Lydia Mutsch au "Nationalen Aktiounskomitee géint Atomkraaft" à Remich

  1. ©Aktiounskomitee géint Atomkraaft

    Lydia Mutsch, ministre de la Santé, et Carole Dieschbourg, ministre de l’Environnement, se joignent au "Nationalen Aktiounskomitee géint Atomkraaft" à Remich
  2. ©Aktiounskomitee géint Atomkraaft

    Lydia Mutsch, ministre de la Santé et Mars Di BARTOLOMEO, Président de la Chambre
  3. ©Aktiounskomitee géint Atomkraaft

    Signature de Lydia Mutsch, ministre de la Santé
  4. ©Aktiounskomitee géint Atomkraaft

    Lydia Mutsch, ministre de la Santé, et Carole Dieschbourg, ministre de l’Environnement, se joignent au "Nationalen Aktiounskomitee géint Atomkraaft" à Remich
  5. ©Aktiounskomitee géint Atomkraaft

    Signature de Carole Dieschbourg, ministre de l'Environnement

Léiw Frënn,

Zenter 1986, der mise en Service vun der Zentral vun Cattenom, hunn d’Lëtzebuerger Regierungen successiv ëmmer den Dialog mat Frankräich gesicht.  Datt war net ëmmer einfach! Lues a lues huet d'Communication sech iwwert all déi Joren verbessert. Dëst haaptsächlech wat d’Sécherheet, d’Risiken an Communication ronderem d'Atomkraaftwierk ugeet.

Schrëttweis hunn d’Franséisch Autoritéiten eis Lëtzebuerger ëmmer méi Informatiounen zougestan. Rezent Beispiller sinn d’Invitatiounen u Lëtzebuerg fir am  CLI (Comité Local d’Information) vertrueden ze sinn an un den Inspectionen als Observateur deel ze huelen.

Des verbessert Transparenz ännert awer näischt un der Tatsaach datt an enger Atomzentral en Accident, an och ee schwéieren Accident, ëmmer méiglech ass. Een Accident wei Fukushima kann iwwerall an all Moment passéieren!

Desst ass ee Risiko dee Lëtzebuerg a ganz besonneschem Moss trefft an desst ass ee Risiko deen mär net wëllen acceptéieren !

Lost mech Iech just e puer Beispiller ginn fir z’illustréieren datt de Lëtzebuerger Katastropheschutz am Fall vun engem Accident zu Cattenom viru ganz aussergewéinleche Erausfuerderunge steet:

• Mat nëmmen 25 km ass Lëtzebuerg déi Haaptstad an der europäescher Unioun, déi am allernoosten iwerhaapt un engem Atomkraaftwierk läit • Mir sinn eng Grenzregioun mat 5 potentiell betraffene “Länner” an dem Besoin vun enger koordinéiert Virgoensweis tëscht 5 potentielle Krisenzenteren. Och des Situatioun ass unique an Europa!

• Lëtzebuerg huet mat wäit iwer 100 verschiddenen Nationalitéiten keng gemeinsam Sprooch. Dëst verschwéiert d’Kommunikatioun mat der Populatioun am Fall vun enger Katastrof enorm.

 • Opgrond vun der Gréisst vu Lëtzebuerg wir am Fall vun sou engem schwéieren Accident ee substantiellen Deel, respektiv d'ganzt Land betraff an domadder d’Existenz vun enger ganzer Nation bedrot.

Et iwwerrascht dofir net, datt zu Lëtzebuerg ee Partei-iwwergräifenden a queesch duerch d’Gesellschaftsschichte goende Konsens besteet, sech fir d’Schléissen vu Cattenom anzesetzen. Mäer wëllen dass Cattenom gestoppt get; mäe wëllen net méi niewent enger Zäitbomm wunnen a liewen !

D’Lëtzebuerger Regierung huet eng Rëtsch Schrëtt ënnerholl fir a Frankräich Gehéier ze fannen. Déi Beméiungen sinn nahtlos vun der viregter op déi aktuell Regierung iwwergaang. Kontinuitéit ass eis deemno wichteg. ELO gëllt et deen Discours weiderzeféieren an eis berechtegt Fuerderungen ëmmer rëm ze widderhuelen. Dofir schwätzen och di nei Vertrieder vun der Lëtzebuerger Regierung d’Thema “Cattenom” an hire bilaterale Kontakter mat de franséische Kollegen ëmmer rëm un. Mee trotz alle Beméiungen an Fuerderungen hu mer bis elo mussen feststellen, dass vun der franséischer Regierung KENG kloer an däitlech Aussoen komm sinn.

Am Moment zeechent sech allerdings eng Entwécklung a Frankräich of déi duerchaus ee klengen mee virsechtegen Optimismus op eiser Säit zouléisst.

Fir déi alleréischte Kéier gëtt a Frankräich seriös iwwert eng Reductioun vum Undeel un nuklearer Stroumversuergung diskutéiert. Konkret Zuelen leien um Dësch a ginn analyséiert. Den Undeel un Atomstroum soll rezenten Aussoen no bis 2015 em 25% reduzéiert ginn. Déi véier Atomreakteren vu Cattenom produzéieren aktuell 7 bis 8% vum FR Stroum! Et muss dofir weiderhin eist Uleies sinn datt EIS Argumenter an EIS Fuerderungen an den franséischen Debat’n net nëmmen mat afléissen mee och ENDLECH Gehéier fannen; dëst spéitstens wann entscheed gëtt wéi eng Atomreakteren nieft Fessenheim ofgeschalt solle ginn.

Als Vertrieder vun der lëtzebuerger Regierung wäerten mäer dofir den Discours mat de franséische Responsabelen oprecht halen an eis Fuerderungen widderhuelt zum Ausdrock bréngen.

Dammen an Hären,

Mäer maachen vun dëser Platz aus e weideren Appel un die franséisch Regierung fir esou schnell wi méiglech ee realisteschen an verbindlechen Zäitplang fir d’Zoumaachen vu Cattenom ze presentéieren.

Déi vill Alarm-Signaler an déi onzielech Incidents'en déi iwwert all déi Joeren enregistréiert gi sinn weisen dass mäer Recht hunn eis ze wiren an eis mat Nodrock dofir asetze mussen, dass Cattenom endlech zougemaach get.

Mäer ginn eis net bis eist Ziel erreecht ass!

Dernière mise à jour