Discours de Lydia Mutsch à l’inauguration des nouveaux locaux à Hollerich de Stëmm vun der Strooss

"D’Stëmm probéiert duerch hir vill Aktivitéiten, Viruertdeeler ofzebauen a Mentalitéiten ze änneren"

  1. ©Stëmm vun der Strooss

    Inauguration des nouveaux locaux à Hollerich de Stëmm vun der Strooss en présence de la ministre de la Santé
  2. ©Stëmm vun der Strooss

    Inauguration des nouveaux locaux à Hollerich de Stëmm vun der Strooss en présence de la ministre de la Santé
  3. ©Stëmm vun der Strooss

    Lydia Mutsch lors de son discours
  4. ©Stëmm vun der Strooss

    Alexandra Oxacelay, chargée de direction de Stëmm vun der Strooss et Lydia Mutsch, ministre de la Santé
  5. ©Stëmm vun der Strooss

    Inauguration des nouveaux locaux à Hollerich de Stëmm vun der Strooss
  6. ©Stëmm vun der Strooss

    Lydia Mutsch, ministre de la Santé et Alexandra Oxacelay, chargée de direction de Stëmm vun der Strooss
  7. ©Stëmm vun der Strooss

    La ministre de la Santé Lydia Mutsch avec Direction de Stëmm vun der Strooss

Wéi virun 18 Joer d’Stëmm vun der Strooss gegrënnt ginn ass, hätt keen dru geduecht wat vir een Impakt des Institutioun haut huet. E vu menge Virgänger op der Santé, de Minister Johny Lahure, hat awer deemools schonn eng gutt Nues well hien huet är Associatioun vun Ufank u voll ënnerstëtzt, a schonn 1997 krut dir vun him eng Konventioun. Och seng Nofolger d’Ministere Wohlfahrt, Wagner an Di Bartolomeo hunn esou viru gemat. D’Strukture si kontinuéierlech gewuess.

D‘Haus an der Stad ass méi grouss ginn, et koum eng Annex, an d’Schweesdrëps  op Esch an et kënnt e spannende Projet op Schëndels.

No enger dozen Joren ass et dunn zu Bouneweg vill ze enk ginn, a nei Räimlechkeeten hu mussen fonnt ginn. Do wëll ech dem „Fonds de Logement“ a virun allem dem Här Daniel Miltgen Merci soen, dee mat groussem Asaatz des Struktur hei zu Hollerech, wou d’Aarbechtsbedingungen optimal sinn, erméiglecht huet.

An och d’Madame Misson déi de Bau begleet huet soll hei ernimmt ginn.

D’Stëmm vun der Strooss ass e wichtegt Glidd an der Kette vun den Aktiounen fir Leit mat medezineschen, psycheschen a soziale Problemer ginn, wou d‘Ofhängegkeet leider oft de gemeinsame Nenner ass.

Fir d‘Leit op der Strooss ass Tatsaach keen Dach iwwer dem Kapp ze hunn,  jo leider meeschtens net den eenzege Problem, mee bal ëmmer d‘Konsequenz vu Gesondheets- an Ofhängegkeetsproblemer, an dofir ass och de Ministère vun der Santé gefuerdert.

Eise Ministère gëtt sech vill Méih fir Äntwerten ze fannen, an an der Stëmm vun der Strooss huet hien een engagéierten a kompetente Partner fonnt fir hei eng Hand mat unzepaken a ganz ënnen op der Strooss de Leit ze hëllefen. Gratis-Restaurant, dem Dagesfoyer, dem Atelier, der Kleederstuff, der Wäscherei „Schweessdrëps“, der Sozialaarbecht, der Immo-Stëmm, der „Dr Stëmm”, dem “Stëmm-Caddy” am projet „Schëndels“.

Wann haut d’Stëmm sou een Erfolleg ass, muss een hir félicitéieren, mee et kann een dat och op enger Säit bedaueren: et wier jo vill besser wann een eng Stëmm vun der Strooss guer net géing brauchen, wann et jidderengem géing gutt goen! Op der aner Säit bitt sech eng Geleeënheet fir dat eng Gesellschaft, och zu Lëtzebuerg, konkret hir Solidaritéit ka weisen, net nëmmen theoretesch, mee ganz praktesch, an dat all Dag.

Et muss ee wëssen dat „Stëmm vun der Strooss“ hei an der Stad an och zu Esch déi eenzeg Plaz ass, wou ee gratis eppes ze iessen kritt an dat gëtt iwwert d’Konventioun mam Ministère de la Santé bezuelt. Dat ass ee Grondbedierfnes wat hei erfëllt gëtt a vun dëser Offer hunn lo all Dag an der moyenne an der Stad 150 Leit profitéiert; zu Esch sinn et der 90.

Zousàtzlech an de „Stëmm-Caddy“ verdeelt och nach all Dag em déi 300 Iesspäck.

De Clientë vun der Stëmm soll a muss gehollef ginn, an iergendwou muss ugefaang ginn, sou wéi hei zu Hollerich. Fir d ‘éischt mat engem waarmen Iessen a Kleedung, medezinesch Versuergung, an da muss viru gekuckt ginn. Wat fir Problemer, mee och wat fir Méiglechkeeten huet den Eenzelnen fir eppes u senger Situatioun ze änneren. A meeschtens ass dat net esou einfach, eleng gi si net eens.

Strummert oder Toxicomanen ze sinn ass keng ganz fräiwëlleg Carrière déi ee sech ausgewielt huet, mä bal ëmmer d‘ Konsequenz vu familiären, psychologeschen oder soziale Problemer oder aner onglécklech Ëmstänn virun deene kee sécher ass.

D’Stëmm vun der Strooss gëtt sech vill Méi fir den Däiwelskrees vun Ursaachen a Konsequenze vun der Ausgrenzung ze duerchbriechen wou villes mat Gesondheetsproblemer, Drogen, Alkohol, Medikamenter an och Formatiounsdefiziter ufänkt.

A virun allem gëtt d’Stëmm vun der Strooss och deenen erëm eng Stëmm, déi soss oft net gehéiert ginn.

Och si hunn eppes ze soen, an dat elo schonn 79 Ausgabe vun hirer Zeitung laang.

Ech kann nëmme jidderengem recommandéieren do mol nozeliese wat an dësem Fall de richtege „Mann vun der Strooss“ ze soen huet zu all deenen interessanten a wichtege Sujéen déi si sech 18 Joer laang erausgesicht hunn.

D’Stëmm probéiert duerch hir vill Aktivitéiten, Viruertdeeler ofzebauen a Mentalitéiten ze änneren. Si bréngt Leit zesummen, sief et all Dag an hirem Restaurant oder duerch hir aner Aktivitéiten.

A wann d‘Mataarbechter bei der Stëmm zu Esch Sportsgezei zur vollster Zefriddenheet vun 280 Équipë vun 40 Cluben wäschen, da kritt een domat méi Leit iwwerzeegt wéi mat Sonndespriedegten iwwer sozial Integratioun.

An deene verschiddenen Atelierën vun der “Stëmm” ginn 130 Leit sënnvoll beschäftegt.

An och wann dat grousst Ziel ass des Leit fir de normalen „éischten“ Aarbechtsmaart fit ze maachen, wëssen mir dat an dësen Zäiten, wou ganz vill Leit am Chômage sinn, an och gudd ausgebilt a qualifizéiert Leit eng Aarbecht sichen, Leit mat Problemer trotz villen Integratiounsbeméihungen net onbedengt ganz fir an der Schlaang fir eng Aarbechtsplaz stinn.

An dofir brauchen mir sou Atelieren wéi déi vun der „Stëmm vun der Strooss“, well hei ginn Aarbechtsplazen fir déi Leit geschaaft.

An ech brauch iech jo net ze erklären: ween Aarbecht seet, seet och sozial Versécherung an Akommes mat deem ee sech eng Wunneng ka leeschten. Mee eng Aarbecht ze hunn geet nach doriwwer eraus, schaffe goen heescht gebraucht ginn, et heescht dat een eng Plaz an der Gesellschaft huet, et heescht och sozial Kontakter hunn, also Isolatioun briechen.

Mir brauchen den 2ten, parallelen Aarbechtsmaart vun den „Ateliers thérapeutiques a protégés“ wou  d‘Bedingungen adaptéiert sinn un d’Méiglechtkeete vun de Mataarbechter. Och hei ass keng Bastelstuff, mee en „atelier de production“, an dësem Atelier gëtt geschafft och wann hei net wéi um fräie Marché gekuckt gëtt de Mataarbechter un d’Arbecht unzepassen, mee ëmgedréint.

Fir des net ëmmer einfach Aarbecht verdéngen d‘ Mataarbechter vun der Stëmm vun der Strooss um Terrain eise Merci. De Ministère kann déi finanziell a materiell Virbedéngunge fir eng gutt Aarbecht schaffen, mee de grousse Mérite fir déi konkret Ëmsetzung vun de Projeten gehéiert Associatioune wéi ärer déi am direkte Kontakt mat de Betraffene schaffen.

An dat wat de Johny Lahure virun 18 Joer ugefaang huet ze ënnerstëtzen, dat féieren ech virun.

D’ Zesummenaarbecht mam Ministère war ëmmer exzellent an dofir well ech och haut dovu profitéiere fir all deene Merci ze soen déi zënter laange Joere vill Zäit an Energie an des Servicer investéiert hunn. Dat sinn d‘Membere vun ärem Verwaltungsrot,  d’Personnal vun der Stëmm an déi vill aner déi op déi eng oder aner Manéier zum Erfolleg vun der Stëmm bäidroen.

Ech well och de Bénévolen bei der “Stëmm vun der Strooss” Merci soen. Si ginn d‘Leit an de Prisong oder an d‘Klinik besichen, organiséiere mat hinnen a fir si Fräizäitaktivitéiten oder och ganz wichteg, kommen op e Nomëtteg laanscht fir hinne nozelauschteren.

An dann däerf ech net déi vill Donateuren vergiessen, déi d’Stëmm ënnerstëtzen.

Bei der Stëmm ginn 2,5 Mataarbechter iwwer Don’en bezuelt an och an d’Projetën Immo-Stëmm, Stëmm-Caddy, Schweessdrëps, an Dokter-Stëmm sinn vill privat Don’en mat agefloss.

Als Ministesch kann ech versécheren dat des Suen gudd ugeluecht sinn, an do ukommen wou se gebraucht ginn.

An do wou sou vill Privatinitiative sech engagéiert, kann och de Staat net zréckstoen an dofir garantéiert mäi Ministère 2014 de Fonctionnement vun der Stëmm vun der Strooss hei an der Stad (1.140.081.-€) an zu Esch (870.744.-€) zesumme mat 2.010.825.-€.

De Staat séchert dat noutwennegt of, an d‘Privatinitiativ erlaabt zousätzlech Aktivitéiten oder nei intressant Pilotprojetën. Et ass e gutt Beispill wéi Staat a Privatinitiativ kënne perfekt mam selwechten Ziel zesummeschaffen.

D’Stëmm vun der Strooss kann no 18 Joer stolz sinn op dat wat si erreecht huet, me si fiert virun an huet och nach Projeten.

Ech si sécher, dat si hir wichteg Missioun mat demselwechten Dynamismus an Erfolleg wäert viru féieren. An d‘Gesondheetsministesch wäert och weiderhin en oppent Ouer fir d’Stëmm vun der Strooss hunn.

Dernière mise à jour