Discours de Lydia Mutsch à l'occasion de l'allocution pour le 20ième anniversaire de l'Unité de Soins Palliatifs du CHEM

"D'Equipe vun de Soins palliatifs ass ganz kloer "Pionéier" an der Entwécklung vun de Soins palliatifs hei zu Lëtzebuerg gewiescht."

©Carmen Leardini
Allocution de Lydia Mutsch pour le 20ième anniversaire de l'Unité de Soins Palliatifs du CHEM

"Dir Damen an Herren,

Et ass mir eng grouss Éier a Freed, iech haut kënnen hei e puer Wierder ze adresséieren.Ech si frou fir mat iech den 20ten Anniversaire vun dem CHEM senger Palliativstatioun ze feieren. D’Equipe vun de Soins palliatifs ass ganz kloer "Pionéier" an der Entwécklung vun den Soins Palliatifs hei zu Lëtzebuerg gewiescht.

Ech gouff gefrot fir méi generell iwwert d’SP ze schwätzen:

Ech rappeléiere séier de Cadre légal:

Deen een oder aaneren vun iech erënnert sech villäicht, dass als eischt d’Gesetz vum 28. August 1998 iwwert d’Spideeler (loi modifiée du 28 août 1998 sur les établissements hospitaliers) den Etablissements hospitaliers d’Obligatioun SP ze assuréieren operluecht huet an all Patient (art.37) accès zu dëse Soins soll kréien.

Dono ass daat wichtegt Gesetz vum 16. Mäerz 2009 (loi du 16 mars 2009 relative aux soins palliatifs, à la directive anticipée et à l’accompagnement en fin de vie) gestëmmt ginn.

Dëst Gesetz bidd de legale Kader fir d’Entwéklung vun de Soins Palliatifs an eisem Land:

  • am Cadre hospitalier
  • mee och an den Établissements pour Personnes Âgées
  • an Doheem. 

D'Akteuren déi schonns aktiv waaren an den Soins palliatifs, konnten doorobs hin  hir Offer- déi jo engem klore Besoin entsprécht - weiderentwéckelen. 

Eng kleng Zwëschebilanz ka gezu ginn, noodeem 2011 en éischte Rapport iwwert SP zesumme vun Gesondheets- a Familljeministère realiséiert ginn ass.

D'Direktioun vun der Santé schafft zur  Zäit mat aanere betraffenen Administratiounen um zweete Rapport a mir soe Merci wann Dir op hir Ufroen déi gefroten Donnéëen liwert.

Wou sti mir: Eng Festegung vum Angebot ab den Établissements hospitaliers huet statt: 

a) All Centre Hospitalier aigu huet eng "Unité de Soins dédiée aux SP": CHEM mat 8 Better, CHL mat 10 Better, HR Schumann mat 10 Better, ChdN mat 6 Better

b) All Centre Hospitalier aigu huet och eng mobil Equipe SP, déi innerhalb vum Haus intervenéiert

c) D'Haus Omega (établissement d’accueil pour personnes en fin de vie) huet eng Kapazitéit vu 15 Better. Hei e puer Chiffren iwwert d’Haus Omega: 2013 guefen 89 Patienten hospitaliséiert, 70,8% koumen aus engem Spidol, 27% vun Doheem, 2,2% aus aanere Strukturen (ex. CIPA). Durée moyenne de séjour war 2013 59 Deeg.

An den Soins à domicile: Dësen Domaine konnt vill wuessen: Di grouss Réseaux d’aide et de soins hunn d’Initiativ ergraff fir eng Infirmière de liaison oder eng Infirmière de référence SP anzestellen, an daat fir d’Continuitéit vun der Prise en charge SP am Spidol an Doheem ze assuréieren. Zudeem hunn d’Réseauen spezialiséiert Equipen SP forméiert di eng wichteg Arbecht bei de Patienten Doheem leeschten. Dës Equipen decke ganz Lëtzebuerg of a sinn 24/24 Stonnen disponibel.

An den Établissements de long séjour: Den Familljeministère huet bestëmmt, dass bis spéitstens 2015,  40% vum Personal (d’encadrement) eng Formatioun SP vu 40 Stonnen (formation de sensibilisation SP) bei Omega 90 absolvéiert. All Haus huet e Professionnellen mat enger Formatioun vun 160 Stonnen (formation d’approfondissement SP) bei Omega 90, deen 24/24 Stonnen disponibel ass fir d’ Patienten mat Statut SP.

Formatiounen hunn och fir d'Dokteren zwee Mool stattfonnt a goufe gutt ugeholl. Ze iwerleeën ass op esou eng Formatioun soll widderholl ginn.

Ech hu bis elo nach net vun den Bénévolen geschwaat déi, no enger Formatioun duerch OMEGA 90, d’Patienten a Familljen ënnerstetzen.  Si sinn och e ganz wichtege Pilier am System fir d’Liewensenn esou human, ouni Schmäerzen an apaiséiert wéi méiglech ze gestalten.

Mir hunn-mengen ech-e ganz gudd Gesetz; d’Chamber an ech wëlle wéi gesoot, iwwerleen unhand vum zweete Rapport op mer richteg leien oder ob e bësse misst eventuell "ajustéiert" ginn.

Ech wëll elo net weeder Är Attentioun "monopoliséieren". Ech soen einfach nach eng Kéier e grousse Merci all deenen déi sech all Dag hei mat vill Engagement an Häerzenswärmt fir d’Patienten an hir Familljen asetzen."

Dernière mise à jour