Discours de Lydia Mutsch à l'occasion de l'Assemblée générale de la ligue médico-sociale

"Är Mataarbechter hëllefe Leit a Familljen mat Schwieregkeeten an droen zu hirer Autonomie a sozialer Integratioun bäi"

©MSAN
Lydia Mutsch lors de son allocution

"Haut op der Generalversammlung vun der Ligue Médico-Sociale well ech iech félicitéieren fir är Professionalitéit an ären "Dévouement" am Beräich vun der Sozialaarbecht zu Lëtzebuerg. Während den 108 Joer säit ärer Grënnung hutt dir e wäertvolle Beitrag zur Santé publique hei zu Lëtzebuerg geleescht.

Well ech är Aarbecht appréciéieren, krut d’Ligue dëst Joer e neien halwen Dokterposten bäi.

Dat kléngt no net vill, mee dir kënnt mer gleewen, an dësen Zäiten fënnt ee nei Poste net op der Strooss.

D’Ligue schafft mat enger zentraler Direktioun, regional an 13 Centres médico-sociaux queesch duerch d’Land no bäi de Leit, an ech weess datt d‘Zesummenaarbecht mat de Gemengen exzellent ass.

Duerch hir Aktivitéite wéi:

  • d’Sozialaarbecht,
  • de Service médico-social vun der Schoulmedezin (an 102 Gemengen, méi wéi 30.000 Kanner)
  • Consultatioun fir Nourrissons (op 27 verschiddenen Siten)
  • Consultatioun fir  Maladies respiratoires  (zu Lëtzebuerg, Esch an Ettelbréck)

ass d’Ligue médico-sociale e wichtegen Akteur am Gesondheetssekteur hei zu Lëtzebuerg.

Si bidd eng global a kontinuéierlech Sozialaarbecht duerch hir professionell Mataarbechter a garantéiert déi nämlecht Leeschtung am ganze Land.

Är Mataarbechter hëllefe Leit a Familljen mat Schwieregkeeten an droen zu hirer Autonomie a sozialer Integratioun bäi.

No méi wéi 100 Joer, muss een sech d’Fro kënne stellen: ween oder wat ass haut d’Ligue Médico-Sociale?

Fir wat steet d’Ligue?

Kann ech mech als Mataarbechter mat der Ligue identifizéieren, sinn ech houfreg bei der Ligue ze schaffen?

Är  Enquête "Bien-être sur le lieu de travail" huet do en däitleche Malaise an der Relatioun mam Patron festgestallt.

Iwwer Kommunikatioun an am Dialog kënnen do sécher e pur "Malentenduen" wechgeraumt ginn.

Mais bei sou vill Mataarbechter, wéi d’Ligue der huet, kann och net alles am Konsens décidéiert ginn.

E Betrib ass nu mol keng Demokratie, an deen deen d’Verantwortung dréit, muss och kënnen décidéieren.

Leider kann net ëmmer alles mat jidderengem diskutéiert ginn, soss kënnt ee net virun.

An 100 Joer huet villes sech geännert.

De Beruff vun der Assistante sociale huet evoluéiert: vum “Mädchen fir Alles” zur spezialiséierter professioneller Mataarbechterin.

A wa fréier d’Hëllef oft als eng „Gnod“ ugesinn gouf, hu spéitstens säit dem RMG-Gesetz d’Klienten Rechter kritt.

Vläicht musst Dir iech nei orientéieren an d’Fro stellen wéi et soll weidergoen.

Dir kënnt op eng méi wéi 100jähreg Geschicht zeréckkucken, op déi dir mat Recht kënnt houfreg sinn, mais et muss no fir gekuckt ginn. Wat kënnt dir an d’Zukunft anescht, besser maan?

Wou steet d’Ligue par rapport zu deenen aneren Akteuren um Terrain? Wéi schaffe mir zesummen? Wou si mir komplementär, a wou a Konkurrenz?

Nei Erausfuerderungen sinn op Iech zou komm. Mat der geplangte Konventioun mat mengem Ministère iwwer Détektioun vun der Tuberkulos bei den DPIen (Demandeurs de Protection Internationale) hutt dir bewisen, dat dir dofir bereet sidd.

Sozialaarbecht ass net ëmmer erfollegräich. Trotz groussem Asaatz klappt et net ëmmer. Oft pléischteren mir, erhalen de Problem, mais mir heelen e net.

Verschidde Problemfäll, dir kennt se all, erhalen sech vu Generatioun zu Generatioun. Dat eenzecht Positiivt ass, datt dës och Generatiounen vu Sozialaarbechter eng geregelt an ofgeséchert Aarbecht garantéieren. Är Aarbecht gëtt ni fäerdeg.

Dat kann schonns zimlech frustréierend sinn.

Mais e gesonden Optimismus muss zur "Grondausrüstung“ vun engem Assisant social gehéieren, well soss lauert iergend eng Kéier de bekannte „Burn out“ op en.

Déi professionell Sozialaarbecht ass komplémentär zu all sozialpolitischer Mesür, an d’Ligue als Gestionnaire an Organisateur vun dëser Sozialaarbecht, wäert sou hir wichteg Roll behalen.

Scho wéi dir gegrënnt gi sidd, wor d’Bekämpfe vun der Tuberkulose är Haaptaufgab. Des historesch Missioun vun der Ligue ass e schéint Beispill vun enger Aktivitéit déi ganz wichteg fir d‘Gesondheet vun der Lëtzebuerger Bevölkerung wor an ass.

D’Tuberkulose bleift eng geféierlech Krankheet, déi all Joer 2 Millioune Mënschen ëmbréngt a géint déi dir iech lo schonns 108 Joer laang asetzt.

All Joer ginn et uechter d‘Welt 9 Millioune nei Fäll vun Tuberkulose, haaptsächlech an den Entwécklungslänner.

Och hei zu Lëtzebuerg sinn 2015, 34 Fäll vun Tuberkulose bei der Inspection Sanitaire deklaréiert ginn.

Wa fréier Krankheete wéi d’Tuberkulose virun allem déi arem Leit, déi ënnererniert Leit getraff hunn, an d’Krankheet zum Deel eng Konsequenz vu soziale Problemer wor, sou ass et haut net nëmmen esou datt sozial Problemer d‘Leit krank maachen, mäi och datt Krankheeten wéi Drogemëssbrauch, Alkohol asw, d’Leit a sozial Problemer bréngen.

Dir sidd eng vun deene wichtegsten Organisatiounen, déi um Terrain aktiv sinn, a säit 1908 maacht dir eng ganz konkret Aarbecht am Déngscht vun eis all.

Dofir huet de Gesondheetsministère och nach ëmmer déi Aarbecht ënnerstëtzt, an déi finanziell Mëttel zur Verfügung gestallt fir d’Eriichten an d’Ënnerhaale vun Infrastrukturen déi et erméiglechen gutt an no bei de Leit ze schaffen (dat sinn 2016: 5.140.624.-€ / 5,14 Mio €)

Déi geographesch Verdeelung an déi modern Ausstattung vun de Centres médico-sociaux sinn d’Resultat vun dëser Zesummenaarbecht. Dat selwecht gëllt fir d‘Ofsécherung vun de Paien (46 konventionéiert Posten) déi et erlaabt huet aus enger klenger Struktur e grousse Betrib mat qualifizéiertem Personal ze maachen.

D‘budgetär Mëttelen musse spuersam agesat ginn an déi sozial Solidaritéit wäert ëmsou méi wichteg ginn, wéi d’Zuel vun deene Leit déi se brauchen wäert wuessen.

An der Ligue mat hirem speziellen Statut huet de Staat e kompetenten an zouverlässege Partner.

D’Zesummenaarbecht tëschent der Ligue an dem Ministère ass exzellent, an ech wëll vun der Geleeënheet profitéieren all deene Merci  ze  soen,  déi zënter laange Jore vill Energie an Aarbecht bei der Ligue investéieren.

Dat sinn d’Leit déi fir d’Ligue schaffen, an och déi, déi Bénévol am Verwaltungsroot mat maan, a jiddereen deen an iergend enger Form eng Hand mat upéckt.

Ech hoffen op eng weider gutt Zesummenaarbecht an ech wëll iech dann och net virun deenen uschléissend flotte Momenter ophalen, a soen iech Merci dat dir mir nogelauschtert hutt."

Dernière mise à jour