Discours de Lydia Mutsch lors du Centenaire de la Fondation Rotary & du Parkinson Pillow Fight

Seul le discours prononcé fait foi
©MSAN
Lydia Mutsch lors de son discours
"Dir Dammen an Dir Hären,
  • Et ass mir eng grouss Éier fir haut mat Iech zesummen den 100sten Anniversaire vum Rotary ze feieren, an eng Freed, dës Gebuertsdagsfeier zesumme mam speziellen Event vum Parkinson 'Pillow Fight' ze lancéieren. 

  • Ier mer eis elo gläich eng spannend Kësse-Schluecht liwweren, als Symbol vun der onermittlecher Lutte géint dës Krankheet, erlaabt mer – a menger Funktioun als Gesondheetsministesch – e puer Gedanken iwwert d‘Situatioun vu Mënschen déi mat Parkinson hei am Land liewen. Hinne géintiwwer wëlle mer jo haut besonnesch eis Ënnerstëtzung a Solidaritéit zum Ausdrock bréngen. 

 

  • Ugefaang mat zwee Haaptfakten, déi fir sech schwätzen:

  1. Eleng am Grand-Duché liewen ongeféier 1.200 Parkinson-Patienten, déi genee Zuel läit wahrscheinlech nach driwwer.

    An Europa gëtt geschat dass 1,2 Millioune Mënschen vun dëser Krankheet betraff sinn.

  2. Parkinson gëtt dacks gläichgesat mat 'al'. Dëst stëmmt awer nëmmen zum Deel. Ongeféier 10% vun de Patiente, si méi jonk wéi 50, wann di éischt Zeeche vu Parkinson optrieden.

  • Kënnt Dir Iech virstellen, wéi et engem Patient geet, wann hie vu sengem Dokter d‘Nouvelle kritt, hie kéint u Parkinson erkrankt sinn?

    Fir di meescht Betraffen ass et e Schock. Duerno kënnt eng Zäit vun Onsécherheet. Wann dann d’Diagnose definitiv feststeet, erkennt dëse Mënsch, dass hien un enger chronescher, onheelbarer Erkrankung leid....

     

  • Mee et gëtt och gutt Nouvellen:

    D‘Behandlung vu Parkinson huet an de leschten 30 Joer enorm Fortschrëtter gemaach. Parkinson ass keen Doudesuerteel méi.

    D’Liewenserwaardung entsprécht ongeféier där vun der gesonder Bevëlkerung.

    D‘Liewensqualitéit ka bei ville Patiente mat modernen Therapien erhale bleiwen; jonk Patiente kënnen hire Beruff weider ausüben.

  • Nawell muss weider gefuerscht gi, fir Mëttel a Weeër ze fannen, fir d‘Weiderentwécklung vun der Krankheet ze bremsen, ze stoppen, oder esouguer eng Heelung z’erreechen.

     

  • Duerfir gouf 2015 hei zu Lëtzebuerg mat der Ënnerstëtzung vum 'Fonds National de la Recherche' (FNR) den 'National Centre for Excellence in Research on Parkinson’s Disease' (NCER-PD) gegrënnt.

  • Dëst ass en Zesummeschloss vum

  • Luxembourg Centre for Systems Biomedicine (LCSB)

  • Centre Hospitalier de Luxembourg (CHL)

  • Integrated Biobank of Luxembourg (IBBL)

  • Luxembourg Institute of Health (LIH, fréier CRP-Santé),

    a regruppéiert d‘Expertise vun alle Concernéierten hei am Land, déi un der Erfuerschung vun der Parkinson-Krankheet bedeelegt sinn, an erméiglecht den Échange an d’Zesummenaarbecht och op internationalem Niveau.

  • Mee e ganz besonnesche Merci an dësem Kontext gëllt duerfir dem Prof. Dr. Rudi Balling an dem Prof. Dr. Reijko Krüger an hiren Équipen, déi wesentlech un der Schafung an der Aarbecht vum LCSB a vum NCER-PD bedeelegt sinn.

  • Well den Erléis vun dësem Dag net nëmmen der Aarbecht vum NCER-PD an der Fuerschung vu Parkinson zegutt kënnt, mee duerch dës Aarbecht och de Mënschen déi Parkinson hunn, gehollef gëtt, wëll ech iech alleguer opfuerderen un de verschiddenen, ganz flotten Aktivitéiten, déi de ganzen Dag hei ugebuede ginn, Deel ze huelen, wéi z.B. der Kësse-Schluecht, vun där mer scho geschwat hunn.

  • Net vergiesse wëll ech awer och d’Gebuertsdagskand:

    d’Fondatioun Rotary, ouni sie dësen interessanten an ofwiesslungsräiche Feierdag net zustan komm wär.

  • Hinne wënschen ech alles Guddes a weiderhin vill Succès fir di nächst 100 Joer !"

Dernière mise à jour