Discours de Lydia Mutsch à l'occasion de "Natur genéissen - Mir iesse regional, Bio a fair a Gesond iesse, méi bewegen"

"Eng gesond Ernährung a vill Beweegung sinn d ‘Basis vu Gesondheet a Wuelbefannen (...)"

Seul le discours prononcé fait foi
©MSAN
Lydia Mutsch, ministre de la Santé

" Dir Dammen an dir Hären, ….

Et ass eng Freed ze gesinn, wéivill Spaass Gesondheetsförderung de Kanner ka maachen, de Projet  "Natur genéissen – Mir iesse regional, Bio a fair" vun der SICONA huet eis grad gewise wéi dat geet! An lo grad hunn d’Kanner jo net nëmmen eppes iwwert Ernährung a Liewensmëttel geléiert, mee si konnte selwer partizipéieren an si hunn sech och bewegt - sou gesinn ass dee Projet ganz am Sënn vum nationale Programm "Gesond iesse, méi beweegen", deen als Ziel huet Projeten an Initiativen ze ënnerstëtzen, déi d’Beweegungs- an d’Ernährungsverhalen vun der Bevëlkerung verbessere wëllen.

Eng gesond Ernährung a vill Beweegung sinn d'Basis vu Gesondheet a Wuelbefannen a si sinn wichteg Bausténg fir eng optimal a gesond Entwécklung vum Kand.

E gesondheetsförderleche Liewensstil huet virun allem mat gudde Gewunnechten ze dinn an dofir besteet och eng vun den Aufgaben vun de Crèchen a Maisons Relais doranner d’Kanner méiglechst fréi un eng gesond Ernährung ze gewinnen. Éischtens, an deem si équilibréiert a frësch zoubereete Molzechten ubidden, an zweetens an deem si hinnen Méiglechkeeten ginn, fir sech déi Kompetenzen un ze eegenen, déi ee brauch, fir sech kënnen gesondheetsförderlech ze ernähren, soubal ee selbstänneg Décisiounen treffe kann. Wéi eng Kompetenze sinn dat?

Natierlech ass et wichteg ze wëssen, wéi eng gutt Ernährung zesummegestallt gëtt, mee dat alleng geet jo net duer. Et sollt een och an der Lag sinn, sech selwer Molzechten zou ze bereeden, wëll dann ass et méi einfach op Färdechprodukter a Fast Food ze verzichten an,  wann ee weess wéi en Iessen zoubereed gëtt, da kann een och éischter an engem Restaurant oder enger Kantin de gesonde Choix treffen.

Dozou gehéiert awer och, dat een d'Qualitéit vu Liewensmëttel aschätzen kann, well oft huet een am Buttek oder um Maart eng riseg Auswiel vu Produkter an et weess een net sou genau wat een elo soll akafen. D ‘Qualitéit hängt natierlech ëmmer vum Goût of, well wann eppes net gutt schmaacht, dann iesse mer et net. Mee eng gutt Liewensmëttelqualitéit geet wäit doriwwer eraus, an et ass och wichteg, wou eis Liewensmëttel hierkommen an ënnert  wéi enge Konditiounen se produzéiert ginn. Well wat mir op eisen Telleren leien hunn, huet jo net nëmmen eng direkt Konsequenze op eis Gesondheet mee och op eis Ëmwelt an op d’Natur. 

An déi Zesummenhäng kréien d'Kanner am Projet "Natur genéissen" vun Sicona gewisen andeems si erliewe wéi Liewensmëttel produzéiert ginn a wéi een Afloss dat op hiert perséinlecht Ëmfeld an d ‘Natur huet.

Sicona huet och bei dësem Projet gutt verstane säi Leitmotiv vun der biologescher Diversitéit an de Gemengen ze verankeren an auszebauen. Sou ginn hei  Maison Relais a Produzenten zesumme bruecht zwar sou dat all Partner  dovunner profitéieren. De Bauer produzéiert fir d’Maison Relais, an zwar ënnert bestëmmte Konditioune vu Nohaltegkeet a Naturschutz, déi vu SICONA fest geluecht goufen an huet sou e garantéierten Ofsatz. D'Kanner kréien gutt a nohalteg produzéiert Liewensmëttel op den Teller, wat keng honnerte vu Kilometer gereest ass a meeschtens gëtt et dann och eng Geleeënheet de Betrib kennen ze léieren, sou wéi grad lo hei d'Molkerei Thiry.

Mëllech a Mëllechprodukter si wichteg Liewensmëttel an enger équilibréierter Ernährung, si liwwere vill Proteinen a Vitaminnen a virun allem och Kalzium. Leider ass et grad sou, dat Mëllechprodukter e bëssen an de Verruff geroden an ëmmer méi Leit verzichten op Mëllechprodukter, an der Meenung des Produkter net ze verdroen oder hirem Kierper domat ze schueden. Richteg ass awer, dat méiglechst onverschafften a naturbeloossen Mëllechprodukter fir gesond Mënschen nëmme kënne recommandéiert ginn. Virun allem Kanner brauchen jo vill Kalzium fir staark Schanken an Zänn ze kréien, an dee liwweren eis nun mol haaptsächlech Mëllech a Mëllechprodukter.

Allerdéngs kënne bestëmmte Mëllechprodukter am Kader vun enger gesonder Ernährung net onbedéngt recommandéiert ginn, wëll si vill Zocker a Fett enthalen. Hei ass virun allem un di faarweg verpakte Kannermëllechprodukter ze denken, déi nieft Faarf- an Aromastoffer oft och nach vill  Zocker a Fett enthalen. Et ass also wichteg, d'Kanner op de Goût vu méiglechst naturbeloossene Mëllechprodukter ze bréngen, dofir soll een hinnen éischter sou Produkter ubidden an hinnen d'Geleeënheet ginn, Saachen auszeprobéieren, wéi zum Beispill wéi et schmaacht wann ee sech selwer Uebst an de Yoghurt schneid. An och lo wéi hei, hinnen de Prozess ze weisen wéi di Mëllech vun der Kou an den Tetrapak/Fläsch kënnt. An engem richtege Betrib kënne si mat alle Sënner erliewe, wéi dat geet: si gesinn Mënsche bei der Aarbecht, d'Kéi, wéi se gestrach ginn an d'Maschine mat deenen d'Mëllech dann opbereed gëtt an am beschte Fall, wéi lo grad hei, kënne se souguer selwer Hand uleeën.

De  Projet "Natur genéissen" probéiert de Kanner also och en anere Bezuch zu de Liewensmëttel an hirer Produktioun ze vermëttelen an och dat ass e wichtegen Aspekt vu Gesondheetsförderung a Liewensmëttelkompetenz. Sou versti Kanner dann och villäicht besser di Ënnerscheeder tëschent nohalteger Produktioun a Masseproduktioun, wou et jo oft nëmmen dorëmmer geet de Präis ze drécken op Käschte vun der Ëmwelt, de Notzdéieren an de Mënschen, déi do schaffen a schlussendlech dann och op d ‘Käschte vun der eegener Gesondheet.  

Ech fannen et wichteg, dat et sou Projeten gëtt déi mer am Kader vu GIMB kënnen ënnerstëtzen, si maachen eng wichteg Aarbecht. Dofir wëll ech haut alle Partner hei um Terrain Merci soen, besonnesch natierlech der Molkerei Thiry, déi hier Dieren haut grouss opgemaach huet, de Kanner an den Éducateuren an Éducatricen aus der Maison Relais vu Suessem, déi hei mat sou vill Freed an Engagement matgemaach hunn a natierlech och de Mataarbechter a Mataarbechterinne vu SICONA, déi duerch hier Aarbecht net nëmmen e wichtege Bäitrag zur Diversitéit an zum Ëmweltschutz leeschten, mee och zur Gesondheetsförderung vun eise Kanner an zur Liewensqualitéit vun de Mënschen an der ganzer Regioun."

Dernière mise à jour