Allocution de Lydia Mutsch à l'occasion de la remise des diplômes de cours de luxembourgeois et de premiers secours au CHEM

"Ech si frou dass de Projet 'Mir schwätze Lëtzebuergesch am CHEM', deen et schonns zënter 2009 gëtt, esou e Succès huet an dass dëst Joer erëm eng ganz Rei Leit, bei all déi di schonns deelgeholl hunn, dobäi kommen."

©MSAN
Lydia Mutsch, ministre de la Santé, avec les lauréats

"Dir Dammen an Hären,

Et ass mir eng besonnesch Freed haut d’Diplomer vum Lëtzebuergesch- a vum Éischt-Hëllef-Cours hei am CHEM ze iwwerreechen.

Ech fannen et net nëmmen a menger Fonktioun als Gesondheetsministesch, mee och perséinlech immens wichteg, dee staarken Effort an Engagement vum CHEM a vu senge Mataarbechter fir dass d’lëtzebuergesch Sprooch geléiert gëtt, ze ënnersträichen an ze wierdegen.

Fir d’Kanner, fir eeler Leit, an allgemeng fir all Patient deem seng Mammesprooch Lëtzebuergesch ass, ass et zemools an enger schwiereger Situatioun wéi enger Krankheet,  berouegend sech kënnen op Lëtzebuergesch auszedrécken, an och verstanen ze ginn. Dëst ass e wichtegt  Element. 

Wéilte mir dat net all, wa mir an esou enger Situatioun wieren?

Dofir agrééiert de Gesondheetsministère och ëmmer gären all Lëtzebuergesch Coursen als Formation continue . Mir wëllen esou dës Initiativen ënnerstëtzen an eis Partner motivéieren, hire Mataarbechter d‘Méiglechkeet ze ginn fir eis Mammesprooch ze léieren.

Et ass e Fait dass vill Leit déi am Gesondheetssecteur schaffen, aus eise Nopeschlänner kommen. Sou waren zum Beispill an de Joren 2013 bis 2015,
62% vun den autorisations d’exercer als Aide-soignant, déi vum Ministère ausgestallt goufen, fir Leit déi en Diplom aus engem vun eise Nopeschlänner hunn. Dat selwecht gëllt fir de Beruff vum Infirmier, wou 86% vun den Autorisatiounen u Personal mat engem Diplom aus Frankräich, der Belsch oder aus Däitschland gaange sinn.

Mir si frou doriwwer, well mir brauche si, an dir all maacht hei eng wonnerbar Aarbecht.

Duerfir ass et ëmsou méi wichteg eng gutt a breetgefäschert Offer vu Lëtzebuergesch-Coursen ze hunn, vun där d‘Mataarbechter kënne profitéieren, an déi um Enn och de lëtzebuergeschsproochege Patienten zegutt kënnt, an eng optimal Prise en charge garantéiert.

Ech si frou dass de Projet 'Mir schwätze Lëtzebuergesch am CHEM', deen et schonns zënter 2009 gëtt, esou e Succès huet an dass dëst Joer erëm eng ganz Rei Leit, bei all déi di schonns deelgeholl hunn, dobäi kommen.

All eis Spideeler maache grouss Efforten an dësem Sënn. Esou konnten 2015 an den 3 grousse Spideeler zesumme, ronn 130 Diplomer am Lëtzebuergeschen verdeelt ginn.

 

Och Éischt Hëllef kléngt vläicht wéi eng Selbstverständlechkeet am Spidolsmilieu, mee och déi néideg Gesten am Eeschtfall musse geléiert an ëmmer nees widderholl ginn. Am Noutfall si jo bekanntlech déi éischt Minutten déi zielen an dofir ass et onëmgänglech dass, och an engem Spidol, all Mataarbechter des Geste beherrscht. Ech si ganz frou de Mataarbechter déi dëst Joer den Éischt Hëllef Cours matgemaach hunn, hiren Diplom ze iwwerreechen.

Fir ofzeschléissen well ech nach dem CHEM gratuléieren fir säi virbildlecht Engagement an der Qualitéit vun der Fleeg, a natierlech all deenen déi un dëse Coursen deelgeholl hunn.

An zu gudder lescht: Wéi ech och schonn ären Aarbechtskollegen an deene leschten Jore geroden hunn:

Loosst net no, trainéiert är nei Kenntnisser an loosst iech net dovunner ofbréngen wann een op franséisch oder däitsch äntwert."

Dernière mise à jour