Lydia Mutsch lors de l’inauguration du nouveau Centre médico-social à Clervaux

©MSAN
Lydia Mutsch lors de l’inauguration du nouveau Centre médico-social à Clervaux

Ech freeë mech mat iech hei zu Klierf de neien Center vun der Ligue médico-sociale kënnen anzeweien, an ech well iech dann och félicitéiere fir är Professionnalitéit an ären «dévouement» am Beräich vun der Sozialaarbecht zu Lëtzebuerg.

D’Ligue schafft mat enger zentraler Direktioun, regional an 13 Centres médico-sociaux queesch duerch d‘Land no bei de Leit, an esou wäit ech weess ass d’Zesummenaarbecht mat deene respektive Gemenge ganz gutt.

Duerch hir Aktivitéite wéi:

-d’Sozialaarbecht,

- de Service médico-social vun der Schoulmedezin (an 103 Gemengen, méi wéi 30.000 Kanner, wouvu bei 2.248 d’Ligue um soziale Plang intervenéiert ass)

-Consultatioun fir nourrissons (1.761 Consultatiounen op 25 verschidde Siten)

-Consultatioun fir "maladies respiratoires" (19.233 zesummen zu Lëtzebuerg, Esch an Ettelbréck)

ass d’Ligue médico-sociale e wichtegen Auteur am Gesondheetssekteur hei zu Lëtzebuerg.

Si schafft lokal a regional ëmmer mat enger nationaler Visioun an d’Ligue behält en zentralen Iwwerbléck.

Si bidd eng global a kontinuéierlech Sozialaarbecht duerch hir professionell Mataarbechter a garantéiert déi selwecht Leeschtung egal ob een am héichen Éislek oder am déifste Minnett wunnt.

Déi aktuell ekonomesch Kris betrëfft och Lëtzebuerg an ass eng Erausfuerderung fir d’ëffentlech Gesondheet.

Eis budgetär Mëttele musse méi spuersam agesat ginn an déi sozial Solidaritéit wäert ëmsou méi wichteg ginn, wéi d‘Zuel vun deene Leit déi se brauche wäert wuessen.

D’Ligue an hiert Personal wäerten nach méi gefuerdert ginn.

An dëse finanziell méi schwéieren Zäite musse mir all probéieren eis Ressourcen esou optimal wéi méiglech anzesetzen.

Mir mussen d’Zesummenaarbecht zwëschen de verschiddene Servicer, déi an ähnleche Beräicher um Terrain aktiv sinn, systematiséieren, d‘Notioun vu Réseau vu komplémentairen Acteure verbesseren an och den Austausch zwësche verschiddene Strukturen optimiséieren.

Di Problemer déi sech am soziale Beräich stelle, si meeschtens komplex a verwurrelt, d’Äntwert muss eng multidisziplinär Aarbecht am Réseau sinn.

D’Ligue, mat hiren 106 Joer ass ee vun dësen eelsten Acteuren, déi am Sozialsekteur aktiv sinn. D’Croix-Rouge feiert dëst Joer hiren 100sten Gebuertsdag, an d’Caritas huet och schonns méi wéi 80 Joer um Bockel.

Vun de 70er Joeren u sinn ëmmer méi ASBL’en entstanen a goufe konventionéiert. Ab do, ass ganz vill op de Privatsecteur gesat ginn, dee mat vill Dynamismus an Initiativgeescht Strukturen opgebaut huet fir déi de Staat am Endeffekt responsabel ass.

Och wann een eng Kéier muss d’Fro stellen wéi wäit de Staat kann d‘Ofsécheren vu Gesondhéetsbedierfnisser un “Privatakteure” delegéieren, muss ee soen, dass een an der Ligue, mat hirem spezielle Statut, e kompetente Partner huet.

Ech well net vergiessen der Kliewer Gemeng fir hir Ënnerstëtzung Merci ze soen, a wënschen der Kliewer Équipe vill Erfolleg an hirem neien Center.

 

Dernière mise à jour