Allocution de Lydia Mutsch au congrès "A/NORMAL: La Santé mentale – tous concernés“ organisé dans le cadre des festivités des 60 ans de la Ligue Luxembourgeoise d’Hygiène Mentale

"D’Persoun vum Patient, an net d’Krankheet, muss am Vierdergrond stoen"

Seul le discours prononcé fait foi
  1. ©MSAN

    Lydia Mutsch lors du discours d'ouverture du Congrès "A|Normal"
  2. ©MSAN

    Vera Spautz, bourgmestre de la Ville d Esch; Lydia Mutsch, ministre de la Santé; Dr Patrick Gondoin, président de la Ligue luxembourgeoise d’hygiène mentale (LLHM) ASBL; Dr Sophie Hédo, directrice de la Ligue luxembourgeoise d’hygiène mentale (LLHM) ASBL

"Madame Buergerméeschter,
Här Präsident (vun der Ligue Luxembourgeoise d'Hygiène Mentale),
Léif Conférencier'en a Professionneller aus dem Secteur,
Dir Dammen an Dir Hären,

Et ass mer eng ganz besonnesch Freed iech haut fir den Optakt vun dësem Kongress mam Titel "A/Normal: d'Santé mentale geet eis all eppes un", begréissen ze dierfen.

Wéll jo, dëse Sujet geet eis all eppes un!

All Mënsch huet e Recht op eng gudd Gesondheet an esou och op Servicer déi him et erlaben eng gudd Gesondheet ze hunn an ze behalen. Dëst sinn a sollen Prioritéiten vun der Gesondheetspolitik sinn.

Den Zougang vu benodeelegte Leit - sief et duerch hir physesch oder psychesch Konstitutioun, sief et duerch hiren sozio-ekonomeschen Stand - zu eisem Gesondheetssystem ass ëmmer nees eng Erausfuerderung.

Duerfir wéll ech hei fir unzefänken der Ligue Luxembourgeoise d'Hygiène Mentale all meng Félicitatiounen ausdrécken, fir dëse Kongress a fir hieren kontinuéierlechen Engagement; zënter 60 Joer setzt sech d'Ligue fir déi psychesch Krank an eiser Gesellschaft an.

Dir gidd mat dësem Kongress dësen Leit eng Stëmm, well d'psychesch Krankheet u sech kaum eng Lobby huet, d'psychesch Krankheet u sech nach vill ze dacks tabuiséiert, an den psychesch Kranken nach vill ze dacks stigmatiséiert gëtt.

D'lescht Joer huet d'Regierung souwuel den nationalen Kriibsplang wéi och den nationalen Suizidpräventiounsplang adoptéiert. An esou huet Lëtzebuerg mat dësen 2 Nationalen Präventiounspläng an dësen Beräicher e Konzept zu enger nationaler, globaler Gesondheetspolitik, esou datt d'Qualitéit garantéiert ka ginn.

Mat dësem Konzept vun Nationalen Präventiounspläng ass e besonneschen Schwéierpunkt op d'Bekämpfung vun evidenten Gesondheetsgeforen geluecht ginn.

D'Promotioun an d'Präventioun am Gesondheetsberäich, a ganz speziell och am Kader vun eiser psychescher Gesondheet ass a jidder Liewensphas wichteg: während der Schwangerschaft an vum klengen Kand- bis an den héichen Pensiounsalter.

Grad mam Bléck op di steigend Zuel vun éeleren Leit an eiser Gesellschaft kritt d'Präventioun virun der Behandlung an der Rehabilitatioun a virun der Fleeg eng besonnesch Bedeitung. An et bleift wichteg, d'Präventioun net nëmmen virun der Krankheet, mee och während der Krankheet konstant weider ze bedreiwen.

Jiddefalls kréie Moossnamen, déi op d'Erhalen vun der kierperlecher, geeschtlecher an psychescher Aktivitéit an Mobilitéit an jidder Altersphas hinzielen, eng grondleeënd wichteg Bedeitung.

Effort'en sinn wichteg a mussen ëmmer nees adaptéiert an opgebaut ginn fir datt de Stellewäert vun der Promotioun an vun der Präventioun an der Gesondheet integréiert an erweidert ka ginn.

Dëse Kongress, mat all deenen déi haut hei sinn, Fachleit aus dem Gesondheets-, Fleege-, Kanner-, souwéi Erwuessenenberäich, aus dem Sozial-, Familljen-, Educatiouns-, Aarbechts, Privat-, wéi politesche Secteur, gëtt eis hei d'Méiglechkeet den Austausch iwwert den Zesummenhang vun der Präventioun opzegräifen an sécherlech mat neien Impulser weiderzefueren.

D'Reform vun der Psychiatrie mat hirer Dézentralisatioun, den Zougang zu regionalen psychiatreschen konventionéierten Servicer, den aktuellen Projet vun der neier Rehaklinik, si Meilesteng an der Reform vun der psychescher Gesondheet. Mee d'Fro vum effektiven, schnellen an kompetenten Zougang zum noutwënnege Service musse mir eis ëmmer nees stellen an ëmmer nees verbesseren.

Wëll wann e Mënsch vun haut op muer, komplett onerwaart, oder och lues a lues psychesch an heefeg chronesch krank gëtt, ass fir déi concernéiert Persoun selwer awer och fir d'Famill, d'Schoul-, d'Aarbechtskollegen oder d'Ëmfeld am Allgemengen heefeg Näischt méi wéi et wor.

D'psychesch Krankheeten an och d'Ofhängegkeetskrankheeten betreffen ganz vill Leit, sief et dat éen aus eiser Famill, aus eiser Noperschaft, oder en Aarbechtskolleg betraff ass. Mais och jiddwereen selwer kann net ausschléissen, eng Kéier e Problem ze kréien.

D'Konsequenzen vun enger chronesch psychescher Krankheet ginn engem eréischt esou richteg verständlech wann éen sech virun Aen hält datt déi noutwenneg medezinesch awer och psychosozial Interventiounen oft radikal an schmäerzlechst an eis esou léif arodéiert Liewensroutine agräifen,

eis léif Gewunnechten a Fro stellen,

eis Wäertvirstellungen an eis Sécherheeten oprëselen,

alldeeglech Rationaliséierungen opdecken,

eis bis dato Liewenszieler entwäerten,

eist alldeeglecht Verhalen analyséierten, bewäerten an culpabiliséieren.

Wann de psychesch Kranken sech d'Ufuerderungen stellt

d'Kommunikatiounsbereedschaft ze verbesseren oder eventuell

sech forcéiert sech ze veränneren,

vun sech erwaart méi motivéiert oder kooperativ ze sinn.

Weiderhin kann sech de psychesch Kranken a senge Fräiheeten oder an senger Integritéit verletzt fillen,

deemno wéi, zu enger medikamentöser Komplaienz gezwongen gëtt

oder souguer géingt säi Wellen hospitaliséiert gëtt;

dësen kann d'Gefill kréien dat e Widderstand leeschten muss, géint dat wat him vun Behandlung proposéiert gëtt oder hien souguer entmündegt gëtt.

Natierlech ginn et zu déem léschte Punkt Gesetzer, déi mussen applizéiert ginn, fir de Patient awer och de Professionellen ze schützen. An als Gesondheetsministesch setzen ech mech besonnesch dofir an datt dem Patient säin Schutz garantéiert ass.

Mee wat dëst wierklech alles bedeit wat ech elo opgezielt hunn, dëst kënne nëmme d'betraffe Persounen eis kloer maachen, an déi déi net betraff sinn, kënne nëmmen eng Virstellung dovunner kréien.

Statistesch wëssen mir, datt am Duerchschnëtt all 3. erwuessen, psychesch erkrankte Persoun, mannerjäreg Kanner huet. Niewent den villen Erausfuerderungen, déi d'psychesch Krankheet un sech schonn stellt, huet déi concernéiert Persoun dobäi och nach villfälteg Aufgaben a Verantwortung ze iwwerhuelen a punkto Erzéiung a Gestioun vum Alldag.

Kanner vun psychesch erkrankten Elteren sinn besonnesch belaascht, si stellen sech Froen, maachen sech Suergen, an heefeg fällt et hinnen schwéier de Schrëtt ze maachen fir berouegt kënne ze ginn. An ëmgedréint wësse betraffe Leit heefeg net wéi se iwwert d'Krankheet mat hire Kanner solle schwätzen.

D'Entwecklung vun dëse Kanner muss eis ganz besonnesch opmierksam maachen. An esou huet och e Service Parentalité am Kader vun der Psychiatrie extra-hospitalière all seng Berechtegung.

Kanner hunn e Recht op e gesond Opwuessen.

Dëst Recht ass vill méi wéi schoulesch oder pädagogesch Fuerdermossnahmen oder Campagnen. D'Gesondheetsrechter stäerken Kanner op besonnesch Art a Weis. Psychesch staark Kanner mat staarke Rechter kënnen wierkungsvoll d'Verantwortung vum Staat a vun der Gesellschaft ufuerderen. An bis et souwäit ass hunn si besonnesch Bedierfnisser wéi Ureegung, Ënnerstëtzung a Schutz.

Als Gesondheetsministesch fir jiddwereen ass et mir besonnesch wichteg datt déi erwuessen psychesch erkrankt Persoun déi Hëllef kritt, déi se brauch, awer och datt all Kanner eng Chance kréien an eiser Gesellschaft gesond opzewuessen an un dëser gesond deelzehuelen.

No den aktuellen Statistiken vun der Weltgesondheetsorganisatioun kann ee soen datt 22% vun der Populatioun am Laf vun hirem Liewen e méi oder wéineger groussen psycheschen oder psychiatreschen Problem kréien.

Heefeg ass et awer och esou, dat d'Persoun déi eng psychesch Krankheet entwéckelt, sech net wëll heimat identifizéieren, geschweig mat sengem Ëmfeld driwwer schwätzen, an souwuel d'Diagnose, d'Prise en Charge an d'Hëllef net fréih genuch ugefangen gëtt.

Mir wëssen dat ganz speziell d'prise en charge vun der Dépressioun an d'Präventioun vun der Dépressioun enorm Challenge'en sinn.

30 Milliounen an Europa leiden un enger dépressiver Stéierung.

Mir kënne soen, datt ongeféier d'Hallschecht vun den psychesch Kranken déi hospitaliséiert musse ginn hei zu Lëtzebuerg un enger Dépressioun, un enger ängschtlech-dépressiver Stéierung, oder un engem Alkohol Problem leid; haaptsächlech déi jonk Erwuessen si concernéiert, also déi Leit aus däer Alterpopulatioun déi aktiv un der Aarbechtswelt kéinten an wéilten deelhuelen.

Och wann hautdesdags d'Häerz-Kreeslaf- an d'Kriibserkrankungen un éischter Stell stinn, soen d'Statistiken vun der Weltgesondheetsorganisatioun eis viraus datt d'Dépressioun 2030 un éischter Stell wäert stoen.

Et gi gutt Medikamenter. Dës Traitementer sinn och evidence based festgehalen. Mee a vill ze villen Situatiounen, wësse mir och datt wann souguer dës Medikamenter evidence based verschriwwen an ageholl ginn, d'Behandlung oft net zu enger kompletter Heelung bäisteieren kann.

Déi allerlescht wëssenschaftlech Statistiken déi eis erreechen kräftegen eis an eiser Haltung ëmmer méi an d'Präventioun z'investéieren.

Esou ginn 27 europäesch Memberstaten ëm déi 610 Billiounen Euros aus. Dir gesidd dat d'Präventioun enorm wichteg ass; wëll den ekonomeschen Coût vun der Dépressioun immens héich ass, d'Inzidenz an d'Prävalenz héich sinn, déi associéiert Co-Morbiditéiten fir di concernéiert Persoun mee awer och fir säi ganzt Ëmfeld héich sinn.

Mat eisem Suizidpräventiounsplang, an deem verschidden Aktiounen speziell och op d'Präventioun an d'Behandlung vun der Dépressioun erweidert ginn ass,

mat engem zukënftegen Opstellen vun engem Plang fir den Zougang zu psychiatresch extra-hospitalière Strukturen an psychiatreschen Präventiounsstrukturen ze verbesseren,

an mat der aktueller Opstellung vun engem nationalen Plang géingt den Mëssbrauch vum Alkohol,

sinn ech iwwerzeecht dat mir um richtege Wee sinn. Well et ass bewisen: déi allerbescht effektiv Léisung fir Alkohol Problemer virzebeugen ass de Konsum ze reduzéieren. An och wann et an villen Fäll nëmmen e bëssen misst sinn.

Viru 60 Joer, wou den Hôpital Neuropsychiatrique zu Ettelbréck nach iwwer dausend Patienten pêle-mêle psychesch, psychiatresch, eeler, onselbststänneg Persounen a Leit mat Handicap versuergt huet, zur Zäit wou och déi éischt efficace Neuroleptiken géingt psychotesch Symptomer op de Maart komm sinn, hunn eng handvoll Leit d'Iddi gehat datt psychesch oder psychiatresch Krankheet net nëmmen an engem Spidol behandelt soll ginn, mee datt niewt enger stationärer Spidolsbehandlung och ambulant psychiatresch Strukturen noutwenneg wieren fir eng efficace Behandlung kënnen unzebidden.

D'Grënnungsmemberen vun der Ligue woren esou gudd wéi déi Eenzeg déi Zäit, déi fest drun gegleeft hunn, datt ambulant Strukturen fir d'prise en charge vun den psychesch chronesch Kranken absolut noutwenneg woren fir laang Openthalter oder Rechutten ze verhënneren.

Haut sinn esou Strukturen wéi d'Ligue guer net méi aus der Psychiatrielandschaft ewegzedenken. An d'Ligue ass vun e puer Leit zu der gréisster ambulanter psychiatreschter Struktur gewues, déi 2016 mat ëm déi 80 Leit, d.h. ëm déi 30 Posten, am Centre de Santé Mentale, dem Centre Kompass an dem Centre d'information et de prévention beschäftegt.

D'Grënnungsiddi wor virun 60 Joer innovativ mee ass spéiderhin zu engem vun den wichtegsten Meilesteng vun der Reform vun der Psychiatrie ginn, mat der Dézentraliseierung, an spéiderhin bidd d'Ligue niewent den ambulanten Consultatiounen, pluridisziplinär therapeutesch Strukturen, wéi d'Centres de Jour oder d'Centres de Rencontre.

Ausserdeem begleet d'Ligue ëm déi 110 Leit an hirer eegener Wunneng oder an therapeuteschen Appartementer. Dës Aarbecht ass an der laangwiereger Begleedung vun chronesch psychesch Kranken oft déi eenzeg Méiglechkeet fir datt e Minimum vun sozialer Réintegratioun méiglech ass.

D'Entwécklung an den leschten 20 Joer mat der verbesserter medikamentöser Behandlung awer och mat efficacen Psychotherapien hunn et erméiglecht datt d'Liewensqualitéit vun den psychesch kranke Persounen während der ambulanter Behandlung verbessert an den domatt verbonnenen Leidensdrock wesentlech manner ass.

D'psychiatresch Patienten sollen en normaalt - esouwäit wéi dëst méiglech ass - Liewen kënnen féieren, an dëst betrefft all Liewensberäicher, d'Wunnen, d'Aarbecht an d'Fräizäit.

D'Persoun vum Patient, an net d'Krankheet, muss am Vierdergrond stoen. An mat dësem Usproch, dem psychesch Kranken mat sengen psycheschen, psychiatreschen oder psychosozialen Problemer an sengem perséinlechen Ëmfeld hëllefen ze kënnen, sinn an den leschten Joeren d'Gemengeno- an d'Sozialpsychiatrie mat weideren ambulanten Strukturen am Süden an Osten, mat dem Réseau Psy an am Norden mat Liewen Dobaussen, déi ähnlech opgebaut sinn, erweidert ginn.

Mäi ganz perséinlechen Wonsch ass, datt mat dëse Strukturen weiderhin den Patienten, mee net nëmmen hinnen, och den Familljen gehollef gëtt, esou datt si déi noutwenneg Hëllef kréien fir mat der Krankheet ëmgoen ze kënnen, esou datt hiren Alldag un Liewensqualitéit an un Autonomie zeréck gewënnt.

Dofir brauche mir och an Zukunft äer innovativ Ideeën, dëst spezialiséiert, psycho-sozialt Netzwierk, dat sech ëm déi Persounen beméit.

Et ass mir a menger Funktioun als Gesondheetsministesch eng grouss Éier fir iech Merci ze soen an méi Respekt auszedrécken fir äer beandrockend Aarbecht déi dir an dësem Beräich leescht, fir des Hand déi dir deene Betraffenen bereet haalt an ären Réckhalt.

Weiderhin soen ech och e grousse Merci all den aaneren Acteuren déi an der Begleedung vun dësen Situatiounen implizéiert sinn, wëll äer Aarbecht ass vun onschätzbarem Wäert fir déi betraffen Kanner, Jugendlecher an Erwuessener.

E ganz spezielle Merci all den psychesch, betraffenen Persounen. Wëll ouni äer Aschätzung, ouni äert Vertrauen an eisen Gesondheetssystem, ouni äer konstruktiv Propositiounen an Kritiken wéi mer den Gesondheetssystem innovativ an efficace verbesseren kéinten, géifen mir net haut do stoen wou mir stinn. Mir brauchen iech. Mir hunn esou vill vun iech ze léieren. Sief et schonn alleng wat déi onmosseg Gedold ugeet fir mat enger chronesch psychescher Krankheet ëmzegoen.

Ech soen iech Merci an wënschen iech vill Succès bei dësem Kongress.

Dernière mise à jour