Discours de Lydia Mutsch à l'occasion de la 3ième Journée Santé Scolaire à la Chambre de Commerce

"De Service vun der Schoulgesondheet ass de gréissten präventiven Service am Land."

"Ech heeschen Iech ganz häerzlech wëllkomm op dës Journée Nationale Santé Scolaire, zu der Dir Iech  aus dem ganze Land zu ganz vill elo schonns fir déi drëtte Kéier afonnt hutt. Déi meescht  vun Iech schaffen an engem Service "Santé Scolaire", sief et fir d'Kanner aus dem Fondamental oder fir déi Jugendlech aus de Lycées'en, entweder an enger Équipe vun der Ligue médico-sociale, an engem Service deen direkt vun enger Gemeng ofhänkt, oder bei der Gesondheetsdirektioun an der Divisioun vun der Schoul Medezin. Ech begréissen och déi schoulmedezinesch Servicer aus verschiddene private Schoulen, wéi d'Europa-Schoul, d’International School an de Lycée Vauban, mat deene mir an de leschte Joere d’Kollaboratioun konnten ausbauen.

Et freet mech eng ganz Rei Dokteren haut kënnen ze begréissen, déi sech an der Schoulmedezin investéieren.

Ech begreissen och d’AST / Action Socio-thérapeutique an hiirt schoulmedezinescht Team, deen sech em d'Kanner aus der Education Différenciée këmmert, d’Servicer vun der Audiophonologie an der Orthoptie an Pléoptie déi sech em d’Fréierkennung vun Héier-,  Aaeproblemer bei eise Klengste këmmert.

An ech begréissen all eis Partner aus dem Domaine vum Enseignement a vum Accueil, aus de villen Servicer an Associatiounen déi mat Kanner a Jugendlecher schaffen, mat deenen  an de leschte Joeren d’Zesummenaarbecht gewuess a gestärkt ginn ass. D’Schoulmedezin kënnt  hir Aarbecht net gudd maachen ouni eng enk Kollaboratioun mam Ministère vun der Educatioun, dem Schoulpersonal, dem Centre Psychologique et d’Orientation Scolaire an de SPOS'en aus de Lycéeën,  a mat sëllechen aneren Servicer, wei den CePT, dem Planning familial, ALUPSE-Dialog, Info Man, den SDIP an nach vill anerer.

Merci och den Zänndokteren déi sech duerch dat ganzt Land em d’Gesondheet vun de Kanner këmmeren, een Domaine wou mier frou sinn däitlech Verbesserungen kënnen festzestellen, allerdéngs och mat Preoccupatiounen behaaft, well den Ennerscheed tëschend de Kanner aus gudden sozioökonomeschen Milieux'en mat ganz gudder Zänngesondheet an de Kanner aus manner gudd situéierten Milieux'en mat méi schlechter Zänngesondheet gravéierend ass.

Mir freeën eis och iwert d‘Präsenz vu Vertrieder vun der FAPEL: eng gudd Zesummenaarbecht mat den Elteren ass d'Basis fir all Aarbecht ronderëm der kierperlecher an psychescher Gesondheet vum Kand.

Iech all déi sech fir d’Gesondheet vun de Kanner a Jonken investéieren ee ganz grousse Merci fir déi konstruktiv an engagéiert Zesummenaarbecht.

Ech si ganz frouh dat an de leschte Joeren den allgemengen, awer och den spezifesch medezinischen Interessi fir d’Förderung vun der Gesondheet a fir d’Fréierkennung vu Krankheeten gewuess ass an dat dëse Beräicher eng méi grouss Wichtegkeet an Unerkennung zoukommen ass. Et waren dëst Domainer déi laang als mannerwäerteg a net als esou interessant ugesi gi sinn, an iwwert déi  an der Berufsausbildung vun den Dokteren an Infirmièren kaum geschwat gin ass. Dëst ännert sech. Haut gëtt an alle Stratégies Pabeiern zu Gesondheetspolitik vun der Weltgesondheetsorganisatioun, der europäescher Kommissioun oder de medezineschen Associatiounen op déi zentral Stellung vu Präventioun a Gesondheetsförderung higewisen, ganz besonnesch wann et em Kanner a Jugendlecher geet. An et ass encourageant festzestellen dat ëmmer méi jonk Gesondheetsberufler sech  genau an dësem Beräich wëllen investéieren.

De Service vun der Schoulgesondheet ass de gréissten präventiven Service am Land: et schaffen hei méi wéi 300 Professionneller: Allgemengdokteren, Kannerdokteren, Zänndokteren, Infirmièren an Assistantes Sociales, Audiophonologen an Orthoptisten,  Persoune mat vill Wëssen, Kennen an Erfahrung.  Pro Joer ginn alleng vun de schoulmedezinischen Equipen em déi 60 000 Kanner an Jugendlecher medezinesch ënnersicht. All Joer ginn duerch d'Ënnersichungen déi Dir maacht, eng ganz Rei gesondheetlech Problemer erkannt: Kanner déi net gudd gesinn, net gudd héieren, déi Récke Problemer hunn, Problemer vun Iwwer- oder Ënnergewiicht hunn, psychesch Problemer, fir just déi ze nennen. Ëmmer erëm ginn awer och duerch d’Schoulmedezin "schlëmm" Krankheeten fréi identifizéiert an et gëtt derfir gesuergt dat déi noutwenneg Weiderdiagnostik a Behandlung esou séier wéi méiglech erfollegt: Zockerkrankheet, Niereproblemer, Kriibserkrankungen,...

Dir sprangt och an wa festgestallt gëtt dat aus finanzielle Grënn ee Kand "nach ëmmer kee Brëll huet" oder wéinst soss engem Problem de Suivi bei engem méi schwéiere Gesondheetsproblem net gemaat ass ginn. Dësen "psycho-sozialen" Aspekt ass een aneren immens wichtege Pilier vun der Aarbecht déi Dir leescht, an ech weess dat dëst eng Problematik ass, déi immens zougehuel huet an de leschte Joeren, an der mir eis mussen an der Zukunft verstäerkt zouwennen.

D'Gesondheet vum Kand beschränkt sech awer net nëmmen op medezinesch Ënnersichungen, Fréierkennung vu gesondheetleche Problemer oder Suivi vu Krankheeten. Eng ganz grouss Roll spillen d’Förderung vun der Gesondheet an d'Entwécklung  vun Initiativen déi der Gesondheet vun de Kanner ze Gudds kënnt: ze nennen sinn an dësem Kontext zum Beispill déi vill Initiativen déi mat Ärer Hëllef sech konnten entwéckelen ronderëm "Gesond iessen, méi bewegen", déi national Initiativ wou zesumme mat dem Éducatiounsministère, dem Familljeministère, an dem Sportministère Projets'en queesch duerch d'Land entwéckelt ginn, an de Schoulen an de Lycéen, an zënter dem leschte Joer ganz enorm och an de Maisons Relais, de Foyers Scolaires an de Maisons de Jeunes. Hei weist sech ernait wéi wichteg déi interministeriell an intersektoriell Zesummenaarbecht ass.

Am nächste Joer gëtt verstäerkt geschafft am Beräich vun der emotionaler an  der sexueller Gesondheet vum Kand a vum Jugendlechen fir gemeinsam eng besser an eng méi kohärent sexual Erzéiung bei eise Kanner an eise Jonken kënnen ëmzesetzen.

Mir sinn immens frou datt dat neit IVG's Gesetz, dat eréischt virun e puer Deeg adoptéiert ginn ass, d’Ofdreiwung dépénaliséiert, an d'Fra an senger Décisioun respektéiert an ënnerstëtzt.

Mir sinn awer och immens frou driwwer dat der Präventioun an der Gesondheetsförderung vun der sexueller Gesondheet vun der ganzer Regierung eng verstärkt Wichtegkeet zougesprach ginn ass. De Programm vun der sexueller Gesondheet  ass e globalen: IVG - Kontrazeptioun - Bestriewen géint déi sexuell iwerdrobar Krankheeten - sexuell Erzéiung, Affektivitéit - Respekt vun Gender, sexuellen Ausriichtungen,  kultureller Diversitéit - Kampf géint all Form vu sexueller Gewalt an Ënnerdreckung a sexuell Erzéihung a Gesondheetsförderung ass ee Ganzt. Vill Aarbecht waart op eis , awer mir si sécher dat déi bestehend Kollaboratiounen sech wärten weider ausbauen, an dat mir wärten efficace a konstruktiv zesummeschaffen.

An och dës Journée soll derzou bäidroen, wou jo de ganze Nomëtten der Maltraitance vum Kand gewidmet ass. Déi verschidde Secteuren déi an dëser Thematik involvéiert sinn, kréien d‘Wuert, a mir si sécher dat och dës Initiativ derzou bei wäert droen fir d’Zesummenaarbecht tëschent all den involvéierte Partner ze verbesseren.

Mir bleiwt Iech all eng ganz flott an interessant Journée ze wënschen, vill a schéin Échangen.

Merci nach eng Kéier fir all déi wichteg Aarbecht déi Dir fir eis Kanner a Jugendlecher maacht, an Iech an Äre Familljen schéi Feierdeeg ze wënschen, Gléck an eng gudd Gesondheet fir dat Neit Joer." 

Dernière mise à jour