Discours de Lydia Mutsch lors de l'inauguration conjointe des nouveaux services de consultations Alupse, Impuls et Haus13

Seul le discours prononcé fait foi
"D'Zesummenaarbecht vun de Professionellen, d'Responsabiliséierung vun allen Acteuren an d'Ënnerstëtzung vun den Eltere si wesentlech. D'Bindung tëschent de Mammen an hire Kanner ass de Schlëssel fir Maltraitance an Risikosituatiounen ze verhënneren. An dobäi leescht Alupse Dialogue eng immens wäertvoll Aarbecht."
  1. ©MSAN

    Lydia Mutsch lors de son discours
  2. ©MSAN

    Lydia Mutsch et Jean-Paul Schaaf avec les représentants des associations Alupse et Solidarité Jeunes
  3. ©MSAN

    Lydia Mutsch lors de son discours

"Fir d'éischt well ech der Gemeng Ettelbréck an hirem Buergermeeschter, dem Här Jean-Paul Schaaf Merci soen, dass si 3 konventionéiert Servicer esou séier a esou gutt op enger zentraler Adress hei zu Ettelbréck relogéiert kritt hunn.

2 vun dëse Servicer hunn eng Konventioun mam Gesondheetsministère: Alupse-Dialogue Antenne Ettelbréck an Impuls Nord. Si bekëmmeren sech allen 2 ëm Kanner an Jugendlecher.

D'Alupse ass 1984 op Initiative vum Dr Roland Seligmann an der UNICEF-Lëtzebuerg gegrënnt ginn a gëtt zënter 1996 vu mengem Ministère ënnerstëtzt.

D'Alupse besteet aus 3 Servicer:

"Pédiatrie sociale", Alupse-Dialogue an Alupse-Bébé, déi all en Deel vun engem Ganze sinn.

Dovu sinn der 2 hei zu Ettelbréck präsent:

  • D'Pédiatrie sociale, wou Dr Idoya Perez, chargée de direction vun der Alupse, am Kader vun engem „contrat de collaboration" enk mam CHdN zesummeschafft, an déi sech u Kanner adresséiert déi maltraitéiert ginn oder riskéieren et ze ginn.

    D'Zesummenaarbecht mat de Spidolservicer, déi kenne betraff sinn (Pédiatrie, Génécologie, Urgences,...), ass exemplaresch!

  • D'Alupse Dialogue bitt 2x d'Woch hei zu Ettelbréck eng Permanence un, ënnert der Responsabilitéit vun der Madame Marie-Josée Cremer. Dëse Service ass spezialiséiert an der „Prise en Charge" vun Kanner déi Affer vu Gewalt sinn. D'Missioune sinn: Therapeutesch Begleedung vun Persounen déi am Leed sinn an den Schutz vu Kanner a Jonke virun all Forme vu Gewalt.

Gewalt géint Kanner ass leider och hei zu Lëtzebuerg eng traureg Realitéit wéi Zuel vun den traitéierte Situatioune bei der Alupse beweist, ouni déi ze vergiessen déi eis entginn. D'läscht Joer ware méi wéi 300 Kanner betraff!

De Mënsch ass zu deene schlëmmsten Dote fäeg, mee wann d'Affer dann och nach Kanner sinn, dann ass et duebel schlëmm.

Et geschitt aus villen Ursaachen: Iwwerfuederung, Ofhängegkeet, psychesch Krankheet, Verzweiflung oder nach ganz anere Grënn. An deene Fäll duerfe mir net ewechkucken.

D'Zesummenaarbecht vun de Professionellen, d'Responsabiliséierung vun allen Acteuren an d'Ënnerstëtzung vun den Eltere si wesentlech.

D'Bindung tëschent de Mammen an hire Kanner ass de Schlëssel fir Maltraitance an Risikosituatiounen ze verhënneren. An dobäi leescht Alupse Dialogue eng immens wäertvoll Aarbecht.

Déi 3 nei Servicer déi hei zu Ettelbréck lo aktiv sinn, sinn u sech 3 bestehend Servicer déi dezentraliséiert goufe fir den Accès fir Clienten ze vereinfachen an ze verbesseren. Déi bestehend Offere sinn an dem Sënn regionaliséiert ginn.

Et ass wichteg, dass all Membere vun der Populatioun déi vun dësen Offere profitéiere kënnen och en noen an zougänglechen Accès ugebuede kréien an datt d'Lokalitéiten och deementspriechend fir en gudden a positiven Accueil kënne suergen.

Verschidden Zilgruppen kommen an dësem Haus zesummen a verschidde Problematike ginn dann hei vun de Professionellen um Terrain betreit an en Charge geholl.

Den Service Impuls an der Haaptstad, deen sech ënnert der Responsabilitéit vum Här René Meneghetti ëm Jugendlecher këmmert déi mat Drogen a Kontakt koumen oder Problemer mat Drogekonsum hunn, huet och zënter kuerzem seng al Raimlechkeeten an der Stad verlooss fir an e besser adaptéierte Site ze plënnere wou ech virun e puer Wochen och de Pleséier hat bei der Inauguratioun derbäi ze sinn, an och mat hinnen hir 20 Joer Existenz ze feieren.

Och hire Service Impuls-Nord deelt sech elo dëst vun der Gemeng Ettelbréck renovéiert Haus an der Groussgaass mat 2 anere Servicer.

An si deelen sech net nëmmen hir Salle d'attente mee och hiert remarkabelt Engagement fir jonk Mënschen. An eng gutt Collaboratioun a Synergien tëschent de Professionelle kann nëmmen dem Accueil vum Client zegutt kommen a verbesseren.

Et ass dofir och ëmsou méi begréissenswäert, dass 3 Servicer - Alupse, Impuls an Haus 13 - hei ënnert engem Dach sinn, a sech an hir Aarbecht sécherlech kennen austauschen an ergänzen, am Sënn vun enger ganzheetlecher Prise en Charge vu Kanner, Jonken an hire Famillen.

Ronn 600 Situatiounen gi mëttlerweil all Joers vun IMPULS en Charge geholl. Den Service IMPULS bitt Eenzel Consultatiounen an och situatiounsbedengten Gruppe Consultatiounen un.

D'Équipe intervenéiert dann och am schouleschen an edukativen Secteur (Jugendhaiser, Schoulen, Foyeren).

Zënter Mee vun dësem Joer huet den Impuls-Nord, deen 3x d' Woch eng Permanence ubitt, schonn iwwer 20 verschidde Clienten en Charge geholl an déi éischt Choicegruppen - also Gruppen déi vu Jugendleche besicht ginn déi notamment bei der Police opgefall sinn - si geplangt.

Statistike vum Service Impuls weisen, dass 75% vun de jonke Clienten Cannabis-Konsumenten sinn, vun deenen 50% zousätzlech och e relativ héichen Alkoholkonsum hunn. D'Thema Drogekonsum gëtt dacks vun hinnen banaliséiert bis et zou engem méi groussen an eeschte Problem kënnt.

Jugendlecher an eiser aktueller Gesellschaft sinn oft mat méi komplexe Situatiounen konfrontéiert wéi déi Generatioun virun hinnen; ob dat Doheem, an der Schoul, am Frëndeskrees oder am Beruff ass.

Si erliewe méi, et gëtt hinnen ëmmer méi ugebueden, an si hunn méi Zougang zu Informatiounen ënnert anerem duerch déi nei Medien.

Dat heescht awer och, dass si méi Tentatiouen an dacks och méi Risiken ausgesat sinn.

Den Zougang zu Drogen, ob se lo legal, illegal oder nach net illegal, albekannt oder nei sinn, gëtt duerch den Internet och vereinfacht, vun der Auswiel iwwert d'Bestellung bis hin zur Liwwerung. Vum Computerschierm bis an d'Bréifboîte ass et méi einfach ewéi jee un psychoaktiv an toxesch Substanzen ze komme vun deene bei villen nach net gewosst ass wei geféierlech se da wierklech sinn.

Et gëtt deemno eng ganz Rei vun neien Erausfuerderungen déi e Service deen sech mat jonke Mënschen, hire Problemer an och mat hirem Drogekonsum beschäftegt, muss stellen. Dat verlaangt vill Geschéck, Sensibilitéit an Ausdauer.

Den 'IMPULS' gëtt sengem Numm an deem Sënn dann och gerecht well e probéiert eng Verännerung unzestoussen a virun allem ze bewierken, dass déi Betraffen d' Responsabilitéit vun hiren eegenen Décisiounen an Handlunge selwer kënnen a wëllen droen.

Mir ënnerstëtze mat Iwwerzeegung dëse Service zënter sengen Ufanksjoeren, well mer wëssen, dass hir Aarbecht wäertvoll ass an eppes fir déi Betraffe bewierkt.

An eisem nationalen Drogen- a Sucht Aktiounsplang hu mer dofir och virgesi fir spezialiséiert Hëllefsstrukturen sou weit ewéi néideg an esou gutt ewéi méiglech ze dezentraliséieren fir e bessere regionalen Accès ze garantéieren, well eng Hëllefsstruktur ass nëmmen nëtzlech wann se och de Besoine vun de Betraffen entsprécht a vun hinnen einfach ze erreechen ass.

Ech well ofschléissend all de Partner a Professionellen déi dës Projete begleet hunn, déi matschaffen a matgeschafft hunn Merci soe fir hir dagdeeglech Aarbecht an hir exzellent Zesummenaarbecht mat mengem Ministère, deen sech weiderhin wäert beméie vir déi national Offeren auszebauen do wou dat néideg ass.

Dir kënnt op alle Fall weider op eis Ënnerstëtzung zielen!"

Dernière mise à jour