat Gesetz géif eis Liewensqualitéit am Fong erofgoen.

Frank Kuffer: Här Minister, hutt Dir dat och beduecht, datt och Leit do u Liewensqualitéit verléieren?

Mars Di Bartolomeo: Also fir d’éischt, d’Erfahrungen déi am Ausland gemaach gi sinn, d’Erfahrungen och déi an de Restaurante gemaach gi sinn, oder och an anere Beräicher, wou progressiv d’Fëmmverbuet komm ass, hu bewisen, datt d’Leit awer weiderhin hir Gewunnechten halen an e Patt huele ginn, ënner Kollegen a Frënn wëlle sinn. An et ass net esou, datt an Italien, an der Belsch, a Frankräich, an Holland elo kee Mënsch méi an de Bistro geet, well awer ganz, ganz vill Leit och an d’Bistroe ginn obwuel se net fëmmen.

Dat Zweet, an ech mengen déi Suerg, déi muss een eescht huelen, dat ass, datt wann ee Bistroen huet wou vill Leit sinn, an et géife vill Leit mateneen op den Trottoir goen, oder virun d’Dier goe fir ze fëmmen, da kann dat e Problem sinn. Dofir hu mir jo och gesot, datt mir, do wou dat méiglech ass, absolut domat d’accord sinn, datt een e Raucherzimmer, e Salon à part deen ofgeschloss ass, wou déi Leit déi wëlle fëmmen, wa se musse fëmmen, sech zréckzéie fir eng Zigarett ze fëmmen. Dat ass an deem Projet virgesinn [gëtt ënnerbrach]

Frank Kuffer: Wier dee Raum och esou strikt geregelt wéi an de Restauranten?

Mars Di Bartolomeo: An de Restauranten ass keen esou e Raum gemaach ginn [gëtt ënnerbrach]

Frank Kuffer: Well et esou eng strikt Regel ass, wahrscheinlech?

Mars Di Bartolomeo: Neen, neen, passt op. An et ass eng ganz verschidde Situatioun.

An de Restauranten, deen ofgetrennte Raum deen do méiglech war, dee sollt et erméigleche fir iessen a fëmme mateneen ze verbannen, an och mat Service, an dat hätt bedéngt, datt een eng ganz schwéier Anlag gemaach hätt. Bis elo ass keen esou e Raum genehmegt. Absolut méiglech waren, a fonctionnéieren och, ofgetrennten Zëmmeren, wou e Restaurantsgaascht, wann e giess huet, sech mat senger Taass Kaffi kann zréckzéien, ouni een deen net wëll matfëmmen ze stéieren. Dat ass eng ganz einfach Prozedur.

An och hei gesi mir vir, wa mir déi Fumoire maachen, wou jo kee Service ass, wou keen Transit ass, dat heescht, een deen net fëmmt brauch net do eran ze goen, wou och keen aneren also belästegt gëtt, datt een do déi Entlüftung, Belüftung vill, vill méi einfach ka maachen. An dat wëlle mir och mam Secteur zesummen diskutéieren.

Iwweregens hunn ech muer mat der Horesca Rendezvous. Et ass ni a menger Absiicht gewiescht fir eppes laanscht de Secteur ze maachen. A mir diskutéiere weider, grad wéi mir och interfraktionell wäerte weider diskutéieren.

Frank Kuffer: Mir hunn nach ganz vill Nolauschterer um Telefon. Mir wëlle probéieren der nach esou vill wéi méiglech duerchzekréien. D’Mariette vun Esch zum Beispill, Dir mengt awer de Cafetier misst och gewësse Fräiheete behalen. Gudde Mëtteg.

Mariette: Gudde Mëtteg, Här Minister, Dir Dammen an Dir Hären. Majo, ech wëll virausschécken, datt mir net fëmmen. Mäi Mann hat gefëmmt, en ass häerzkrank ginn, e fëmmt net méi. Mä d’Fëmmverbuet an de Cafée fannen ech net gutt, well do si vill jonk Leit a manner jonk Leit déi sech eng Schold operluecht hu fir eng Existenz opzebauen, an da kriss de vun haut op muer gesot, wat s de an denge 4 Maueren dierfs maachen a wat net. An dofir fannen ech trotzdem, datt de Patron nach ëmmer soll selwer, mindestens selwer soll kënnen décidéieren. A mat de Restauranten hunn ech dat selwecht scho fonnt.

Frank Kuffer: Merci dem Mariette. Ech mengen, d’Madame Hoffmann vun Iwwersiren, déi huet déi selwecht Meenung, si ass och net-Fëmmert. Gudde Mëtteg.

Madame Hoffmann: Jo, gudde Mëtteg. Also ech sinn Non-fumeur, wëll ech emol direkt soen, an ech fannen, datt an de Caféen an an den Discoen net dierf gefëmmt ginn, fannen ech net an der Rei. A wat mech hautdesdaags wahnsinneg erschreckt, dat ass, datt déi Jonk onwahrscheinlech Alkohol konsomméieren, dovunner gëtt awer keng Rieds gehalen. Et gëtt net emol opgekläert, wéi schiedlech datt dat ka sinn. Well et ka kee mir soen, wann ee mat enger Zigarett an en Auto klëmmt an e fiert, datt dat schlëmmer ass wéi een, dee sech elo 10 Wodka-Cola, oder ech weess net wat erageschott huet, an dee setzt sech an den Auto an e fiert, well domat gefährt en net nëmme sech, mä e gefährt och déi aner. Mä iwwer den Alkohol gëtt einfach net diskutéiert, a mam Fëmmen do gëtt en Tralala gemaach, an dat fannen ech einfach net normal.

Frank Kuffer: An nach een hannendrun, deen, mengen ech, och éischter géint Äre Projet ass, Här Di Bartolomeo, dat ass den Här Henn vu Mamer, gudde Mëtteg.

Här Henn: Gudde Mëtteg.

Frank Kuffer: Wat sot Dir dann zum Projet vum Minister?

Här Henn: Ma ech soen, et steet dach jiddwerengem fräi an e Café ze goe wou gefëmmt gëtt, oder wou net gefëmmt gëtt. Ech fannen déi Diktatur vun uewen erof, dat fannen ech eng schwéier Schwéngerei. Et ass keen dee mech forcéiert an e Café ze goen, wou gefëmmt gëtt. Ech hu gefëmmt, ech fëmmen elo net méi, an et stéiert mech guer net, wann ech an e Café gi wou gefëmmt gëtt, well ech hunn de libre Choix fir an e Café ze goe wou gefëmmt gëtt, oder wou net gefëmmt gëtt.

Frank Kuffer: Merci dem Här Henn vu Mamer. Jo, Här Di Bartolomeo et waren e puer Saache beieneen, mä eppes ass mir och hänke bliwwen, dat ass den Alkohol – wéini verbitt Dir deen dann?

Mars Di Bartolomeo: Ech wëll emol vläicht probéiere ganz kuerz op déi eenzel Froen anzegoen.

Ech mengen, d’Attraktivitéit vum Bistro hänkt net alleng dovun of, ob gefëmmt gëtt, oder net. An do soll een, wann et wichteg ass – an ech mengen, datt et wichteg ass – fir dee soziale Klima fir Bistroen, a gutt Bistroen, a gutt besichte Bistroen hei zu Lëtzebuerg ze hunn, da soll een zesummen diskutéiere wéi een d’Attraktivitéit vun de Bistroe ka verbesseren. Iwweregens ass dat eng Positioun vun der belscher Horesca, déi dat och wëll.

Alkohol, Madame, mir hate gëschter eng grouss Alkoholkonferenz, wou mir just deen do Sujet wëllen op eng partnerschaftlech Aart a Weis d’Leit iwwerzeegen, sensibiliséieren, datt den Alkoholmëssbrauch e seriéise Problem an eiser Gesellschaft ass. A mir wëllen och mat dem Terrain zesummen e seriéisen Alkoholplang opsetzen. Elo kréien ech schonn de Reproche gemaach, grad wéi ech de Reproche gemaach kréien, ech wéilt de Leit d’Fëmme verbidden, ech wéilt hei de Leit den Alkohol verbidden. Ech maache just meng Aarbecht als Gesondheetsminister.

Wann ech gesinn, datt Risikoverhalen zu Dout, schwéiere Krankheete féiert, net nëmme fir sech alleng, mä och fir Leit déi ronderëm sinn, och fir ganz Familljen, dann ass et meng Aufgab fir dorop ze reagéieren.

Dann, ech si ganz d’accord mat deem Här dee gesot huet, ech misst jo kënne fräi wielen ob ech an e Café ginn, wou gefëmmt gëtt oder net gefëmmt gëtt. Elo gëtt et leider ausser där enger oder anerer Ausnam keng Cafée wou net gefëmmt gëtt, well wann een de libre Choix léisst, da gëtt et quasi nëmme Cafée wou gefëmmt gëtt, aus der Suerg eraus, datt, wann een dat eesäiteg zoumécht, an déi aner déi kënnen dat weider maachen, datt ee Cliente verléiert.

An dofir, wann ee kloer Situatioune schaaft déi fir jiddwereen d’selwecht sinn, da gëtt et dat do Verhalen net. A wéi gesot, mir hunn eng pragmatesch Approche, wou mir wëllen Alternativen zur Verfügung stellen, an och weider mat der Horesca diskutéieren.

A wann ech gelift, ass et schlëmm, ass et schlëmm wann e Gesondheetsminister op sengem Fändel d’Prioritéit Gesondheet stoen huet, an net anere Lobbyismen nogeet? Ech mengen, et ass net esou schlëmm.

Frank Kuffer: Zwee Nolauschterer loosse mir nach zu Wuert kommen. Den Här Winandy vum Houwald, dee mengt, an de Restauranten net fëmmen dat ass gutt, mä awer net an de Caféen. Gudde Mëtteg.

Här Winandy: Jo, gudde Mëtteg.

Frank Kuffer: Geet et e bëssen an déi Richtung? Firwat mengt Dir dann, datt et an de Cafée misst erlaabt sinn?

Här Winandy: Jo, also an de Restauranten do sinn ech 100% mat d’accord. Mä, also an de Caféen, also Leit déi eng Partie Keele spille ginn, oder egal wat, déi gär eng Zigarett fëmmen, wat maachen déi Leit dann dee Moment? Drëttens, deen Här dee virdru gesot huet, seng Duechter géing mat 16 Joer an d’Disco goen, also mat 16 Joer an d’Disco goen, dat fannen ech iewer och nach e bësse fréi.

Frank Kuffer: Dat ass elo eng aner Diskussioun.

Här Winandy: Jo.

Frank Kuffer: Merci och fir Är Meenung dann awer zu deem Sujet. An da ganz zum Schluss hu mir nach d’Madame Bintner vu Bascharage, an ech mengen, déi ass dann nach eng Kéier op Ärer Säit, Här Minister. Gudde Mëtteg.

Madame Bintner: Gudde Mëtteg, Dir Hären.

Mars Di Bartolomeo: Gudde Mëtteg.

Madame Bintner: Ech sinn elo emol frou, datt mir endlech e Gesondheetsminister hunn, dee seng Aarbecht huet, deen net den Numm nëmmen huet "Gesondheetsminister2, mä dee wierklech sech asetzt fir d’Gesondheet vun de Leit.

Ech mengen, bis elo geet nëmme Rieds ëm d’Zigarette jo awer. Ech mengen, wann s de doheem dech sëtz, an du fëmms gär 3 Päck, da muss de dat maachen. Mä wann ech awer gär mat menge Kanner an e Café ginn, am Nomëtteg wa mir spadséiere waren, an ech drénken eng Limonad, muss ech dann erausgoen an ech sténke wéi e Bock bal, wéi ee ka soen, no Zigaretten? Ass dat dann och normal? Also, ech mengen hei gëtt villes matenee verglach, wat eigentlech net ze vergläichen ass.

An da wëll ech nach zum Schluss eppes soen. Hu mir net aner Problemer hei am Land? Ech mengen, wa mir op Teneriffa fléien, 3 Stonnen am Fliger, do seet kee Mënsch eppes, e sëtzt sech an de Fliger, e fëmmt keng Zigarett, e klëmmt do erëm eraus a fäerdeg. Wann ech hei vun 9 bis 12 an e Bistro ginn, ech ka keng Zigarett fëmmen, ass dat esou schlëmm?

An dann, dat anert wat ech ebe wollt soen, dat ass, mir hunn hei Jugendaarbechtslosegkeet, mir hunn Aarbechtslosegkeet bei deene méi Eeleren, mir mussen d’Pensiounsreform an de Grëff kréien, alles dat ass méi schlëmm wéi déi, ech wëll elo net grad soen déi Eefalten, mä fir einfach Récksiicht ze huelen, einfach Récksiicht op déi net-Fëmmerten, an e puer Stonnen einfach net ze fëmmen, mä datt mir déi aner Problemer geléist kréien.

Frank Kuffer: Merci Iech, Madame Bintner. Ech mengen, Här Minister, dozou braucht Dir zwar näischt méi ze soen, dat kënnt Dir einfach esou ënnerschreiwen.

Mars Di Bartolomeo: Ech wollt just zu där Interventioun virdrun eppes soen.

Frank Kuffer: Kuerz, wann ech gelift.

Mars Di Bartolomeo: Ganz kuerz. Eng vun deene gréissten, vun deene flottsten Attraktiounen déi mir all Joer an der Lescht zu Diddeleng op der Haaptplaz hunn, dat ass de Koustall. De Koustall, do sinn Tonnen, Tonne Leit déi sech soss begéinen an de Bistroen. De Koustall, deen huet d’Particularitéit, datt en dampfräi ass. An déi Leit alleguer, déi dohinner kommen, net dee geréngste Problem. Si sinn esouguer frou, well, wann een e flotten Owend ënner Frënn verbréngt, muss d’Zigarett net dobäi sinn.

Dat Zweet, wat ech nach wollt soen. Eng ganz Rei vu Vakanzelänner huet an der Tëschenzäit de Fëmmverbuet agefouert – Italien, Spuenien – mir gi ganz gär weiderhin an déi do Länner, a mir ginn och ganz gär weiderhin an déi do Bistroen, a mir feieren, an dat huet näischt un eisen Attitudë geännert.

Ech wëll just soen, datt d’Gesondheet an dësem Fall, mengen ech, e Sträit, esou laang wéi e fair bleif, an esou laang wéi keng Verdréinunge kommen, datt d’Gesondheet esou e Sträit wäert ass.

A mat der Madame sinn ech d’accord. Hei ass wichteg fir d’Gesondheet, mä politesch wichteg aner Theme gëtt et der genuch, esou datt mir dat hei eigentlech sollten esou séier wéi méiglech ofschléissen, an dann zu deene weidere vitale Punkten iwwergoen.

Frank Kuffer: Ofschléissen ass elo dat richtegt Stéchwuert. Sot mir just, Jo oder Neen, schëtt Dir nach Waasser an Äre Wäin?

Mars Di Bartolomeo: Wann et Wäi wier, da géif ech sécher Waasser eraschëdden. Hei geet et ëm Zigaretten. An, Diskussioun jo, Präzisioune jo, Verbesserunge jo, Verwässerung neen.

Frank Kuffer: Gutt, villmools Merci, Här Di Bartolomeo, datt Dir komm sidd.

Dernière mise à jour