Corinne Folscheid: Wéi laang läit dat do elo zeréck?
Mars Di Bartolomeo: Dat sinn, déi Liwwerunge schéngen 10 Deeg zeréckzeleien, dat heescht, datt et méiglech ass, datt en Deel konsomméiert ginn ass. Wa bei de Leit keng Problemer opgetaucht sinn, dann ass dat e weideren Unhaltspunkt, datt dat Geméis kee Problem duerstellt. Wann nach där do Produkter aus deenen zwee Buttiker do bei de Leit wieren, bon da gëlt, datt wa gekacht gëtt kee Risiko ass, a wann ee besonnesch virsiichteg da wëllt sinn, da géif een déi do Produkter dann eben op der Säit leie loossen, a se net gebrauchen.
Corinne Folscheid: Ginn och elo do nach Analysë gemaach, oder wéi kann ee sech dat elo virstellen, wat sinn déi nächst Etappen?
Mars Di Bartolomeo: Bon, déi nächst Etappen, déi wichtegst Etappe ass elo emol, datt déi Produkter aus de Regaler sinn. Also, wann et schonn onwahrscheinlech ass, datt et eng Gefor virdru war, dann ass elo guer keng Gefor méi do. An eise Staatslabo deen ass och am gaange sech ze rüsten, fir all Analysë kënnen, fir all Analysë kënnen ze maachen. Ech géif also soen, och wann de Risiko hei extrem, extrem kleng ass, wollte mir, wollt de Fréiwarnsystem op absolut Tranparenz setzen, a léiwer eng Kéier zevill virsiichteg, wéi eng Kéier net virsiichteg genuch.