Discours de Lydia Mutsch lors de la conférence pour le 10e anniversaire de la collaboration entre les départements de soins des services de psychiatrie

"D’Reform vun der Psychiatrie ass weider um gudde Wee"

"Ech begréissen Iech ganz häerzlech Här Generaldirekter Dr Graas,

Léif Mataarbechterinnen an Mataarbechter aus dem psychiatreschen Secteur, also aus CHNP, CHdN, CHEM, CHL an Hôpitaux Robert Schuman,

Léif Invitéen aus dem noën a méi wäitem Ausland, Dr Susanne Schoppmann (Schwäiz).

Et ass mir eng besonnesch Freed an Éier, Iech haut fir den 10. Anniversaire vum Aarbechtsgrupp "Benchmark Psychiatresch Fleeg" zu Lëtzebuerg begréissen ze kennen.

Virun 10 Joer hunn sech 2 Läit fonnt, kann ee soen, déi wahrscheinlech zu dësem Zäitpunkt ouni et selwer ze wëssen, en ambitiösen Projet gestart hunn, an deen sech mëttlerweil mat groussem Erfolleg établéiert huet.

Haut ass dësen Aarbechtsgrupp vum Benchmarking an der psychiatrescher Fleeg net méi an der psychiatrescher Aarbecht mat den Patienten ewech ze denken.

Laut den aktuellen Statistiken vun der Weltgesondheetsorganisatioun sinn 4 vun den 10 heefegsten Erkrankungen, psychesch Stéierungen: Dépressioun, Alkoholerkrankungen, bipolar Stéierungen and Schizophrenien oder Psychosen, all mat steigender Tendenz. No dem neisten EU-Jugend Rapport gëtt et an der europäescher Unioun souguer méi wéi jé psychesch (psychiatresch) Krankheeten an Stéierungen bei jonken Leit. Dës sinn par rapport zu hirer Intensitéit oder Langfristegkéet, déi Erkrankungen déi am meeschten ënnerschätzt ginn.

Insgesamt soll d‘Dépressioun, der OMS no, am Joer 2020 weltweit déi zweet heefegst Ursaach sinn, wat eng laangfristeg psychesch Beanträchtegung op allen Gebidder ugeet.

Och Lëtzebuerg ass an wäert keng Ausnam sinn.

D’Reform vun der Psychiatrie huet vill Verbesserungen an den psychiatreschen Gesondheetssystem erabruecht an d’Dézentralisatioun vun der Prise en Charge ass a villen Punkten erfollegräich ëmgesat ginn.

D’Fro déi mir eis awer TROTZ all Erfolleg musse stellen ass: “Kënne mir mat deem wat erreecht ginn ass, zefridden sinn?”

Et gëtt nëmmen eng Äntwert, an déi heescht: "Op kee Fall!"

D’psychiatresch Krankeversuergung, d’Betreiung oder Fleeg gëtt nach ze oft ënnerschiddlech ugewannt. Dëser grousser Erausfuerderung huet sech dësen Aarbechtsgrupp ugeholl. D‘Schwéierpunkten sinn d’Méiglechkeet fir ze vergläichen, d’Verbesserung an d’Upassung vun der psychiatescher Fleeg a Betreiung, an dëst landesweit, awer och intern an den Spideeler.

Dir sidd um gudde Wee.

Mir sinn um gudde Wee. D’Reform vun der Psychiatrie ass weider um gudde Wee.

Qualitéit an Wirtschaftlechkeet sinn entscheedend Fakteuren fir datt mir d’Leeschtungfähegkeet an den héichen Standard vum lëtzebuergeschen Gesondheetssystem och an Zukunft kënnen erhalen.

Den schwieregen Spagat zwëschen noutwenneger Qualitéitssecherung an finanziell begrenzten Ressourcen mussen all Acteuren am Gesondheetsberäich bewältegen. Wëll et bréngt näischt ronderëmmer de Bräi ze schwätzen, eis Zukunftsaufgab besteet méi wéi jee, d’Mëttelen déi mir zur Verfügung hunn nach besser an méi effizient anzesetzen an déi erbruechten Leeschtungsqualitéit transparent an novollzéibar fir deen dee bezillt, fir déi déi schaffen, awer virun allem fir den Patient duerzestellen.

D’Ziel muss sinn all, psychesch krankem Mënsch, egal wou dësen hei am Land wunnt, an egal an wéi engem Spidol dësen ënnerkënnt, déi bescht Méiglechkeeten, mat der noutwenneger Qualitéit, sou séier wéi méiglech, unzebidden.

Dir Damen an dir Hären, mat dem erfollegräichen Opstellen vun dësem Aarbechtsgrupp gouf an de leschten 10 Joer e grousse Schrëtt a Richtung qualitativ Zukunft am Beräich Psychiatrie gemaach. Fir dëse gelongene Projet gratuléieren ech ganz häerzlech a wënschen all den Fleege-Équipen vun der Psychiatrie uechter d’Land datt si och weiderhin d’Kraaft an d’Motivatioun fir hir Aarbecht hunn, an och e bëssen Energie aus dësem respektablen Succès kënnen zéien.

De Patienten déi dir betreit, wënschen ech datt si sech an Zukunft weiderhin vun iech gudd opgeholl an verstanen fillen. Si sollen virun allem, ganz individuell, esou wéi all Eenzelnen a senger Perséinlechkeet och ass, mat der noutwenneger Kompetenz betreit ginn, esou datt si d’Erausfuerderungen vum Liewen meeschteren kënnen.

Ech soen Iech Merci."

Dernière mise à jour