Discours de Lydia Mutsch à l'occasion de l'inauguration des nouveaux locaux DeWidong

"D‘Simulatioun ass fir d'Santé en onëmgänglecht Instrument ginn"

Seul le discours prononcé fait foi
©MSAN
Lydia Mutsch lors de son intervention

"Här Président

Här Direkter,

Dir Dammen an Dir Hären,

Als Gesondheetsministesch sinn ech besonnesch frou fir kënnen zesummen mat iech de Projet "Simulation en Santé" an den neien Raimlechkeeten vun der Maison de l’innovation, hei um Campus vun der Uni Esch/Belval, anzeweien.

Als WeiderbildungsCenter, dee schonn iwwer 10 Joer am Secteur hospitalier an extra-hospitalier aktiv ass, offréiert dir haut mat ärem SimulatiounsCentre, den Gesondheetsberuff(l)er d‘Méiglechkeet vun enger innovativer pädagogescher Weiderbildungs Approche ze profitéieren, enger Approche déi zu Lëtzebuerg am Gesondheetswiesen an deem Ausmooss ganz nei ass, an dofir gratuléieren ech iech.

Souwuel am Secteur hospitalier wéi am extra-hospitalier ass et wichteg dat d‘Formateuren hiert Wëssen an hire Know-how deelen an weider vermëttelen, an esou de Gesondheetsberuff(l)er d‘ Méiglechkeet ginn vun der Theorie an d‘Praxis iwwerzegoen , ouni dobäi de wichtege Message ze vergiessen: "ni déi éischte kéier um Patient!". Patienten däerfen ni Affer vun der Formatioun vun den Gesondheetsberuffler ginn.

D'Sécherheet an d'Qualitéit vun enger Prise en Charge vum Patient sinn eis enorm wichteg.

Wéi mer elo grad an de Video Filmer gesinn hunn ass d‘Simulatioun fir d'Santé en onëmgänglecht Instrument ginn, besonnesch wann et em d’ Acquisitioun vum Know-how geet, deen a kriteschen Situatiounen muss agesat ginn. (Anesthésie-Reanimatioun, an den Urgencen asw.).  Dësen Outil erlaabt et, a vollster Sécherheet an an engem sécuriséiertem an stimuléierenden Environnement, di neidesch Kompetenzen ze entwéckelen, déi am Reeellen (um Terrain) agesat musse ginn .

Mir konnten hei och gesinn dat dësen SimulatiounsCenter net nëmmen den Akzent op d‘technesch Akten/Gesten setzt, mä och d’ Kommunikatioun innerhalb vun den Équipen an d‘ Gestioun vun Situatiounen  inszenéiert.   

Mir hunn och gesinn dat während dem Briefing, d’Participanten encouragéiert ginn nozedenken, hier Gesten an Handlungen, esou wéi och de ganzen Prozess Oflaf,  ze analyséieren,  an dëst mam Ziel hir Performance  fir di reelle Situatiounen weider ze verbesseren.  De Briefing, ass domat e vun de wichtegsten Bestanddeeler vun dësem SimulatiounsCenter.

Mir hunn och gesinn dat ouni di nei Technologien an ouni d ‘Analyséieren , esou Inszenéierungen kaum méiglech wieren. Ech begréissen dofir den Apport vun der Technik déi ëmmer méi am Déngscht vun der Santé steet an déi, mat der Zäit,  och ëmmer méi efficace gëtt.

Ech well nach emol betounen wéi wichteg d ‘Sécherheet an d ‘Qualitéit an der Behandlung sinn an dat dëst innovative pedagogesch Approche vill dozou bäidréit. Dësen Simulatioun Centre stellt domat , als “outil d’apprentissage situationnel" , e ganz wichtege Verbesserungsfaktor duer. 

Nëmmen wann mir eis de reellen Situatioune stellen an di reell Schwieregkeeten op déi mir gestouss sinn réévaluéieren, sinn mir capabel  d‘Qualitéit vun de Behandlungen an d‘Sécherheet vun eise Patienten weider ze verbesseren. An dat ass eist Ziel."

 

Dernière mise à jour