Discours de Lydia Mutsch lors du Congrès national infirmier 2017

" Infirmière Versioun 3.9 – Zäit fir en Update! Wou stinn mir – wou gi mir hin?"

©MSAN
Lydia Mutsch, ministre de la Santé

Dir Damen an Dir Hären,

Et ass mir eng grouss Éier a Freed, op dësem Dag e puer Wieder un iech z‘ adresséieren.

Virop wëll ech der ANIL e groussen Merci soen fir d’ Organisatioun vun dësem nationalen Kongress: niewent den interessanten an ganz aktuellen Themen di haut presentéiert an diskutéieren ginn, bitt dësen Kongress-Dag de Professionellen aus den verschiddenen Gesondheets-Secteuren – also iech - d’ Méiglechkeet, sech ze begéinen an är Erfahrungen auszetauschen.

An dësem Kontext wëll ech besonnesch de wichtege Rôle vun der Infirmière ënnersträichen:

D’ Infirmière ass a bleift och an der Zukunft (spriech 2050) ee vun de wichtegsten Pilieren vun eisem Gesondheetssystem; e Gesondheetssystem an deem de Patient am Zentrum vun eise Préoccupatioune steet.

D’ Infirmière schafft an engem Kontext vun konstantem Wiessel, wéi z.B.:

  • D’ Medezin wéi och di medezinesch Techniken evoluéieren permanent.
  • A ganz Europa, an och hei am Land, ginn d’ Leit ëmmer méi al; dat bréngt mat sech dass och d ’Zuel vun de chroneschen an ëmmer méi komplexe Krankheeten an d’ Luucht geet.

Dës Populatioun gëtt och ëmmer méi ofhängeg wat di alldeeglech Gesten ubelaangt, déi sougenannten ‘actes essentiels de la vie’, wéi iessen an drénken, sech déplacéieren, asw.

  • D’ Responsabilitéit vun der Infirmière gëtt ëmmer méi grouss well d’ Aarbechtskonditiounen sech änneren z.B. méi entwéckelt an komplex Informatiounssystemer, nei Technologien, eng Spezialisatioun vun den Soins Infirmiers, asw.

Op der anerer Säit ass d’ Infirmière d’ Referenzpersoun fir den Patient während der ganzer Prise en Charge, ob dat am Spidol ass, an den Institutiounen ausserhalb vum Spidol oder am Beräich vun der ‘Fleeg Doheem’. Si guidéiert, encadréiert a fleegt den Patient an hëlleft him a sengem Entourage am Gesondheetssystem eens ze ginn.

Well de Beruff vun der Infirmière sou wichteg an eiser Gesellschaft ass, musse mir dëse Beruff permanent promovéieren a valoriséieren.

Well de Beruff vun den Infirmièren ëmmer méi komplex gëtt, ass et och wichteg si ob dës Situatioun optimal virzebereeden, fir dass si och op di ganz ënnerschiddlech Besoinen vun der Populatioun kann entspriechend äntweren.

An Zesummenaarbecht mam Éducatiounsministère an den Professionellen vum Terrain ass et wichteg ze kucken datt di initial Ausbildung vun der Infirmière adäquat zu den Attributiounen ass, an der Evolutioun vun den Aufgaben an Ufuerderungen déi an Zukunft op d’ Infirmièren zou kommen, ugepasst ginn.

An deem Zesummenhang dierften déi zwou Presentatiounen iwwert d’ Erfahrungen aus Frankräich an der Schwäiz zum Thema "Infirmière de pratique avancée/ Advanced practice nurse" äusserst interessant fir Lëtzebuerg sinn.

Mir kennen aus dësen Erfahrungen léieren an elo d’ Weichen fir d’ Zukunft stellen, wou mir d’ Formatioun vun der Infirmière un d’ Besoinen vum Terrain an der Evolutioun vun eisem Gesondheetssystem upassen.

En anert ganz wichtegt Thema wat haut diskutéiert gëtt ass d’ Responsabilitéit vun der Infirmière um Bett vum Patient :

D’ Responsabilitéit vun der Infirmière huet souwuel legal wéi och ethesch / moralesch Aspekter :

  • De legalen Kader vun dëser Responsabilitéit besteet ënnert anerem aus dem Gesetz vun 1992 iwwert den "Exercice an d’ Revalorisatioun vun bestëmmten Gesondheetsberuffer”, an dem "Reglement grand-ducal vun 1998 iwwert d’ Ausüben vum Gesondheetsberuff", wou d’ Attributiounen vun der Infirmière beschriwwen sinn.  

Hei handelt et sech engersäits

- ëm Akten an Soins’en déi d’ Infirmière autonom an op Eegeninitiativ ausüben kann,

- ëm Akten di si op Prescription médicale ausféiert,

- an ëm Akten an Soins’en déi d’ Infirmière "en situation d ‘Urgence" ausübe kann.

 

  • Wat di ethesch / moralesch Responsabilitéite vun der Infirmière ubelaangt, gëtt déi vum Reglement grand-ducal vun 2010 regéiert, déen de Code de Deontologie vu bestëmmte Gesondheetsberuffer

Dëse "Code de Deontologie" ass do fir den Infirmièren an den aneren Gesondheetsberuffer aus dem Gesetz vun ‘92 ze soen eng "ligne de conduite" an hirem Beruff ze ginn.

Den Code de Deontologie gëtt awer och vum Gesetz iwwert d ‘Rechter an Flichten vum Patient kompletéiert, a gesäit ënnert anerem vir, dass d’ Akten, Servicer oder Prestatiounen vun der Infirmière an all Gesondheetsberuff vun Regelen definéiert ginn, déi ze respektéieren sinn.

Beim Ausüben vun hirem Beruff däerf d’ Infirmière sech ni vun Facteuren wéi der Religioun oder sexuellen Tendenzen asw. vum Patient beaflossen loossen.

Si muss am Respekt vum Liewen, der Persoun, hire Rechter an hirer Dignitéit handelen.

D’ Infirmière huet och eng d’ Obligatioun vum Respekt vum libre Choix vum Patient bis bei de Secret professionell.

Dëst sinn Punkten di och wäerten den Mëtteg am Kader vun den organiséierten Workshopen diskutéiert ginn.

Ech wollt och nach eng Kéier drun erënneren dass am Kader vum neie Spidolsgesetz e wichtegen Aspekt - an zwar deen vun den “réseaux de compétences” a Kraaft wäert trieden.

Dës Réseauen hunn als Objektiv fir eng Prise en Charge z’ assuréieren, op Coordinatioun, Continuitéit an Multidisciplinaritéit soll baséieren.

De Patient kritt doduerch eng bescht méiglech qualitativ medezinesch Versuergung bei där hien am Mëttelpunkt steet, an en équitabelen Accès zu dëse qualitativ héichwäertegen Soinsen.

An dësen Kompetenz-Réseauen huet d’ Infirmière natierlech e ganz wichtegen Rôle, wou Si och nei Kompetenzen kritt, z.B. an der Prise en Charge vu Patienten déi u Kriibs oder cardiovasculaire Krankheeten leiden.

Dës nei Kompetenzen, déi och aner Gesondheetsberuffer betreffen, léiert d’ Infirmière iwwert hir initial Formatioun, grad ewéi iwwert d’ Formation continue.

Ech sinn duerfir iwwerzeegt, dass sech och an Zukunft, fir dëse wonnerbaren an honorabele Beruff weider Entfaltungsméiglechkeeten a nei Weeër opdinn.

Mat dëse leschte Wieder soen ech Iech op dëser Platz villmools Merci fir ären Engagement an är alldeeglech Aarbecht beim Patient. 

Ech wënschen Iech nach e ganz interessanten an interaktiven Dag.

Dernière mise à jour