Discours de Lydia Mutsch lors des journées de formation „Prise en charge des adolescents auteurs d’infraction à caractère sexuel – Entre protection et responsabilisation“

"Et ass d'Pflicht vun all eenzelne Bierger fir eis Kanner viru Gewalt, Vernoléissegung a Mësshandlung ze protégéieren"

Et ass mer eng grouss Éier haut bei der Aleedung vun der Formatioun déi d’ALUPSE, also d’Association luxembourgeoise pour la prévention des sévices à enfants, organiséiert e puer Wierder kënne bäizedroen.

Et ass eng Tatsaach dat e Service ewéi d’ALUPSE, dee sech ëm Vernoléissegung, ëm d’Gewalt a sexuelle Mëssbrauch vu Kanner a Jugendleche këmmert an eisem psycho-soziale Réseau net méi ewechzedenken ass.

D’Missioun vun der ALUPSE ëmfaasst haaptsächlech 2 Voleten: et handelt sech ëm d‘therapeutesch Begleedung vun de Betraffenen, souwéi  d’Protectioun a Präventiounsmoossnamen géint Gewalt. An esou huet och des Formatioun seng absolut noutwenneg Plaz an der Missioun därer d’ALUPSE sech ugeholl huet.

Et ass wichteg ze soen dat d’Grënnung vun der ALUPSE schonn ob d‘Joer 1984 zréckgeet. Eng Rei vun engagéiert Leit, notamment ënner anerem den Dr Seligmann a Membere vun der UNICEF Lëtzebuerg, hu sech déi Zäit zesummegedoe fir eng gemeinsam Verantwortung géigeniwwer dem Problem vun der Maltraitance opzebauen a fir déi Betraffen, Kanner, Jugendlecher, Elteren a Familljememberen net mat dëse schwéiere Situatiounen alleng ze loossen. Zënter 1996 ass d’ALUPSE konventionéiert mat dem Ministère vun der Santé.

D’ Präventioun fänkt do un, wou et nach net ze spéit ass, a wou een den Elteren an Erzéihungsberechtegten eng effektiv Ënnerstëtzung bidde kann, an dat an all Beräich.

Mir liewen an enger Zéit vu kulturellem a gesellschaftlechem Wandel, awer och der Individualiséierung. Normen a Wäerter bidden an eiser Zéit ëmmer manner Orientéierung, an dat gëllt och fir d‘Gestaltung vu Famill a Kannererzéiung. Vill Elteren an Erzéihungsberechtegter si veronséchert an et ass ëmsou wichteg si an hirer Elterenkompetenz an Erzéihungskompetenz ze stäerken. Hannergrënn vu Kannesvernoléissegung si villfälteg a brauchen dofir och villfälteg Hëllefstellungen an Handlungsstrategien.

Et ass mir absolut wichteg ze ënnersträichen dat et awer net d’Pflicht vun der ALUPSE alleng, mä d’Pflicht vun all eenzelne Bierger ass fir eis Kanner viru Gewalt, Vernoléissegung a Mësshandlung ze protégéieren, well eis Kanner och eis jiddwerengem Zukunft sinn, a mir droen all, souwuel de Staat ewéi d’Gesellschaft am allgemengen, déi grouss Verantwortung fir hinnen, dat heescht all Kand eng beschtméiglechst Entwécklung ze garantéieren.

2013 huet d’ ALUPSE 185 Situatioune gezielt, dovunner woren et 115 nei Situatiounen, mat iwwer 380 implizéierte Kanner, dovun 230 Kanner déi schonn eng Rei Symptomer entwéckelt hunn. 41% vun de Motifs de demandes sinn der Violence sexuelle zouzeschreiwen, een Drëttel der physescher Gewalt an de Familljenkonflikter. Des Zuele sinn erschreckend a genau sou erschreckend ass d’Wëssen dat et “onsiichtbar” Situatiounen dobausse gëtt, déi net opgefaange ginn.

Donnéeën vun der WHO soen dat am Duerchschnëtt an der europäescher Regioun d’Gewalt an der Famill dagdeeglech 4 Kanner ënnert 14 Joer d’Liewe kascht, insgesamt sinn dëst 1300 Kanner pro Joer. A mir wëssen awer och dat dëst just Spëtzt vum Äisbierg ass, well schätzungsweis op all Kannt dat engem Gewaltdoud zum Affer fällt, kommen ee puer Dausend Kanner déi joerelaang ënner Gewalt a Mëssbrauch leiden. Aus der Praxis wësse mir och, dat d’Probabiliteit als Affer spéiderhi selwer zum Täter ze gi besteet. A Kanner, souwéi Jugendlecher déi Ofleenung a Gewalt an der Famill erliewe si besonnesch gefährt op Problemer mat Gewalt ze reagéieren oder selwer gewalttäteg ze ginn. Sou kënnt et vir dat Gewalt vu Generatioun zu Generatioun weider gedroe ka ginn, an dofir sinn och esou Formatioune wéi déi heiten esou wichteg, wou da ganz gezielt nach méi genau gekuckt ka ginn, wat dogéint ze maachen ass.

D’Sensibilisatioun vun allen Acteuren, vun allen Institutiounen an een Zesummeschaffen am psycho-soziale Réseau wäerte weiderhin hir absolut Noutwennegkeet behalen. All eenzelne Bausteen ass wichteg fir eng Kette vu Verantwortung a Sécherheet weideropzebauen a weider ze entwéckelen.

Duerch zesumme feieren, duerch professionell Échangen, an duerch Formatiounen (wéi des) vun Experten, duerch Diskutéiere vun Handlungsméiglechkeeten, duerch Stäerke vu Wëssen, mee och Stäerke vu Kooperatiounen a Vernetzung, duerch ee gemeinsamen Asaz vu medizineschen, psychologeschen, juristeschen, sozial-pädagogeschen Fachwëssen a Praxis kënne mir de villfältegen Dimensioune vun der Gewalt an den Auswierkunge vun der Gewalt entgéintwierken.

D’Ziel ass et de Kanner an de Jugendlechen, Opfer awer och Täter, an engem Kader vu Würd a Respekt, d’Méiglechkeet ze bidden hir psychesch a physesch Gesondheet rëmzegewannen an de betraffene Familljen Hëllefstellungen unzebidde fir dem Kreeslaf vun der Gewalt een Enn ze setzen.

Esou ass et weiderhin extrem wichteg sech ëm all Volet vun der Maltraitance ze këmmeren, vun der Präventioun bis zu der Prise en Charge an dat am absolute Respekt vun der Integritéit vum Kand dat zum Opfer awer och eventuell zum Täter ginn ass, esou dat jidderengem ee Wee méiglech gemat ka gi fir an eng méi sécher a gesond Welt.

Dofir brauche mir och an Zukunft dëst spezialiséiert, psycho-sozialt Netzwierk, dat sech ëm des Situatioune beméit an och esou Formatioune wéi déi heiten, an et ass mir a menger Funktioun als Gesondheetsministesch eng grouss Éier fir iech Merci ze soen a méi Respekt auszedrécke fir des Hand déi dier deene Betraffene bereet haalt, äre Réckhalt, är beandrockend Aarbecht déi dir an dësem Beräich leescht.

E ganz spezielle Merci all de Professionellen am medizinesche Beräich, déi wéi mir wëssen eng ganz wichteg Roll an der éischter Front an dëser Problematik spillen. An do ganz speziell dem Dokter Roland Seligman, deen dat scho virun 30 Joer erkannt huet.

Weiderhi soen ech och e grousse Merci all de weideren Acteuren déi an der Begleedung vun dëse Situatioune matimplizéiert sinn, wëll är Aarbecht ass vun onschätzbarem Wäert fir déi betraffe Kanner a Jugendlecher ëm déi et hei geet.

Dernière mise à jour