Discours de Lydia Mutsch à l'occasion du 15e anniversaire d'Europa Donna Luxembourg

Seul le discours prononcé fait foi
©MSAN
Lydia Mutsch, ministre de la Santé

"Léif  Presidentin vun Europa Donna,
Léif Memberen,
Dir Dammen an Hären,

Et ass mir eng grouss Éier als Gesondheetsministesch op dëser Feier kënnen dobäi ze sinn .

Wann eng Fra vun haut mat 50 vu Broscht Kriibs betraff ass dann ass si nach ganz aktive, si steet meeschtens voll am Beruffsliewen, huet dacks Kanner an heinsdo seguer Enkelkanner. Jee nodeem, këmmert si sech och nach em hir eegen Elteren déi dann villäicht och mol net méi esou fit sinn.  Nët nëmmen hiert Liewen als Fra ass duerch esou eng Krankheet affektéiert, mä och hir d’Liewen als Mamm, als Groussmamm,  an als Kant.  Bis zu 4 Generatiounen kënnen dann betraff sinn.

Zënter Joeren, leescht di international Associatioun Europa Donna  eng ganz wichteg Aarbecht. Si huet sech als  Ziel gesat Fraen mat Broscht Kriibs an den schwierege Phasen vun der Krankheet ze ënnerstëtzen an hir Besoin ‘en a Problemer ze verstoen an ze erfaassen.
Dobäi ass d ‘Associatioun net nëmmen do fir betraffe Fraen, mä och fir hir Familljen. 

Duerch konkret Informatioun- an Sensibiliséierung Aktiounen, déi d‘Autoritéiten an Aide Soignant’en ganz no suivéieren a matdroen, sinn dës Besoinen ëmmer méi bekannt a grouss Fortschrëtter konnten an eisem Land gemaach ginn: Optimiséierung vun der Prise en Charge, notamment um psychologeschen Niveau,  sozial Ënnerstëtzung fir Famillen mat Schwieregkeeten, Rehabilitatioun vun de Patientinnen nom Traitement , stinn am Mëttelpunkt vun eisen Préoccupatiounen, an dëst geet och, duerch d'Mesuren ervir, déi mir elo am nationalen Kriibsplang (2014-2018) integréiert hunn.

Zënter 25 Joer organiséiert de Gesondheetsministère den Dépistage vu Broscht Kriibs fir Fraen zwëschen 50 - 69 Joer. Am Verglach zu aner Member Länner ass Lëtzebuerg ganz gutt plazéiert: no der EHIS Ëmfro fir d'Joer 2014, hunn 81% vun de Fraen zwëschen 50 bis 69 Joer ausgedréckt an den leschten 2 Joer eng Mammographie gemaach ze hunn. Woubäi den europäeschen Duerchschnëtt bei  68% läit. Mä e Dépistage fir dëst Zilgrupp, egal wéi gutt dat en organiséiert ass, geet alleng net duer. Eng korrekt/anstänneg  Prise en charge muss OCH garantéiert sinn, an zwar fir all Fra bei der d’Mammographie eng Anomalie uweist oder  bei der de Broschtkriibs bestätegt gëtt.

2015 huet Europa Donna Lëtzebouerg eng Enquête de satisfaction duerchgefouert ënnert dem Titel "parcours de fëmme". Bei dëser Ëmfro hunn 219 Fraen partizipéiert , déi hiren Diagnostik vu Broschtkriibs no 2011 kritt hunn. D’ Resultater vun dëser Enquête krut ech vun Vertrieder vun Europa Donna Lëtzebuerg virun e puer Wochen presentéiert an ech sinn der Associatioun fir dëst Donnéeën immens dankbar.

D'Ëmfro verréit eis, datt 68% vun den befroten 219 Fraen mat hirer Betreiung/Prise en charge meeschtens zefridden sinn. Leider kommen nach bedauerlech Situatiounen op, wéi zB  wann den Diagnostik per Telefon annoncéiert gëtt. (Dëst hunn 34% vun de Fraen an der Ëmfro ausgesot) oder wann,  an der  Moyenne,  20 Deeg op den Diagnostik  muss gewaart ginn. Méi wéi d’ Halschent vun den befroten Fraen hunn dëst Waardezäit als ze laang emfonnt.

Vun deem Abléck un wou eng Fra vun der Krankheet betraff ass, fänkt si un sech iwwert d'Krankheet ze dokumentéieren an Äntwerten ze sichen:  Fir d ‘Halschent vun de Fraen déi un der Ëmfro Deel geholl hunn, ass den Internet d’ Hapt-Informatiounsquell. Dëst kéint och problematesch ginn, well si um Internet  och op Informatiounen kënnen stoussen, déi net ëmmer zouverlässeg sinn. Vun de noosten Quellen + um Pabeier, fannen d ‘Fraen awer haaptsächlech Informatiounen an de Brochuren déi  vun der Fondation Cancer + a vun de Spideeler publizéiert ginn.  Als 3. Informatiounsquell gëtt Europa Donna zitéiert, déi säit der Emfro am Joer 2004,  méi bei de Fraen bekannt ginn ass.  

An den klinesche Parcours vun der Patientin mussen och d’soins de support intergréiert sinn. An den Recommandatiounen déi am nationalen Kriibsplang definéiert goufen, ass virgesinn dat dës Soins’en, vun den Etablissementer déi  Kriibsbskrankheeten behandelen,  analyséiert ginn, an zwar no  'Best Practice' Kriterien/Recommandatiounen. Dobäi sollen multidisziplinär Equipen no enger ganzer Rei vu Besoin’en kucken, wéi zB speziell Ernährung, oder psychologesch Bedierfnisser oder d ‘Allégéieren vun der Péng/vu verschidden Niewewierkungen (vum Traitement). 88% vun de Fraen kruten eng psychologesch Ënnerstëtzung virun oder während der Behandlung ugebueden, 47% vun de Fraen hunn se eigentlech schonn benotzt.

Am cadre vun dëser Enquête, goufen och méi Broscht Kriibs spezifeschen Elementer analyséiert: 60% vun de Befroten sinn zefridden mat der Ënnerstëtzung  déi se kritt hunn wann et dorëms gaangen ass eng Parréck, e Foulard oder eng Broscht Prothes ze kréien. Eng "Breast care nurse" këmmert sech em Patientinnen während hirem Openthalt am Spidol. Psychologen a speziell  Kinésithérapeuten sinn quasi an all Spidol present.

Schwieregkeeten déi sech an Zesummenhang mat der Kriibskrankheet manifestéieren, sinn physescher, psychescher a praktescher Natur: grouss Middegkeet, Schloofstéierungen, Schwieregkeeten an der Koppel oder an der Famill goufen vun 85% vun den befroten Fraen opgezielt. D'Halschent vun de Fraen hunn ausgesot immens vill Schwieregkeeten gehat ze hunn fir de Stot ze iwwerhuelen. An 20% vun de Fraen haten Schwieregkeeten hir berufflech oder eng  administrative Aktivitéiten ze assuméieren.  D'Famill bleift e wichtege Unhaltspunkt.  D'Halschent vun de Fraen waren ugewisen op d'Hëllef vun hirem nootsten Entourage.  

Interessant sinn och d ‘Aussoen an der Emfro am Zesummenhang mam Sport/mat der activité physique: 40% vun de befroten  Fraen soen keng Informatiounen iwwert groupes sportifs oncologiques an deren Aktivitéiten kritt ze hunn.  30% hunn nie bei esou Aktivitéiten matgemaach , obwuel een weess dat eng kierperlech Aktivitéit wichteg ass + Toleranz vun schwéieren Traitementer favoriséiert. Vun deen 89 Fraen déi op Froen iwwer Sport/kierperlech Aktivitéit geäntwert hunn,  soen awer 80% vun de Fraen dat se Sport vun sech aus praktizéieren.

An eisem Land gëtt et, zum Gléck, eng breet Palette vun Fräizäitaktivitéiten déi et de Patientinnen erméiglecht eng passend Aktivitéit ze fannen... vun Méditatioun, zu Konscht-Thérapie, Soins socio-esthétiques, lauter Aktivitéiten fir déi d’Associatioun Europa Donna sech stark agesaat huet an déi si seguer heinsdo finanziell ënnerstëtz.

Ech sinn frou, soen ze kënnen , dat hei am Land,  an den leschten Joeren, eng wesentlech Verbesserung festzestellen ass,  wat Prise en charge betrëfft vun Patienten mat Kriibs, an virun allem, mat Broschtkriibs. 

D'Associatioun Europa Donna Lëtzebuerg gëtt et elo schonn 15 Joer. Andeems si betraffe Fraen hëlleft, sief et individuell oder an engem méi generellen Kader, oder Institutiounen ënnerstëtzt, an deem si sech fir den Dépistage + fir d’ Qualitéit vun der Prise en charge  asetzt,   ass är Associatioun, an eisem Land,  zu engem staarke a ganz wichtegen Partner ginn.

Ech begréissen dës Entwécklung a wënschen Iech net nëmmen e schéine Gebuertsdag, mä och eng ganz flott Zukunft."

Dernière mise à jour