Discours de Lydia Mutsch à l'occasion de la Journée mondiale de l'AVC

©Bletz
Lydia Mutsch inaugure la conférence organisée par Bletz asbl à l'occasion de la Journée mondiale de l'AVC (29-10-2014)

"Ech free mech dës Konferenz zum Thema « Präventioun vun de Risikofacteure fir den Hireschlag” haut den Owend ze inauguréieren, an d ‘Äntwerten vu de Spezialisten dozou ze héieren.

Den Hireschlag (AVC) ass eng heefeg Krankheet, mat schwéiere medizineschen an soziale Konsequenzen.

Zu Lëtzebuerg kréien 1400 Leit all Joer en Hireschlag, dat heescht 4 Persoune pro Dag.

Eng dovunner stierwt, eng zweet behält e schwéieren Handicap.

Den Hireschlag ass also e wichtege Problem vun der ëffentlecher Gesondheet.

Deemno wou e stattfënnt provozéiert en eng eesäiteg Lämung, oder Sensibilitéitssteierungen op enger Säit, oder Sproochstéierungen, oder Gläichgewiichtsstéierungen, oder Seesteierungen. Déi meescht Hiirenschlei komme vun Embolien am Gehir, vu Blutgerinsell déi sech am Häerz, an der Haaptschlagoder,  an den Halsschlagoderen oder an den Hiirenoderen selwer gebillt hunn. Verengungen vun de klengen Hiirenodere kënnen och dozou feieren; an an 10-15% vun de Fäll, ass et eng Hiirebludung déi zum Hireschlag gefouert huet.

Et muss ee wëssen, dat den Hireschlag die éischt Ursaach vun "Handicap acquis" ass, die zweet Ursaach vun "Demenz", die drëtt Ursaach vun Doud an eise westleche Länner.

Nëmmen een Drëttel vun de Patienten die dovunner betraff sinn, kënnen erëm an hiert soziaalt a professionellt Liewen zeréckgoen.

D‘Inzidenz bei de Leit die manner wie 65 Joer aal sinn läit ëm 0,8% pro Joer, bei de Leit die méi wie 65 Joer aal sinn, em 7 %. Zu Lëtzebuerg liewen 7000 Patienten die schonn en Hireschlag haten.

Dofir stellt den Hireschlag eng wichteg Herausfuederung duer fir äis Gesellschaft, op dem mënschleche, sozialen an ökonomesche Plang.

Et ass enorm wichteg  d‘Zeechen vun engem Hireschlag zur Zäit ze erkennen, an direkt ze intervenéieren, andeems een den 112 rifft.

Et muss een un en Hireschlag denken, wann een eng plëtzlech Schwächt an Deformatioun vun enger Säit vum Gesicht, eng Schwächt vun engem Aarm oder engem Been feststellt, oder wann een eng Säit net méi spiert, oder wann een obeemol duerchernee schwätzt oder net méi schwätze kann, oder d’Bewosstsäin verléiert, oder näischt méi op engem Aen gesäit oder doubel gesäit, oder ganz staarkt Kappwéi huet.

Dat si karakteristesch Zeechen, bei deenen een direkt soll den 112 ruffen! All Minutt zielt !

Dat wichtegst Element bei der akuter Behandlung vun engem Hireschlag ass den Transfert an eng Stroke-Unit, dat heescht eng spezialiséiert neurologesch Unitéit, die nëmmen Hiirenschléi behandelt. An sou enger Unitéit schaffe speziell forméiert Equipen, Neurologen, Ergotherapeuten, Orthophonisten, Assistantes sociales.

Wann den Transfert an eng Stroke-Unit bannent dräi Stonnen nom Ufang vum Hireschlag konnt gemeet ginn, da kann e spezialiséierte Neurolog versichen eng "Thrombolyse" ze maachen, fir de Stopp erëm opzekréien.

Duerno muss de Patient streng iwwerwaacht ginn, d’médikamentös Behandlung muss ageleet ginn,  seng biologesch Parameteren mussen iwwerwaacht ginn, an e muss esou schnell wéi méiglech erëm reedukéiert ginn, duerch d’Kinésithérapie, d ‘Logopédie, d’Ergotherapie, fir dat en erëm esou schnell an esou gudd wéi méiglech seng physesch Kapazitéiten an saï Kommunikatiounsverméige kann zeréckkréien.

Op Ufro vum Gesondheetsministär, huet d’Société Luxembourgeoise de Neurologie (SLN) ee Konzept ausgeschafft fir d’Prise-en-charge structurée vum Hireschlag. Dat Konzept ass développéiert ginn op Basis vun den internationalen wëssenschaftlechen Rekommandatiounen, an op Basis vun eiser Gesetzregelung wat d’Spidolsgesëtz ubelaangt, de Plan hospitalier an d’Carte sanitaire.

Dat Konzept ënnersträicht zwou Konditiounen, déi wichteg sinn fir eng modern an efficace prise-en-charge vum Hireschlag: d‘Rapiditéit an d‘Qualitéit.

An dem Prozess si verschidde Persounen a Strukturen implizéiert:

  • De Patient selwer a seng Famill
  • D ‘Protection civile
  • D’Services d’urgences vun de Spideeler
  • De behandelden Dokter

D’Bevölkerung ass iwwert d’klinesch Zeechen an d’Urgenz vum Hireschlag duerch jäerlech Opklärungscampagnen informéiert ginn. D ‘Personal vun der Protection civile huet Formatioune kritt. D’Services d’urgences vun de Spideeler sinn informéiert ginn a speziell déi Spideeler déi eng Stroke Unit hunn, hunn e strikte Protocole de prise-en-charge vum Hireschlag krut. Déi Spideeler déi eng Stroke-Unit hunn, mussen och iwwert ee Service de neurologie, ee Scanner, een IRM, d‘Méiglechkeet Arteriographien an Ultraschallënnersichungen vun den Halschlagoderen an den Gehiroderen ze maachen, e Labo fir d’Analysen, e Service de cardiologie verfügen. Dës Méiglechkeete musse kënnen 24st/24 verfügbar sinn. Et muss och méiglech sinn an kuerzer Zäit un e Service de neuroradiologie interventionnelle an un e Service de neurochirurgie ze kommen.

Lëtzebuerg ass am Plan hospitalier an dräi Regiounen opgedeelt : Zentrum, Süden, Norden.

Jidder Regioun huet hire regionale Samu.

D‘Konzept Stroke-Unit soll fir all Regioun verfügbar sinn, dat heescht:

  • Fir d’Regioun Zentrum : Eng Stroke-Unit mat 6 Better an engem generelle Spidol, dat déi eben genannt Kriterien respektéiert, an zudeem iwwert ee Service de neuroradiologie interventionnelle verfügt an iwwert ee Service de neurochirurgie.
  • Fir d’Regioun Süden : Eng Stroke-Unit mat 4 Better, an engem generelle Spidol, dat déi selwecht Kriterien respektéiert, an iwwert ee Service de Neurologie verfügt.
  • Fir d’Regioun Norden : Eng Stroke-Unit mat 3 Better, an engem generelle Spidol dat déi selwecht Kriterien respektéiert, an och iwwert ee Service de Neurologie verfügt.

All Stroke-Unit soll op neurologesch Better an op Rehabilitatiounsbetter zeréckgräifen kënnen. Die 3 Strokte-Units solle kënnen enk zesumme schaffen, gemeinsam Behandlungsprotokoller ausschaffen an hir Approchen vum Patient harmoniséieren.

Si hunn sech verpflicht un internationalen Evaluations-protokollen deelzehuelen, an eng gemeinsam Base de données iwwert den Hireschlag opzebauen.

Also, den éischten Message, deen ech hei wëll soen ass:

 "Den Hireschlag ass eng Urgence : E bei zäiten ze erkennen ass liewenswichteg an erspuert schwéier Händikäper. Reagéiert also direkt, an rufft den 112! Mir offréieren d‘Moyenen fir eng optimal Prise-en-charge."

Deen zweeten Message ass dee vun der Präventioun:

Puer Risikofacteuren vum Hireschlag sinn un d’Liewensgewunnegte gebonnen:

  • Den Tubak Konsum
  • Eng schlecht Ernährung, ze räich u Fett, Zocker, Salz, nët genuch Sport.

Déi schlecht Liewensgewunnegte kënne seriös Problemer ausléisen:

  • En ze héijen Bluttdrock
  • En ze héijen Zockerspigel (Zockerkrankheet)
  • En ze héijen Fettstoffspigel (Arterioskleros)

Andeems ee gesond lieft, kann een, vu jonkem Alter un, évitéieren dass déi Risiken sech installéieren an zu engem Hireschlag féieren.

Dofir ass et wichteg dës Rotschléi ze befollegen:

1)      Halt op mat fëmmen;

2)      Macht mindestens 30 Minutte Sport pro Dag;

3)      Iesst mindestens 5 Portiounen Uebst a Geméiss pro Dag, a konsomméiert net méi wéi een Kaffisläffel Salz;

4)      Loosst regelméisseg äre Bluttdrock moossen;

5)      Loosst ären Zockerspigel no kucken;

6)      Behaalt en ideaalt Gewiicht, andeems der Iech ausgeglachen ernäehrt a regelméisseg Sport maacht;

7)      Drénkt Alkohol a Moossen.

Fir äis Matbierger a -Biergerinnen ze informéieren an ze sensibiliséieren hunn international a national Patienten Organisatiounen an Associatiounen vun de Gesondheetsberuffer zesumme mat der OMS (=Organisation mondiale de la Santé) décidéiert een Dag am Joer dem Hireschlag ze widmen: dat ass "d’Journée mondiale de l’AVC" ginn, déi all Joer den 29. Oktober gefeiert gëtt.

Ech well Iech zu engem méi gesonde Liewensstil opruffen an encouragéieren;

Ech well och en Opruff riichten fir d’Solidaritéit and d’Adoptéieren vun deene Reflexer déi Liewe rette knnen: d‘Zeeche vum Hireschlag fréizäiteg erkennen, an direkt den 122 ruffen!

Ech soen den Organisateure Merci fir hir Méi, a wënschen Iech all eng gutt Zesummenaarbecht an eng beräichernd Konferenz."

Dernière mise à jour