Discours de Lydia Mutsch à l'occasion de l'inauguration de la maison "Stëmm vun der Strooss" à Belvaux

"D’Ziel eng "Wunneng fir jiddereen" ass bekannt, mä de Wee dohin ass nach wäit."

© Stëmm vun der Strooss
ydia Mutsch, ministre de la Santé, et Maggy Nagel, ministre du Logement inaugurent la Maison Stëmm vun der Strooss à Belvaux

Ech si frou haut der Gemeng Suessem kënne Merci ze soen, déi  ganz konkret eppes zur Léisung vun engem Problem bäidréit iwwer den an der Lescht ganz vill geschwat  gëtt, a wou des Regierung a meng Kollegin Logement’s Ministech  Maggy Nagel sech och ganz vill virgeholl hunn. Et ass de Problem vum fehlenden oder net bezuelbarem Wunnraum.

D’Gemeng Suessem huet mat der finanzieller Ënnerstëtzung vum "Ministère du Logement" 3 Wunnengen an d’Rei gesat, a verlount se lo un d’Stëmm vun der Strooss zu engem richteg soziale Präis.

An des Associatioun déi säit 1997 eng Konventioun mat mengem Ministère huet, kann dann am Kader vun hirem Service der "Immo-Stëmm" eng "Agence Immobilière Sociale", déi den Encadrement garantéiert, Leit eng genschteg Wunneng ubidden,  déi et soss um Letzebuerger Wunnengsmaart ganz schwéier hunn.

D’Stëmm vun der Strooss këmmert sech em Leit mat medezineschen, psycheschen a soziale Problemer, wou d’Ofhängegkeet leider oft de gemeinsame Nenner ass, a fir déi de Ministère vun der Santé zoustänneg ass.

Leider ass ganz oft, fréier oder spéider, d’Fehle vun enger Wunnengsméiglechkeet d’Konsequenz vun dese Problemer.

Leider ass dat eng Realitéit fir vill Fraen a Männer déi ganz verschidde Liewensgeschichten hunn. Et ass och kee neie Phänomen. Et goufen ëmmer scho Leit déi während gewësse Perioden, an aus villen Ursaache net korrekt logéiert waren. Mais et d’huet een den Androck wéi wann et an de leschte Joren méi schlëmm géif.

Mäi Ministère ass zënter ville Jore beméit Léisungen ze fannen an zesummen mat enger Rei vun Associatiounen, déi eng Konventioun mam Gesondheetsministère hunn, gi Wunnengen fir Leit mat psychiatreschen, chroneschen oder Ofhängegkeetskrankheeten ugebueden.

Dat geet vum Accueil en urgence am Nuetsfoyer vum Abrigado bis zum autonome Liewen am eegenen Appartement. Zesumme fannen sou 426 Menschen een Ennerdach bei eise verschiddenen Associatiounen.

An eng vun desen Associatiounen ass d’Stëmm vun der Strooss déi niewend hire villen aneren Aktivitéiten wéi dem Gratis-Restaurant, dem Daagesfoyer, der Redaktiounsstuff, der Kleederstuff, der Wäscherei  "Schweesdrëps", dem Stëmm-Caddy, der Ambulanz "Dr Stëmm" och am Wunnengsberäich aktiv ass. Am Projet zu Schendels fannen 15 ofhängeg Leit no hirer Kur eng Wunnengsméiglechkeet. D’Immo-Stëmm encadréiert 25 Leit an 25 Wunnengen.

Dës 3 Logementer gehéiren dozou, an hir Bewunner kréien eng gudd Chance fir sech hei an der Gemeng ze intégréieren. A wann och d’"Klients" vun der Stëmm vun der Strooss oft genéieren, stéieren an heiansdo och Angscht machen, däerf ee net vergiessen et sinn der wéi mir all, a si funktionéieren och esou.

D’Spréchwuert:"Wéi een an de Bësch erarifft, esou schaalt et och eraus" gëllt bei hinne genau esou wéi bei engem Minister.

Virun allem solle mir probéieren des Leit net duerch de Brëll vun eisen Firuerdeeler ze kucken, mais si als Matmënschen ze gesinn, déi zwar Problemer hunn, mais trotzdem eise Respekt wëllen an och verdéngen, well Respekt ass d’Basis vun all zwëschemënschlecher Relatioun.

A mat e bësse Versteesdemech an Toleranz kënnt een och hei am beschte virun.

Dofir probéiert d’Stëmm duerch hir vill Aktivitéiten, Firuerdeeler ofzebauen a Mentalitéiten ze änneren. Si bréngt Leit zesummen, sief et all Daag an hirem Restaurant oder duerch hir aner Aktivitéiten.

A wann d’Mataarbechter béi der Stëmm zu Esch Sportsgezei zur vollster Zefriddenheet vun 280 Equipë vu 40 Kluppe wäschen, da kritt een domat méi Leit iwwerzeegt wéi mat Sonndespriedegten iwwer sozial Integratioun.

An deenen verschiddenen Ateliéen vun der "Stëmm" gin 130 Leit sënnvoll beschäftegt.

Fir dës net ëmmer einfach Aarbecht verdéngen d’Mataarbechter vun der Stëmm vun der Strooss um Terrain eise Merci. De Ministère kann déi finanziell a matériell Virbedéngunge fir eng gutt Aarbecht schaafen, an dat sin 2014 bal 3 Milliounen €,  mä de grousse Mérite fir déi konkret Ëmsetzung vun de Projéen gehéiert Associatioune wéi ärer, déi am direkte Kontakt mat de Betraffene schaffen.

D’Stëmm vun der Strooss ass no bausse siichtbar an transparent, an dofir kritt si och sou vill Ënnerstetzung vum klengste Klub bis zur grousser Firma, an an desem Fall vun enger Gemeng.

Iwwerhaapt spille privat Don’en a Bénévoler eng grouss Roll bei der Stëmm.

D’Immostëmm get zum Deel iwwert d’Don’en bezuelt, an och wann mäi Ministère zënter 2008 dëse Projet mat engem Assistant-Sozial Posten "à long terme" ofséchert,  get en 2ten Posten iwer Don’en ofgedeckt.

De Klienten vun der Stëmm soll a muss gehollef ginn, an iergendwou muss ugefaang ginn.  Fir d’éischt mat engem waarmen Iessen a Kleedung, medezinesch Versuergung, an da muss viru gekuckt ginn. Wat fir Problemer, mäi och wat fir Méiglechkéeten huet den Eenzelnen fir eppes un senger Situatioun ze änneren.

Dat ass oft e wäite Wee. A wann een e gutt Steck gang ass, an schons stabiliséiert ass, dann ass ee mat enger eegener Wunneng, wéi hei zu Bieles scho baal ukomm. Well eng Wunneng hunn, heescht eng Adress hunn, en Doheem hunn, mat Allem wat do drun hängt.

Mais Léisungen fir jiddereen si net ëmmer einfach, an d’Mesuren déi musse geholl ginn, sinn net ëmmer kloer.

All grouss Rees fänkt mat engem éischte Schratt un, an sou sollte mir ufänken.

D’Ziel eng "Wunneng fir jiddereen" ass bekannt, mäi de Wee dohin ass nach wäit.

An deene leschte Joren ass um Niveau vun eisen 2 Ministèren op dem Gebitt "vum logement" vill geschitt an et muss och nach weider goen.

Recht op Wunneng ass d’Ziel, mais et gett leider keen absolut Recht, genau wéi beim Recht op Aarbecht huet d’Gesellschaft, de Staat eng "Obligation des moyens", mais beim Resultat muss ee realistesch sinn.

Dat heescht awer net, dat mir d’Hänn an de Schouss duerfe leeën, an haut si mir hei rëm mat 3 Logementer e bësse virukomm.

Ech hoffen dat och nach aner Gemengen sech vun dësem Beispill inspiréieren loossen,  an dat dese Projet mat dozou bäidréit fir d’ Leit ze sensibiliséieren an villäicht Firurdeeler ofzebauen, a Mentalitéiten ze änneren, fir dat och Leit mat "Problemer" op dem normalen Wunnengsmaart mol eng Chance kréien.

Dernière mise à jour