Mars Di Bartolomeo au sujet de l'interdiction de fumer dans les bistrots et discothèques

Pierre Reiland: Här Bartolomeo, Dir hutt Ären Avant-projet de loi net mat der CSV ofgeschwat, seet de Michel Wolter. Wat sot Dir?

Mars Di Bartolomeo: O, et ass eng ganz abenteuerlech Duerstellung.

Fir d’éischt muss ee jo wëssen, datt deen héchste Gremium deen d’CSV huet, an de Kongress ass, hannert dem Koalitiounsaccord steet. An dee Koalitiounsaccord dee seet, datt mir de Schutz vun deenen, déi net fëmmen, verstäerke wäerten, mat engem Akzent op déi Jonk, an datt mir de Plan tabac, deen déi Zäit scho bestanen huet, wäerten ëmsetzen.

An eng vun deenen éischte Mesurë vun deem Plan tabac, deen zesumme mam Terrain ausgeschafft ginn ass, gesäit fir, datt mir de Schutz vun deenen, déi net fëmmen op d’Bistroen an op d’Discothéiken ausdehnen. Dat emol fir den Ufank.

Dann, zweetens, krut ech viru 14 Deeg gemellt, datt d’CSV-Fraktioun mat enger iwwerwältegender Mehrheet fir den totalen Nicht-Raucherschutz géif antrieden, an och e Vote an der Fraktioun stattfonnt hätt, deen extrem, extrem kloer war fir déi Direktioun wou ech am Avant-projet ageschloen hunn.

Ech froe mech wéi een iwwer eppes kann ofstëmmen, wat een net wosst? Ech hunn awer d’Äntwert direkt do drop. Ech war esouwuel mat der Horesca zesummen, mat där ech iwwer meng Projeten diskutéiert hunn, a wou ech eng Rei vun Iwwerleeungen, net all, vun der Horesca iwwerholl hunn.

Ech war och mat der Mëttelstandsministesch zesummen, déi hir Suergen ausgedréckt huet, a wou mir probéiert hunn engem Deel am Projet Rechnung ze droen.

A wéi ech d’Meldung kritt hunn, datt eng grouss Majoritéit vun der CSV fir dee Projet wier, hunn ech mäi Projet finaliséiert. An ech hunn de Projet zäitgläich de Regierungsmemberen an de Grapp ginn, net déi offiziell Saisine, mä de Regierungsmemberen an de Grapp ginn, an der CSV- an der LSAP-Fraktioun gläichzäiteg deen do Projet iwwermëttelt, an eng offiziell Saisine vum Regierungsrot ass eréischt dee leschte Freideg gemaach ginn.

Elo kann een do soen, ech hätt een net informéiert, mä dat ass awer zumindest abenteuerlech, wann een esou eng Behaaptung opstellt.

Pierre Reiland: Ma an deem Kontext freet Äre Kolleg Lucien Lux, den LSAP-Fraktiounschef, sech de Moien am Lëtzebuerger Wort, wien d’Soe bei der CSV huet, well et nämlech bei der Fraktioun jo Ënnerstëtzung, wéi Dir elo grad sot, gouf fir Ären Avant-projet de loi, freet den Här Lux, ob dann awer d’Deputéiert d’Fraktiounssoen hunn, oder ob dat den Nationalcomité ass, ob den Här Wolter kéint Influenz ausüben, an ob d’Deputéiert nees hir Meenung géifen änneren.

An de Lucien Lux zitéiert do de Jean-Claude Juncker, seng Wierder vun 2004, wien d’Sozialiste wielt, wielt Sträit an d’Regierung, hat den Här Juncker gesot. Den Här Lux seet elo, dee Saz misst een op d’CSV ëmschreiwen. Sidd Dir d’accord?

Mars Di Bartolomeo: Also, ech ka just soen, datt mir bis elo iwwerhaapt kee Sträit an der Regierung iwwer deen do Punkt hunn. Dat ass dat éischt.

Dat zweet, a vläicht ee Wuert zum Inhaltlechen an zu der Positioun vum President vun der CSV, sécher net vun der ganzer CSV. De President vun der CSV proposéiert net méi an net manner wéi de Status quo. Wa mir dat maache wat den Här Wolter proposéiert, bleiwe mir bei deem wat mir haut hunn, well dee libre Choix vun de Wiert ass scho längst do, et ass just esou, datt wann dee libre Choix do ass, 99,9% sech fir de Bistro fumeur ausdrécken, an eng Hand voll sech ausdrécken da fir en Damp-fräie Bistro.

An do gëtt et och Beispiller am Ausland. D’Spuenier haten deen do Modell, déi hunn dee während dräi Joer probéiert, an deen ass buede gaangen. D’Spuenier hunn an der Zwëschenzäit eng ähnlech Regelung, wéi déi, déi mir wëllten aféieren. D’Fransousen haten dat selwecht probéiert, Schëffbroch domat erlidden.

An ech erwaarde mir vum Parteipresident just eppes, datt en éierlech ass. Wann en näischt un der jëtzeger Situatioun wëllt änneren, da soll hien dat kloer soen, e soll soen, mat der CSV gëtt et keen anstännege Schutz vun deenen, déi net fëmmen.

A wann e vu libre Choix schwätzt, da géif ech mengen, hie soll emol bei sech a bei senger Partei ufänken, an e soll senge Parteimemberen de libre Choix loossen ob se fir e seriéisen Nichtraucherschutz sinn, oder ob se hie wëlle suivéieren.

Hei hunn ech d’Impressioun, datt aus, ech weess net wat fir engen Grënn, Drock ausgeübt soll ginn, iwweregens net nëmmen an deem do Dossier. An ech mengen, dat ass net déi Aart a Weis wéi ee Politik soll maachen.

Pierre Reiland: Vläicht nach ganz kuerz zum Schluss. Ären Avant-projet kënnt geschwënn an de Regierungsrot. Ännert Dir dann nach eppes drun elo?

Mars Di Bartolomeo: Also ech hu bis elo keng Ännerungsanträg kritt. Ech muss Iech soen, datt mat mir eng light Versioun net dran ass. Wann den Här Wolter seet mat him, a mam Nationalvirstand wier mäi Projet net dran, da kann ech Iech soen, eng allégéiert Versioun, wou mir just dat dra verankere wat mir haut schonn hunn, dat ass mat mir net dran. Dat ëmsou méi, well ech mir ganz vill Méi ginn hunn, fir no riets an no lénks ze lauschteren, och duerchaus, an ech mengen dat ass jo normal, well de Projet nach net an der Prozedur dran ass, weider wëll diskutéieren.

Mä awer esou en Drockversuch, oder mech ënner Drock setzen ze loosse vum Parteipresident vun der CSV, dat maachen ech net mat.

Pierre Reiland: Kloer Aussoe vum Gesondheetsminister Mars Di Bartolomeo. Villmools Merci fir den Interview de Moien.

Mars Di Bartolomeo: Merci och.

Dernière mise à jour