Allocution de Lydia Mutsch lors du 7e colloque organisé par l'Organisme pour la sécurité et la qualité de la chaîne alimentaire: "La sécurité dans mon assiette"

Hei zu Lëtzebuerg hu mer keng eegen Risikobewäertungs-Institutioun

©MSAN
Lydia Mutsch, ministre de la Santé lors de son discours

Léif Experten aus dem Beräich vun der Liewensmëttelsécherheet,

aus den Administratiounen a Laboen,
aus de Centre de Recherche an den europäeschen Autoritéiten,

Léif Orateuren a

Léif Gäscht alleguer,

 

Et ass mat grousser Freed datt ech haut, zesummen mat mengem Homologue aus der Landwirtschaft an dem Konsumenteschutz dëse 7ten Colloque vum OSQCA opmaachen.

Als Gesondheetsministesch läit mir d’Liewensmëttelsécherheet besonnesch um Häerz:

Mir alleguer mussen all Dag iessen. Dat ass liewenswichteg. An dofir ass et och ëm sou méi wichteg datt eis Liewensmëttel sécher sinn.

Eis Liewensmëttelsécherheet huet sech an de leschten 20 Joer immens verännert.

  • Stéchwuert: wëssenschaftlech Risiko-Bewäertung:

No de grousse Krisen aus den Enn 90er Joren ass de Prinzip vun der Risiko Bewäertung an der europäescher Unioun als Basisprinzip festgeschriwwe ginn.

No dësem Prinzip ginn all réglementaire Mesuren op wëssenschaftlech Bewäertunge baséiert.

Hei zu Lëtzebuerg hu mer keng eegen Risikobewäertungs-Institutioun. Dofir beruffen mir eis op d’Aarbecht vun der EFSA, der europäescher Autoritéit am Beräich vun der Liewensmëttelsécherheet.

Ech hu gesinn datt haut och Leit vun der EFSA hei op eisem Colloque intervenéieren. Ech soen hinnen dofir schonns vun dëser Platz aus villmools Merci: dëst ënnersträicht eis gutt Zesummenaarbecht mat den europäeschen Agencen.

Fir datt déi europäesch Agencen och an Zukunft hir Aarbecht kënne maachen, an dat och mat der néideger Onofhängegkeet, sëtzt Lëtzebuerg sech an datt d’EFSA an ECHA déi néideg Mesuren dofir kréien.

Ëmgedréint, stellt d’EFSA eis eng jäerlech finanziell Enveloppe zur Verfügung – an ech soen hir Merci dofir - fir déi wëssenschaftlech Risiko- Bewäertung am Beräich vun der Liewensmëttelsécherheet och hei zu Lëtzebuerg méi bekannt ze maachen.

 

  • Net nëmmen an der Risiko-Bewäertung, och am Beräich vun de Liewensmëttelkontrollen huet sech sou munches déi lescht Jore gedoen.

Mir hu probéiert fir d’Unzuel vun den Intervenanten ze reduzéieren.

A mengem Departement ass dofir 2009 eng nei Unitéit geschafe ginn: d’Sécurité alimentaire déi dann d’Liewensmëttelkontroll vun aneren Unitéiten iwwerholl an d’Kontrollen uniformiséiert huet.

Mam Gesetz vun 2015 iwwert Direktioun vun der Santé huet d’Sécurité alimentaire och eng zolitt base légale kritt.

Och dem OSQCA seng Aarbecht huet dozou bäigedroen fir eis Kontroll- Systemer am Liewensmëttel Beräich besser ze strukturéieren.

Sou hu mir am Moment eng 21 Kontroll-Systemer haaptsächlech am Beräich Sécurité alimentaire mee och am Beräich vun der Kontroll vun der Qualitéit vun eise Liewensmëttel.

Fir 2018 ass elo geplangt datt eis Mataarbechter déi sech mat der Liewensmëttelkontroll beschäftegen zesummen ënnert een Dag plënneren.

Ausserdeem wëllen mir e Regierungskommissär benennen dee sécher stellt datt d’Coordinatioun vun den eenzelen Unitéiten nach besser a méi professionell ka statt fannen wéi bis elo.

Et gëtt och am Moment un enger Fusioun vun den Datebanken aus de verschiddene Verwaltunge geschafft. Och dës wäert zu enger besserer Organisatioun vun de Kontrolle bäidroen.

Op déi Aart a Weis ginn d’Kontrolle méi traçabel an mir wäerten och Double-Emploiën kënne reduzéieren.

Schliisslech wäerte mer an Zukunft och kënne méi transparent sinn: et ass nämlech geplangt fir verschidden Informatiounen iwwert d’Kontrollen ze publizéieren, an esou der breeder Ëffentlechkeet zougänglech ze maachen.

 

  • Anert Stéchwuert: Fipronil

Dëse Colloque steet virun allem am Zeechen vum Bekämpfen vun der Fraude am Beräich vun de Liewensmëttel.

Dësen Thema – spriech d’Fipronil-Affaire - huet eis wéi der wësst iwwert de Summer staark beschäftegt.

Do hu gewiefte Geschäftsleit enProduit verkaf dee verschidde Parasiten bei Hénger sollt reng biologesch bekämpfen.

Fir datt de Produit och gewierkt huet, ass awer en “Acaricide” bäi gemëscht ginn dee net autoriséiert ass bei Déieren déi an d’Liewensmëttelketten sollen era kommen.

 

Zum Gléck war bei der Fipronil-Affaire d’Auswierkung op d’Gesondheet ganz kleng: et hätt ee misste ganz grouss Quantitéite vun Eeër konsuméieren fir datt eng Gefor hätt kënnten entstoen.

Trotzdem war et mir als Gesondheetsministesch wichteg datt déi betraffe Liewensmëttel net méi weider an d’Consommatioun gaange sinn.

Dat entsprécht och dem sougenannten ALARA Prinzip, dee mir als Santé applizéieren: dat heescht, dass d’Expositioun mat chemeschen Substanzen soll esou kleng wéi nëmme méiglech gehale ginn.

Meng Mataarbechter aus de Kontrollinstanzen (Veterinärverwaltung a Sécurité alimentaire) hunn also déi néideg Aarbecht gemaach fir betraffe Liewensmëttel aus dem Verkéier ze zéien.

Ausserdeem hu mir décidéiert e Kontroll-Programm opzestellen fir ze iwwerpréiwen op net nach aner verbuede Substanzen als Biocide an der Liewensmëttelproduktioun benotzt goufen.

 

  • Fraude

De Begrëff Fraude alimentaire ass also den Ament e groussen Diskussiouns-Thema. An et ass extrem wichteg sech dëse Phenomen eemol méi genau unzekucken.

Bei der Fraude alimentaire handelt et sech em wëssentlecht a wëllentlecht Net-Anhalen vu Regelen am Beräich vun de Liewensmëttel vun eenzele Betriber, mam Ziel sech en illegale Virdeel par rapport zu hirer Konkurrenz ze verschafen andeems si de Verbraucher täuschen.

Domat steigeren esou Betriber hire Bénéfice op Käschte vun hire Konkurrenten a virun allem de gutt gleewegen Konsumenten!

 

Nieft deem reng ökonomeschen Aspekt, an dem immense Vertrauensverloscht, gëtt et awer och e gesondheetlechen: verschidde frauduléis Praktiken kënne nämlech gesondheetlech Auswierkungen op de Konsument hunn.

 

Als Beispill wollt ech nëmmen dës nennen:

  • Et gi Betriber déi Nëss a Mandel-Mëschungen ënner mëschen ouni dat unzeginn. Nëss si méi bëlleg wéi Mandelen: De Bénéfice gëtt also gesteigert. Am fäerdege Gemësch fällt et weider net méi op a gëtt och net um Pak etikettéiert. Des Praxis ass awer e grousse Problem fir Leit déi eng Allergie op Nëss
  • E weidert Beispill ass den aktuelle Virfall wou Thon deen eigentlech geduecht ass fir als Béchse Fësch verschafft ze ginn, mat Geméisextrakter an Zousatzstoffer nees méi eng schéi frësch Faarf kritt. Deen Thon ass méi bëlleg wéi deen deen eigentlech geduecht ass fir als Sushi benotzt ze ginn. Bei der Praxis enstinn awer och Histaminen am Thon déi zu geféierlechen Liewensmëttel Vergëftungen kënne féieren.
  • Och am Beräich vun de Nahrungs-Ergänzungsmëttel soe meng Mataarbechter mir, ginn et Fäll vu Fraude. Sou ginn zum Beispill a Produiten medikamentéis Substanzen ënner gemëscht fir dann e gewëssen Effekt op de Verbraucher ze hunn. Och do gëtt versicht de Bénéfice ze steigeren op Käschte vun der Gesondheet vum Konsument. Oft gi Substanze benotzt déi als Medikament guer net méi dierfen agesat ginn well se ze vill Niewewierkungen hunn. Des weideren stëmmt dann och den Dosage net an esou kann et zu akute Gesondheetsproblemer kommen.

Als Gesondheetsministesch ass et mir e wichtegt Uleies des skandaléis Praktiken ze bekämpfen fir sécher ze stellen datt eis Liewensmëttel sécher sinn a bleiwen.

Dofir hunn ech mech agesat datt de projet de loi iwwert d’Reforme vun der Liewensmëttelkontroll och mat méi strenge Sanctioune versi gëtt fir dëse Praktiken entgéint ze wierken.

 

  • Op d’Gesondheet bezunnen Aussoen:

Ech hu gesinn datt de Mëtteg och en Exposé gehale wäert ginn iwwer Aussoen bei Liewensmëttel déi sech op d’Gesondheet bezéien.

Dat ass och e Beräich wou et mir dru geleeën ass dass de Konsument eng korrekt Informatioun kritt an datt des Aussoen op Basis vu wëssenschaftlech iwwerpréiften Étuden gemaach ginn.

Et ass jo esou datt vill Konsumente sech bewosst sinn datt si sech missten méi gesond ernieren. Dofir interesséiere si sech dann och fir sougenannte funktionell Liewensmëttel.

Bei dëse Liewensmëttel gëtt dann och ganz oft Reklamm gemaach mat gesondheets-bezunnenen Aussoen: “ ‘t ass gutt fir fit ze bleiwen”, “ ‘t ass gutt fir de Kreeslaf”, etc.

Och hei leescht d’ EFSA eng grouss Aarbecht andeem si d’Bewäertung vun deene sougenannten health-claims mécht.

Meng Mataarbechter aus der Sécurité alimentaire iwwerpréiwen dann och hei zu Lëtzebuerg op déi sougenannten „claims“ op Liewensmëttel benotzt ginn an op dat korrekt ass.

Am Kader vun der Ëmsetzung vum europäesche Reglement iwwert d’Informatioun iwwert Liewensmëttel fir de Konsument, huet den zoustännegen Departement vun der Santé dofir gesuergt datt net-conforme Aussoen och kënnen hei am Land sanktionéiert ginn.

Ausserdeem präziséiert dësen Emsetzungs-Reglement dann och datt nei gesondheetsbezunnen Aussoe bei der Direktioun vun der Santé mussen ugefrot ginn. Esou kënne mer direkt intervenéiere wann do sollten Aussoe benotzt ginn déi net conforme si mat der Reglementatioun.

Léif Gäscht, d‘Zäit leeft, a mir hunn e volle Programm haut mat enge sëllechen interessante Virträg.

Ech wënschen Iech en opschlossräichen Dag, vill nei Erkenntnisser a flott Diskussiounen iwwer d’Liewensmëttelsécherheet. Profitéiert vun dësem internationalen Auditoire fir en interessanten Échange ze hunn mat de verschiddenen Experten.

Dernière mise à jour