Discours de Lydia Mutsch à l'occasion de la soirée académique pour le 60e anniversaire de la LLHM

"D’Persoun vum Patient muss am Viirdergrond vun der Behandlung stoen(...)"

"Här Chamberpresident,

Monsieur le Président de la LLHM, Dr Patrick Gondoin,

Léif Memberen vum Verwaltungsrot,

Dir Dammen an dir Hären,

Wann e Mënsch vun haut op muer, komplett onerwaart, oder och schläichend, lues a lues psychesch chronesch krank gëtt - sief et duerch intern, z.Bsp. genetesch, oder extern, wéi akut traumatesch Erliefnes-Facteuren - ass fir déi concernéiert Persoun selwer awer och fir hir Famill oder hirt Ëmfeld näischt méi wéi et wor.

Virun 60 Joër hunn eng handvoll Leit verstanen, respektiv, si haten d’Visioun, datt psychesch oder d’psychiatresch Krankheeten net nëmmen an engem Spidol behandelt solle ginn, mee datt niewt enger stationärer Spidolsbehandlung och ambulant psychiatresch Strukturen noutwënneg wieren fir eng efficace Behandlung kënnen unzebidden.

D’Visioun déi d’Grënnungsmemberen haten - an an der Psychiatrie wéi der wësst ass et net einfach vun Visiounen ze schwätzen - wor mol guer net esou ongeféierlech, wëll et kann éen haut soën datt si déi éenzeg woren déi deemools fest drun gegleeft hunn, datt ambulant Strukturen fir d’Prise en Charge vun den psychesch chronesch Kranken absolut noutwënneg wieren fir laang stationär Openthalter oder Rechutten ze verhënneren.

Haut ass dës Visioun eng Realitéit an mir kënnen mat Sécherheet soën datt ambulant psychiatresch Strukturen en absolut wichtegen Baustéen an der Psychiatrielandschaft sinn, an där d’Ligue guer net méi ewechzedenken ass.

Ugefang mat e puer Leit ass si zu der gréisster ambulanter psychiatrescher Struktur hei am Land gewuess. D’Ligue beschäftegt op dëst Joer gekuckt 29,25 Posten am Centre de Santé Mentale, am Centre Kompass an am Centre d’Information et de Prévention, an krut insgesamt e Budget vun knapp 4 Milliounen Euros vum Staat accordéiert.

D’Missiounen déi d’Ligue bewältegen muss sinn énorm. Niewt den ambulanten Consultatiounen, bidd d’Ligue pluridisziplinaresch therapeutesch Strukturen, wéi d’Centres de Jour oder d’Centres de Rencontre. Ausserdeem begleet d’Ligue ëm déi 110 Leit an hirer éegener Wunneng oder an therapeuteschen Appartementer. Dës Aarbecht ass e wichtegen Baustéen an der laanger Begleedung déi oft noutwenneg ass fir datt eng sozial Réintegratioun méiglech ass.

Bis Enn vun den 80er Joeren wor d’Ligue déi éenzeg Stuktur am extra-hospitalièrë Beräich am Land. Am Kader vun den groussen Psychiatriereformen sinn an den Joren zënter 1980 a villen europäeschen an aussereuropäeschen Länner grouss psychiatresch Institutiounen opgeléist ginn, ambulant Therapien kruten op eemol Virrang, Zwangsaweisungen an –behandlungen goufe verkierzt a méi genée kontrolléiert, ja, gesetzlech geregelt. Hei zu Lëtzebuerg gouf dës Psychiatriereform zënter 1993 an méi verstäerkt nach zënter 2005 an Ugrëff geholl.

D‘Entwécklung an de leschten 20 Joër an der Pharmakotherapie an an der Psychothérapie huet schliesslech den Duerchbroch an der ambulanter Behandlung geleescht, an domatt d‘Liewensqualitéit vun den psychesch kranken Leit vun haut wésentlech verbessert an den domadder verbonnenen Leidensdrock reduzéiert.

Mee wat sinn d’Zieler vun der moderner psychiatrescher ambulanter Behandlung? Wat muss a kann se leeschten?

Di stationär Behandelungen mussen esouwäit et méiglech ass reduzéiert ginn an di ambulant Versuergung am gewinnten Ëmfeld Virrang hunn. D’psychiatresch Patienten sollen en, esouwäit dëst méiglech ass, normalt Liewe kënnen féieren, an dëst betrëfft all Liewensberäicher, wéi d’Wunnen, d’Aarbecht an d’Fräizäit.

D’Persoun vum Patient muss am Viirdergrond vun der Behandlung stoen, an d’Betreier, d’Dokteren an d’Institutiounen am Déngscht vum Patient. All dës sinn Mëttel zum Zweck fir de Besoin’en an de Wënsch vum Patient gerecht kennen ze ginn. Mat dësem Usproch, dem psychesch Kranken mat sengen psycheschen, psychiatreschen oder psychosozialen Problemer an sengem perséinlechen Ëmfeld hëllefen ze kënnen, sinn an den leschten Joeren d’Gemengeno- an d’Sozialpsychiatrie mat weideren ambulanten Strukturen am Süden an Osten, mam Réseau Psy, an am Norden mat Liewen Dobaussen, déi ähnlech opgebaut sinn, erweidert ginn.

Mäi ganz perséinlechen Wonsch ass datt tatsächlech mat dësen Strukturen weiderhin den Patienten, hiren Familljen an allen Betraffenen gehollef gëtt, esou datt hiren Alldag un Liewensqualitéit gewënnt, an hir Autonomie an Selbststännegkeet verbessert ginn.

Mam Suizidpräventiounsplang, deen d’lescht Joer vun der Regierung adoptéiert ginn ass, an wou d’Ligue e ganz wichtegen Partner an der Ëmsetzung fir den Gesondheetsministère ass, an mat der Reglementatioun vum Statutt vum Beruff vum Psychotherapeut sinn weider Baustéeng vun enger moderner Psychiatrie dobäi komm. Wat net heescht datt mer d’Hänn kënnen an de Schouss leeën: d’Reform vun der Psychiatrie muss nach weidergedriwwen ginn! Esou hunn mir zum Beispill nach ëmmer ze laang Waardelëschten fir betreit psychesch Wunnstrukturen oder Aarbechtsplazen.

Fir den psychesch Kranken ze hëllefen, brauchen mir weider zu Lëtzebuerg eng global Politik an der Logik vum “mental health in all policies”. D’psychesch Krankheet betrefft an den meeschten Fäll all Aspekter vum deeglechen Liewen an dofir brauchen mir weiderhin psychosozial Strukturen an verschiddenen an komplementairen Etappen wéi Therapie, Logement, Aarbecht awer och Fräizäit. Dëse Fakt ass fréier oft verkannt oder ignoréiert ginn. D’Ligue huet mat sengen Grënnungsmemberen an awer och mat all sengen Équipen iwwert déi lescht 60 Joer gehollef d’Mentalitéiten an d’Gewunneschten ze änneren, an och daat ass e Mérite vun dëser Associatioun.

Duerfir wéll ech hei e grousse Merci soen, de Grënnungsmemberen, an haaptsächlech dem Dr Hastert; de ganz Équipen déi hei an all deenen Joeren mat geschafft hunn; an e ganz speziellen Merci fir déi wäertvoll bénévol Aarbecht, mat enger enormer Responsabilitéit drécken ech de Memberen vum Verwaltungsrot aus.

Villmols Merci an “Alles Guddes fir de 60. Gebuertsdag” an nach weider esouvill Erfolleg fir déi nächst 60 Joer!"

Dernière mise à jour