Allocution de Lydia Mutsch, ministre de la Santé, lors de la Soirée de solidarité organisée à l'occasion de la Journée mondiale du sida

Seul le discours prononcé fait foi
©MSAN
Dr. Simone Steil, médecin-chef, division de la Médecine préventive (Direction de la Santé); Lydia Mutsch, ministre de la Santé; Michel Simonis, directeur général de la Croix-Rouge luxembourgeoise

"Dir Dammen an Dir Hären,

Léif Invitéeën a Frënn,

Et as mer eng grouss Fréed, fir iech haut op dëser Solidaritéits-Soirée am Kader vum Weltdag géint AIDS ze begréissen.

Op dësem 1. Dezember as d'Weltgemeinschaft op en Neits invitéiert, fir aktiv géint d'Verbreedung vum Aids ze kämpfen an sech solidaresch mat deenen ze weisen, déi séropositiv sinn.

Zënter dem Joër 2000 annoncéiert ONUSIDA mëttlerweil eng Baisse vun den neien Infektiounen weltweit vun ongeféier 35%, grad wéi zënter 2004, e Réckgang vun den Doudesfäll duerch Aids vun 42%.

Di nei Devise déi ONUSIDA sech ginn huet, ass déi vum 90-90-90: et as dëst eng ambitiéis Stratégie, där hirt Ziel et ass fir Aids als Epidemie mat weltwäitem Ausmoos, bis 2030 z'éradiquéieren.

Duerfir mussen 90% vun de Persounen déi mam HIV infizéiert sinn, dépistéiert sinn; 90% vun den Persounen déi positiv getest goufen, traitéiert ginn; a schliesslech 90% vun de Persounen déi behandelt ginn, mam Traitement weiderfueren, an hir charge virale esou niddreg sinn, dass dës net méi kann nogewise ginn.

Schweden as iwregens dat éischt Land, daat d'Objektiver vun ONUSIDA eréecht huet.

D'Zuelen vun dëser Epidemie gesinn hei zu Lëtzebuerg leider net esou gutt aus !

Eléng fir dëst Jo'r, goufen op de 15. November 84 nei Patienten gezielt, 63 Männer an 21 Fraën. Mir ginn dervunn aus, dass nach mussen 10% derbäi gerechent ginn, fir eng genée Estimatioun vun den Zuelen vun 2016 ze kréien.

Den Niveau vun den Nei-Infektiounen hällt sech demno op engem héichen Niveau (2013: 82, 2014: 97, 2015: 94, 2016: 84+10%=93).

D'Haaptuersach vun den Infizéierungen sinn hétérosexuel Rapporten, homo- oder bisexuel Rapporten, an de Konsum vun Drogen, déi intravenös gesprëtzt ginn.

Aktuell liewen ongeféier 1.100 Persounen hei zu Lëtzebuerg mam HIV, dovunner wëssen ronn 13% net, dass si séropositiv sinn!

Dëst ass extrém beonrouegend, grad ewéi zënter zwee Joer, di héich Zuel vun neie Fäll bei den Drogenofhängegen, déi sech sprëtzen.

Et ass démno wésentlech fir weiderhin Aktiounen an Informatiouns-, a Sensibiliséierungs-Kampagnen auszeschaffen, déi sech méi op Drogenofhänger, Prostituéiert, a Menschen déi um Bord vun eiser Gesellschaft liewen, axéieren. Doniewt mussen den Dépistage an eng fréihzäiteg prise en charge encouragéiert gin.

Schliesslech musse mer och emmer nées am bréede Public d'Messagen vun der d'Präventioun widderhuelen, an emmer nées soën wéi éen sech am Beschte schützt: nämlech doduerch, dass ée systématesch e Kondom benotzt wann ée sexuell Relatiounen mat engem Partner huet vun déem éen net sécher wées, ob e séropositiv as oder net.

Also: Sex jo, awer nemmen mat Gummi!

Grad esou wichteg as och d'Fréierkennung mat Hëllef vum Aids-Test. Doduerch kann éen esou fréih wéi méiglech en Traitement ufänken, an de Risk vun neien Contaminatiounen reduzéieren.

Déi Leit déi bei eis mat Aids liewen, huelen quasi alleguer all Dag hir Medikamenter, an hunn esou hir Krankheet ze soën am Grëff. Domatt droë si wesentlech dozou bei, dass sech den HIV net weider verbreed.

Hire Gesondheetszoustand an hir Liewensqualitéit sinn generell och gutt.

A leschter Zäit gouf an den Medien och vill iwwer prophylaktesch Traitementer geschriwwen, Traitementer déi et Leit mat Risikoverhalen, an déi keen AIDS hun, ënner verschiddene Viraussetzungen erméiglechen, eng HIV Infektioun ze verhënneren.

Och wann dëst Medikament hei zu Lëtzebuerg nach net rembourséiert gett, as et secherlech en neie Moment deen vum Prinzip hier ze begréissen as.

Ech well awer hei ausdrecklech ennersträichen, dass esou prophylaktesch Traitementer a kenger Situatioun eng Excuse sollen liwweren, fir sech net méi durch Präservativer beim Geschlechtsverkéier ze schützen!

Dësen Message as mir ganz wichteg.

Ronn 36,7 Millioune Menschen op der Welt liewen haut mam Aids-Virus, an trotz alle Sensibiliséierungs-Effortën hunn nach laang net all dës Menschen Zougang zu Traitementer, a vill vun hinnen mussen sech ëmmer nach géint Viruerteeler an Diskriminatioun wieren.

Mobbing op der Aarbechtsplaz an Entloossungen; d'Verbreedung géint engem säi Wéllen, dass ée séropositiv ass; d'Behënnerung vun der berufflecher Onofhängegkeet; Hürden bei der Akkisitioun vun Immobilien... dat sinn nëmmen e puer Beispiller vun Diskriminatiounen deenen Menschen déi Aids hunn, dagdeeglech ausgesat sinn.

D'Campagne vum Gesondheetsminisère vun dësem Joër cibléiert duerfir d'Diskriminatioun an d'Stigmatisatioun vun séropositive Persounen op hirer Aarbechtsplaz.

Eis Campagne thématiséiert d'Ignoranz, irrationnell Ängschten virun enger potentieller Ustiechung, an d'Viruerteeler iwwert méiglech Iwerdroungs-Wéeër.

D'Campagne wéll informéieren an di menschlech a berufflech Relatiounen déi op Respekt baséieren, am Aarbechtëmfeld an mat den Aarbechtskollégen, encouragéieren.

Dank de Medikamenter vun der neier Generatioun kennen Menschen déi HIV positiv sinn, efficace hir Aarbecht machen an hir Fräizäit genéissen, wéi jidderéen vun eis.

Et kann éen démno relativ gutt mat Aids liewen – net awer mat der Diskriminatioun!

Diskriminatioun a Stigmatisatioun droën dozou bei, concernéiert Menschen sozial z'isoléieren, an dacks ze précariséieren.

Dogéint gett et nemmen ée Remède: daat ass d'Informatioun, d'Wuert ginn, Nolauschteren an de géigesäitege Respekt.

An déem Sënn wéll ech handelen.

Di nei Brochuren an Affichen vum Gesondheetsministère iwwer „Aids op der Aarbechtsplaz" wäerten iwwert di verschidden Servicer vun der Santé au Travail an den Entreprisen verdeelt ginn.

Et ass mer schliesslech e grousse Pläséier fir den Owend di nei Ausstellung
"HIV- 35 ans déjà" ze inauguréieren.

Dës Expo weist d'Fortschrëtt déi an der Präventioun an am Traitement während all déene Joren gemaach goufen, an erënnert un di verschidden Informatiouns- a Sensibilisléierungscampagnen déi zënter 1993 vu méngem Ministère lancéiert gi sinn.

Hei goufen ganz ënnerschiddlech Thématiken opgegraff, vun der Präventioun, iwwert den Dépistage bis bei d'Stigmatiséirung. Ech invitéieren iech dës Expo den Owend z'entdecken.

Doniewt kenne mer och d'Créatioune bewonneren, déi am Kader vum Concours "Preventive Art - demistify condoms", réaliséiert goufen, an vun déem mer di glécklech Gewënner och geschwënn wäerten bekannt ginn.

Dobei geet et net nemmen drëms fir kréativ Iddiën ze sammelen, mee wéi den Numm et seet och, fir de Präservativ ze démystifiéieren an ze enttabuiséieren, virun allem bei der jonker Populatioun, wéll en as a bleiwt e wésentlecht Instrument vun der Präventioun am Kampf géint d'Iwerdroung vun Aids.

Fir ofzeschléissen, wéll ech nach den Organisateuren vun dëser Soirée häerzlech félicitéieren, virop der HIV-Berodung vum Roude Kräiz, awer och allen Associatiounen déi sech géint Aids asetzten, an hinnen fir all hir Aktivitéiten an hiren Engagement, déen si während déene ville Joren gewisen hunn, e grousse Merci soën.

Ech wënschen iech och fir d'Zukunft vill Succès."

Dernière mise à jour