Discours prononcé par Lydia Mutsch lors de la première édition du Diddelenger Sozialtreff

Et ass en Haus dat lieft

©MSAN
Lydia Mutsch lors de son discours

(Seul le discours prononcé fait foi)


Ech soen fir d‘éischt emol e grousse Merci fir haut op der 1. Editioun vum Diddelenger Sozialtreff vun der Maison Sociale an ënnert dem Patronage vun der Stad Diddeleng kënnen dobäi ze sinn.

D‘Maison Sociale gouf d’lescht Joer no grousse Renovatiounsaarbechten fäerdeg gestallt a regruppéiert  haut souwuel administrativ Lokaler ewéi sozial Logementer fir Persounen an Nout.

Et ass en Haus dat lieft a wou eng ganz Palette vu Servicer ugebuede ginn:

  • de Service régional d’action sociale,
  • den Office Social vun der Gemeng Diddeleng,
  • de Service d’Information et de Conseils en matière de surendettement vun der Associatioun Inter-Actions,
  • an e Berodungsservice vun der Fondatioun Jugend- an Drogenhëllef (JDH),

bidden hei hir spezialiséiert Hëllef un.

All déi Beräicher vun der Sozialhëllef stinn dem Client op enger Platz zur Verfügung fir him op eng méi séier, méi einfach a méi global Art a Weis Informatiounen an Orientatiounen ubidden ze kënnen.

D‘Fondatioun Jugend- an Drogenhëllef bitt hir Consultatiounen all Méindes Moies an all 3. Donneschden Nomëtten am Mount hei un, an dat onkomplizéiert ouni dass d‘Bénéficiairen e Rendezvous mussen huelen. Dat wëll ech betounen, well et engersäits wichteg ass dass, d‘Disponibilitéit vun esou Offeren sech och um regionalem Plang entwéckelt; a wann déi Offeren da bestinn mussen se och accessibel sinn an den potentielle Bénéficiairë souwäit wei méiglech entgéint komme fir, dass si de Wee bis bei déi Offere packen an dann och kënne sou séier wéi méiglech gehollef kréien.

Den Aspekt vun der Régionaliséierung ass wichteg an zitt sech ewéi e roude Fuedem och duerch eis national Strategie wat d‘Prise en Charge vun drogenofhängege Mënschen ugeet, déi leider gréisstendeels fréier oder spéider an eng précaire gesondheetlech a sozial Situatioun geroden.

Dofir sinn ech frou fir all Initiativen déi um regionalen an um kommunale Plang zu staan kommen an eis erlaben fir gemeinsam un déi verschidde Problemer kënnen erun ze goen.

D’Maison sociale vun Diddeleng ass e gutt Beispill wéi am Sozialsecteur, Weeër fir déi Betraffe kënne verkierzt an d‘Effizienz vun den Hellëfsleeschtungen verbessert ginn.

An deene leschten 20 Joer ass villes passéiert zu Lëtzebuerg a Saachen Zesummenaarbecht a Vernetzung vu spezialiséierten Ariichtungen déi sech em sozial méi schwach Mënschen këmmeren, déi och dacks méi groussen gesondheetleche Risiken ausgesat sinn.

De fachlechen Austausch vu Professionellen an d‘Zesummenaarbecht vun de Sozialservicer kann de Betraffenen, ëm déi et an éischter Linn an zu gudder Lescht geet, nëmmen ze Gutt kommen.

Konfrontéiert mat dacks villschichtege Problematiken, schaffen hei verschidden Servicer mateneen fir meeschtendeels komplex Situatiounen vun de Betraffenen an de Grëff ze kréien.

Dëst alles dréit och dozou bäi, dass Démarchen méi schnell kënne gemaach ginn, a finanziell Mëttel déi zur Verfügung stinn beschtméiglechst agesat kënne ginn.

Aus all deene Grënn mussen déi Efforten weider gefouert a weider entwéckelt ginn.

Ech begréissen dësen informellen Échange vun der 1. Editioun vum Diddelenger Sozialtreff, deen Intervenanten aus dem Sozialsecteur  zesummebréngt an hinnen d‘Geleeënheet gëtt sech iwwert hir verschidden Aarbechtsberäicher auszetauschen. Mee och déi zwëschemënschlech Kontakter déi doduerch geschaaft an oprechterhale ginn, sinn e wichtegen Aspekt vun esou Initiativen.

Netzwierker am Sozialsecteur besti sécherlech aus Institutioune mee virun allem awer aus Mënschen. Mënschen déi verschidde Kompetenzen hunn an duerch hiert Zesummeschaffen eng besser, méi koordinéiert, effizient a ganzheetlech Hëllef kënnen ubidden.

Ech hoffen dann och, dass déi 1. Editioun vun dësem Sozialtreff kee punktuellt Evenement bleift, mee den Ufank vun engem dynameschen an oppene Prozess ass dee sech weiderentwéckelt an ausbreet – an et wär wënschenswäert, dass dat och an anere Gemengen giff an d’A gefaasst ginn, do wou nach Besoine bestinn.

An deem Sënn wënschen ech dann och alleguerten deenen déi haut hei vertruede sinn e konstruktiven Austausch a wëll hinnen dann och op dëser Plaz Merci soen fir hiren Asaz, haut an an Zukunft.

Merci.

 

Dernière mise à jour