Discours de Lydia Mutsch à l’occasion de l’ouverture du "Diddelenger Gesondheetsdag"

"Besser liewen, a besser méi laang liewen, dat ass eist gemeinsamt Zil"

©MSAN
Lydia Mutsch lors de son allocution entourée du groupe de travail "Gesond Diddeleng"
  • "Et ass mir eng besonnesch Freed, fir haut hei ze sinn. Ech wëll virop dem Schäffen- a Gemengerot grad wéi dem Aarbechtsgrupp "Gesond Diddeleng" félicitéieren, déi elo schonn fir d’13. Kéier dësen Aktiounsdag, spriech "Gesondheetsdag" organiséieren, ënnert dem Patronage vun der Gemeng Diddeleng an dem Gesondheetsministère.

    Esou eng Initiativ an Ausdauer kann een nëmmen encouragéieren. Et ass eng Initiativ, déi dozou bäidréit, fir eis Matbierger verstäerkt fir d‘Präventioun vu Krankheeten ze sensibiliséieren;

    oder an anere Wierder: déi wëll drop opmierksam maachen, wéi wichteg et ass, op seng Gesondheet Uecht ze ginn an duerfir eng gesond Liewenshygiène ze fleegen.

  • Wéi wichteg dëst ass, beleeën och ëmmer nees di erschreckend Fakten:

    Wéi mir all wëssen, sinn d’Krankheete vum Kreeslafsystem di éischt Erkrankungs- an Doudesursaach hei zu Lëtzebuerg, mat iwwer 30% vun den Doudesfäll.

    Direkt duerno kënnt de Kriibs.

  • Étuden hu gewisen, dass - onofhängeg vum Alter - 80% vun den cardiovaskulären an zérébrovaskuläre Krankheeten a bal 40% vun de Kriibse kéinten verhënnert oder retardéiert ginn, andeems een esou fréi wéi méiglech esou gesond wéi méiglech liewt.

  • Falsch oder eng schlecht Ernährung, den Tubak, zevill Alkohol, net genuch Bewegung a Stress, sinn alles Risikofacteuren, déi eleng mat eiser Liewens Art- a Weis zesummenhänken.

    Géint dës schlecht Gewunnechten gëllt et virzegoen!

  • D’Lëscht vun de Krankheeten, déi duerch esou e gesondheets-schiedlecht Verhalen entstinn, an déi sech lues a lues aschläichen, wa mir net op eis Gesondheet oppassen, ass laang: Iwwergewiicht, Fettsucht, Diabetes, en ze héichen Cholesterin-Spiggel, Blutthéichdrock oder verschidde Kriibser, fir nëmmen dës ze nennen.

  • Dës Krankheeten kënne mir zwar haut efficace traitéieren, mee se kënne wéi gesot och gréisstendeels évitéiert ginn: virun allem duerch regelméisseg Beweegung (vu wéinstens enger hallwer Stonn den Dag) an doduerch, dass een op säi Gewiicht oppasst.

    Eng gesond Ernährung ass genee esou wichteg, mat vill Uebst a Geméis a wéineg Déiere-Fetter, Zocker a Salz.

    Domat wëll ech net soen, dass een net emol dierf eng Glace iessen oder e Stéck Schockla, dëst soll awer d’Ausnahm sinn, an net d’Regel.

  • Op seng Gesondheet Uecht ginn, heescht och regelméisseg säi Bluttdrock ze moossen, an de Cholestérol an den Zockerspiggel ze kontrolléieren. Doduerch kënne fréizäiteg Problemer erkannt a behandelt ginn.

  • An dësem Beräich huet de Gesondheetsministère, zesumme mam Sport, der Educatioun an der Famille scho villes erreecht: virun 10 Joer hu mer zesummen de GIMB-Programm - "Gesond iessen, méi bewegen" – lancéiert, fir op eng kohärent an interdisziplinär Manéier Beweegung a gesond Ernährung ze förderen.

  • Een vun de gréisste Gesondheetsrisiken iwwerhaapt ass schliisslech den Tubak. Fëmme ka net nëmme Longekriibs verursaachen, mee och aner Zorte vu Kriibs, grad ewéi cardiovaskulär- oder chronesch Longekrankheeten.

  • An deem Sënn ass et mir perséinlech (esou wéi och schonns mengem Virgänger) e wichtegt Uleies, fir verstäerkt géint d’Fëmmen virzegoen.

    • Weltwäit stierwen all Joer 6 Millioune Mënschen un de Suite vum Tubak – dovunner sinn iwwer 600.000 KENG Fëmmerten!
    • An der EU ass den Tubak-Konsum ëmmer nach déi éischt prématuréiert Doudesursaach; duerch d’Fëmme stierwen all Joer bal 700.000 Mënschen!
    • Hei zu Lëtzebuerg ziele mer pro Joer ronn 1.000 Doudesfäll duerch d’Suite vum Tubak.
  • Fir verstäerkt géint Suchtkrankheete virzegoen, gesäit de Regierungsprogramm vir, dass d’Anti-Tubaksgesetz der europäescher Reglementatioun soll ugepasst ginn.

    Donieft si mer amgaang, eisen Nationalen Tubaksplang ze finaliséieren.

    Domat wëlle mer virun allem den Akzent op déi Periode leeën, wou di Jonk ufänke mat fëmmen.

    Dir musst wëssen, dass 70% vun de Fëmmerten virun 18 Joer ufänken, 94% ier datt si 25 Joer al sinn!

    Grousse Wäert leeë mer an deem Sënn och op d’Informatioun am Allgemengen, a vun deene Jonke ganz speziell.

  • Esou Deeg wéi dësen, den "Diddelénger Gesondheetsdag" as dann och en exzellent Beispill vun dëser Approche a weist eis gemeinsam Efforten fir d’Gesondheet.

    Besser liewen, a besser méi laang liewen, dat ass eist gemeinsamt Zil.

    Duerfir nach emol meng häerzlech Félicitatiounen den Organisateuren fir hiren Engagement a weiderhin vill Succès fir dës luewenswäert Initiativ."

Dernière mise à jour