Discours de Lydia Mutsch à l’occasion de l’ouverture officielle des 8e Journées nationales de prévention du suicide

"Mënsche mat psychesche Stéierungen oder Problemer ginn et an alle sozialen a gesellschaftleche Schichten an allen Alteren. De Läidensdrock ass immens, wat fir d'Familljememberen, Frënn a Kollegen och belaaschtend ka sinn. Well och des Läit am direkten Ëmfeld gi séilesch oder kierperlech a Matleedenschaft gezunn. Séit Mëtt 2012 schafft d’Vernetzungsinitiativ fir Suizid Präventioun ganz aktiv och un der Opstellung vun engem nationale Plang fir Suizid Präventioun, dëse soll an den nächste Méint finaliséiert ginn esou dat en nach am Laf vun dësem Joer lancéiert ka ginn."

©SIP / Charles Caratini
Lydia Mutsch, ministre de la Santé

Zanter enger Rei vu Joere mécht de Gesondheetsministère an enker Zesummenaarbecht mat de Professionelle vum Terrain grouss Efforte fir Verbesserungen am gesamte Beräich vun de psychiatresche Problemer a Krankheeten, notamment och am Kader vun der Präventioun vum Suizid.

Fir sech gezielt dëser Problematik zouzewennen ass am Februar 2006 de CIP, also den Informatiouns- a Präventiounszentrum vun der Ligue Luxembourgeoise d’Hygiène Mentale asbl beoptraagt ginn, d’Vernetzungsinitiativ fir Suizid ze koordinéieren, déi sech ënner anerem och em d‘Organisatioun vun dësen Nationale Journéeën vun der Präventioun vum Suizid këmmert.

D‘Haaptaufgabe vun dëser Vernetzungsinitiativ fir Suizid Präventioun, wou sëllechen Experten aus verschiddene Beräicher zesummeschaffen, an dëst Netzwierk mat hirem Wëssen an hirer Erfahrung ënnerstëtzen, si fir zesummenzefaassen:

  • iwwert de Phenomen vum Suizid zu Lëtzebuerg ze informéieren;
  • epidemiologesch Daten em den Suizid ze erfaassen an ze analyséieren;
  • Weiderbildungsprogrammer fir Fachleit ze organiséieren déi mat Suizid a Beréierung kommen;
  • déi méi breet Ëffentlechkeet ënnert anerem iwwer Konferenze fir d’Unzeechen vun enger Suizidgefor ze sensibiliséieren;
  • -a schlussendlech Aktioun- a Präventiounsprogrammer a Bezuch op den Suizid ze koordinéieren.

All dëst ass wichteg well ewéi dir villäicht scho wësst sinn d‘Zuelen, déi aus Studie vun der Weltgesondheetsorganisatioun ervir ginn erschreckend. Weltwäit huele sech all Dag ongeféier 3000 Läit d‘Liewen, dat sinn der iwwert eng Millioun pro Joer. Béi eis zu Lëtzebuerg läit d’Donkelziffer bei ongeféier 80 Suiziden pro Joer. An op all vollzuchenen Suizid kommen 20 Suizidversich. Mir schwätzen also hei vun iwwert 20 Millioune Selbstdéidungsversich pro Joer weltwäit. A laut dëse Studie si virun allem Läit mat psychesche Problemer gefährd.

Mënsche mat psychesche Stéierungen oder Problemer ginn et an alle sozialen a gesellschaftleche Schichten an allen Alteren. De Läidensdrock ass immens, wat fir d'Familljememberen, Frënn a Kollegen och belaaschtend ka sinn. Well och des Läit am direkten Ëmfeld gi séilesch oder kierperlech a Matleedenschaft gezunn.

Séit Mëtt 2012 schafft d’Vernetzungsinitiativ fir Suizid Präventioun ganz aktiv och un der Opstellung vun engem nationale Plang fir Suizid Präventioun, dëse soll an den nächste Méint finaliséiert ginn esou dat en nach am Laf vun dësem Joer lancéiert ka ginn.

Ech hu mir soe gelooss dat déi verschidde kleng Aarbechtsgruppen de Moment mat der Priorisatioun vun den Aktiounen déi an den nächste Joeren noutwenneg sinn, fäerdeg sinn a net méi spéit wéi Mëtt Mäerz des Priorisatiounen vun engem interministeriellen Aarbechtsgrupp a vun der Plateforme Psychiatrie solle validéiert ginn.

Am Juni vum lëschte Joer ass och den Internetsite fir d‘Präventioun vum Suizid offiziell lancéiert ginn. Dësen ass schonn e wichtege Bestanddeel vum nationale Plang, well d‘Promotioun vun der Santé wäert insgesamt e wesentleche Punkt vun dem Plan National de Prévention vum Suizid sinn.

An esou sinn ech och der Meenung dat den Internet fir d’Diffusioun vun Informatioune vu Qualitéit, wei et hei de Fall wäert sinn, déi validéiert an aktuell si fir d‘Santé Mentale och eng Missioun vun der Santé Publique ass an e wichtege Grondsteen an der Präventioun an och an der Promotioun vun der Santé ass.

Global gesi weisen national an international d‘Erfahrungen dorophin dat niewen enger grousser, nationaler, duerchduechte Strategie eng global Léisung, déi all concernéiert Persoun erreecht, net abäizeféieren ass, mee dat et nach ëmmer bei dëser Problematik drëms geet déi eenzel Schicksaler esou gudd wei méiglech kënnen ze erreechen. Ee Wee ënnert aneren ass et dann och iwwert esou Journéeë wéi d’8e Journées vun der Präventioun vum Suizid. Dëst Joer sinn se ënnert dem Thema vun den psycheschen Trauma Erliefnesser an der Präventioun vum Suizid placéiert.

Hautzedags wësse mir dat eng ganz Rëtsch vu Läit Liewenserfahrunge gemaach hunn oder hu misse maachen, déi esou intensiv oder iwwerwältegend sinn, sou dat se net ëmmer psychesch adäquat verschafft kënne ginn.

Esou kënnen:

Stierffäll, Trennunge vu geléiwte Mënschen, “Kulturschocker” wéi politesch bedéngt Migratiouneserfahrungen, Folter, Gefaangeschaaft, Kriich, Verfolgung oder Bedroungen, Gewalterfahrungen, Vergewaltegungen, zu gravéierende Folgen féieren, wann se net verschafft oder psychesch adäquat kënnen integréiert ginn.

Des kennen zu Angscht- oder Panikzoustänn féieren. Awer och ongewéinlech laang undauernd Trauerphasen kënnen optrieden, mat eventuell Problemer ze hunn, sech ze freeën an e Sënn um Liewen ze fannen.

Munchmol kann dëst dann och bis zum Plangen an Duerchzéie vum Suizid féieren.

Weiderhin kënnen awer och Depersonalisatiounsstéierugen, emotional Ausbréch, ewéi Roserei a Kräischen, Schlofproblemer an Alpdreem, Konsequenze vun Traumaerliewnisser sinn.

An dëst ass nach net alles, well kierperlech Schmäerzzoustänn, Problemer ze hu sech adäquat kënnen ze ernieren, awer och Schreckhaftegkeet a stänneg Nervositéit, net ugemiessen oder sënnlos Iwweraktivitéit, bis zur Vermeidung vu Kontakt zu anere Persoune mat eventuell kompletten sozialen Réckzuch, also totaler, sozialer Isolatioun kann d‘Liewe vun de betraffenen Läit extrem erschwéieren.

An hei géif ech ganz gär den Organisateure vun dësen 8ten Journéeën gratuléieren zu dësem ausféierlech an exzellente Programm fir déi next Deeg an den nationalen an internationalen Experten an Orateure schonn am Virfeld e ganz grousse Merci soe fir déi geplangten Interventiounen a wënschen dësen 8ten Journéeën vun der Suizid Präventioun e groussen an den noutwennegen Erfolleg deen se verdéngen, well des Journéeën e weidere Bausteen an der Aarbecht vun der Suizidpräventioun leeën an se och e weidere wichtege Schrëtt op dësem laange Wee sinn, wou et schliesslech dorëms geet der Betreiung vum psychesch Kranken endlech de selwechte Stellewäert anzeraume wéi der Betreiung vum kierperlech kranke Mënsch.

Dernière mise à jour