Remise des diplômes des cours de langue luxembourgeoise et des cours d’introduction aux gestes de 1er secours session 2013/2014

"Loosst net no, trainéiert är nei Kenntnisser a loosst iech net dovunner ofbrénge wann een op franséisch oder däitsch äntwert"

©Carmen Leardini
Dr Michel Nathan, directeur général du CHEM, Lydia Mutsch, ministre de la Santé, Mme Vera Spautz, bourmestre d'Esch-sur-Alzette et le personnel du CHEM ayant reçu un diplôme

Dir Dammen an Hären,

Et ass net déi éischte Kéier dat ech hei däerf Diplomer iwwerreechen/hëllefen iwwerreechen. Des Kéier maachen ech et an enger neier Fonctioun an ech ka soen dass ech als Gesondheetsministesch et nach bal méi wichteg fannen - als wéi a menger vireschter Fonctioun – dee staarken Effort an Engagement vum CHEM a vu senge Mataarbechter fir dass d’lëtzebuergesch Sprooch geléiert gëtt, ze ënnersträichen an ze wierdegen.

Fir d’Kanner, fir déi eeler Leit a fir allgemeng all letzebuergeschsproochegen Patient,  ass et zemools an enger schwiereger Situatioun wéi enger Krankheet, d’Méiglechkeet sech an hirer Sprooch ze verstännegen, e wichtegt  Element.  Mir sollten drun denken dass mir dat och wëllten, wa mir an sou enger Situatioun wieren.

De Projet “Mir schwätze lëtzebuergesch“ ass jo am Joer 2009 lancéiert ginn. Dëst Joer kommen 50 weider Mataarbechter bei  all déi bäi déi schonns deelgeholl hunn.

Och d’Gestes de Premier Secours si villäicht eng Selbstverständlechkeet am Spidoolsmilieu mee si musse geléiert oder répétéiert ginn. Ech si ganz frou 23 Mataarbechter vum CHEM den éischt Hellefdiploom ze iwwerreechen.

D’Virreiderroll vum CHEM um Niveau vun de Lëtzebuergeschcoursen huet elo schonns bal eng Traditioun. Dësen Effort vum Spidol an zëmools vun all deenen déi un dëse Coursen deelgeholl hunn, ass ganz wichteg fir ee gudd fonctionnéirenden Gesondheetssystem.

Erlaabt mer awer och fir (ofschléissend)  ze soen:  loosst net no, trainéiert är nei  Kenntnisser a loosst iech net dovunner ofbrénge wann een op franséisch oder däitsch äntwert.

Dernière mise à jour