Discours de Lydia Mutsch à l’occasion du 20e anniversaire de la "Patientevertriedung"

"(...)Am Intérêt vun eise Patienten zesummen schaffen"

©MSAN
20 ans Patiente Vertriedung - Lydia Mutsch, ministre de la Santé

"Ech freeë mech, fir haut bei Ärer Gebuertsdaagsfeier dobäi ze sinn.

Virun 20 Joer woar et de Robert Kanz, déen d’Iddi haat des Associatioun ze grënnen. Si sollt d’Gewerkschaft vun de Patienten ginn.

Haut wonnert ee sech, dat et iwwerhaapt sou laang gedauert huet, bis een dës Iddi haat, well mir sinn all potentiell Patienten. D’Krankheet kann eis all erwëschen, a mecht daat och meeschtens an daat ouni Ennerscheed teschend Mann a Fra.

Aus deem selweschten Solidaritéitsgedanken eraus si viru Jorzingten eis Krankekeesen entstaanen, d’Dokteren hun sech an der AMMD associéiert, an do huet et nëmme logesch geschéngt, dass een och  fir d’Rechter an d’Verdeedegung vun den Interëssen vun de Patienten antrëtt.

Villes huet sech am Laaf vun de Joeren geännert. Positiv geännert. An aus dem Patient, deen, wéi d’Wuert  "patient" op franséisch et seet, fréier virun allem sollt "gedëlleg" sinn, ass haut en exigenten "client" ginn, mat net nëmme Pflichten, mais och mat Rechter.

Bei dëser Entwéckelung huet Är asbl e grousse Mérite, deen ech haut wëll ënnersträichen. Stellvertriedend fir di ganz Associatioun wielt ech hei den Engagement an de perséinlechen Asaatz vun Ärem President, dem René Pizzaferri ervirsträichen.

Am Dschungel vun de Kliniken, vun Dokteren mat zum Deel ënnerschiddleche Meenungen an Approchen, medezineschen Fachausdréck déi na laang nët ëmmer erklärt ginn, Regelen déi schwéier ze verstoë sinn, kann ee sech als Patient zimlech verluer virkommen, besonnesch da wann een dobäi och nach krank ass. Dee Moment ass ee frou, wann et e Partner, e „Guide“ wéi d’Patientevertriedung gët.

Well schonn den deemolege Gesondheetminister vun Äerer Aarbecht iwerzeegt woar, ass den 21ten Dezember 1998 déi éischt Konventioun mat Ärer Associatioun ënnerschriwe ginn.

Bei Ärer Grënnung virun 20 Joer woar virgesinn e groussen Deel vun der Finanzéierung mat eegene Mëttelen (wéi Cotisatioune vun de Memberen) ze garantéieren, fir onofhängeg ze bleiwen. An och villäicht, wee wees, fir  kënne kritesch vis à vis vum Gesonheetsministär ze sinn, dee jo och een Akteur am Gesondheetswiesen ass.

Vun dëser Méiglechkeet hutt Dir jo lo an der lescht Gebrauch gemaat.

No 20 Joer muss et och erlaabt sinn, säi Functionnement a Finanzement eng Kéier ënner d'Loupe ze huelen a nei Wéer ze fannen an ze goen. Entspriechend Reflexiounen, ënner anerem fir Iech mi breet opzeman, an domat d'Zuel vun de Memberen an d'Luut ze setzen, ënnerstëtze mäer als Ministär! Et bedeit méi finanziell Autonomie, méi eng héich Representativitéit an et vergréissert den Handlungsspillraum vun Ärer Associatioun. Mäer wëssen, dass dës Zielsetzung nach nët erreecht ass. Gäere sti mer Iech zur Säit fir dëse Wee zesummen ze goen.

Jo mäer wëllen alleguer, dass d'Patiente méi aktiv an de Gesondheetssystem mat agebonne ginn. Dorunner musse mer alleguer zesumme schaffen.

Dir hutt als Patientevertriedung an de leschte Joren eng wichteg Aarbecht geleescht.

Ech respektéieren den Asatz an d’Engagement vun Ärem Président dem Här René Pizzaferri an de Leit aus Ärem Verwaltungsroot.

Dofir ass vum Budgetsjoër 2015 un di virdrun all Joer nei ugefroten Participatioun un de Personalkäschte  vu méngem Ministär an 2 définitiv konventionnéiert Posten ëmgewandelt ginn, wat enger Garantie à long terme gläichkënnt. Nach laang nët all konventionnéiert Partner (et sinn der bal 30 di ënnert d'Tutelle vun der Santé faalen) hunn dës Chance!

Mä och vun eiser Säit aus gët et Erwaardungen.

Virun e puer Méint ass op der Grondlag vum neie Patienterechtsgesetz de neien Servive national vun der Médiation de la Santé geschaaf ginn, deem seng Missioune sech mat denen vun der Patientevertriedung zum Deel iwwerschneiden, zum Deel ergänzen. Déi éischt Resultater vun der Aarbecht vun der neier Equipe ronderem de Médiateur däiten drop hinn, dass eng Zesummenaarbecht mat Iech ugestriewt an en double emploi verhënnert ka ginn. Hei zielen ech op Är Ennerstëtzung an Äre gudde Wëllen well et geet eis jo all em d'Saach, sprëch em d'Wuel vum Patient.

Mäi Ministär  wäert och an Zukunft zu sengen Engagementer stoen, déi an eiser Konventioun festgehaal sinn, an déi Ärt Iwerliewen soll a wäert garantéieren.

Haut feiere mer Gebuertsdag. Eng a méngen Aan gudd a schéi Gelegenheet fir Ären Engagement ze ënnersträichen an dat wat eis verbënnt ze bestätegen an ze festéigen:

am Intérêt vun eise Patienten zesummen ze schaffen.

Alles Gudds fir de Gebuertsdag an eng gudd Hand fir d'Zukunft !"

Dernière mise à jour