Discours de Lydia Mutsch à l'ouverture des unités de soins modernisées et à l’inauguration de l'Hôpital de jour psychiatrique au CHdN, site Wiltz

  1. ©CHdN, Roland Miny

    Lydia Mutsch à l'ouverture des unités de soins modernisées et à l’inauguration de l'Hôpital de jour psychiatrique au CHdN, site Wiltz
  2. ©CHdN, Roland Miny

    Lydia Mutsch à l'ouverture des unités de soins modernisées et à l’inauguration de l'Hôpital de jour psychiatrique au CHdN, site Wiltz
  3. ©CHdN,Roland Miny

    Lydia Mutsch à l'ouverture des unités de soins modernisées et à l’inauguration de l'Hôpital de jour psychiatrique au CHdN, site Wiltz
  4. ©CHdN, Roland Miny

    Lydia Mutsch à l'ouverture des unités de soins modernisées et à l’inauguration de l'Hôpital de jour psychiatrique au CHdN, site Wiltz
  5. ©CHdN, Roland Miny

    Lydia Mutsch à l'ouverture des unités de soins modernisées et à l’inauguration de l'Hôpital de jour psychiatrique au CHdN, site Wiltz
  6. ©CHdN, Roland Miny

    Lydia Mutsch à l'ouverture des unités de soins modernisées et à l’inauguration de l'Hôpital de jour psychiatrique au CHdN, site Wiltz

Et ass mir eng grouss Éier haut bei der Aweiung vum Hôpital de Jour psychiatrique a bei dem Ofschloss vun der virleschter Phase vun der Extensioun-Transformatioun vum Site hospitalier vu Wolz dobäi ze sinn an e puer Wierder kenne bäizedroen.

Wéi mer gesi gëtt dëse Site hospitalier ëmmer méi schéin, fonctionnel a patientegerecht. De Staat huet schonns vill Suen an dëse Site investéiert. D’Hirstellen vun Zëmmeren déi Patiente mat gréisserer Pflegebedierftegkeet a schwiereger Mobilitéit gerecht sinn, souwéi enger Infrastruktur de eng adäquat Rééducatioun vun den eelere Patienten erlaabt, ass eng Investitioun an d’Zukunft an do maache mir näischt Falsches. Ech si selbstverständlech frou wann ech gesi wéi Dir, Commission administrative, d‘Responsabelen op deene verschiddenen Niveauen, d‘ Mataarbechter, d‘Défis am Spidolswiesen iwwerluecht uginn, an hëllefen och heiansdo méi schwiereg Aufgaben an oder Décisioune virun ze bréngen. Dat ass ganz wichteg fir e Gesondheetsminister(e).

Elo nach eng lescht Transformatiounsphase, an dann ass et gepackt an d’Haus kann ouni Contrainte vu Bauaarbechten, schaffen.

Et ass eng Tatsaach dat d’Psychiatrie zu Lëtzebuerg sech an de leschte Jorzéngte fundamental verännert huet. Esou si mir vun engem Modell vun der Asilaire bedriwener Psychiatrie zu engem Modell vun dezentraliséierte Strukturen eriwwergaangen, Modell dee bei wäitem méi adaptéiert ass fir déi effektiv Besoine vun de Patienten opzegräifen.

An der Zäit, huet d’Psychiatrie dozou bäigedroen d’Läit mat enger psychescher oder psychiatrescher Krankheet aus der Gesellschaft auszeschléissen an auszegrenzen. D’Gesellschaft huet des Läit agespaart well se jo gestéiert hunn. An de Fait, dat e psychiatresche Ghetto opgebaut ginn ass, wor eng Realitéit, well déi concernéiert Läit écartéiert gi sinn.

Onser daags huet ons modern Psychiatrie e wäite Wee gemat an huet sech no bausse weit opgemat. D’Kenntnisser an de psychotherapeuteschen Techniken hun sech massiv verbessert an d‘Entwécklung an der Efficacitéit vun de Medikamenter huet och e gewaltege Sprong gemat an huet erlaabt dat déi psychesch krank Läit eng gewëssen Autonomie entwéckele kennen an dat se nees lues a lues an déi modern Gesellschaft zréck kenne fannen.

Mir wëssen hautzedags méi wei soss dat mir probéiere mussen d’Behandlung am stationäre Kader esou kuerz wéi méiglech ze halen. An dëst ass och ee vun den Haaptziler vun dësem neien Hôpital de jour, d.h. den Traitement hospitalier esou kuerz wei méiglech ze halen, a wa méiglech souguer ze verhënneren.

D’Strukture vun der Psychiatrie extra-hospitalière déi mir jo och esou gudd wéi méiglech ausbaue fir de Besoinen vun de Patiente gerecht ze ginn, si prett fir d’Patienten ausserhalb vum Spidol ze empfänken. An et ass vu groussem Interessi dat des Prise en charge esou séier wéi méiglech no enger stationärer Behandlung ufänkt an ugebuede ka ginn.

An dëst ass e weidere Grond fir wat dëser neier Struktur hei elo eng grouss Roll als nei transitoresch Struktur zoukënnt.

Ech hu mir soe gelooss dat elo hei maximal 15 Dagesklinesch-Plazen sinn, an d’Patiente kënne vollzäit oder och no Bedarf stonneweis dagsiwwer betreit ginn. Et ass virgesinn dat all Patient egal wei e Krankheetstableau en opweist, opgeholl ka ginn, an dëst och vir maximal 3 Méint.

Sollt elo nom Hôpital de Jour-Openthalt nach eng weider multidisziplinaresch psychiatresch Betreiung noutwenneg sinn, hu mir hei am Norden e Service vun der Psychiatrie extra-hospitalière, méi genau d‘ASBL vu Liewen Dobaussen direkt och hei zu Wolz ob der Plaz. Et ass virgesinn dat dësen Hôpital de Jour an enger Joint-venture, d.h. an enger enker Zesummenaarbecht mat de Klinikstrukturen, esou wei mäi Virgänger, de Mars Di Bartolomeo et virgesinn hat, funktionéire soll.

Et ass och hei nach eng Kéier wichteg ze soen dat de Mars e Bléck ob laang Sicht deemools schonn hat, a sécherlech och ganz speziell hei fir de Norden, wat elo d’psychiatresch Betreiung vun de Patienten ugeet, d.h. des esou no wei méiglech un déi alldeeglech Gesellschaft runzebréngen.

Vill Energie an Engagement waren die lescht Joeren néideg fir dësen ambitiöse Projet unzegoen a géint esou munch Retizenze virunzedreiwen. Jiddereen, deen hei matgeschafft huet, weess ewéi schwiereg et ass, eng hospitalière psychiatresch Struktur mat enger extra-hospitalière psychiatrescher Struktur matenee schaffen ze doen a fir se ob e gemeinsamen Nenner ze bréngen.

Ënnert de Virgabe vum Gesondheetsministère an de Budgetskontrainten vun der CNS awer och vun der Conventioun wat elo d’extra-hospitalière Struktur ugeet, huet misse rationaliséiert ginn an dëst souwuel um personellen ewéi och um finanzielle Plang.

Net all Wonsch konnt a kann direkt erfëllt ginn, esou gesi mir dat de Foyer de Jour nach e bësse schleeft, mee ech sinn zouversiichtlech.

Zum Schluss ee grousse Merci un den CA mat hirer Presidentin, der Madame Wilhelm-Petry an all seng Memberen, der Direktioun, mat sengem Generaldirekter, dem Prof, Dr. Hans-Joachim Schubert, an dem Responsabele fir de Site vu Woltz, dem Herr Messerich.

Dem ganze Personal fir déi ganz vill Aarbecht och e grousse Merci, an ënnert den Dokteren och ganz speziell, dem Dr Chrétien Jacoby, éischtens well en als Lead vun dësem Projet, mee och andeem hien als éischte psychiatresche Coordinateur iwwerhaapt hei am Norden, eng exzellent Aarbecht geleescht huet an hien dem CHdN nach kuerz ier en an d’Pensioun entlooss ka ginn, eng optimal Versuergung fir déi psychiatresch d’Patienten aus dem Norden hannerléisst.

Och nach dem Buergermeeschter, dem Här Fränk Arendt, a senge Schäffen, dem Här Pierre Koppes an dem Här Raymond Shinn, e grousse Merci.

Weiderhi bléift mir nach e grousse Merci ze soen all de weideren Acteuren déi an der Begleedung vun dëse Projeten mat implizéiert waren an nach weider sinn, well är Aarbecht ass vun onschätzbarem Wäert fir déi betraffe Läit ëm déi et hei geet.

Dernière mise à jour