Discours de Lydia Mutsch à la cérémonie de remise de la statue "Kiwanis-Popp" à la Kannerklinik

"D’Popp gëtt (...) vum medizineschen a Fleegepersonal agesat fir medizinesch, chirurgesch Agrëffer oder Ënnersichungen ze erklären"

Seul le discours prononcé fait foi
"Et ass mir eng grouss Éier an eng besonnesch Freed haut un dëser Aweiungsfeier vun der Kiwanis Popp, déi de schéine Numm vu "Sonnenmännchen" huet, deelzehuelen. Kiwanis ass säit 1963 an Europa present a säit 1969 och zu Lëtzebuerg. Kiwanis setzt sech weltwäit fir d’Kanner an, dofir och de  "Leitmotiv": Serving the children of the world.

Eng ganz Rëtsch Aktiounen maache Kiwanis ganz besonnesch aus , wéi z.B. d‘Zesummenaarbecht mat der UNICEF, an der Lutte géint den Tetanos bei jonke Mammen a neigebuerene Kanner, oder och hiren Asatz fir Télévie. 

D’Kiwanis Club’en vu Lëtzebuerg stelle scho säit méi wéi zéng Joer d’Kiwanis-Popp de pädiatreschen Servicer an de lëtzebuerger Spideeler zur Verfügung. Fir d’Kannerklinik ass d’Idee vun der Kiwanis-Popp am Joer 2002 vum deemolege President, dem Här Edmond Müller-Palgen opgegraff an emgesat ginn.

Bis hautesdags goufen iwwer 26.000 Poppen de Kanner déi e Spidol hei zu Lëtzebuerg hu missen besichen verdeelt. Dovunner alleng 15.000 fir d’Kannerklinik. D‘Krankheet am allgemengen, egal op se kuerz oder méi laang undauert oder d’Behandlung méi komplizéiert oder laangwiereg ass, wéi bei engem chirurgeschen Agrëff oder am Laf vun enger Kriibsbehandlung, rifft Ängschten a Suergen ervir. Jiddfereen kennt des Gefiller. Besonnesch sinn dovun awer krank Kanner betraff déi aus hirem vertrauten Ëmfeld erausgeholl an am Spidol op Grond vun hirem Gesondheetszoustand opgeholl musse ginn. Si hunn et besonnesch schwéier an engem friemen Ëmfeld mat frieme Läit  zurecht ze kommen. Andeems des Poppen un d’Kanner verdeelt ginn, kënne si se umolen. Och wann si se natierlech als Spillsaach gebrauchen, hëlleft et hinnen awer och d’Ängschten ofzebauen oder besser mat dësen Ängschten ëmzegoen an se auszedrécken. D’Popp gëtt ënner anerem och vum medizineschen a Fleegepersonal agesat fir medizinesch, chirurgesch Agrëffer oder Ënnersichungen ze erklären. Esou gëtt den Kanner op eng einfach a kloer Aart a Weis gewisen wat mat hinne geschitt.

Joerzéngtelaang Erfahrung huet bewisen dat d’Popp manner als Konsumobjekt vun de Kanner verstanen gëtt, mee dat gewënschten Ziel, d’Popp als therapeutescht oder och pädagogescht Instrument gebraucht gëtt, voll erreecht gëtt.

Well ënnert de méi wéi 32.000 Passagen, innerhalb vun engem Joer, an den Urgencen vun der Kannerklinik, de 27.000 klénge Patienten déi ambulant oder während der Hospitalisatioun gesi ginn (also net an der Urgence), den 1000 chirurgeschen Agrëffer an den 2000 Hospitalisatiounen an der Kanner-Dagesklinik, sinn esou munch Kanner déi emotional Ënnerstëtzung brauchen; a niewent dem kompetent ausgebilte Personal, kann an esou munch Fäll nëmmen nach eng kleng Popp hëllefen, an dëst mat groussem Erfolleg.

D'Traditioun vum Kiwanis besteet säit genau 100 Joer, gegrënnt zu Detroit an den USA, an dëst ass nëmme méiglech mat eng ganzer Rei vun engagéierte Memberen, 300.000 weltwäit, an dovunner 180 Fraen a Männer zu Lëtzebuerg, déi sech iwwert all déi Joeren zesummegedoen hunn fir gemeinsam Verantwortung géigeniwwer de Kanner ze iwwerhuelen.

An dësem Sënn soen ech e ganz häerzlechen Merci dem Kiwanis, all senge Memberen, der Mme Mrazkova, an all de Sponsoren fir d'Ënnerstëtzung vun dësem wäertvolle Projet."

Dernière mise à jour