Allocution de Lydia Mutsch, ministre de la Santé, à l’occasion de la 5e AGO de protransplant.lu

"Den Don d’Organes ass e generéisen Akt, en Akt, dee Liewe schenkt"

Seul le discours prononcé fait foi
©MSAN
Jos. Bourg, président de protransplant.lu; Lydia Mutsch, ministre de la Santé; Fernand Kneip, trésorier général, conseil d’administration de protransplant.lu

"Här President,
Léif Membere vum Verwaltungsrot,
Léif Membere vu Protransplant,

Ech wollt Iech fir unzefänke Merci soen fir d'Invitatioun, fir op ärer 5. uerdentlecher Generalversammlung dobäi ze sinn.

Mäi spezielle Merci gëllt awer virun allem all äre villen Efforten déi dir an de leschte Méint a Joren fir d'Promotioun vum Don d'organes hei am Land gemaach hutt.

Dir sidd eng wichteg Hëllef a grouss Stäip fir Transplantatiouns-Patienten an hir Famillen, grad ewéi och fir Patienten, déi nach op eng Greffe waarden.

Ech kann är Initiative nëmmen encouragéieren! Mir mussen d'Populatioun hei am Land verstäerkt sensibiliséieren an op di alarmant Situatioun vum Manktem un Organspenden an Europa an zu Lëtzebuerg opmierksam maachen.

Grad wéi an de meeschten europäesche Länner, geet d'Zuel vun den Organspende bei wäitem net duer, fir de Besoinen vu Kranken, déi op eng Transplantatioun waarden, gerecht ze ginn.

Di Concernéiert stinn dacks méintelaang, wann net esouguer Joren op de Waardelëschten; Mënsche stierwen all Joer, well si net mat Zäiten eng Greffe kréien.

Dat ass inakzeptabel!

2015 waren ongeféier 15.000 Patienten op der Waardelëscht bei Eurotransplant ageschriwwen. Bei eis ziele mer ronn 65 Persounen, déi op eng Greffe waarden.

Mat grad emol 2 Spender fir 2016 - géintiwwer 9 fir 2008, 8 fir 2013 a 4 2015 – läit Lëtzebuerg bei de Länner déi bei Eurotransplant affiliéiert sinn, ënnert deenen, déi am mannsten Spender hunn.

Iwwerdeems läit d'Zuel vun den Donneuren zum Beispill a Kroatien, der Belsch oder Éisträich zimlech konstant op engem héiche Niveau. Wouvunner d'Patienten hei am Land och profitéieren.

Wéi der wësst, ginn d'Aktivitéite vum Prélèvement an der Transplantatioun bei eis vu Luxembourg-Transplant coordinéiert, déi bei Eurotransplant affiliéiert ass.

Trotz den immense Fortschrëtter, déi an der Medezin um Niveau vun den Transplantatiounen gemaach goufen, an dem therapeuteschen Arsenal dat mer hautdesdaags zur Verfügung hunn, ass de Recours op mënschlech Organer dacks di eenzeg Méiglechkeet fir e Patient, deen eng schwéier Krankheet huet, fir z'iwwerliewen.

Ech begréissen ëm sou méi är Promotiouns-Campagne fir den Don d'organes, wou dir iwwer Facebook, Fotoe vu Perséinlechkeeten aus dem Grand-Duché weist, déi e Passeport de vie ausgefëllt hunn, an esou ëffentlech Ambassadeuren fir d'Organspenden gi sinn; donieft weist dir Témoignagen vu Leit, déi duerch den Don vun enger Nier, enger Liewer oder engem Häerz, e neit Liewe geschenkt kritt hunn.

Ech invitéieren jidder Internaute dësem gudde Beispill nozegoen a seng Foto mam Passeport de vie op der Säit vun der Initiativ "Well all Choix zielt", op Facebook ze posten.

Ech wëll hei nach eemol eis Législatioun rappeléieren, déi um consentement présumé baséiert. Ech ënnersträichen awer och, dass all Décisioun iwwert d'Organspend respektabel ass, an och respektéiert gëtt.

Et ass duerfir ëmsou méi wichteg, dass ee säi Wëllen matdeelt, an zu Liefzäiten mat senger Famill oder sengem Partner driwwer schwätzt.

An deem Sënn ass et eis als Gesondheetsministère och esou wichteg, d'Bierger ze sensibiliséieren, fir de Spenderpass ëmmer bei sech ze hunn.

Dëst vereinfacht den medezineschen Équipen hir Aarbecht – d'Prozedur vun enger Transplantatioun ass ëmmer eng Course géint d'Zäit.

Ausserdeem erliichtert dëst och d'Aufgab vun de Familljemember a Partner, déi an enger emotionell schwiereger an dacks onerwaarter Situatioun, eng Décisioun mussen ze huelen.

Mäi Ministère huet och eng Applicatioun "Passeport de Vie" fir de Smartphone ausgeschafft, wouriwwer een nach méi séier, an e puer Klicken, seng Décisioun zum Organspenden kann ausdrécken, sengem Ëmfeld matdeelen, an eng Kaart fir d'Organspend bestellen.

Mir wëllen och, dass de perséinleche Choix iwwert den Don d'organes an den Elektronesche Patienten Dossier stoe kënnt, dee gegebenefalls vun de medezineschen Transplantatiouns-Équipen ka consultéiert ginn.

An deem Sënn si meng Juristen och amgaang ze préiwen, op et utile wier, fir e nationale Spenden-Register opzestellen.

Am Kader vum Internationalen Dag vun den Organspenden, de
17. Oktober, rappeléiert de Gesondheetsministère och ëmmer d'Wichtegkeet vum Don d'organes, an encouragéiert d'Bierger sech dofir auszedrécken.

Den Don d'Organes ass e generéisen Akt, en Akt, dee Liewe schenkt!

Duerfir nach emol e grousse Merci fir är Efforten, är Solidaritéit, Hëllef an Ënnerstëtzung."

Dernière mise à jour