Allocution de Lydia Mutsch, ministre de la Santé, lors de la 5e Journée nationale de santé scolaire

Seul le discours prononcé fait foi
"Léif Vertrieder vun der Schoulmedezin,
Léif Professioneller aus dem sozio-edukative Beräich,
Léif Participanten,

Et ass mir eng grouss Freed Iech haut op eiser Journée Nationale vun der Santé scolaire, häerzlech wëllkomm ze heeschen.

Et ass mëttlerweil déi 5. Editioun vun dëser Initiativ, déi nieft der eigentlecher Konferenz och eng flott Geleeënheet ass fir sech besser kennen ze léieren an iwwert di verschidden Themen auszetauschen.

Ech sinn och dëst Joer erëm impressionéiert vun der Diversitéit an vun der grousser Unzuel vun Participants’en déi sech aus ganz verschiddene Servicer an aus dem ganze Land fir dës Konferenz afonnt hunn:

Équipen vun der Schoulmedezin aus dem Fondamental an aus dem Secondaire; Dokteren déi an der Schoulmedezin schaffen; Enseignanten, Inspekteren, Memberen vun de Spos’en, Psychologen, der Ediff, der Logopédie, vun de Ministèren an Associatiounen déi mat Kanner an mat Jonken schaffen...

D’Kanner sinn dat gréisst Kapital wat mir hunn.

Op si oppassen, si schützen, si ënnerstëtzen, si esou gutt et geet op d’Zukunft virbereeden, gehéiert zu eisen Prioritéiten.

Fir et mat de Wieder vun der Weltgesondheetsorganisatioun auszedrécken:

An d’Kanner an an d‘Jugend z’investéieren huet positiv Repercussiounen, net nëmmen um gesondheetlechen Niveau, mee och um ökonomeschen an um sozialen Niveau vun der ganzer Gesellschaft; all Investitioun an d’Gesondheet vum Kand vun haut, rentéiert sech mat groussem Gewënn fir d’Gesondheet an de Wuelstand vun der Gesellschaft vu muer!

An dësem Sënn huet d’OMS och d‘Strategie "Investir dans l’enfance: la stratégie européenne pour la santé des enfants et des adolescents 2015 – 2020"  lancéiert:

Heimat leet si de Länner besonnesch Themen un d‘Häerz, wéi
-         Psychesch Problemer,
-         Maltraitance a Gewalt géintiwwer Kanner,
-         Sexuell Gesondheet,
-         Drogekonsum, Accidenter,
-         Iwwergewiicht a Manktem u Bewegung,
-         Aarmut, sozial Ongerechtegkeet oder och nach d’Flüchtlingsproblematik.

Dëst si Problemer déi ganz vill Kanner a Jugendlecher betreffen, och bei eis am Land; Problemer och mat ganz schwéieren an laangwieregen Konsequenzen fir d’Gesondheet an d’Wuelbefannen vun de Jonken, ëm déi mir eis an de nächste Joeren verstäerkt musse këmmeren.

Jo, mir mussen eis ëm déi gesondheetlech Problemer këmmeren! Mir musse Krankheeten esou gutt et geet behandelen.

Doriwwer eraus ass et ganz besonnesch wichteg fir d’Kanner Konditiounen ze schafen fir datt si hir Gesondheet kënne behalen a fir hinnen Kompetenzen ze vermëttelen fir "gesond" Liewensweisen unzehuelen an esou op hirem Wee duercht d’Liewen "gesond" Choix’en kënnen treffen.

Gesondheet geet eis all eppes un. Health in all Policies ass den Terme deen dëst beschreift. Fir dat an eisem Kontext erreechen ass Intersektorialitéit gefuerdert, eng staark Kollaboratioun tëscht alle Partner déi mam Kand an ronderëm d’Kand schaffen, eng zolitt Partnerschaft deemno.

D’Zesummenaarbecht tëscht der Santé, der Educatioun, der Famille an dem Sport ass an de lëschte Joren staark gewuess an huet sech intensivéiert ...

dës Zesummenaarbecht ass mëttlerweil quasi d’Normalitéit, an net just eng seelen Ausnam.

Als Paradebeispill wëll ech an dësem Kontext de Projet d’Accueil individualisé/PAI nennen: d’Begleedung an de Schoulen, Maisons Relaisen, Lycéeën an Internater vu Kanner mat gesondheetleche Problemer.

De Bilan no 2 ½ Joer zënter dass dëse Projet ugelaf as léisst sech duerchaus weisen:  1.200 Kanner sinn mëttlerweil erfaasst a fir ganz vill vun hinnen ass eng adäquat Begleedung en place gesat ginn: dorënner iwwert 400 Kanner mat Allergien, déi an der Gefoor sinn e Choc anaphylactique ze maachen,  bal 140 Kanner mat engem Diabete, grad esou vill Kanner mat enger Epilepsie, ongeféier 350 Kanner mat chronesche Krankheeten, an eng sëlleche Kanner mat engem Häerz Problem.....a quasi all Dag kommen nei Demanden derbäi.

Wann sech d’Begleedung vu Kanner mat engem gesondheetleche Besoin konnt verbesseren, a méi harmoniséiert an effizient ginn ass, dann dank Iech all an ärem méi wéi exemplareschen Engagement !

Et bleiwt wuel nach enorm vill ze maachen, ma mir hunn den Androck datt d‘Entwécklung positiv ass, grad wéi d’Zesummenaarbecht tëschent allen Involvéierten - Kanner an Elteren, Dokteren, Schoulmedezin, Enseignanten an Éducateuren - sech gutt entwéckelt.

Ech well och nach kuerz den Nationale Programm "Gesond iessen, méi bewegen" erwänen, deen dëst Joer säin 10. Gebuertsdag gefeiert huet, an op eng sëlleche Partnerschaften an Initiativen mam Terrain, opbaut.

Tëschent 2010 an haut stelle mir, notamment am Fondamental, fest, dass d’Zuelen vum Iwwergewiicht ëm ongeféier 10% ofgeholl hunn.

Dës Entwécklung ass villverspriechend an dowéinst wäerte mir an der 

2. Staffel GIMB  op en Neits op Iech zeréck kommen, an eis weider verstäerkt fir eng équilibréiert Ernährung a méi Bewegung bei all eise Kanner a Jonken investéieren.

Mir hu vill um Leescht ... ma ech sinn iwwerzeegt: mir sinn um gudde Wee!

Iech alleguerten well ech haut en  häerzleche Merci soen fir är engagéiert Aarbecht mat de Kanner a Jugendlechen. Är Präsenz haut weist de groussen Interessi un der Gesondheet an dem Wuelbefannen vun eise Jonken, an ënnersträicht de reelle Wellen fir an dësem Sënn nach besser zesummenzeschaffen.

An déem Sënn wënschen iech nach en interessanten Dag a flott Échangen; Iech an ären Familjen och schéi Feierdeeg an ee gutt an gesond Neit Joër!"

Dernière mise à jour