Mars Di Bartolomeo au sujet de la réforme des soins de santé et notamment l'introduction d'un médecin de référence

Joelle Hengen: Mars Di Bartolomeo, gudden Owend.

Mars Di Bartolomeo: Gudden Owend.

Guy Weber: Ier et esou wäit ass, hunn d’Dokteren haut emol Aktiounen ugekënnegt. Si kënnen net mat der Reform liewen, si wëllen och net méi direkt mat Iech schwätzen, well, soe si, Dir hätt hinne 6 Joer laang net nogelauschtert. Si wollten och den Owend net an Ärer Präsenz hei Stellung zu där Reform bezéien. Schalt Dir och op stur?

Mars Di Bartolomeo: Neen, selbstverständlech net.
Éischtens ass et net esou, datt ech net nogelauschtert hunn. An där Reform fënnt een eng ganz Rei vu Propositiounen erëm, déi d’Dokteren an deene leschte Joere gemaach hunn, a wou mir eis och eens sinn.An ech muss soen, datt ech e bësse bedaueren, datt de Verhandlungsspillraum net ausgenotzt ginn ass, mä datt vun enger Säit d’Dier geklaakt ginn ass, ier mir iwwer all Detail geschwat hunn.Ech muss soen, datt ech net mat mir diskutéiere loossen iwwer déi Elementer déi fir méi Qualitéit, fir méi Transparenz am Intérêt vum Patient sinn. Mä ech loossen awer duerchaus mat mir diskutéieren iwwer aner Punkten, ob dat elo gesetzlech, reglementaresch Saache sinn, oder konventionell. Do ass d’Dier op an d’Dokteren hu meng Nummer; wa si mech muer uruffen, sinn ech bereet mech muer mat hinnen zesummen ze setzen, esou datt ech bedaueren, datt ee sech op de Barrikaden erëmfënnt, wann d’Offer do ass fir ronderëm engem Dësch vläicht méi Konstruktives ze maachen, an net dem Patient ze schueden, well e Streik notzt dem Patient jiddwerfalls näischt.

Joelle Hengen: D’Doktere wëlle jo weider diskutéiere mat Iech, mä a Präsenz vun engem Médiateur. Vläicht kënne mir kuerz eralauschteren, wat de Generalsekretär vun der AMMD a punkto Médiateur dem Francine Closener haut geäntwert huet.

Guy Weber: Stëmmt dat, datt Dir Promotioun maacht bei den Dokteren, fir den Text ze liesen, an datt dat kontraproduktiv ass?

Mars Di Bartolomeo: Ech fannen net, datt dat kontraproduktiv ass. Ech fannen, datt iwwer esou eng wichteg Reform wéi déi hei muss diskutéiert ginn.
Ech demarchéiere keng Dokteren. Ech hunn zum Beispill mam President vun de Generalistë geschwat, an ech hunn dem President vun de Generalistë gesot, datt meng Dier grouss op ass fir de Prinzip vum Vertrauensdokter, vum Referenzdokter, fir dee kënnen ze beliewen. Ech ka mir jo net [gëtt ënnerbrach]

Guy Weber: Wéi wëllt Dir d’Dokteren dann op Är Säit gewannen, well de Gros vun den Doktere wëll jo net mat Iech schwätzen?

Mars Di Bartolomeo: Dat géif ech net esou gesinn, well ech hu ganz vill Gespréicher mat ganz villen Dokteren. Ech ginn esouguer op Konferenzen, respektiv op Versammlunge vun Dokteren invitéiert. An ech mengen, et wier falsch et net ze diskutéieren.
Wat ass negativ drun, wann een e Projet huet deen d’medezinesch Grondversuergung, den Hausdokter wëll revaloriséieren, wat d’AMMD zënter Joere fuerdert, haaptsächlech een Deel vun der AMMD, datt een d’Offer mécht un déi, déi am Zentrum vun dësem Projet stinn, fir mateneen ze diskutéieren, fir datt dat wat erauskënnt och dat ass wat den Terrain sech virstellt.
An ech kréie vu ganz ville Generalisten de Message, datt si mat der Grondiddi, mat der Philosophie vun deem Text 100%eg d’accord sinn. Datt se sech Suerge maache wéi en an d’Praxis ëmgesat gëtt, wéi den Detail an d’Praxis ëmgesat gëtt – mä ebe just, wann ee sech Suerge mécht wéi den Detail ausgesäit, da muss een den Detail mat beaflossen. An hei ass wierklech eng historesch Chance fir d’Grondversuergung, déi extrem wichteg ass, ze revaloriséieren.
Mir géif et schrecklech leed doen, datt een doduerch, datt ee seet, dee Projet gehéiert an den Dreckseemer oder an de Schredder, déi do Geleeënheet géif verpassen.
Ech si ganz domat d’accord, datt net jiddweree ka mat menger Approche d’accord sinn, mä et kann een awer net soen, datt kee Buschtaf a kee Saz an deem Projet fir een akzeptabel ass. Dat ass exzessiv an dat ass, mengen ech, déi falsch Approche.

Joelle Hengen: Et gëtt e Malaise bei de Prestatairen. Mir haten am Virfeld vun dësem Gespréich en Opruff op eisem Internetsite gemaach, esou datt d’Leit konnten hir Froen eraschécken. An hei ass eng Fro vun engem Här, dee wëll wëssen, fir wat maacht Dir eng Reform géint, an net mat den Akteuren aus dem Gesondheetswiesen, well ouni d’Doktere kann de System net fonctionnéieren.

Mars Di Bartolomeo: Dat deelen ech. Dee System ass op Partnerschaft opgebaut, op d’Sozialpartnerschaft, awer och op d’Partnerschaft mat de Prestatairen.
An dat wat vergiess gëtt, dat ass, datt dee Projet hei net aus heiterem Himmel erofgefall ass. Et gëtt mir heiansdo gesot, mir hätte Joere gebraucht. Jo, mä mir hu Joere gebraucht fir konstruktiv Diskussioune mam Terrain ze féieren. An déi hu mir gefouert, ganz vill Diskussiounen. A mir hunn um fräiwëllege Plang extrem Villes konnte beweegen, Fusiounë vun de Spideeler, Maisons médicales, déi mir zesumme gemaach hu mat den Dokteren um Terrain, als ee vun deene ganz gudde Projeten, esou datt ech ganz kloer soen, dat hei ass d’Resultat vu laangen Diskussiounen, wou Villes konsensuell ass.
Well wann Dir haut mat de Spideeler schwätzt, déi am Ufank hir Bedenken haten, mir hunn dee Projet nogebessert, d’Spideeler fanne sech erëm. Wann Dir d’Infirmieren héiert, d’Infirmierë solidariséiere sech mat deem Projet [gëtt ënnerbrach]

Guy Weber: Et bleiwen d’Dokteren. Da komme mir vläicht elo op d’Kärstéck vun Ärer Reform, Dir wollt [gëtt ënnerbrach]

Mars Di Bartolomeo: Wann Dir wëllt, ech wollt op d’Fro vum Internet äntwerten [gëtt ënnerbrach]

Guy Weber: Dir hutt drop geäntwert, datt Dir d’accord sidd.

Mars Di Bartolomeo: Jo, mir brauchen och d’Doktere fir d’Ëmsetzung a mir waarden, datt d’Dokteren d’Ëmsetzung mat eis beaflossen.

Guy Weber: Dir haalt déck Stécker op d’Hausdokteren, déi solle revaloriséiert ginn, Dir hutt et virdru gesot. Dat solle Referenzdoktere ginn. Wat ass de Plus fir de Patient?

Mars Di Bartolomeo: De Plus fir de Patient ass – an et ass wichteg, datt Dir sot, et ass e Plus fir de Patient, hei gëtt dem Patient net eppes verwiert, oder eng Dier zougemaach, mä de Patient kritt e Plus.
De Vertrauensdokter, den Hausdokter, dee sech inspiréiert op deem wat den Hausdokter fréier war: en huet d’Famill kannt, en huet de Patient kannt, an an engem ëmmer méi komplexe System ass et net ëmmer evident fir sech erëmzefannen.
An dofir d’Missioun vum zukünftege Referenzdokter, Hausdokter, Vertrauensdokter ass déi fir dem Patient ze hëllefe sech ze orientéieren, fir de Patient en charge ze huelen, fir ëm déi präventiv Messagen eriwwer ze ginn, fir ëm ze hëllefe fir eppes fir seng Gesondheet ze maachen. A wann e Patient en diffuse Problem huet, wou en net kann direkt identifizéieren, vläicht net direkt déi richteg déck Keul huelen, mä mat enger relativ einfacher Medezin probéieren ze erfaassen, wat huet de Patient fir e Problem, de Patient a sengem Globalen, net d’Nues oder d’Schëller, oder de Knéi vum Patient, mä de Patient a sengem Ensembel [gëtt ënnerbrach]

Joelle Hengen: Mä erkläert eis emol wéi dat konkret soll goen? Ech hunn elo meng Schëller wéi – muss ech bei de Referenzdokter goen, an dee schéckt mech da bei e Spezialist?

Mars Di Bartolomeo: Neen, hei ass jo keng Mussesaach. Ech verstinn eigentlech net, datt dat Negatiivt ëmmer erausgepickt gëtt. Hei kritt de Patient eppes, e kritt näischt geholl. De Patient ka sech fräiwëlleg deen Dokter eraussichen, den Dokter [gëtt ënnerbrach]

Guy Weber: E muss awer ee Joer, dat steet am Gesetztext dran [gëtt ënnerbrach]

Mars Di Bartolomeo: Dat steet net am Gesetztext [gëtt ënnerbrach]

Guy Weber: Dach, Säite 88 vum Gesetztext vum 6. Oktober, wat Dir deposéiert huet.

Mars Di Bartolomeo: Neen, et steet net am Gesetztext, et ass net an den Artikelen [gëtt ënnerbrach]

Guy Weber: Et ass am Commentaire vun den Artikelen.

Mars Di Bartolomeo: Et ass am Commentaire des articles [gëtt ënnerbrach]

Guy Weber: Et steet awer am Text dran.

Mars Di Bartolomeo: Wou awer och drasteet, datt iwwer Konventioun, dat heescht, iwwer Verhandlunge mat den Dokteren, déi eenzel Dispositiounen ausgehandelt ginn. An dat do ass à titre d’exemple, also et kann een net all Dag den Dokter wiesselen, mä ob dat elo e Joer ass, oder ob dat e puer Méint sinn, dat soll d’Diskussioun mat dem Hausdokter erginn. Et kann een e fräi wiesselen [gëtt ënnerbrach]

Guy Weber: Et kann een och wiesselen am Verlaf vun der Zäit, wann ee mierkt, et ass net dee richtegen, ech wëll en aneren. Also d’fräi Wiel bleift bestoen?

Mars Di Bartolomeo: Voilà, et ass keng Mussesaach, d’fräi Wiel vum Hausdokter bleift bestoen. An et ass och net eng Barrière fir elo bei de Spezialist ze goen.
Dat gëtt esou duergestallt, den Hausdokter dee géif elo de Patient un d’Léngt huelen, an en dierft net méi bei e Spezialist goen. Wann ech Problemer mam A hunn, oder wann ech e Problem mat der Nues, mat den Oueren hunn, oder ech eppes gebrach hunn, da forcéieren ech jo kee fir bei en Hausdokter ze goen.
Mä de Sënn vum Hausdokter, wéi dee vum Pediater, dat ass dee fir e Familljendokter ze sinn, deen de Patient kann orientéieren.
An ech hu just de Moie vun engem gudde Frënd Dokter gesot kritt, datt déi Messagë fir d’Präventioun vum Häerzinfarkt, wou d’Leit gefrot gi sinn, wou se dann un dat Wësse komme fir en Häerzinfarkt eventuell ze verhënneren, datt dat zu 80% vum Hausdokter kënnt.
Do gesitt Dir, dat Konzept vun dem Partner vum Patient, deen de Patient a sengem Ensembel kennt, ass e gudden, ass e bewäerten, a mir ginn net op de Wee vum Ausland, wou mir soen, den Hausdokter ass elo deen, deen dem Patient seet, du dierfs oder du dierfs net [gëtt ënnerbrach]

Joelle Hengen: An Ärem Commentaire des textes, wéi Dir dat dann nennt, steet awer och dran, datt Dir wëllt an enger zweeter Phas de Remboursement favoriséieren, wann een als éischt bei de Referenzdokter geet.

Mars Di Bartolomeo: Neen, net de Remboursement favoriséieren, mä vläicht dem Patient [gëtt ënnerbrach]

Guy Weber: Remboursement préférentiel.

Joelle Hengen: Steet dran.

Mars Di Bartolomeo: Dem Patient eppes zousätzlech bidden [gëtt ënnerbrach]

Guy Weber: Säit 83 am Text.

Mars Di Bartolomeo: Voilà, eppes zousätzlech bidden.

Joelle Hengen: Wat heescht dat da konkret?

Mars Di Bartolomeo: Majo, datt ee ka soen, wann Dir dee klassesche Wee huelt, da bleift et beim aktuelle Remboursement. A wann Dir iwwer de Wee vum Vertrauensdokter gitt, da kritt Dir vläicht nach eppes Zousätzleches, well Dir gehollef hutt, doduerch datt Dir net 6, 7 oder 8 Mol bei verschidde Spezialistë gaange sidd, mä ugefaangen hutt mat deem einfachste fir d’éischt, de System ze stabiliséieren.

Dat heescht, et ass eng Incitatioun, et ass keng Bestrofung, grad wéi Dir am Text ganz vill där positiv Incitatiounë fannt, an net bestrofend Moossnamen.

Guy Weber: Kommt, mir huelen d’Beispill, et steet een elo virun enger schwéierer Operatioun. Kann een an Zukunft och nach en zweeten Avis bei engem Spezialist eranhuelen, oder muss een ëmmer bei engem Spezialist da bleiwen, deen ee virgeschriwwe krut?

Mars Di Bartolomeo: Neen, mir hu jo en extrem oppene System. An et ass dat, mengen ech, wat och eng vun den Ursaachen ass, fir wat datt mir un déi Reform ginn.
Eise System garantéiert de fräien Zougang vun de Leit zu enger gläicher Qualitéit. Jiddwereen huet dee selwechten Zougang garantéiert iwwer de Solidaritéitsprinzip, räich oder aarm, deene Leit déi krank sinn, mat deenen déi net krank sinn, jonk an al, garantéiert de Finanzement vun deem do System.
Mir hunn de System mat där nidderegster Eegebedeelegung, mat deenen nidderegste Cotisatiounen. Ech ginn Iech just d’Beispill, d’Cotisatiounen ass jo och eng Diskussioun [gëtt ënnerbrach]

Joelle Hengen: Op déi komme mir vläicht herno zréck [gëtt ënnerbrach]

Mars Di Bartolomeo: Ech wollt awer vläicht, wann Dir erlaabt, de Raisonnement fäerdeg maachen, well et de System awer kennzeechent. Mir hunn hei zu Lëtzebuerg 5,4% Beiträg, verdeelt op Patron an op den Assuré. An Däitschland hu mir vum 1. Januar un 15,5%.
Dofir soen ech, déi Libertéit vum Patient fir de libre Choix an och fir en zousätzlechen Avis anzehuelen gëtt net hypothekéiert. Mä de libre Choix, dat heescht d’fräi Wiel, gëtt doduerch ergänzt, an dat ass déi qualitativ Approche, datt mir dem Patient och wëllen d’Informatiounë gi fir net nëmmen e fräien, mä och dee richtege Choix ze huelen. Dat heescht, datt mir verhënneren [gëtt ënnerbrach]

Joelle Hengen: Dat fléisst jo och elo an an dat zweet Kärstéck vun dëser Reform, nämlech d’Kompetenzzentren déi Dir wëllt schafen. Dir berufft Iech ëmmer op d’Beispill vum nationalen Häerzchirurgiezenter, wou an Zukunft dann net méi alles iwwerall ka gemaach ginn. No wéi enge Critèrë wëllt Dir dann definéieren, wéi eng Zort Operatioun a wéi engem Spidol gemaach gëtt?

Mars Di Bartolomeo: Majo, et ass erëm eng Kéier net déi dirigistesch Approche, déi eis ënnerstallt gëtt. Et gëtt eis gesot, mir géifen de Gesondheetssystem wëlle verstaatlechen.
En fait ass et esou, datt Villes souwisou schonn 80% oder 100% vum Staat finanzéiert gëtt. An do spieren ech net, datt ee sech dogéint oplehnt, an do vu Verstaatlechung schwätzt.
Och hei, bei deenen esou genannte Kompetenzzentren – d’Doktere wëllen iwweregens dat selwecht, mä si nennen et Centres d’excellence – also Exzellenzzentren, muss menger Meenung no d’Initiativ mat vum Terrain kommen. Ech wëll soen, datt den Häerzchirurgiezenter duerch engagéiert Dokteren entstanen ass, déi et fäerdegbruecht hunn hei e Centre d’excellence op europäeschem Niveau opzebauen.
An ech wëll soen, datt ech insistéieren, an dat ass ee vun deene Punkte wou ech net mat mir diskutéiere loossen, datt een och an der Kriibstherapie, datt een och beim Hireschlag, wat am Moment net ëmmer garantéiert ass, datt een zum Beispill bei komplexen Operatiounen, wéi Neurochirurgie, net dat Zweet- oder dat Drëttbescht ugebuede kritt, mä dat Bescht.
An dat Bescht kritt een nëmmen ugebuede wann déi beschte Leit um Terrain zesumme schaffen.
An ech soen Iech, ech kann net méi veräntweren [gëtt ënnerbrach]

Guy Weber: Dat heescht, de Chirurg dee kann am Fong geholl, dat war jo ee vun de Kritikpunkten, an Zukunft operéieren e bësse wéi e wëll, well dat huet jo den Dokteren net esou richteg gefall, si sinn op d’Barrikade geklommen a si hu bemängelt, datt se net méi d’fräi Wiel hätten.

Mars Di Bartolomeo: Wësst Dir, dat mécht se vum selwen. Haut hu mir en Häerzchirurgiezenter, Dir gesitt keen Dokter méi hei zu Lëtzebuerg an iergendengem Zentrum, dee sech un déi spezialiséiert Interventiounë wot, wéi se am Häerzchirurgiezentrum gemaach ginn. An dat mécht sech vum selwen.
Ech kann et net veräntweren, datt et dovun ofhänkt, u wat fir enger Dier datt de Patient uklappt, ob e gutt oder nëmmen am zweetbeschte behandelt gëtt. Et muss séchergestallt ginn an eisem System, an dofir insistéiere mir op déi qualitativ Approche, datt egal wou de Patient uklappt, en eng vergläichbar Behandlung kritt.
Ech kann et net veräntweren, an do loossen ech net mat mir diskutéieren, datt en Hireschlag op enger Plaz land wou net equipéiert ass fir en Hireschlag ze behandelen. Bei engem Hireschlag, an dräi Stonnen, wann déi verpasst ginn, da gëtt de Patient zum Geméis. Ech kann dat net veräntweren.
An ech kann net veräntweren, datt wann ech de Choix hunn, zum Beispill, datt eng Fra orientéiert gëtt an eng Clinique du sein, bei engem Broschtkriibs, wou eng global Prise en charge ass, wann déi besteet, datt d’Fra bei engem Dokter land, deen all 4 Joer sech un eng Broscht eruwot. Dat kann ech net veräntweren.
Wann et gutt Servicer gëtt, da musse mir déi Servicer zesummen opbauen, a mir mussen, doduerch datt mir se bekannt maachen, dem Patient dee richtege Choix loossen. Therapiefräiheet, Jo, awer d’Fräiheet vun der Therapie hält do op, wou d’Recht vum Patient ufänkt fir dee beschten Traitement ze kréien.

Joelle Hengen: An deem Kontext hu mir eng Internetfro un Iech. Do freet e Mann sech, kann ee sech an Zukunft nach am Ausland behandele loossen, wann d’Kompetenzzentre bis Realitéit sinn?

Mars Di Bartolomeo: Mir hunn zwar en Häerzchirurgiezenter, mä bei méi komplexen Operatiounen um Häerz, ganz pointéierten, kann ee selbstverständlech nach an d’Ausland iwwerwise ginn.
Ech hunn d’Statistike vun den Auslandsiwwerweisungen gëschter nach eng Kéier gekuckt. Bei all deenen Demanden déi gemaach ginn, vun den Dokteren – well d’Dokteren iwwerweisen, et ass net de Patient dee klappe geet, mä et ass de Spezialist, deen de Patient iwwerweist an eng Demande mécht fir d’Iwwerweisung – gëtt quasi an 90% vun de Fäll déi Iwwerweisung gestatt.
Ech mengen, datt mir sollen dru schaffen, datt de Patient déi bescht méiglech Behandlung hei zu Lëtzebuerg kritt an net muss an d’Ausland goen, datt mir mussen dru schaffen, datt de Patient hei zu Lëtzebuerg déi bescht méiglech Behandlung hei zu Lëtzebuerg och identifizéiere kann. Dat kann en am Moment am Ausland, mä e kann dat hei zu Lëtzebuerg net.

Guy Weber: Dat soll jo da kommen laut der Reform.

Mars Di Bartolomeo: D’Visibilitéit muss besser ginn.

Guy Weber: Erlaabt mir just, Iech kuerz ze ënnerbriechen. Mir wollten nach eng Partie Froe stellen, awer mat deem Wonsch, ganz kuerz drop ze äntwerten.
Éischt Fro, wéi ass et mat der éischter Klass? Dir wëllt dorunner fréckele goen. Hunn ech nach ëmmer an Zukunft awer de Choix fir e Bett an éischter Klass beispillsweis ze kréien?

Mars Di Bartolomeo: Jo, do muss een emol fir d’éischt trennen: Bett éischt Klass, do kritt een en zousätzleche Confort, an den Zousaztarif deen um Bett vun der éischter Klass hänkt, wou ee keng zousätzlech Leeschtung kritt, mä wat e Supplément d’honoraire ass, dee viru 50 Joer ausgehandelt ginn ass, wéi mir eng Handvoll éischt-Klass Better haten, a wou den Dokter bis zu 66% méi ka verrechnen.
Mir mengen, datt déi do Regelung schwéier verständlech, ongerecht ass, an dofir hu mir am Gesetz gesot, mir huelen et aus dem Gesetz eraus, mir schafen deen do Tarif net of, mä mir wëlle mat den Dokteren a mat der Caisse Médico verhandelen, fir datt mir méi eppes Sënnvolles, eppes wat méi produktiv ass fir de System, a wat net zu Feelverhalen encouragéiert, erauskréien.
An esou laang wéi déi Négociatiounen net ofgeschloss sinn, déi partnerschaftlech mat den Doktere musse gefouert ginn, wou mir och probéieren dat méi gerecht ze verdeelen, esou laang ass se net ofgeschaaft, mä si ass net méi am Gesetz, si ass nach an der Konventioun.

Joelle Hengen: D’Cotisatiounen, Dir hat et virdrun ugeschwat. Wéi vill gi se an d’Lut?

Mars Di Bartolomeo: Bis elo stinn déi 0,2% fir jiddwereen am Raum. Mir hunn [gëtt ënnerbrach]

Guy Weber: Nach ëmmer negociabel?

Mars Di Bartolomeo: Mir hunn eng Quadripartite, wou iwwer d’Statuten, dat heescht, iwwer dat wat op d’Patienten zoukënnt, tëscht de Sozialpartner verhandelt gëtt, a wou och d’Cotisatiounen eng Diskussioun sinn. Ech soen ëmmer, wa Sozialpartner sech eens ginn an erëm an en Tripartitegedanken zesumme kommen, an eng gutt Propos maachen déi an déi selwecht Richtung geet, dann ass dat selbstverständlech diskutabel.
D’Quadripartite iwweregens, d’Diskussioune sinn net ofgeschloss, déi ass deen nächste Mëttwoch, an do sinn d’Sozialpartner an d’Prestatairë alleguer invitéiert, an do sinn e ganze Koup Arbiteren dobäi. Ech géif mir wënschen, datt mir d’Quadripartite géifen notzen, fir erëm méi no ze kommen.
De Patient steet jo bei jiddwerengem am Fändel, da soll een, wann een e Krich ka verhënneren, e verhënneren. Ech si Matbegrënner vun der Aktioun fir de Fridde gewiescht an den 1980er Joeren an ech bleiwe Pazifist. Dofir soll een all Geleeënheet notze fir e Krich ze verhënneren. Bei engem Krich wënnt ni een.

Guy Weber: Da musse mir kucke wéi dee Krich dann ausgeet, deen awer elo, schéngt et emol, lancéiert ass.
Här Minister, Merci fir de Besuch am Studio. Et bleiwen nach eng Partie Froen op, mä an deenen nächsten Deeg wäerte mir nach dorop ze schwätze kommen. A 70 Deeg soll d’Gesondheetsreform jo a Kraaft trieden, d’Doktere wëllen dat verhënneren a soen eis muer Bescheed, wéi dat soll goen.

Joelle Hengen: Mir bleiwen natierlech um Ball.

Dernière mise à jour