Discours de Lydia Mutsch à l'occasion de l'inauguration du Centre d’Accueil, de Soins et d’Orientation, CASO (Médecins du Monde Luxembourg) à Luxembourg-Bonnevoie

"D’Gesondheet ass e fundamentaalt Recht fir all Mënsch"

Seul le discours prononcé fait foi
©MSAN
Coupure du ruban symbolique - Représentants de Médecins du monde; Lydia Mutsch, ministre de la Santé; Dr Jean Bottu, président Médecins du monde Luxembourg; Corinne Cahen, ministre de la Famille, de l’Intégration et à la Grande Région; Viviane Loschetter, échevine de la Ville de Luxembourg

"Léif Kollegin Minister,
Madame Buergermeescher (oder Sozialschäffen vun der Stad Lëtzebuerg),
Dir Häre Presidente vu Médecins du Monde
a vun der Œuvre Grande-Duchesse Charlotte,
Dir Dammen an dir Hären,

Als Gesondheetsministesch freeën ech mech ganz besonnesch, fir bei der Aweiung vum CASO (Centre d'Accueil, de Soins et d'Orientation) hei zu Bouneweg derbäi ze sin.

Ech félicitéieren "Médecins du Monde" fir dësen neie Projet, a fir hiren Engagement a Wëllen fir Gesondheetsprojeten fir déi Schwaachst vun eiser Gesellschaft z'entwëckelen.

Leit déi benodeelegt sinn an am Gesondheetssystem ze kuerz kommen, ginn et an alle Länner, a leider och bei eis. An deene raïche Länner, zu deene Lëtzebuerg gehéiert, sin se vläicht manner visibel, hu keng haart Stëmm, a kaum eng Lobby. Et si Menschen, Familljen déi aus ville Grënn a Liewensemstänn duerch d'Netz vun eisem Sozial- a Gesondheetssystem faalen.

Dës Réalitéit ass duerch d'Kris vun de leschte Joren nach verschlëmmert ginn; de STATEC huet iwwerdeems schons drop higewisen dat de Risiko fir an d'Aarmutt ze faalen méi grouss ginn ass.

Am meeschte betraff si Familljen mat ville Kanner, Familljen mat nëmmen engem Elterendeel an Ofhängkeetskranker. An hir Zuel geet erop, wéi d'Aktivitéitsberichter vun allen Servicer, déi sech an dem Beräich engagéiere, beweisen.

Aarmut ass e Risikofakteur fir d'Gesondheet.

Statistiken soen och, datt finanziell besser gestallte Leit méi aal ginn a manner ënner Krankheet an Invaliditéit leiden wéi aarem Leit.

Aarm Leit ginn dacks méi spéit bei den Dokter wa si Problemer hun. Si hunn oft méi Schwieregkeete bei der Behandlung mat ze maan. Si hu manner Méiglechkeeten fir sech ze versuergen, ze schounen, sech z'erhuelen.

Médecins du Monde ass eng Associatioun déi 1980 gegrënnt gouf, an an 80 Länner aktiv ass. Zënter dem 15ten Oktober 2013 gehéiert eist Land duerch d'Grënnung vu "Médecins du Monde Lëtzebuerg" zu dësem Netzwierk.

Leider brauche mir dës Associatioun och zu Lëtzebuerg, déi komplémentär an an Zesummenaarbecht mat enger ganzer Rei vu Servicer schafft, déi schons méi laang an dem médico-soziale Beräich aktiv sinn.

Wat mécht "Médecins du Monde" aus? Si hunn eng international Expertise am Beräich vun der Gesondheet vu benodeelegte Leit, a schaffen an engem grousse Réseau mat.

E grousse Merci gëllt virop deene ville Bénévolen, wéi Dokteren, Professionnellen aus dem Gesondheetberäich, a villen aneren op deenen hirem Engagement dës Aktioun baséiert, a natierlech och den Donateuren déi dës Associatioun ënnerstëtzen.

Si erméiglechen et datt medezinesch gratis Konsultatiounen kënne regelméisseg hei an der Stad an zu Esch ugebuede ginn.

Et as e Projet deen et Leit erlaabt bei den Dokter ze kommen, déi sech soss dacks méi schwéier domadder din.

Daat si Leit, déi net méi assuréiert sinn, an aus eisem Gesondheetssystem eraus faalen, well si keen Daach méi iwwert dem Kapp hunn, also keng Adress méi hunn, oder déi keng Pabeieren hunn.

Oder si sinn wéinst Alkohol oder Drogeproblemer net méi fäheg, sech em administrativ Démarchen ze këmmeren.

Et ginn der och, déi vläicht net ëmmer déi néideg Gedold hunn fir op e Rendezvous ze waarden, oder fir am Wartesall ze sëtzen, well si sech do genéieren.

A leider sin si och net ëmmer an iwwerall wëllkomm.

De CASO ass duerfir eng onbürokratesch a pragmatesch Léisung fir jiddereen, deem seng Krankekees-Pabeiere net an der Rei sinn.

Dësen Zenter erlaabt et méi Konsultatiounen unzebidden a gudde Bedingungen Patienten z'ënnersichen, an de Leit ze hëllefen fir an de klassesche Gesondheetssystem zréckzefannen.

"Médecins du Monde" kann hei esouguer op d'Mataarbecht vun engem Zänndokter, engem Aaendokter, an engem Kannerdokter zielen.

Léif Vertrieder vu "Médecins du Monde",

déi méi wéi 500 Konsultatiounen déi dir 2015 fir méi wéi 200 Patienten offréiert hutt, beweisen d'Noutwennegkeet vun ärer Aktivitéit.

D'Gesondheet ass e fundamentaalt Recht fir all Mënsch.

D'Gläichheet wat d'Gesondheetsversuergung ugeet an d'Verbesserung vum Zougang zu de Gesondheetsservicer sollt eng vun de Prioritéiten vun der Gesondheetspolitik sinn.

Den Zougang vu benodeelegte Leit zu eisem Gesondheetssystem ze verbesseren ass eng Erausfuerderung an e wäertvolle Projet.

An deem Sënn leescht de CASO e wichtege Bäitrag an eisem Land, hei gi Leit déi eis Solidaritéit brauchen, empfang, kréien éischt medezinesch Hëllef, gi begleet an orientéiert.

Doniewt maacht dir op d'Schwieregkeeten opmierksam, déi eng ganz Rei vu Mënschen och an eisem Land hunn.

Äerer Initiativ, de Responsable vu "Médecins du Monde" an och äre ville Bénévolen, wënschen ech vill Courage, Ausdauer, an Erfolleg."

Dernière mise à jour