Discours de Lydia Mutsch au "Diddelénger Gesondheetsdaag"

"Eis Gesondheet ass dat wäertvollst wat mir hunn"

©A.Weisgerber/visions  Discours de la ministre de la Sant� � l'occasion de la 11e �dition du Diddelenger Gesondheetsdag ( 5.07.2014)
Discours de la ministre de la Sant� � l'occasion de la 11e �dition du Diddelenger Gesondheetsdag ( 5.07.2014)
-Discours de la ministre de la Sant� � l'occasion de la 11e �dition du Diddelenger Gesondheetsdag ( 5.07.2014)

Et ass mëttlerweil den 11. Gesondheetsdag deen déi Diddelénger Gemeng organiséiert. D‘Collaboratioun mat dem Gesondheetsministère ass well esou eppes wéi eng Traditioun ginn.

Félicitatioun der Diddelénger Gemeng déi dëse wichtegen Dag all Joer rëm op en neits organiséiert. Merci all deenen déi e gestalten a fëllen a Merci fir déi gutt Zesummenaarbecht mam Gesondheetsministère.

Eis Gesondheet ass dat wäertvollst wat mir hunn. Esou eng Journée wéi de Gesondheetsdag ass eng gutt Geleeënheet fir d’Populatioun ze informéieren an ze sensibiliséieren: wat ee ka machen fir op d’Gesondheet opzepassen an esou laang et geet ze erhalen, wat ee ka machen fir Krankheeten kënnen ze verhënneren oder kënne fréi erkennen.

Eis Liewensgewunnechte si net ëmmer optimal. Den Tubak, zevill Alkohol, eng onausgeglachen Ernährung a net genuch Beweegung kënnen zu sëllechen Zivilisatiounskrankheete féieren.

Dës Krankheeten sinn: Häerzkreeslaf-Krankheeten, Iwwergewiicht, Zockerkrankheet, verschidde Forme vu Kriibs, Osteoporose, fir der nëmmen e puer ze nennen.

D’Häerzkreeslaf-Krankheeten si nach ëmmer déi éischt Doudesursaach zu Lëtzebuerg, direkt hannendru kënnt de Kriibs.

De Longekriibs bei der Fra ass nach ëmmer am gaange mat klammen.

Zevill, besonnesch ongeschützt an an der Mëttesstonn an d’Sonn goe kann och geféierlech sinn. Den Hautkriibs huet dramatesch zougeholl bei de Fraen ewéi och bei de Männer.

Nach ëmmer fëmmt bei eis e gudde Fënneftel vun der Bevëlkerung.

Esou vill Facteuren also wou fir mir selwer eppes Positives kënne fir eis Gesondheet maachen. Et ass esou wichteg präventiv virzegoen an d’Chancen op eng gutt a laang Gesondheet ze erhéichen. De Gesondheetsdag haut soll derzou bäidroen fir eis ze motivéieren an eis an de gudde Virsätz ze bestärken.

An de läschte Joere wor de Gesondheetsministère mat engem “Gesond iessen, méi bewegen” Stand / GIMB Stand bedeelegt an zwar zesumme mat dem Sportsministère.

Dëst Joer si mir mat engem anere Sujet hei: d’Präventioun vum Hautkriibs an eise Programm vum Sevrage Tabagique. Dir fannt natierlech awer och vill Informatiounen iwwer déi aner Themen vun eise Präventiouns-Programmer.

Vill Spaass a profitéiert vun de sëllechen Angeboter déi hei zu Verfügung stinn.

Och e grousse Merci un all déi Leit an Organisatiounen déi sech bereet erkläert hunn haut ze hëllefen an am Sënn vun der Gesondheet vun eis all.

Dernière mise à jour