Discours de Lydia Mutsch lors de la 22e Journée des aides-soignants

"Et gëllt(...)d’Weichen fir d’Zukunft ze stellen fir dass d’Fleeg mënschewüerdeg bleiwt(...)"

©MSAN
Lydia Mutsch lors de son intervention

"Léif Presidentin vun der Association Luxembourgeoise des aides-soignant(e)s (ALAS),

Madame Lang-Fiorucci,

Léif Membere vun der ALAS a Beruffskollegen vun den aide-soignanten,

Léif Invitéen,

Aide-soignant: ass a bleiwt och an Zukunft ee vun de wichtegen Pilieren an eisem Gesondheetssystem.

Dëse Beruff ass fir all déi, déi an hirer Aarbecht gäer de Mënsch an net onbedéngt d‘Technik an den Virdergrond stellen, e schéine Beruff an deem ee vill gëtt, awer och vill erëm kritt a seng perséinlech Erfëllung ka fannen. Mee egal wéi frou ee mat sengem Beruff ass, mäer kënnen net d‘Aaen virun der Tatsaach verschléissen, datt d‘Aufgaben och an dësem Beruff ëmmer méi komplex ginn an doduerch d‘Belaaschtunge fir d‘Personal konstant klammen. Daat soll och thématiséiert a sachlech diskutéiert ginn. Dofir begréissen ech et, datt dir fir ären nationalen Dag vum aide-soignant d‘Thema "Burn-out" gewiehlt hutt. Aus ärem Programm geet avir, datt den Här Niewind iech haut vill Détailler iwwert de Burn-out wäerd präsentéieren, an duerfir wëll ech elo hei net zevill op de Fong vum Sujet goën. Allerdéngs schéngt mer awer een Aspekt ganz wichteg, och a menger Fonktioun als Ministesch vun der Santé, an dee wollt ech hei uschwätzen:

  • Wann iwwert de Burnout oder Burnout-Syndrom geschwaat gëtt, gëtt dësen staarken Épuisement dacks op Stress a Belaaschtungen op der Aarbechtsplaz zréckgeféiert; Belaaschtungen, déi iwwert eng länger Zäit unhalen Onzefriddenheet mam Beruff, mat der Aarbechtsplaz selwer, dem Aarbechtsklima oder de Konditiounen op der Schaff kënnen dozou féieren, dat et zu engem Burn-out kënnt Mënschen déi am Fleegeberäich oder an engem sozialen a medizinesche Beruff schaffen, sin heefeg betraff, dacks méi Frae wéi Männer – waat allerdéngs och kann doru leien, dass einfach méi Fraen an deene Beruffer schaffen…
  • Et ass dann och genee dësen Aspekt: d’Relatioun tëscht dem Burn-out an der Aarbecht, deen ech, als Gesondheetsministesch hei wollt ënnersträichen.
  • Am Zoustännegkeetsberäich vum Gesondheetsministère läit et, d’Ausübung vum Beruff  gesetzlech ze regelen. Domatt hu mäer indirekt och eng Méiglechkeet op de Beruffsalldag vun den aide-soignanten, an allgemeng vun de Gesondheetsberuffer, Afloss ze huelen.
  • Et ass wichteg, zesumme mat iech, sécher ze stellen, datt d‘Attributiounen am Gesetz och dem tatsächleche Beruffsalldag entspriechen.
  • Ausserdem ass et wichteg - an Zesammenaarbecht mam Edukatiounsministère - ze kucken, datt di initial Formatioun vun de Gesondheetsberuffer adéquat zu den Attributiounen ass a sech der Evolutioun vun den Aufgaben an Ufuerderungen upasst.
  • Anengems musse mer garantéieren, datt et genuch Méiglechkeete fir eng gutt Fort- a Weiderbildung ginn.
  • Wann d‘Aus- a Fortbildung grad ewéi d’Regelen fir de Beruff auszeüben zäitgerecht an un de praktesche Berufsalldag adaptéiert sinn, kann daat vill zu der Präventioun vum Burn-out duerch Stress an Iwerfuederung op der Schaff, bäidroën.
  • Duerfir sinn och staark an aktiv Beruffsverbänn fir eis immens wichteg. Net nëmmen well si hir Memberen regelméisseg informéieren a weiderbilden, mee och fir eis en Abléck an hiren prakteschen Beruffsalldag ze bidden. 
  • Dofir, a fir di gutt a konstruktiv Zesummenarbeecht an de leschte Joren, wëll ech iech gäere Merci soen.

    Losst mech mat 3 méi allgeménge Bemierkungen ofschléissen:

  • D‘Fleeg an alles wat domatt zesummenhängt- Beruffsausbildung- an ausübung awer och gutt Aarbechtskonditioune fir d‘Fleegepersonal- gëtt an Zukunft ëmmer méi wichteg, well ëmmer méi Leit dépendant ginn an duerfir och ëmmer méi Persounen an dësem Secteur wäerte schaffen.
  • Et gëllt demno elo schon d’Weichen fir d’Zukunft ze stellen fir dass d’Fleeg mënschewüerdeg bleiwt, esouwuel fir déi, déi versuergt musse ginn, wéi och fir d‘Personal.
  • Fleeg muss awer och sozialverträglech bleiwen, d.h. déi Generatiounen déi no eis kommen, mussen d’Leeschtungen och nach kënne finanzéieren. Den aide-soignant spillt dobäi elo schon a sécher och an Zukunft eng wichteg Roll an ass duerfir an eisem Gesondheetssystem net méi ewech ze denken.

    Ech wënschen iech nach e ganz flotten Dag a sinn iwwerzeegt, dass dir elo nach eng sëllechen aaner  interessant Détailer iwwert de  Burn-out Syndrom gewuer gitt.

Merci villmols fir är Opmierksamkeet."

 

Dernière mise à jour