Discours de Lydia Mutsch à l'occasion de l'inauguration de la résidence Myosotis

"Et ass dëst e schéint Beispill wéi Staat, Gemeng, asbl, an e Privatmann perfekt zesumme geschafft hunn."

©Stëmm vun der Strooss
Maggy Nagel, ministre du Logement, Benoit Klensch, assistant-social de la Stëmm vun der Strooss, Marcel Detaille, Président de la Stëmm vun der Strooss, Lydia Mutsch, ministre de la Santé, John Lorent, bourgmestre de Kayl

Haut, hei an desem neie Gebäi well ech virun allem Merci soen:

  • Fir d’alleréischt engem Mann dee wellt anonym bleiwen, an dén duerch säin Don vun 150.000.-€ un d’Stëmm vun der Strooss an duerch säin perséinlechen groussen Asatz dese Bau iwwerhaapt erméiglecht huet.
  • An dann dem “Ministère du Logement”, wou meng Kollegin d’Madame Maggy Nagel dee Merci och un hir Matarbechter ka viru  gin, well dee Ministère huet nach emol déi dräifach Zomm dropgeluecht.
  • An der Gemeng Kayl an hirem Buergermeeschter dem Här John Lorent, déi den Terrain zur Verfügung gestallt hunn.
  • An der Stëmm vun der Strooss, denen hir Matarbechter vun der "Immo-Stëmm" d’Bewunner vun dësem Haus encadréieren.

Et ass dëst e schéint Beispill wéi Staat, Gemeng, asbl, an e Privatmann perfekt zesumme geschafft hunn.

De Probleem vun de Leit dei keng Wunneng fannen, gët et net nëmmen an den ärmste Länner. Leit déi während enger méi oder manner laanger Period keen Ennerdaach hunn, gët et an alle Länner, och de räichsten. An dat ass net onbedengt d’Resultat vu Natur - oder anere Katastrophen.

Vill Etuden weisen dat et vill a verschiddenarteg Evenementer sinn, déi dozou féiere kënnen, dat een zum "sans-abri" gët.

An och an dem "räiche" Lëtzebuerg gët et Leit déi keng Wunneng, keen Daach iwwert dem Kapp hunn. Dat läit heiansdo un de Probleemer vun de Leit, mais e Grond ass och dat hei zu Lëtzebuerg d’Praïsser vu Wunnengen an och d’Loyée heich sinn. An och wann een den RMG huet, gët ee vun de Propriétären wéinst dem “Statut” net ëmmer mat oppenen Ärem empfaangen.

Fir d’Leit op der Strooss ass keen Daach iwert dem Kapp hunn, jo leider meeschtens net den eenzege Problem. Bal ëmmer ass d’Fehlen vun enger Wunnengsméiglechkeet d’Konsequenz vun medezineschen, psycheschen a soziale Problemer wou d’Ofhängegkeet vun Alkohol, Drogen a Medikamenter oder eng psychesch Krankeet oft de gemeinsamen Nenner sinn. An dofir ass och de Ministère vun der Santé gefuerdert.

Maï Ministère gët sech vill Méi fir Äntwerten ze fannen an zesummen mat enger ganzer Réi vu kompetenten an engagéierten Associatiounen kann hien hei eng Hand mat upacken an de Leit hëllefen.

Sou bidden 8 vun denen Associatiounen déi eng Konventioun mam Ministère vun der Santé hunn, Wunnengsméiglechkeeten un, an dat enner deene verschiddenste Formen, vum "accueil en urgence" am Nuetsfoyer vum Abrigado iwwer betreit, begleet, superviséiert Wunnen, zum autonomen Liewen am eegenen Appartement bei der Sozialpsychiatrie.

Bei eisen sozialpsychiatreschen Associatiounen stinn momentan 220 Wunnengsméiglechkeeten zur Verfügung.

Am Beräich vun den Ofhängegkeetskrankheete fannen 188 Leit bei eisen Associatiounen een Ennerdach. An am Beräich vun de chronesche Krankheeten gin 18 Aidspatiente logéiert.

Dat sin zesummen elo 426 Mënschen dei bei denen verschiddenen "asbl’en" ënnerkommen an déi soss Schwieregkeeten um lëtzebuerger Wunnengsmaart hätten.

Ech profitéieren dann och vun der Geléenheet all desen asbl’en Merci ze soen, déi duerch hir alldeeglech Aarbecht mat dozou bäidroen de Problem vum Ennerdach e bësse méi kleng ze machen.

An eng vun desen Associatiounen ass d’Stëmm vun der Strooss,  déi niewend hiren villen aneren Aktivitéiten wéi dem Gratis-Restaurant, dem Daagesfoyer, der Redaktiounsstuff, der Kleederstuff, der Wäscherei "Schweesdrëps", dem Stëmm-Caddy, der Ambulanz "Dr Stëmm" och am Wunnengsberäich aktiv ass. Am Projet zu Schëndels fannen 15 ofhängeg Leit no hirer Kur eng Wunnengsméiglechkeet. D’Immo-Stëmm encadréiert 25 Leit an 25 Wunnengen. Dëst Haus ass en Deel vun der Immo-Stëmm.

An esou wéi dës "Résidenz" duerch e ganz generéisen Don zustann komm ass, sou gin bei der Stëmm 2,5 Mataarbechter (dovun 1 bei der Immo-Stëmm) iwwer Don’en bezuelt, an och an d’Projéen Stëmm-Caddy, Schweesdrëps, an Dokter-Stëmm si vill privat Don’en mat agefloss.

Als Ministesch kann ech versëcheren dat dës Suen gudd ugeluecht sinn, an do ukommen wou se gebraucht ginn.

 "Strummert", oder "Toxico" ze sinn, ass jo eigentlech ni eng ganz fraïwelleg Karriere, déi ee sech ausgewielt huet, mais bal emmer d’Konsequenz vu familiären, psychologeschen oder soziale Problemer oder aner onglécklech Emmstänn, virun deene kee sécher ass.

D’Ursaachen an d’Konsequenzen vum "Logementsproblem" sinn oft komplizéiert an enk matenee verstréckt, an dofir ass et esou wichteg den Däiwelskrees vun Ursachen a Konsequenzen vun dem "sans-abrisme" ze ennerbriechen, wou am Ufank meeschtens Problemer mat der physescher oder der geeschteger Gesondheet, Drogen, Alkohol, Medikamenter oder och Formatiounsdefiziter stinn.

Dofir ass et mat enger Wunneng eléng, och net ëmmer gedoen. Vill méi musse mir oft e ganze "Package" vun Hëllefsstellungen ubidden, fir dat deen Eenzelnen dann och an enger Wunneng eens gët, an op eegene Been erëm stoe kann.

Jiddereen kennt d’Bild vum Schémel, déen op sengen dräi Been stabil steet. Sou bleiwt och all Mensch an der Riicht wann en op 3 Been steet: Wunneng, Aarbecht, sozial Kontakter. Wann ee Been ewechfällt, riskéiert jiddereen datt och de Rescht ëmkippt.

Dofir bidden déi mescht vun eisen Associatiounen,  an och d’Stëmm vun der Strooss, net nëmmen Hëllef un am Beräich Wunnen, mais och Konsultatiounsservicer, foyers de jours an Atelieeën.

Mais Léisungen fir jiddereen sinn net ëmmer einfach. Och wann et Erklärungen fir de Phénomen "sans-abri" gët, an déi gin ëmmer méi komplex, wann een sech an de Problem raknéit, ass d’Wichtegkeet vun denen eenzelne Facteuren wéi Aarmut, fehlend Logementer zu korrektem Präis, Drogen, Krankheeten asw. net ëmmer evident, an d’Mesuren déi musse geholl gin, sinn och net ëmmer klor.

An Zaïten wou alles séier ännert, musse mir flexibel bleiwen.

An dene leschte Joren ass um Niveau vun deene  Ministären déi präsent sin, op dem Gebidd "vum logement" vill geschidd an et muss an et wäert nach weidder goen.

D’Ziel eng "Wunneng fir jiddereen" ass bekannt, mais de Wee dohin ass nach wäit.

Dës Résidenz mat 5 Logementer bedäit da schonns erëm 5 Schrëtt an déi richteg Richtung, an d’Stëmm vun der Strooss hëlleft eis och op dem Wee virunzekommen.

Ech si sécher dat si hir wichteg Aufgab mat dem selwechten Dynamismus an Erfolleg wäert viru féieren, an ech wäert weidderhin en oppent Ouer fir d’Stëmm vun der Strooss hunn.

Dernière mise à jour